Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

Automag episodes

  • Auomag News , 29/10/2018 11:45
    Haut mat engem neie Wierk vu Jaguar, Land Rover mécht an der Slowakei seng Dieren op, zu Ladenburg an Däitschland komme vill Raritéite vun a ronderëm den Auto ënnert den Hummer a BMW huet en Trio vu Paräis mat op Lëtzebuerg bruecht.
    0 min
  • Auomag News, 29/10/2018 11:45
    Haut mat engem neie Wierk vu Jaguar, Land Rover mécht an der Slowakei seng Dieren op, zu Ladenburg an Däitschland komme vill Raritéite vun a ronderëm den Auto ënnert den Hummer a BMW huet en Trio vu Paräis mat op Lëtzebuerg bruecht.
    0 min
  • Automag, 24/10/2018
    Am Automag kucke mer eis haut e Familljewon un, an dofir ass den Andy Brücker bei eis am Studio. Hie war op Invitatioun vun Opel bis op Bréissel gefuer, fir sech déi neiste Generatioun vum „Opel Combo“ unzekucken.
    Jo gudde Moien… fir méi genee ze sinn, schwätze mer iwwert den Opel Combo Life. De Life ass an dësem Fall déi Variant vum Combo, déi als Familljenauto geduecht ass. Den einfache Combo ass en Utilitaire mat Luedefläch, amplaz vu Sëtzplazen. 
    Wat ass dee Combo Life da fir en Auto, fir déi déi sech näischt drënner virstelle kënnen?
    Majo vergläiche kann een e mam Citroën Berlingo oder dem Ford Tourneo Connect … also e Famillje-Van oder Héich-Daach-Kombi. Et ass ob alle Fall en Auto… e richtegen Auto… an net eng kleng ëmgebaute Camionnette. Ech muss soen, ech war richteg iwwerrascht, wou ech en déi éischte Kéier gesinn hunn… an nach méi iwwerrascht war ech vun der Veraarbechtung a vun de sëlleche Featuren, déi scho serieméisseg am Combo Life verbaut sinn. Well et e Won ass, dee vrun allem d’Famillen usprieche soll, gëtt d’Sécherheet och ganz grouss geschriwwen.  Sou huet en z.B. serieméisseg de Safety+Pack mat Kollisiounswarner, Line-Assist oder och nach dem System, deen d’Verkéierszeechen erkennt an engem seet wann een ze séier ënnerwee ass.
    Als Optioune kritt een ënnert anerem nach en Head-Up Display, dee wierklech gutt funktionéiert, oder eng 180° Bird-View Kamera, déi beim Parke ganz praktesch ass… alles an allem ginn et 19 där Hëllefssystemer fir de Combo Life.

    Du schwätz dat „praktescht“ un… wéi praktesch ass de Combo Life dann am Alldag?
    De Combo gëtt et jo lo schonn an der 5. Generatioun an do huet sech wierklech vill gedoen an d’Leit bei Opel hu sech vill Gedanke gemaach. Sou ginn et z.B. ganzer 28 Oflagen am Auto… jo 28… vun duebeler Händchekëscht, iwwert eng Mëttelkonsol wou een zwou 1,5 Liter-Fläschen dra kritt bis hin zu enger grousser Oflag ënnert dem Plafong, fir d’Passagéier hannendran. 
    Et gëtt de Combo Life an 2 Längten… déi normal Variant huet knapp 600 bis 2126 Liter Volumen an der Mall.
    Déi laang Variant huet souguer 850 bis 2693 Liter Volumen… do kann een da souguer Material bis 3 Meter Längt hannendra leeën, wann een d’Sëtzer all ëmleet.
    E praktesche Feature ass bei der Mall iwwregens och nach, dass ee bei Bedarf just d’Fënster vu der Mall kann opmaachen. Dat kann hëllefen wann een iergendwou hannen ze no geparkt huet.

    Du sees den Auto wier virun allem och fir Famille geduecht… wéi ass et da fir Groussfamillen?
    Majo ech denken och do kann e punkten, well en huet z.B. op béide Säiten eng Schiebedier fir einfach eran an erauszekommen. 
    Eppes wat Famille mat 3 klenge Kanner freeë wäert… jo et kritt een 3 Kannersëtzer mat Isofix-System niefteneen op déi 3 Sëtzer hannendran. Dat huet Opel dann och bei der Presentatioun ervirgehuewen an demonstréiert. Et kritt een de Combo Life jo och an der XL-Versioun, an do kritt een dann nach zwou zoustätzlech Sëtzplazen an der 3. Rei… also e vollwäertege 7-Sëtzer.

    Wann ee mat 7 Leit ënnerwee ass, da muss jo awer och de Motor dat ganzt virubrénge kënnen. Wéi ass een dann do beim Combo Life opgestallt?
    Et kritt een en am Bensinner oder am Diesel… de Bensinner ass en 1200er Turbo mat 110 Päerd. Dee kritt ee just mat enger manueller 6-Gang-Boite.  
    Am Diesel huet een e bësse méi Choix… hei kënnt en 1500 Turbodiesel an den Asaz mat 75, 102 oder 131 PS. Bei der 75 oder 102 PS Variant kritt een eng manuell 5-Gang Boite…  Hëlt een awer den 131 PS Motor, da kann ee wielen tëscht enger 6-Gang manueller Boite, oder souguer enger 8-Gang Automatik.

    Wou leie mer da präislech?
    Lass geet et beim klenge Bensinner an der Confort-Ausstattung mat 17‘405 €. Beim Diesel geet et bei 19‘774 € un.  
    Bei der stäerkster Motoriséierung mat 8-Gang-Automatik an der Innovation-Ausstattung leie mer da bei bal 27‘000 Euro, woufir een awer immens vill Auto a Plaz fir seng Sue kritt.
    Fir sech elo e Bild vum Combo a vum Combo Life ze maachen, surft laanscht op rtl.lu, do fannt der e sëlleche Fotoen. Do kënnt dir den Automag vun haut dann och nachemol nolauschteren.

    0 min
  • Automag: Borgward BX7 TS, 22/10/2018
    USO: 1962 sinn déi läscht Borgward ausgeliwwert ginn – zenterhier war et roueg em déi däitsch Traditiounsmark. Bis se elo virun 3 Joer nees opliewe geloss ginn ass – Borgward ass nees zeréck an dat mat engem neie Modell – de Paul Origer huet e fir eis getest.

    Paul, du wars zu Stuttgart, am däitsche Sëtz vu Borgward an do krut der dann och hiren neitste Worf virgestallt.
    Richteg, an deen heescht weder Isabella nach Arabella, et ass keng Limousine an och kee Coupé mee – dräimol däerf ee roden – en SUV. An deem Segment fluppt et nun emol. A China iwweregens scho méi laang – 100.000 Unitéite vum BX7 a séngem klenge Brudder BX5 goufen do scho verkaf.

    Halt – China? Borgward ass dach eng däitsch Mark?
    Zum Deel, derhannert stécht haptsächlech de chineschesche Camion’s-Constructeur Foton an dofir ginn d’Borgward alleguer a China gebaut, méi genee zu Miyun, 60 km vu Peking.

    Also een SUV méi op engem Marché dee jo scho gutt gefëllt ass?
    Genee dat hunn ech mer och geduecht. Wat schwätzt fir de Borgward BX7? Den Design kënnt engem zimlech bekannt vir, hanne wéi vir nawell stark bei Audi inspiréiert. Just de Grill mam grousse Logo a Rombusform seet engem: hei steet eng nei Autosmark. Op kee Fall eng Retro-Mark, esou heescht et aus der Chefetage. Den Designer weist trotzdem houfreg op déi stark konturéiert Schutzblecher mat klengem Clin d’oeuil un déi legendär Isabella. Dat war et dann och schonn. Eisen Test-BX7 war d’Topversioun TS Limited Edition. Extra ass bausse virun allem de matte Lack deen awer irgendwéi net esou héichwäerteg ausgesinn huet. Kann ee jo och ewechlosse wann een op d’Série limitée verzicht.

    Wéi geet et da bannenan virun?
    Do fanne mer dann dat zweet Highlight vun der Limited Edition; de bronge Liedersintérieur an de volldigitale Cockpit. Besonnesch d’Verarbechtung soll sech vu Bëllegproduiten ofhiewen an hei gouf och net zevill versprach; näischt klappert oder rabbelt, d’Lieder ass zwar relativ haart, gesäit awer gutt aus, de Cockpit ass gefälleg opgebaut, Knäppercher erënnere stark u VW an Audi wat net vun Nodeel muss sinn an den extragrousse Navi-Bildschirm fënnt een an dëser Klass effektiv nëmme bei Premium-Produiten. Den Intérieur ass definitiv den Highlight vum BX7 - allerdéngs ass den Navi zimlech lues beim Booten, eng Sëtzlüftung gëtt et trotz Premiumusproch net an dem Bäifuerer säi Sëtzmiwwel léisst sech zwar elektresch mee nëmme längs an am Réck verstellen. Zum Leed vum Bäifuerer wëll deen hockt vill ze héich; ech froe mech op d’Chinesen do mat de Féiss iwwerhapt op de Buedem kommen. Hannert der Rénkel ass d’Sëtzpositioun ok, hannen och klassenüblech, d’Mall ass mat 545 Liter Duerchschnëtt, den elektresche Mallendeckel awer ze lues.

    Esouwäit ech dat matkréien een SUV wéi vill anerer – stécht de Borgward BX7 da beim Fueren eraus?
    Bon, de Choix bei de Motoren ass séier gemaach: et gëtt et just een, een 2-Liter Turbobensinner aus eegener Produktioun. 224 PS an 300 Nm leescht en. Dat kléngt um Pabeier net schlecht, mat permanentem Allrad, Automatik an 1850 Kilo am Gepäck kënnt de 4-Zylinder awer viif u séng Grenzen. Resultat ass eng automatesch Boîte déi bei e besse méi sportlechem Fuerstill nervös erop an erofschalt an de Motor dröhne léisst. An de Verbrauch an d’Luucht dreift; tescht 11 an 12 loung d’Moyenne laut Bordcomputer, dat huet mat den 8.9 Liter aus dem Prospekt net vill ze dinn. Mee sportlech well de BX7 souwisou net beweegt ginn, dofir ass d’Steierung vill ze liicht an indirekt, de Bremse feelt Bëss an d’Fiederung ass ze schaukeleg. Also éischter een SUV fir gemittlech ze cruisen. Mee dat gëtt et bei anere Marken och.

    Bleift also nach eng Chance fir de Borgward BX7 – säi Präis?

    Bis elo gëtt et just ee Präis, an dat ass de BX7 an der Topversioun TS als Limited Edition an do hätt Borgward emgerechent gäere selbstbewosst 43.300 Euro dofir. Vill Suen, zemols et ganz vill, gutt équipéiert an esouguer méi gënschteg Alternative vun établéierte Marken wéi z.B. Mazda CX-5 oder Ford Kuga gëtt - an déi hunn däitlech méi Charakter an ausgeräiften Technik. Sorry Borgward, mee esou gëtt de Comeback schwéier.

    A wann der ierch de Borgward BX7 emol ukucke wëllt, dem Paul séng Fotogallerie fannt der wéi gewinnt op auto.rtl.lu

    0 min
  • Autokierfecht a Schweden, 20/10/2018
    Gewéinlech kucke mer eis am Automag d’Autoen vun muer un. Haut kucke mer awer an der Geschicht zeréck. Den Akim Schmit war a Schweden an huet do e ganz besonneche Kierfecht fonnt. Ee fir Autoen.
    - Schweden ass grouss
    - Méi genee -> Ryd, 200 km nördlech vu Malmö
    - Gréissten Autokierfecht a Schweden
    - Ronn 150 Schrottautoen am Bësch

    Do ass d’Fro awer erlaabt ob dat net eng einfach Schrottplaz ass?

    - fir déi eng Schrott
    - fir Ëmweltschützer eng Sauerei
    - a fir déi aaner Kult
    - si keng „einfach“ aal Autoen,
    - Stéck Automobilgeschicht, Modeller Mëtt 20. Joerhonnert

    En Deel vun deem Kult ass awer och d’Geschicht wéi deen Autokierfecht entstaanen ass. Well dee war esou ni geplangt...

    - ass Liewensgeschicht vum Ake Danielsson (1914 gebuer)
    - als Kniecht 1935 daat Stéck Land kaaft an Torf ofgebaut
    - nom Zweete Weltkrich Stonn vum Auto
    - an de 50er Joeren -> Auto futti -> am Bëschwee stoë gelooss
    - den Ake huet seng Chance erkannt -> déi Autoen gesammelt /
    d’Ersatzdeeler ausgebaut a viru verkaaft
    - iwwreg bloufen just Karosserien

    An déi stinn zu engem groussen Deel nach haut am Besch...

    - oder daat, wat dovun iwwreg ass
    - 1974 läschten Auto kaaft
    - Stock un Ersatzdeeler gutt gefëllt
    - Eréischt 1992 plënnert de Grënner an den Altersheim
    - Stiewt am Joer 2000 (86 Joer)

    Mee net jidfereen konnt sech fir deen Autokierfecht begeeschteren

    - grouss Diskussiounen (Ëmweltproblem)
    - Entsuergung komplizéiert
    - Bierger hu sech fir déi eenzegarteg Plaz agesaat
    - Bis 2050 als „Kulturstätt“ klasséiert

    Vill méi laang wäert et déi Plaz och net ginn wann ech deng Fotoen esou kucken

    - Autofrënn e Besuch wäert
    - Ob VW Käfer, Ford Taunus, Opel Kadett, aal Volvo’en a Saab’en
    - Highlight ass e Bus aus de 50er
    - Spijel vun der Automobilgeschicht
    Daat klengt e bëssen wéi e Musée

    - Vill Autoen -> wéi wa se all Moment erëm viru fuere kéinten
    - Stëmmung wéi op engem Kierfecht
    - gespenstesch andächteg Stëmmung
    - Rascht frësst emmer méi grouss Lächer
    - A waat net Rascht wiisst zou oder versénkt am Torfbuedem
    - Eng Fro vun der Zait bis naischt méi iwwreg ass

    Den Autokierfecht ass haut eng Attraktioun an der Géigend

    - haut nët méi Problem -> Touristenattraktioun
    - steet a Kontrast zu den Ëmweltbewossten Schweden
    - Steck schwedesch Automobilgeschicht & eenzegartegt Fotomotiv
    - vun iwwerall aus der Welt Besicher

    Fotoen vum Autokierfecht op auto.rtl.lu

    0 min

About Automag

From the publisher's feed

Autonews, Autotester, nei Modeller zu Lëtzebuerg an alles soss ronderëm den Auto

More shows like Automag

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners