Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

Automag episodes

  • Automag: Cupra Ateca, 12/11/2018 11:50
    Cupra - Ënner Seatfuerer besser bekannt als déi sportlech Topversioun, gëtt elo eng eege Mark an déi gouf elo mat hirem éischte Modell 'Cupra Ateca' ageweit. Wat stécht hannert der Mark an hannert dem Auto?
    0 min
  • Automag, 07/11/2018
    Paul, an do interesséiert eis haptsächlech wat ennert dem Blech geschitt ass!
    Dat ass och gutt, well ofgesi vunn e puer Ännerunge baussen a bannen huet sech den Outlander net vill verännert. Dofir awer säin Undriw. Mitsubishi huet jo viru kuerzem d’Produktioun vum éiwege Flaggscheff Pajero gestoppt, elo trëtt den Outlander an deem séng Plaz an zwar als PHEV. Wat heescht dat? Ennert dem Capot stiechen zwee Häerzer; een 135 PS Bensinner, elo vun 2 op 2,4 Liter Hubraum gewuess an direkt niewendrun e Generator fir d’Batterien opzelueden. Allebéid hunn em 10% u Kapazitéit zougeluecht a versuergen via Batterie zwee Elektromotoren, un all Achs een mat enger Leeschtung vun elo 82 PS amplaz 75.

    Esouvill zur Technik - wéi fonktionnéiert déi am Outlander?
    Et ginn 3 Fuermodi; prioritär soll den Outlander elektresch fueren. Dat kann en och maximal 46 km wäit a bis zu 135 km an der Stonn. Ginn d’ Batterien zu Enn, da schalt en an de serielle Modus, dat heescht de Bensinner spréngt un a lued d’Batterien esou dat emmer nach kann elektresch gefuer ginn. Soll et awer méi séier virugoen, sprech et gett Leeschtung gebraucht, da gi mer an de Parallel-Modus wou de Bensinner mat undreift.

    Dat hues du bestemmt och getest!
    Kloer. Elektresch fueren ass mam Outlander richteg entspanend. Bei dat geräischlost Fueren passt déi schmuseg Fiederung wéi Hollandaise bei Spargelen, den Elektroundriw bitt genuch Dréihmoment, déi beléiften héich Setzpositioun ass tiptop, just dierf de Bäifuerer keng laang Been hunn, soss kann e séng Knéien an der Hänschekëscht parken. An trotz 4-eckegem a prakteschem Design ass hannen d’Kappfräiheet erstaunlech schappeg. Och a Saache Multimedia ass den Outlander zimlech hannendran.

    Also net alles perfekt?

    Nee leider net an och alles Défauten déi de Virgänger schonn hat. Dofir huet Mitsubishi d’Zesummespill tescht Elektro a Verbrenner perfekt am Grëff. De Wiessel ass esou diskret dat ee just um Tableau gesäit wéini grad ween am Déngscht ass. Et sief, et ass ee presséiert, da mellt den Outlander dat em eppes guer net läit: Sport! D’CVT-Boîte léisst de Motor ophaulen ouni dat et awer wierklech virugeet. Vun 240 PS Systemleeschtung ass dee Moment näischt ze spieren, besonnesch wann d’Batterie eidel ass. Nee, den Outlander PHEV ass definitiv de gemittleche Cruiser. Firwat Mitsubishi em nach e Sport-Knäppche verpasst huet fannen ech dowéngt och paradox. Wëll am Alldag mécht en eng gutt Figur, besonnesch Stadverkéier a kuerz Strecke leien him. Wann ee wëll geet dat voll elektresch, extern oplueden dauert mat 4 - 8 Stonnen just zimlech laang.

    Kann een mam Outlander dann awer ekologesch ennerwee sinn a Sue spueren?

    Jo an nee - schliesslech kascht de Stroum jo och eppes. An trotz Rekuperatioun brauch den Outlander wéngt séngem Gewiicht a Gabarit relativ vill Batteriekapazitéit esou dat de Verbrenner zimlech séier an den Asaz muss. Um Pabeier versprecht Mitsubishi 2 Liter, an engem Praxistest wäerte mer erausfanne wat d’Realitéit ass. Dofir muss ee beim Kaf net allzedéif an d’Täsch gräifen. Mitsubishi huet nämlech d’Präisser fir de Facelift em 5 - 6000 Euro erofgesat esou dat den Outlander schonn enner 40.000 Euro start. Verglach mat der zimlech klenger Konkurrenz kléngt dat schonn interessant.
    An d’Fotogallerie genee wéi d’Präisser vum Mitsubishi Outlander fannt der op auto.rtl.lu

    0 min
  • Automag , 07/11/2018 09:15
    De SUV-Boom ass net opzehalen. SUV’en hunn awer och eng schlecht Ökobilanz - ze schwéier, ze gakeg, ze duuschtreg! Mitsubishi deet sengem grousse SUV eng wäiss West un a bitt den Outlander als Plugin Hybrid un. De Paul Origer war bei der Presentatioun vum Facelift derbäi.
    0 min
  • Automag, 07/11/2018 09:15
    De SUV-Boom ass net opzehalen. SUV’en hunn awer och eng schlecht Ökobilanz - ze schwéier, ze gakeg, ze duuschtreg! Mitsubishi deet sengem grousse SUV eng wäiss West un a bitt den Outlander als Plugin Hybrid un. De Paul Origer war bei der Presentatioun vum Facelift derbäi.
    0 min
  • Automag: VW eCrafter, 05/11/2018
    05/11/2018 AUTOMAG VW e-Crafter (11h50)                 P. ORIGER
    USO : Den Elektroauto gehéiert scho quasi zum Alldag, elektresch Bussen gesäit een och emmer méi, elo lancéiert VW deen éischten Transporter dee mat Stroum leeft. De Paul Origer war fir eis bei der Présentatioun vum VW e-Crafter derbäi.


    Paul, a si sinn domat déi éischt!

    Jo, wëll nach virun engem gudde Joer krute mer beim Haptkonkurrent Mercedes laang a breet d’Zukunft vum Wuerentransport, besonnesch déi esougenannte Last-Mile-Delivery, also de Wee bis bei eis heem, gewisen an dat si och un engem Elektro-Transporter schaffen. Mee eréischt elo komme se lues a lues domat.

    E groussen Transporter mat Elektroundriw – mécht dat Sënn?
    Déi Fro stellt een sech zu Recht wann ee weess dat de Problem mat de Batterien nach emmer net geléist an d’Autonomie nach emmer mickreg ass. En plus ass den e-Crafter e groussen Transporter; knapp 6 Meter laang an 2m60 héich mat engem Volume vun eppes iwwer 10 Meter Cube, also déi Gréisst déi ganz vill vun Déngschter genotzt gëtt déi eis d’Päck aus dem eCommerce heembréngen. VW huet bis an den Détail studéiert wat hir Clienten fir dësen Job bréichten an dofir iwwer 210.000 Fuerprofiler analyséiert. Et stellt sech eraus dat esou ee Gefier 6 Deeg an der Woch, 9 Stonnen an ca 70 km pro Dag leeft, dobäi awer tescht 50 – 100 mol stoebleiwe muss, dat zu 85 % an de Stied an héchstens emol 90 km/Stonn séier. Duerno steet den Transporter mindestens 15 Stonnen bis en nees an de Gebrauch kënnt.

    Also genuch Zäit fir ze lueden!
    Genee; den e-Crafter ass genee op dëse Besoin zougeschnidden; säin Elektromotor leescht 100 kW oder 136 PS a packt theoretesch 173 km, réell ca 120 – 130 an am Wanter mat Heizung a Co em déi 100 km. Sinn d’Batterie platt, dann dauert et un enger normaler 230 V - Dous nawell laang; 17 Stonnen sinn do néideg, un enger Wallbox sinn et der alt nëmmen 5h an 20 Minutten, de Schnelllader packt 80 % a 45 Minutten. A fir nach e bësse mat den Zuelen virun ze fueren; 21,5 kw/h Stonne gëtt VW als Verbrauch un, dat entsprëcht ongeféier 2,1 Liter Diesel. Dat ass awer net aleng de Virdeel; den Elektroundriw ass och ideal fir an Emweltzonen oder eben Stadzentren wéi London oder Paräis déi entretemps Verbrennerautoen mat Taxe strofen oder carrément ausspären. Aner Virdeeler sinn d’Geräischlosegkeet an natirlech den nidderege Verschläiss, dem Elektromotor ass et egal ob e 50 oder 100 mol den Dag un- an ausgemaach gëtt.

    Wéi fiert sech dann esou een Elektrotransporter?
    Ma ähnlech wéi een Elektroauto; d’Beschleunegung ass mat 290 Nm zwar elo net op Tesla-Niveau, mee et geet absolut duer fir am Stadverkéier zügeg matzeschwammen. A genee do fillt den e-Crafter sech pudelwuel; den Auto berouegt enorm; kee Kaméidi, kee Gedeessems mat Kupplung oder Schaltung an och d’Brems brauch ee wéngt der Rekuperatioun net ze dacks. Dobäi kënnt ee grousse Gewënn u Confort; am Wanter ass den Auto dank gehëtzter Frontscheif, Sëtzheizung an enger Wärmepompel direkt op Temperatur, am Summer kann een den e-Crafter virklimatiséieren.

    Dat kléngt jo alles positiv – also keng Nodeeler beim Elektro-Transporter?
    Naja, dat héicht Gewiicht vun de Batterien reduzéiert d’Zouluedung; 970 – 1720 kg packt en, je nodeems ob 3,5 oder 4,25 Tonnen. Wahrscheinlech schreckt virun allem awer de Präis of; ronn 71.500 Euro sinn eng Uso an ee Supplément vu 17.000 Euro op ee gläichwäerteg équipéierten Diesel. Do muss den Entrepreneur schonn zimlech gutt rechnen fir dat dat proppert Gewësse sech lount.

    An natirlech kënnt der ierch den neien e-Crafter och ukucken. Dem Paul séng Fotoe vun der Présentatioun zu Hamburg fannt der op auto.rtl.lu.

    0 min
  • Automag: VW eCrafter , 05/11/2018 11:50
    Den Elektroauto gehéiert scho quasi zum Alldag an elektresch Bussen gesäit een och ëmmer méi. Elo lancéiert VW deen éischten Transporter dee mat Stroum leeft. De Paul Origer war fir eis bei der Presentatioun vum 'e-Crafter' derbäi.
    0 min
  • Automag: VW eCrafter, 05/11/2018 11:50
    Den Elektroauto gehéiert scho quasi zum Alldag an elektresch Bussen gesäit een och ëmmer méi. Elo lancéiert VW deen éischten Transporter dee mat Stroum leeft. De Paul Origer war fir eis bei der Presentatioun vum 'e-Crafter' derbäi.
    0 min
  • Automag, 31/10/2018
    jo 4 Modeller a kuerzer presentéiert ze kréien, dat ass schonn sportlech.
    “Follow your brain” dat ass elo dee neie Marketing Slogan vun der koreanescher Marque Hyundai. Fänke mir mam klengen i20 un.
    Dee gouf wierklech nëmme liicht retuschéiert. An et kennt Faarf an d’Spill. 20 verschidden Méiglechkeeten ginn et elo.  Di wichtegst Nouvelle bei deem. Diesel Motorisatiounen goufen gestrach. Et bleiwen zwee Bensiner mat 1000 oder 1200 Kubik, an tëscht 75 an 120 PS staark.
    Déi stäerksten Motrice ass och elo mat der 7 Gang DCT Boîte méiglech a Start / Stop de série. Bleift nach ze notéieren dass mat Smart Sense di aktiv Secherheets Assistenz Systemer elo u Bord sinn an de Navi och verbessert gouf. Sou gesinn kann ee soen den i20, elo méi sécher, intelligent a mat méi Profil.
    (Virgule)

    Vun engem Restyling geet beim Bestseller SUV dem Tucson riets.  Hei sinn et schonn e puer Design Retusche méi. De Grill “cascade” sprengt engem an d’A , genee wéi di nei Full LED Luuchten.
    Hei bleift den Turbodiesel am Programm. Et ass elo ee vun der neiester Generatioun. E 1600er Smart Stream ersetzt de 1700er. Leeschtung elo 136. PS. Op eisem kuerzen Test Parcours ass mir awer schonn opgefall dass dee gutt um Gas hänkt, méi harmonesch mat guddem Dréimoment. Performancen  par rapport zum Virgänger ginn an d ‘Luucht, an CO2 Bilanz fällt nawell besser aus.
    Op Mild-Hybrid gëtt och elo gesat assistéiert vun engem Elektro Moteur mat 48 Volt Technologie. An natierlech gouf och a Saachen Audio an Connectivity den Tucson op de neiste Stand bruecht. Den intelligenten Tempomat mat Stop&Go Funktioun ass och elo op Wonsch u Bord. Insgesamt kann een dem beléiften Tucson elo eng Spuer méi Premium attestéieren...
    (Virgule)

    Den Top Modell an der Hyundai Gamme kennt ganz nei. Di 4. Generatioun leet an der Längt zou, wierkt méi elegant an huet seng eegen Design Linn.
    1,6 Milliounen Exemplairen goufe schon bis dato an Europa verkaaf. 

    An deem neie santa Fe asse e prima opgehuewen. Ze notéieren, en digitalen Tacho, ganz vill Assistenz Systemer, mat 5 oder 7 Sëtzplazen.
    A propos Sëtzer. Am Santa Fe vun Hyundai gett garantéiert kee vergiess, well eng nei entweckelt Funktioun erkennt op Passagéier hanne Plaz geholl hunn oder nett. De Chauffeur kritt dat dann beim Erausklammen signaliséiert.
    Am Moment sinn et just Bensin an Diesel Moteuren ennert dem Capot. Mee wéi beim Tucson sin Hybrid Versiounen fest ageplangt fir geschwenn an den Asatz ze kommen.

    (Virgule)

    Ganz spannend, am Sënn vum Wuert gett et dann mam Hyundai Kona. Electric.
    Deen kann elo vun sech behapten deen éischten Kompakt SUV ze sinn mat renger Elektro Power. Glaich zwou verschidden Batterien kenne bestallt ginn. Déi eng mat 39kw/h an enger Autonomie vun 300 Kilometer. An di zweet huet 64kw/h. Di nei WLTP Norm attestéiert 482km Autonomie. Bon esou vill Zait hate mir op der Présentatioun nett. Mee deemnächst testen mir dat am Alldag.

    Trotzdeem ass äis Temperament opgefall vum bis zu 204 PS starken elektresche Koreaner. 7,6 Sekonnen op 100 a nobäi 170km/h. Mat engem Super Chargeur versprecht de Konstrukteur dass an enger Stonn 80 % Leeschtung vun der Batterie erem prett wiren.

    Baussen erkenne mir de Kona Elelectric un der eegestänneger Front, déi ouni Kühlergrill auskennt. Bannenan fällt engem d’Mettelconsole op déi quasi schwieft. Och op eng Schaltkuliss gett komplett verzicht.

    Mee am Moment sinn Elektroautoen nach ëmmer eng héich Investitioun. Och bei Hyundai. An der Top Versioun mat der leeschtungstarker Batterie emmerhin bal 46 000 Euro…

    Ofso Speaker:     Fotoen vun de neie Modeller by Hyundai ginn et op www.auto.rtl.lu
    0 min
  • Automag , 31/10/2018 16:15
    Gläich 4 Modeller vun enger Mark presentéiere sech haut am Automag. Hyundai hat op e Familljentreffen vun der Gamme invitéiert, an do goung et vum klenge Facelift bis zu engem ganz neie Modell. De Christian Schmit war fir äis bei där koreanescher Renconter dobäi.
    0 min
  • Automag, 31/10/2018 16:15
    Gläich 4 Modeller vun enger Mark presentéiere sech haut am Automag. Hyundai hat op e Familljentreffen vun der Gamme invitéiert, an do goung et vum klenge Facelift bis zu engem ganz neie Modell. De Christian Schmit war fir äis bei där koreanescher Renconter dobäi.
    0 min

About Automag

From the publisher's feed

Autonews, Autotester, nei Modeller zu Lëtzebuerg an alles soss ronderëm den Auto

More shows like Automag

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners