Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

Automag episodes

  • Automag, 10/10/2018 09:15
    1,1 Millioune mol verkaf! Dee viru 7 Joer lancéierten Audi Q3 ka sech iwwer Succès net bekloen. Elo ass et awer Zäit fir déi zweet Generatioun. De Paul Origer ass de ganz neie Q3 gefuer.
    0 min
  • BMW X4 , 08/10/2018 11:50
    No nëmme véier Joer erneiert BMW säin X4. Déi nei Generatioun steet elo op der neier X3-Plattform, an dovunner profitéiert den X4 virun allem ästhetesch. De Serge Pauly kräischt awer nach ëmmer dem 6-Zylinder-Bensinner no...
    0 min
  • BMW X4, 08/10/2018 11:50
    No nëmme véier Joer erneiert BMW säin X4. Déi nei Generatioun steet elo op der neier X3-Plattform, an dovunner profitéiert den X4 virun allem ästhetesch. De Serge Pauly kräischt awer nach ëmmer dem 6-Zylinder-Bensinner no...
    0 min
  • BMW X4, 08/10/2018
    Du kënns haut mam neien X4. Dobäi ass et mir, wéi wanns Du eréischt gëschter hei gewiecht wiers, fir iwwert déi éischte Generatioun ze schwätzen?
    Effektiv, no 4 Joer war den Haltbarkeetsdatum fir den X4 wuel schonn ofgelaf. Dat huet virun allem wirtschaftlech Uersaachen. BMW huet fir den X3 eng nei Plattform entwéckelt, an do ass et méi bëlleg ginn, och beim X4 elo schonn op déi nei Technik ëmzestellen, amplaz déi zwou  Plattformen parallel ze produzéieren. A ganz éierlech, ech mengen, et war kee Feeler, den éischten X4 no nëmme 4 Joer an d’Pensioun ze schécken…

    Dat kléngt net, wéi wanns Du e grousse Fan dovunner gewiecht wiers?
    Mat deene ganze Coupé-SUVS kann ech net d’office net vill ufänken, ech verstinn de Sënn net wierklech, mä den alen X4 war en plus och nach zimmlech pummeleg a bieder geroden… Ech hat ëmmer den Androck, wéi wa BMW iergendwann realiséiert hätt, dass se do nach e Lach an hierer Gamme hätten, an dass den X4 du séier zesummegeschoustert gi wier… Deen neien X4 wierkt, wéi wann d’Designer méi Zäit gehat hätten, fir e flotte Coupé-SUV op d’Rieder ze stellen.

    Wat gefält Dir da besonnesch drun?
    En ass 8 Zentimeter méi laang, minimal méi breet, awer grad esou niddereg. Dat heescht déi ganz Silhouette wierkt méi laang gestreckt, do wou den ale Modell bëssen disproportionéiert ausgesinn huet, wierkt deen neie wéi aus engem Goss. En ass elo wierklech elegant. An dann huet BMW och endlech op d’Kritik un hirer Finitioun reagéiert. Do hu se an de leschte Joere probéiert e bësse Suen ze spueren, an dat ass der Clientèle zimlech negativ opgefall. Ech weess net, op se elo wierklech méi Suen an hir Autoen stiechen, oder op se et nëmme besser verstoppen, wou se gespuert hunn, mä den X4 huet de „Premium“-Stempel elo erëm verdéngt.

    Wéi praktesch ass dann esou e Coupé-SUV?
    Et ass eben do, wou ech mäi Problem mat där Kategorie vun Auto hunn… Et schleeft een onnéideg Kilo mat, nëmme fir cool auszegesinn, ouni dass een am Alldag eppes dovunner huet. Mä bon, d’Mall ass akzeptabel grouss, op der Réckbänk huet ee einigermoosse Plaz, mä et muss een de Kapp beim Eran- an Erausklamme schonn zimlech anzéien. En X3 ass do sécher méi praktesch, vun engem 5er Touring guer net ze schwätzen…

    Mä den X4 fiert sech wahrscheinlech e bësse méi sportlech. Dat misst Dir gutt gefalen?
    Effektiv, de Schwéierpunkt ass natierlech méi niddereg, d’Fuerwierk gouf dann och e bësse Richtung Sport getrimmt. Op der Strooss kann een dem X4 näischt reprochéieren. Ausser dass en ze schwéier ass, méi liicht wéi de Virgänger, awer mat 1800 Kilo schleeft en nach ëmmer zevill Luxusspeck ronderëm.
    A wat wierklech schued ass, do kinnt ech all Kéiers kräischen, wann ech mat engem moderne BMW fueren, dass ass deen iwwerdriwwenen Downsizing.

    Downsizing? Elo geet et wahrscheinlech ëm de Motor?
    Ech hat den 30i. Dat war emol e flotte 6-Zylinder-3-Liter-Bensinner. Elo ass et e Véierzylinder Turbo. 252 Päerd. Keen neie Motor, mä et brécht mir ëmmer erëm d’Häerz, wann ech domatter fueren. E geet zwar korrekt, et ass een net ënnermotoriséiert, mä en huet Null Charme, de Klang ass miserabel, et ass alles mà keng Freed um Fueren. A méi spuersam wéi den ale 6-Zylinder ass en am Alldag och net. Den eenzege valable Motor ass wahrscheinlech den Diesel 30d, deen huet nach seng 6 Zylinder.

    Manner Zylinder, heescht dat och manner Euro?
    Schwéi wier et! D’Präisser fänke bei knapp 48‘000 Euro un, fir e banalen 20i. En 30i kascht minimum 55‘000 Ticketen. No uewe ginn et keng Limiten. Eisen Testauto huet mat e puer klengen Optiounen un den 80‘000 gekraazt. Dat si vill Suen, a wann ech esouvill Suen fir ausginn, da wëll ech op d’mannst 6 Zylinder hunn!

    5 min
  • Automag , 06/10/2018 13:45
    De Christian Schmit ass fir eisen Automag zu Paräis um "Salon Mondial Auto". Dësen Autosalon ass deen eelsten iwwerhaat. Wat et hei neies gëtt an a wéi eng Richtung d'Automobil-Industrie geet hu mer eis ugekuckt. Eppes fält op, et huet en Ëmdenke stattfonnt.  
    0 min
  • Automag, 06/10/2018 13:45
    De Christian Schmit ass fir eisen Automag zu Paräis um "Salon Mondial Auto". Dësen Autosalon ass deen eelsten iwwerhaat. Wat et hei neies gëtt an a wéi eng Richtung d'Automobil-Industrie geet hu mer eis ugekuckt. Eppes fält op, et huet en Ëmdenke stattfonnt.  
    0 min
  • Automag, 06/10/2018
    R T L Automag
    Samschdeg: 06.10.2018
    LIVE vun Paräis um 13.45h

    U S O :
    ...an da schalten mir elo mol op Paräis. Do ass et jo am Moment de Rendez-vous mat de Nouveautéiten aus der Automobil Branche.
    Vill Marquen dréinen déi Kéier dem Salon de Réck, ass dee Salon Mondial de l’Auto un der Seine dann awer nach e Publikum ‘s Magnéit?
    De Christian Schmit ass fir äis op der Expo Porte de Versailles . Tjo, wéi gesäit et dann aus haut um éischte Weekend fir de Public mat de Visiteuren? Top oder Flop?

    T E X T :
     
    - Gudde Mëtteg live hei vun Parais. De Salon Mondial Auto ass nach ëmmer zimlech impressionant, iwregens och deen eelsten Autosalon iwwerhapt. Och wann eng gutt Partie Marquen effektiv nett un der Seine vertruede sinn.
    - Bon dat ass awer kee spezielle Phénomène fir Paräis. Och aner Salonen a Foiren hunn hir Méi mat den Exposanten déi wech bleiwen.
    - Zur Fro Top oder Flop: …………………………………………………………………………………………………………………………………………………..
    -
    - Also fir déi di weenst den Top Marquen mat ganz vill Power a Luxus kommen. Déi ginn zerwéiert, Dream Cars stinn hei am Scheinwerferliicht, an si ganz beléift fir Selfien.
    - Et sinn jo éischter méi buedemstänneg Marquen déi décidéiert hunn Paräis faalen ze loossen. Voir, Nissan, Opel, Fiat, Mazda, VW oder Volvo…
    - .
    -
    - Et heescht emdenken , an dat huet een hei zu Parais gemach. Beispill, leschte Sonndeg gouf et eng Parade mat Oldtimer aus 120 Joer Automobilgeschicht queesch duerch Parais.
    - Et gett e Centre d’essais mat deene Marquen déi alternativ Energiequellen ubidden. Dat op der Place de la Concorde. Do kann een Elektro, Hybrid, a Waasserstoffautoen op der Plaz testen.
    - Natierlech gett och hei um Salon op Schrëtt an Trëtt op d’Elektromobilitéit gesat. Just mat deem Emsetzen well dat nett klappen. Och a Frankraich leit wéi an Daitschland oder bei äis weit hannert den Erwaardungen zereck…
    - Anert Beispill et gett op Innovatioun gesat mat Mondial Tec. All d’Acteuren aus der Mobilitéit hunn sech do Rendez-vous ginn fir dass et och muer nach rullt. „Fluide“ fir jidereen…
    -
    - Speaker: Les absents ont toujours tort , wéi et esou schéin op franséisch heescht?
    -
    - Gutt Fro, bon wien elo mengt d’Chinesen géifen elo di Lächer fellen leit falsch. Just GAC ass an den Hexagone un d’Seine gereest mat am Gepäck engem SUV, wat soss, awer ganz vagen Aussoen wéini een dann elo den europäesche Marché eruewere well.
    - Mat Vinfast ass awer och eng éischte Kéier e vietnameseschen Konstrukteur dobai..wann och mat sougenannte Concept Cars.
    - Därer gin och bei Peugeot a Renault bewonnert. Mat der Renconciliatioun vum 504 Coupé, oder den EZ Ultimo, den ultra groussen Luxusliner deen ganz ouni Chauffeur auskennt. Zukunftsmusek!
    -
    - Speaker: Vlaicht och nach eppes aus der Kategorie „ludique“
    -
    - Majo Laurent, ganz originell, de Mini Moke aus de 1960er Joren ass erm do. De Genre Buggy, elo awer reng elektresch ugedriwwen
    - .Mam Partner LEGO kann een hei um Site en Bugatti bewonneren deen schon impressionant ass, an aus …………………………Lego Stecker zesummegesat gouf.
    - A well jo dann manner Marquen hei ausstellen, notzen d’Familjen d’Geleenheet fir d’Expo déi emmer parallel mam Salon Mondial de l’Auto leeft kucken ze goen. Déi Kéier mam Thema „Les routes mythiques“
    -
    Speaker: Merci Christian, dir dann nach vill Spaass zu Paräis. Jo a wann dir och elo Loscht krut do ze passéieren, bis e Sonndeg 8 Deeg huet ee nach Geleenheet.
    Um Mondial Paris Motor Show der Porte de Versailles.

    5 min
  • Automag , 03/10/2018 16:15
    Zanter 120 Joer gëtt et d’Mark Renault elo schonn. A wat do alles esou u Modeller an technescher Revolutioun zesumme koum, dovunner konnt ee sech dëser Deeg zu Hiefenech e Bild maachen.
    De Renault Concessionaire hat op eng Soirée de Nostalgie invitéiert, an de Christian Schmit war fir äis mam Mikro dobäi.
    0 min
  • Automag, 03/10/2018 16:15
    Zanter 120 Joer gëtt et d’Mark Renault elo schonn. A wat do alles esou u Modeller an technescher Revolutioun zesumme koum, dovunner konnt ee sech dëser Deeg zu Hiefenech e Bild maachen.
    De Renault Concessionaire hat op eng Soirée de Nostalgie invitéiert, an de Christian Schmit war fir äis mam Mikro dobäi.
    0 min
  • Automag, 03/10/2018
    Chapeau fir de Garage Thommes vun Hiefenech deen alles ëmgetässelt hat fir dass 52 där Renault’en Old a Youngtimer bei hinnen ausgestallt konnte ginn.
    En houfregen Betribschef Nico Welter iwwer 120 Joer Renault an d’Expo?
    (Cut 1...) 30sec + 30sec
    An deen Alpine M63B aus dem Joer 1963  eng absolut Raritéit, en Unikat. Geschate Wäert: 2 Milliounen Euro, a nach ni an engem Showroom fir de public accessibel.
    “... wann ech grouss sinn hunn ech ganz vill Autoen, eng grouss Garage mat allem dran op 4 Rieder wat mir gefällt, ech fueren Coursen, an...”
    Esou fänke Kanner Dreem un, mee den Jean Jacques Lesage huet sech saï Kandheet s Dram erfëllt. Dee war den Invité fir d’Soirée de Nostalgie am Kader vum 120. Anniversaire vun Renault. A mat him hunn mir äis dann och iwwer de Modell M63B ennerhaal, mat deem hien schonn op ville Circuiten ënnerwee war. Dëst Joer nach Le Mans Classic
    (Cut 2...)
    Mee och all di aner Klassiker vun Renault waren um Rendez-vous. Dauphine Caravelle, R8 Gordini, R4, R5, awer och de Fuego, Vel Satis, Avantime bis zum aktuellen Alpine A 110.
    D’Soirée de Nostalgie zu Hieffenech wou jonk an al Gefirer sech géintiwwer stoungen, an d’Passioun fir di al Renaulten am Mëttelpunkt stoung?
    (Cut 3...) 40sec
    Just ee Modell hat ech vermësst, mäin alleréischten Auto, deemools och e Renault, den R6...
    4 min

About Automag

From the publisher's feed

Autonews, Autotester, nei Modeller zu Lëtzebuerg an alles soss ronderëm den Auto

More shows like Automag

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners