Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

Automag episodes

  • Automag, 19/09/2018
    ...an ech muss et zou ginn et war eng Première fir mech.
    180 km queesch duerch de Grand-Duché bei enger agréabeler Spéit Summer Météo, en ofwiesslungsraiche Parcours an dat u Bord vun mengem Kandheets Dram, e Porsche 928 GTS, + eng charmant Begleedung, wat wëlls du méi?.
    De Michel Louro COO Losch Own Retail mat den Explikatiounen zum Losch Anniversary Rallye, a wien huet dierfe mat dobäi sinn?
    (Cut 1...)
    An déi Plazen a Start Nummeren waren natierlech ganz séier fort.
    Nom Briefing an dem Erklären vum Raod Book goufen d’Old a Youngtimer am Minutentakt op de d’Streck geschéckt. An do sollte vill Leit hei am Land Plazen kenneléiere, wou si nach ni waren. A propos Roadbook. Et gouf vill Luef, an et ass eng Heeden Aarbecht. Bravo un de Marc Olsem a Romain Hentgen?
    (Cut 2...)
    Deen eelsten Auto op der Losch Rallye 70 Joer, e VW Käfer vun 1955.
    Arrivée war dunn am fréien Owend an der Rieslings Gemeen Wormer, an zwar uewen op der Këppchen. Ganz zefridde war och d’Miriam Eisenmenger Group Marketing Manager am haus Losch?
    (Cut 3...)
    Natierlech wollte mir mam Mikro och Stëmmen afänken vun deenen déi matgefuer sinn...
    (Cut 4...)
    4 min
  • Automag: Mercedes EQC , 17/09/2018 11:50
    BMW koum als éischt Premium-Mark mat enger eegestänneger Elektro-Gamm, e puer Joer méi spéit zitt Jaguar mam i-Pace no, elo ass et u Mercedes. De Paul Origer war bei der Weltpremière vum neie vollelektresche Benz a Schweden derbäi.
    0 min
  • Automag: Mercedes EQC, 17/09/2018 11:50
    BMW koum als éischt Premium-Mark mat enger eegestänneger Elektro-Gamm, e puer Joer méi spéit zitt Jaguar mam i-Pace no, elo ass et u Mercedes. De Paul Origer war bei der Weltpremière vum neie vollelektresche Benz a Schweden derbäi.
    0 min
  • Automag, 12/09/2018
    Ford lancéiert eng komplett nei Generatioun vum Focus. Wat um kompakte Kölner wierklech nei ass a wat e besser kann, dat seet eis de Paul Origer.
    Paul, et geet scho mam Design un!

    Genee –awer kee Broch wéi deemols beim Wiessel vum Escort op déi éischt Generatioun vum Focus. Déi grouss Kalander an déi aggressiv geschnidde Luuchten sinn typesch, nei si säitlech déi ausgeprägte Falen iwwert de Radhaiser an hannen déi breet Réckluuchten wou nawell u Golf an nei A-Klass erënneren. Fuschnei och den Intérieur; den Tableau vum Virgänger war zerklüft an oniwwersiichtlech, deen neien ass ganz sober ausgefall. Manner Knäppercher an de grousse Bildschierm vum Sync-Multimediasystem wéi am Fiesta. Just d’Matière sinn net déi héichwäertegst an dee ville schwaarze Plastik gesäit dann awer e bessen traureg aus.

    Fläit goufen d’Prioriéite anescht opgedeelt – op d’Plaz bannenan villäicht?
    Dat kéint sinn, déi nei Plattform C2 versprëcht jo nët nëmme méi Stabilitéit mee och méi Raum. Vir trëfft dat och zou, hei ass genuch Loft no alle Säiten a Plaz fir méng Been, hanne bleift et éischter duerchschnëttlech, och d’Mall ass mat 375 Liter kee Wonnerwierk. De knapp 30 cm méi laange Kombi mecht dat scho besser; 608 Liter schléckt hien, extra goufen hei d’Amortisseure geréckelt fir och méi breedem Gepäck Plaz ze maan.

    De Ford Focus hat emmer een As am Arm, dat war de Spaass um Fueren – bleift dat nach emmer séng grouss Kalitéit?
    Absolut, och bei der 4. Generatioun war d’Fuerdynamik nees éischt Prioritéit. An d’Resultat ass do: Rare hat ech mat engem kompakten Auto esou vill Fuerspaass; de Focus läit immens gutt, reagéiert handlech a viif, séng Steierung bidd genee de richtege Feedback an déi richteg Präzisioun. Op de Landstroossen vun der Côte d’Azur hat ech op jidde Fall mäi Furri. An dat ouni knëppelhaart ze fiederen. Au contraire, e rullt dank der ofgekoppelter hënneschter Achs nach méi roueg of a léisst sech elo och mat engem variable Fuerwierk bestellen.

    An ënnert dem Capot gouf de Spaass net verduerwen?
    Bon, d’Bensinner hunn elo just nach 3 Zylinder, an déi gëtt et esouguer mat Zylinderofschaltung fir manner Duuscht. An der Topversioun, dem Ecoboost mat 182 PS aus 1500 Kubik geet de Focus richteg gutt, e wëll awer och gedréit a geschalt ginn wann et soll sportlech virugoen. Déi versprache 5,5 Liter Verbrauch sinn dann natirlech net ze réaliséieren. Méi spuersam ass do deen neien Diesel, de 1500er Ecoblue, iwweregens nach mat 4 Zylinder. Déi gefueren 120-PS-Versioun a Kombinatioun mat der neier 8-Gang-Wandlerautomatik huet gutt bei de Focus gepasst; den Diesel leeft relativ roueg, trëtt just net grad esou spontan un, geet leeschtungsméisseg awer duer. D’Automatik huet mer och gefall, si schalt douce a réagéiert gutt, do huet Ford gutt dru gedoen, déi ruckeleg Powershift op d’Schëff ze schécken. Bei de manuelle Boîte gëtt et net vill ze soen, méi kuerz Schaltwee’er géing ech mer hei awer nach wënschen. A wa mer iwweregens bei der Technik sinn, och d’elektronesch Gimmicks goufen erweidert; den Tempomat regelt elo den Ofstand selwer a ka Stop and Go, Head Up Display, LED Pharen a villes méi sinn elo am Focus ze kréien.

    An e bleift bezuelbar?
    Am Verglach mat der Konkurrenz secher; bei eppes iwwer 18.000 Euro geet et lass, gutt équipéiert als Titanium leie mer mat Bensinn an Automatik bei ronn 27.400 Euro, de Kombi kascht en Dausender méi.

    An du hues eis nees vill Fotoe vum neie Focus matbruecht - ze fanne sinn déi genee wéi d'Präisser vun alle Versiounen op auto.rtl.lu

    4 min
  • Automag: Volvo V60, 10/09/2018
    PAUL KËNNT LIVE

    USO: Volvo fänkt emmer grouss un; bei den SUV’en koum den XC90 virum XC60, no’m V90 ass et dann elo um V60 – an der gehuewener Mëttelklass e wichtege Kandidat. De Paul Origer hat de Volvo V60 am Alldagstest.

    Paul, en plus ass et e flotten Zoufall wëll du wars bei der Présentatioun vum Virgänger och schonn derbäi?

    Ganz genee an deen hat a sénger ganzer Karriär ee grousse Problem; e war zwar immens flott, mee Plaz bannenan hat e keng. Zum Beispill d’Mall war méi kleng wéi bei monchem Auto aus der Kompaktklass.

    Wëll wann ee Volvo seet, dann denkt een u fréiher, déi quadratesch praktesch Kombien wou extrem vill eragepasst huet?
    Voilà; de V60 ass jo och d’Kombiversioun an den direkte Konkurrent vun A4, 3er an C-Klass an deen huet am Verglach mam Virgänger zollitt zougeluecht. Zwar liicht méi schmuel, dofir awer 13 cm méi laang an 10 cm méi Radstand: Elo kann een och zu 4 am V60 reesen ouni sech ageengt ze fillen, vir souwisou mee och hanne sinn d’Sëtzer konfortabel ausgeformt, Kapp- a Beefräiheet ginn absolut an d’Reih. Just fir d’Féiss gëtt et ganz enk wa Fuerer a Copilot gäre sportlech déif sëtzen. D’Mall huet am V60 dee gréisste Sprong gemaach; vu schappege 430 op elo uerdentlech 529 Liter ass déi gewuess, dobäi komme kleng praktesch Détailer wéi eng 12V-Steckdous esouwéi Kreep an Ösen fir Gepäck unzestrécken.

    Also ee prakteschen Auto – obwuel jo bei Volvo och den Design net ze kuerz kënnt?
    Nee, et ass scho scho bal normal dat all neie Volvo och optësch erem gelongen ass. Dat ass beim V60 net anescht. Genee wéi beim grousse Brudder V90 hu se ouni vill Gedeessems nees eng elegant Linn hikritt. Besonnesch banne gefällt e mer ganz gutt. Just e puer Oflage méi hätt ech mer gewënscht an dee ganz hellen Interieur vun eisem Testwon géing ech Famillen net onbedéngt recommandéieren; dat quasi wäisst Lieder ass secher kee Frënd vun neie bloen Jeans an Iessgewunneschten am Auto.

    De grousse Kombi fir d’Famill, ideal fir déi grouss Rees?
    Natirlech; a punkto Confort hu se alles richteg gemaach; nidderegt Fuergeräisch, eng wierklech gelonge Fiederung – do hunn ech näischt ze meckeren. Wann ee Suen huet, da kann ee sech och gäer den Top-Soundsystem vu Bowers&Wilkins oder de Panoramadaach leeschten. Genervt huet mech awer wéi bei dene läschte Volvo-Testautoen den Infotainment iwwert deem säin Touchscreen ee bal alles am Auto steiert; onnéideg muss een do an d’Sous-Menu’e wulle goen a verléiert domat d’Konzentratioun op d’Strooss – BMW a Mercedes weisen dat daat och anescht a besser geet.

    An a punkto Motorisatioun?
    Iwwert déi hat ech mech am Ufank gefreet; den Topbensinner T6 mat Allrad, Automatik an 310 PS, déi Volvo per Kompresser an Turbo aus nëmmen 2 Liter a 4 Zylinder quetscht. An do läit den Hues am Peffer; der Motor-Boîte-Kombinatioun feelt et net u Leeschtung mee un Harmonie; de 4-Zylinder brauch héich Dréhzuelen wat dacks zu ruppege Schaltvirgäng féiert. Och baut e séng Leeschtung net gläichméisseg mee vill ze explosiv op a kléngt dobäi ugestrengt; ech fannen net dat daat bei esou een Auto passt. Ausserdem ass en ze duuschtreg; amplaz vun deene versprachene 7.6 war enner 10 Liter kaum eppes ze maachen – alt erem de Bewäis dat den Downsizing just um Pabeier eppes bréngt.

    A propos Pabeier; wat seet d’Präislëscht?
    Wéi erwaart ass och de V60 kee Schnäppchen; 34.000 Euro sinn de Minimum, eisen Testwon war eng voll Hütt fir ca 64.000 Euro.

    An dem Paul séng Fotoe grad ewéi d’Präisser vum neie Volvo V60 ginn et natirlech och, ze fannen op auto.rtl.lu

    5 min
  • Automag: Caravan Salon zu Düsseldorf , 04/09/2018 10:30
    An de nächste Minutten geet d’Rees op Düsseldorf, do wou de leschte Weekend de 57. Caravan Salon op en Enn goung. Nom Motto, no der Vakanz ass virun der Vakanz, konnt ee sech hei Appetit op Trends an Tendenzen fir eng onofhängeg Vakanz op 4 Rieder huelen. Fir den RTL Automag war de Christian Schmit dohinner
    0 min

About Automag

From the publisher's feed

Autonews, Autotester, nei Modeller zu Lëtzebuerg an alles soss ronderëm den Auto

More shows like Automag

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners