Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

Automag episodes

  • Automag: Seat León Cupra R, 17/10/2018
    !!! USO NET MATLIESEN !!!

    Wa mir an den nächste Minutten eisen Nolauschterer d’Zong iere sollte laang maachen, da musse mir se och direkt schon erëm enttäuschen. Deen Auto, dee mir elo virstellen, war eng Série Limitée, an ass schon ausverkaaft! An awer hues Du drop gehalen, driwwer ze schwätzen?
    Seat Leon Cupra R, war op 799 Exemplaire limitéiert, op d’mannst hei am Land sinn se all fort. Mä an Zäiten wéi haut, an Zäiten wou pseudo-emweltfrëndlech Elektroautoen respektiv iwwerflësseg fett SUVEN d’Aktualitéit dominéieren, wou déi meescht Testautoen esouvill Charme wéi meng Wäschmaschinn hunn, do war et einfach eng agreabel Ofwiesslung, mol erëm eng kompromësslos Spaassmaschinn ze fueren. An ech fannen och am Automag kann een net dacks genuch iwwert Fuer-SPAASS schwätzen.

    Ech hunn den Androck, dass ech där Seat Leon Cupraen awer zimlech vill op der Strooss gesinn. Esou limitéiert ass deen net?
    Effektiv, esouguer relativ vill verschidde Cupra-Versiounen, vun 265 bis 300 Päerd, meeschtens virgedriwwen, den ST300 och mat Allrad… Deen normale Cupra ass och duerchaus nach ze kréien. Wat bei mengem Testauto den Ennerscheed gemaach huet, war den R um Mallendeckel.

    An deen R mécht esou e groussen Ennerscheed?
    Schonn aleng optesch. Normal Cupraen gesi relativ ziviliséiert aus, nëmmen dezent sportlech Akzenter. De Cupra R: nëmmen am donkelgroen, d’19-Zoll-Felgen, d’Réckspigel an nach vereenzelt Detailer am Intérieur ware koffer-faarweg, den Heckspoiler war am Karbon-Look.

    Mir schwätzen iwwert e Seat, net iwwert e Subaru Impreza?
    Scho relativ opfälleg. Donieft ronderëm extrem Karosserieverbreederungen. Gesin aus wéi dropgepescht, ass beim Cupra-Courseauto net aneschters, mä gesäit bei engem Stroossenauto dann awer e bëssen no bëllegem 90er Joeren Tuning aus…

    Elo kennen ech dech gutt genuch, fir ze wëssen, dass koffer-faarweg Felgen dech net wierklech glécklech maachen. Komme mir bei d’Kapitel Fuerspaass.
    Beandrockend Acceleratioun. 310 Päerd. Zwar nëmme virgedriwwen, mä mat mechanescher Differentialspär kee Problem fir déi Kraaft op d’Strooss ze kréien. Zitt sech propper aus de Kéieren eraus. Huet sech fir mech esouguer méi agil ugefillt wéi de Cousin Golf R. Cupra natierlech ounI Allrad e bësse méi liicht. Bleift och zimlech séier stoen: exzellent Brembo-Bremsen, déi een tiptop doséiere kann.
    Sound: „leider geil“. Jäizt richteg beim Gasginn, wannste vum Gas gees, späizt en… ass zwar bëssen Teenie, mä bon, exzellent Show.
    Eenzegen Hoken: Lenkung vill ze vill liichtgängeg… Op der Autobunn zimlech ustrengend, well een sech konzentréiere muss fir riichtaus ze fueren. A Kéieren huet een Tendenz zevill anzelenken, ech hu missten ëmmer e besse korrigéieren. Do hätt ech mir méi Widderstand gewënscht, giff fir méi Vertrauen suergen, well d’Fuerwierk ass soss ultra-präzis.

    A wéi ass et mam Confort ?
    Fuerwierk am Verglach mam normale Cupra optiméiert. A béid Richtungen. Op der enger Sàit nach e bësse méi präzis, op der anerer Säit e bësse méi geschmeideg. Wierklech gelongene Kompromëss. Adaptiivt Fuerwierk, divers Modi funktionnéieren esou wéi een sech dat erwaart.

    An awer ausverkaaft?
    Mä Cupra R ass jo ausverkaaft, mä flotte Rappel, dass Cupra wierklech eng interessant Alternativ zu de Sportsmodeller vu VW, Audi oder Skoda sinn, op d’mannst déi mam beschte Präis-Fuerspaass-Verhältnis (och wa Cupra R mat 46‘500€ scho bal Sammlerpräis huet)
    0 min
  • Automag: Seat León Cupra R , 17/10/2018 16:20
    Tëscht de ganzen Elektroautoen an SUV'en hat de Serge Pauly mol erëm eng richteg Spaassmaschinn tëschent de Fangeren. De Seat León Cupra R. 310 Päerd, eng iwwerdriwwen Optik, mä leider schonn ausverkaaft! Well am Automag awer net dacks genuch iwwert Fuerspaass geschwat ka ginn, kucke mir eis dësen Extrem-León trotzdem méi genee un.
    0 min
  • Automag: Seat León Cupra R, 17/10/2018 16:20
    Tëscht de ganzen Elektroautoen an SUV'en hat de Serge Pauly mol erëm eng richteg Spaassmaschinn tëschent de Fangeren. De Seat León Cupra R. 310 Päerd, eng iwwerdriwwen Optik, mä leider schonn ausverkaaft! Well am Automag awer net dacks genuch iwwert Fuerspaass geschwat ka ginn, kucke mir eis dësen Extrem-León trotzdem méi genee un.
    0 min
  • Automag: Mondial de l'Auto, 15/10/2018
    R T L Automag
    Méindeg: 15.10.2018
    U S O :
    ...de Mondial de l’Auto zu Paräis ass gëscht Owend op en Enn gaangen. Déi Kéier hat dee jo och en zweet Standbeen matzen an der Seine Metropole. An dat op enger Top Adress: Place de la Concorde.
    Hei stoung de Pavillon mam Centre d’essais pour voitures “vertes”.
    Also d’Geleeënheet Autoen kennen ze léieren, déi mat alternativen Energiequellen ugedriwwe ginn.
    An dat hat de Christian Schmit sech fir den RTL Automag ugekuckt...


    T E X T :
    ...op elo Hybrid, mat Waasserstoff, Äerdgas, oder elektresch? Si waren all um Rendez-vous op der Place de la Concorde. Nett manner wéi 10 Marquen haten do hire Stand an hir Modeller ausgestallt. Citroën, KIA, Peugeot, Renault, Toyota, Lexus, Mitsubishi, Smart, Seat, a VW.
    Dat zesummen mat enger Partie Partenairen, notamment och d’Fédération Internationale de l’Automobile, d’FIA, déi hire Siège och Place de la Concorde huet- A Präsenz vum franséischen Ëmweltminister an der Madame Buergermeeschter vu Parais gouf bei der Inauguratioun gouf den Défi: “Engagés ensemble pour une mobilité urbaine durable”
    D’Isabelle Gourlère war responsabel fir de Centre d’Essais, huet ons erklärt dass ee nett vun ongeféier grad déi Plaz gewielt hat?
    (Cut 1...) 20sec + 10sec
    Interessant och dass een nett just Informatioune zu den ekologeschem Gefierer krut, neen et konnt een des och gläich op der Plaz testen?
    (Cut 2...) 30sec
    Dat hu mir eis dann och nett zweemol soen gelooss, an schonns goung et lass. Laanscht di schéinste Plazen vun Paraïs. U Bord vun engem Toyota Mirai Hydrogène, dee jo a Kalifornien schonn 3000 Amateure fonnt. Ech war iwwerrascht wéi gutt déi Instrukteren Informatioun zum Auto konnte ginn hunn.
    Ganz beléift fir Tester war d’Marque Smart. Déi stellen jo deemnächst op reng Electro Power ëm.
    Interessant och ze gesinn dass Äerdgas Autoen am Hexagone, anescht wéi bei äis,  nach ëmmer beléift sinn, a Seat hat dann och gläich zwee Modeller mat dobäi.
    Wéi koum déi Initiative mam “Centre d’essais des voitures vertes” dann beim Public un?
    (Cut 3...)
    Tëscht 100 an 200 Test Fahrten pro Dag, sinn während dem Mondial de l’Auto vum 4. Bis 14.Oktober am Centre d’Essais, op der Place de la Concorde notéiert an absolvéiert ginn.

    Ofso Speaker:
    Impressioune vun der Plaz am Bild, ginn et op www.auto.rtl.lu


    0 min
  • Automag: Mondial de l'Auto , 15/10/2018 11:50
    De 'Mondial de l’Auto' zu Paräis ass gëscht Owend op en Enn gaangen. Déi Kéier hat dee jo och en zweet Standbeen matzen an der Seine-Metropol. An dat op enger Top Adress: Place de la Concorde. Hei stoung de Pavillon mam centre d’essais pour voitures “vertes”. Also d’Geleeënheet Autoen kennen ze léieren, déi mat alternativen Energiequellen ugedriwwe ginn...
    0 min
  • Automag: Mondial de l'Auto, 15/10/2018 11:50
    De 'Mondial de l’Auto' zu Paräis ass gëscht Owend op en Enn gaangen. Déi Kéier hat dee jo och en zweet Standbeen matzen an der Seine-Metropol. An dat op enger Top Adress: Place de la Concorde. Hei stoung de Pavillon mam centre d’essais pour voitures “vertes”. Also d’Geleeënheet Autoen kennen ze léieren, déi mat alternativen Energiequellen ugedriwwe ginn...
    0 min
  • Automag, 10/10/2018
    1,1 Millioune mol verkaf! Dee viru 7 Joer lancéierten Audi Q3 ka sech iwwer Succès net bekloen. Elo ass et awer Zäit fir déi zweet Generatioun. De Paul Origer ass de ganz neie Q3 gefuer.

    An deen huet schonn direkt emol optesch näischt méi mam Virgänger ze dinn?
    Absolut. Wat virdru ronn war, ass elo eckeg. Besonnesch opfälleg ass déi betounte Schëllerlinn an deen entretemps typesche Oktogonalgrill deen ausgesäit wéi wann en alles wéilt opfriesse wat em an de Wee kënnt. An da ginn et wéi üblech nees vill Fake-Blenden fir Entlëftung an Auspuff. Hanne sinn d’Luuchte gedeelt a ginn net méi integral mam Mallendeckel op, am grousse ganzen ass den Design awer gutt gelong; de Q3 wierkt vill manner verspillt a follegt dem Stil vun deene läschten Neiegkeeten aus Ingolstadt. Dat gëllt och fir bannenan, do dominéiert déi digital Welt fir Instrumenter an Infotainment, wann ee vill Suen investéiert, dann ass ee bal um Niveau vun A8 a Co. Dat huet awer leider och Nodeeler; zevill Fonktiounen heescht heiansdo laang sichen a laang ofgelenkt sinn. An net alles ass ergonomesch perfekt oder firwat verstoppen se de Volumeknäppchen ënnen an der Mëttelkonsol? D’Verarbechtung ass dofir wéi gewinnt top, op Wonsch esouguer mat fwaarwegem Pep a Form vun enger Alcantara-Sträif am Tableau - dat gefällt mer!

    Deen zweetklengsten Audi-SUV huet awer och e Sprong gemaach!
    Genee an zwar an de Moossen; bal 10 cm méi laang a knapp 2 cm méi breet, dat bréngt banne gefillt eng Klass méi Raum, ech setzen - anescht wéi beim Virgänger - vir an hanne wierklech gutt! D’Mall léisst sech duerch eng variabel Réckbänk komplett upassen; 215 l passen elo méi eran, also am ganzen tescht 530 a 1525 Liter.

    Fir den Alldagsgebrauch also brauchbar Argumenter! Wat kritt de Chauffer da gebueden?
    Fir d’éischt emol eng exzellent Sëtzpositioun, am bäschten natirlech mat den optionale Sportsetzer. Och flott; den Tableau ass elo méi dem Chauffer zougedréint, dofir gesäit de Bäifuerer net méi esou gutt op den Navi well dee bei Sonn liicht spigelt. Ganz nei a mäi Favorit an der Optiounslëscht ass de fuschneie Bang&Olufsen Soundsystem mat 15 Boxen fir esouguer enner 1000 Euro. Mee komm mer gi mol op d’Strooss; wann een op Sportfuerwierk an 20- Zoll-Schlappe verzicht, da fiedert de Q3 manéierlech a confortabel ouni ze schaukelen. D’Steierung ass allerdéngs zimlech liicht a mat wéinig Feedback, am Dynamic-Modus ass et besser. Jiddefalls mecht dee klenge Q3 séng Saach quasi esou gutt wéi séng grouss Bridder, do kënnt deen een oder anere Q5-Client fläit un d’Iwwerleen kommen.

    Och bei de Motoren?
    U Leeschtung feelt et net; tescht 150 an 230 PS stinn zur Wiel, am Ufank 2 Bensinner an 2 Diesel. De 1500er Bensinner krut elo ee Partikelfilter a geet mat 150 PS eigentlech duer, gefällt en plus mat Lafrouh an Dréihfreed. Déi nei S-tronic mécht hir Saach och gutt, eng Ufuerschwächt bleift awer nach emmer. Idem fir de gläich starken TDI mat manueller Boîte deem säi Start-Stopp ze fréih de Motor ausschalt. Op der Autobunn dierf et awer gär de Motor driwwer mat 190 PS sinn.

    Besonnesch mat villen Optiounen!
    Déi och vill Sue kaschten. Déi lëtzebuerger Präisser si se nach amgaang ze rechnen, ënner 30.000 Euro kritt een de Q3 bestëmmt net, éischter 40.000 a méi wäerte fir genuch PS an e puer Annehmlechkeete um Kontrakt stoen. Mee dat ass bei Audi jo näischt neits.

    A bis déi genee Präisser online sinn kënnt der ierch schon dem Paul séng Fotoen ukucken: auto.rtl.lu.

    0 min
  • Automag , 10/10/2018 09:15
    1,1 Millioune mol verkaf! Dee viru 7 Joer lancéierten Audi Q3 ka sech iwwer Succès net bekloen. Elo ass et awer Zäit fir déi zweet Generatioun. De Paul Origer ass de ganz neie Q3 gefuer.
    0 min

About Automag

From the publisher's feed

Autonews, Autotester, nei Modeller zu Lëtzebuerg an alles soss ronderëm den Auto

More shows like Automag

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners