Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

Automag episodes

  • Automag: Caravan Salon zu Düsseldorf, 04/09/2018 10:30
    An de nächste Minutten geet d’Rees op Düsseldorf, do wou de leschte Weekend de 57. Caravan Salon op en Enn goung. Nom Motto, no der Vakanz ass virun der Vakanz, konnt ee sech hei Appetit op Trends an Tendenzen fir eng onofhängeg Vakanz op 4 Rieder huelen. Fir den RTL Automag war de Christian Schmit dohinner
    0 min
  • Automag: Caravan Salon zu Düsseldorf, 04/09/2018
    R T L Automag
    Dënschdeg: 04.09.2018 / Rediffusioun: 08.09.2018
    U S O :
    ...an de nächste Minutten geet d’Rees op Düsseldorf, do wou de leschte Weekend en de 57. Caravan Salon op en Enn goung.
    Nom Motto, no der Vakanz ass virun der Vakanz, konnt ee sech hei Appetit op Trends an Tendenzen fir eng onofhängeg Vakanz op 4 Rieder huelen.
    Fir den RTL Automag war de Christian Schmit dohin.

    T E X T :
    ...an och dëst Joer hat de Caravan Salon zu Düsseldorf erëm all Dimensioune gesprengt. Dat bei der Ausstellungsfläch a bei de Visiteuren aus alle méigleche Länner.
    Di ganz Branche inklusiv Accessoiren ass hei vertrueden. Natierlech gëtt op esou engem Salon nett nëmme gekuckt mee och gestaunt an och bestallt. Zu der Aberzuel u Vendeuren bei de Marquen zielt och e Lëtzebuerger, de Jerôme André, dee schonn vu Kand un op de Salon kennt.
    Camper a Caravane Branche boomt. Wat mécht dann de Reiz aus fir op 4 Rieder a wéinege Quadratmeter seng Vakanz ze verbréngen?
    (Cut 1...)
    De Star vum Salon sollt déi Kéier och tatsächlech e Stär um Kühlergrill hunn. Op Basis vum Mercedes Sprinter huet de Camper Spezialist Hymer den elo am Programm.. Do wou eise Letzebuerger op Clienten waart.
    Vun Fueren an enger neier Dimensioun geet do riets?
    (Cut 2...)
    Mir konnten en och kuerz fueren a freeën eis elo schonn op de méi laangen Ausflug. Prototypen goufen och gewisen. De Mercedes Camper mat der Brennstoff Zellen Technik oder den E-Home Coco bei Dethleffs. Eng Roulotte mat Elektromoteur...
    Vill Marquen wëllen am Camper Business mat verdéngen. Nett nëmme méi just um Fiat Chassis gëtt opgebaut, Neen och Ford, Citroën, Peugeot, Renault, VW a neierdéngs elo deenen hir Duechter Firma MAN.
    Vum klengsten Ënnerdaach op enger Achs bis zum Top Luxusliner fir Budgeten wou anerer eng Villa am Süden kafen, stoung zu Düsseldorf erëm alles prett. A fir de Lëtzebuerger muss et wéi beim Auto Premium sinn?
    (Cut 3...)
    Dräi Modeller sinn engem besonnesch an d’Aa gesprong. Den Transporter an Hotel anengems fir Moto Freaken op Citroën Jumper Basis, an den Retro Jumper mam Wellblech Look wéi dee vun 1948 aus enger italienescher Designer Schmëtt.. Oder nach de Peugeot Rifter am Outdoor Look mat 4X4 Technik vun Dangel, an 8 Zentimeter méi Buedemfraiheet..
    An och eng gutt Partie Lëtzebuerger pilgeren all Joer op de gréissten Campar a Caravanne Salon an Europa.
    (Cut 3...)
    “In der Welt zu Hause”, esou war d’Editioun 2018 iwwerschriwwen. A vill Leit trauen sech mat hirer Wunneng op Rieder eraus an d’Welt.
    Ganz weit, wéi de Kostya Abert mat sengem Traum Touren Kino erëm um Caravan Salon gewisen huet. Well deen traut sech a Géigenden wou nach ni ee mam Camper passéiert ass...

    Ofso Speaker:
    ...an e puer Imressiounen vun der gréisster Foire fir Camper Caravannen huet de Christian och matbruecht. Alles dat op www.auto.rtl.lu

    4 min
  • Automag: Mercedes CLS, 28/08/2018
    E Coupé mat 4 Dieren – virun 13 Joer huet Mercedes dës nei Kategorie mam CLS agelaut. Elo ass déi drëtt Generatioun am Start - de Paul Origer hat deen neie Mercedes CLS am Test.

    Paul, de CLS ass op jidde Fall sénger Linn treih bliwwen.
    Natierlech – mir erënneren eis un déi éischt Generatioun zeréck déi besonnesch duerch déi laang a flaach Silhouette opgefall ass – dee ganz neien CLS follegt genee der selwechter Philosophie, ass awer e Stéck méi sober ginn – am Kloertext; all déi Sicken a Fale vum Virgänger si fort, en ass elo e bësse méi seriö geroden a passt sech domat dem Design vun C an E-Klass un. Deem steet och den Intérieur an näischt no, den Tableau am CLS baséiert op der E-Klass, gouf just nach emol verfeinert. En No-Go an esou enger Präisklass sinn awer verschidde schief agepasste Verkleedungen an de bëllege Plastikdeckel an der Mëttelkonsol.

    Wéi eng Clientèle soll den CLS dann uspriechen?
    Op jidde Fall déi, déi den Auto éischter mam Bauch wéi mam Kapp kafen. Déi, deenen eng E-Klass ze seriö an eng S-Klass ze flappeg ass. An déi, déi bereet sinn Kompromesser anzegoen. Wëll – ween e schéinen Auto wëll fueren...

    ...dee muss bekanntlech leiden?
    Voilà! Am Fall vum CLS déi Leit op der hënneschter Bänk. Stolz 5 Meter laang ass en, allerdéngs och nëmmen 1m43 héich an do läit den Hues am Peffer. Déi fléissend Daachlinn am Coupé-Stil kascht net nëmmen Iwwersiicht beim Parke mee och Kappfräiheet a Raumgefill op den hënneschte Plazen. De Knéi- a Foussraum ass och éischter Duerchschnëtt. Besser setzt ee vir; an eisem Testauto, dee standesgeméiss top équipéiert war hate mer exzellent Sëtzer mat Massagefonctioun, hunn eis anengems vum messerscharfe Risen-Ecran, vun der Ambiance-Beliichtung a vun der 6000-Euro Burmester High End 3D Anlag alulle geloss.

    Also een Auto fir ze genéissen?
    Wann een déi néideg Kräizer an der Optiounslëscht gemeet huet, sécher. Mee dat bäscht stouch an eisem Test-CLS awer ennert dem Capot. Et war de momentane Topbensinner 450 4matic mam fonkelneie Reihe-6-Zylinder. Technesch ass dëse Motor e klengt Wonnerwierk; e verzicht komplett op Rimmer a kritt via 48-Volt Bordnetz Hëllef vun engem Elektromotor. EQ-Boost nennt sech dat – déi 367 PS kréien esou nach 22 extra Elektropäerd wa se gebraucht ginn. An der Praxis ass dat richteg faszinant. Wee bis dohinner gemengt huet, just d’Konkurrenz vu München kéint Reihe-Sechser bauen, deen iert sech. Den 3-Liter dréint wéi eng Turbine a verpasst via 9-Gang-Automatik dem 2-Tonne-Schëff e gehéierleche Schub! A kléngt dobäi net kënschtlech gepimpt mee käereg, sonor esou wéi e soll. A wann de Chauffer sech packt, da kann en esouguer och spueren! Verbrauchsmoyennen ëm déi 8 Liter stounge relativ dacks um Bordcomputer.

    Beim Fueren also eng grouss Iwwerraschung!
    Jo, absolut. Besonnesch am Sport+-Modus war ech paff wéi sat den CLS op der Strooss läit, wéivill Gripreserven an der Kéiere blouf a wéi präzis a réckmeldefreedeg d’Steierung fonctionnéiert. Kloer dréiht dozou déi 2200 Euro deier Loftfiederung hiren Deel bäi. Just déi grouss 20-Zoll-Rieder hunn de gudde Confort-Bilan gestéiert; se sinn zwar chic mee stolperen iwwert all Kanaldeckel – e faux-pas fir esou eng elegant Coupé-Limousine.

    Ech traue mech scho kaum fir no’m Präis ze froen?
    Deen dierf beim CLS keng Roll spillen, soss keeft ee besser eng E-Klass. De 450er kascht minimum 74.500 Euro – standesgeméiss équipéiert wéi eisen Testwon komme séier 6 Stellen zesummen.
    An du hues eis nees vill Fotoe vum neien CLS matbruecht - ze fanne sinn déi genee wéi d'Präisser vun alle Versiounen op auto.rtl.lu

    4 min
  • Automag , 25/08/2018 13:15
    Wien oder wat ass Borgward? Vill Leit wäerte sech d'Fro stellen wann elo op emol déi däitsch Autosmark no laanger Abstinenz nees erëmkennt. De Paul Origer huet mat der neier Chef-Etage geschwat.
    0 min
  • Automag, 25/08/2018 13:15
    Wien oder wat ass Borgward? Vill Leit wäerte sech d'Fro stellen wann elo op emol déi däitsch Autosmark no laanger Abstinenz nees erëmkennt. De Paul Origer huet mat der neier Chef-Etage geschwat.
    0 min
  • Automag , 21/08/2018 10:30
    Wien oder wat ass Borgward? Vill Leit wäerte sech d'Fro stellen wann elo op emol déi däitsch Autosmark no laanger Abstinenz nees erëmkennt. De Paul Origer huet mat der neier Chef-Etage geschwat.
    0 min
  • Automag, 21/08/2018 10:30
    Wien oder wat ass Borgward? Vill Leit wäerte sech d'Fro stellen wann elo op emol déi däitsch Autosmark no laanger Abstinenz nees erëmkennt. De Paul Origer huet mat der neier Chef-Etage geschwat.
    0 min

About Automag

From the publisher's feed

Autonews, Autotester, nei Modeller zu Lëtzebuerg an alles soss ronderëm den Auto

More shows like Automag

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners