Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

Automag episodes

  • Automag News , 14/08/2018 10:30
    De Christian Schmit hat gläich dräi Modeller am Alldag Test. D’Mercedes E-Klass als All Terrain, den Kia Optima Hybrid, an och de Skoda Fabia RS an enger “série limitée”.
    0 min
  • Automag News, 14/08/2018 10:30
    De Christian Schmit hat gläich dräi Modeller am Alldag Test. D’Mercedes E-Klass als All Terrain, den Kia Optima Hybrid, an och de Skoda Fabia RS an enger “série limitée”.
    0 min
  • Automag News, 14/08/2018
    Uso:
    Och am Summer sëtzen d'Kollege vum Automag  hannert dem Steier.

    Déi Kéier ass et de Christian Schmit.
    Deen hat gläich dräi Modeller am Alldag Test, queesch duerch de Gaart... D’Mercedes E-Klass als All Terrain, den Kia Optima Hybrid, an och de Skoda Fabia RS an enger “série limitée”.

    T E X T :
    ... jo ganz ënnerschiddlech Modeller waren elo am Summer an der Redaktioun passéiert.
    Fänken mir dann och mat der Marque mam Stär un. Eng E-Klass vun Mercedes als Break ass jo schonn ëmmer am Programm gewiescht. Elo gëtt et déi och als All Terrain. Luxus bannenan an vill Plaz déi bleiwen, elo kennt nieft der 4 X4 Traktioun nach den Off Road Look vun baussen dobäi.
    Elo gëtt also den Terrain vun Feld a Bësch Weeër nett méi den anere Marquen iwwerlooss, nee elo spillt een och an där Liga.
    Mam groussen SUV Kühlergrill, Plastik Planchen iwwer de Rad Këschten an Protectiounen un der Carrosserie  soll de Cross Over eng aner Clientèle uschwetzen.  Mat der serieméisseger Loft Fiederung kann den All Terrain nach eng Kéier em 2 Zentimeter ugehuewe ginn. Dat gëtt och optesch um Tableau de bord affichéiert, an de Chauffer gëtt dorop higewisen elo just nach mat 35 km/h ze fueren. 
    Mam Life Style Kombi  op 19 Zoll Felgen traut ee sech dann och dann dohin wou kee Makadam méi ass. Souwäit wéi een dozou autoriséiert ass. Natierlech kann een och nach astellen wat ee grad ënnert de Pneuen huet, an dann kann ee baal behaapten op all all Terrain eng gutt Figur ze maachen. Dat gëllt bestëmmt och fir de Wantersport.
    Den 194 PS Turbo Diesel mat  enger Accélératioun op 100 an 8 Sekonnen an 230 km/h Spëtzt harmonéiert gutt mam All Terrain. De Verbrauch vun ënner 8 Liter och. Präis vum Testauto, 57 644 Euro, virun Optiounen
    Wéivill der elo tatsächlech den Mercedes E als All Terrain wielen bleift ofzewaarden. Vläicht all déi di sech nett an engem SUV gesinn, an iewer emol heiansdo e bësschen méi Buedem Fräiheet brauchen.

    Eriwwer an de KIA Optima PHEV. Also Eco Plug In Versioun. Fir all déi vläicht keen Diesel méi wëllen, an deenen Fueren mam gudde Gewëssen eppes méi wäert ass. Kombi oder Limousinn et huet een de Choix. Nett bei de Motricen. Do ass et den 156 PS Bensiner dee mat 67 PS Elektropower ënnerstëtzt gëtt. Eng Lithium Ionen Polimerbatterie mat där mir den Optima reng elektresch eng 40km beweegt hunn. Je no Équipement dauert dat Oplueden tëscht  3 a nobäi 5 Stonnen.
    Optesch ginn et schonn Ënnerscheeder, déi droen zu enger nach besserer Aerodynamik bäi. Um Tableau de Bord gesäit een och wéivill Jus nach grad an der Batterie dran ass.
    Mat 0 Dezibel starte mir de Kia Optima Hybrid. Eréischt méi spéit a je no Temperament am rietse Fouss gesellt sech den zweete Moteur dobäi. Soft gefiedert a mat vill Plaz kann et op d’grouss Rees goen. Amateuren vun enger sportlecher Fuerweis wäerten nett gläich Gefalen um Koreaner fannen.
    Awer huet ee sech mol un d’Kraftentfalung  gewinnt, dann ass een iwwerrascht wéi agréabel sech den Hybrid by Kia automatesch natierlech beweege léisst.
    Ennert dem Strich e positive Bilan vum Plug-In Hybrid deen eng Beraicherung fir d’Gamme ass. Mat 44 711 Euro  allerdéngs kee bëllege Spaass, och wann dann schonn bal alles de série dran ass.
    Mee bei der Konkurrenz kascht dat Ganzt nach en etlech Dausender méi , jo a 7 Joer Garantie gëtt et do nawell nett...
    Ee vun 800 hu mir dierfe fueren. De Skoda Fabia RS an der série limitée WRC  gouf extra opgeluegt fir den Championstitel an der Rallye Weltmeeschterschaft  2017 ze feieren, an ass an tëscht vergraff...Di 35 Exemplairen fir Lëtzebuerg hunn schonn Amateure fonnt.
    Déi kréien e 1400er TSI mat 125 PS ënnert der Hauf, mat baussen villen opteschen Accenter. Och bannenan gëtt et en individuelle Layout mat Sport Sëtzer an enger 7 Gang DSG Boîte.

    Ofso:
    Natierlech wëlle mer elo wëssen wéi déi 3 Modeller ausgesinn... D'Fotoen fannt Der auto.rtl.lu
    4 min
  • Automag , 07/08/2018 10:30
    An den Automag-News vun haut entdecke mer déi nei Technologien am Sevice Après-Vente, gi gewuer wourop een dëser Deeg beim Kaf vun enger Autobunnsvignette oppasse soll a kréien e Virgeschmaach op zwee Elektro-SUVen vu Mercedes-Benz an Audi.
    0 min
  • Automag , 04/08/2018 13:15
    Ass dat doten e Kia? Déi Fro krut eisen Autotester Paul Origer nawell dacks gestallt, wéi e mam neie "Stinger" ënnerwee war. Wat de Kia Stinger fir een Auto ass, huet de Paul fir den Automag getest.
    0 min
  • Automag, 04/08/2018
    INTRO: Ass dat doten e Kia?

    Paul, de Stinger ass ee Kia wéi et anscheinend nach kee bei hinne gouf!

    Ganz genee! Gehéiers du och zu der Kategorie Autoskeefer déi éischter op de Bauch oder d’Häerz wéi op de Kapp lauschteren? Dann ass de Stinger fläit eppes fir dech. Esoulaang wéi ech mech fir Autoen interesséieren huet nach ni eng koreanesch Mark et fäerdeg bruecht een Auto ze bauen, no deem ech mech an och Passanten an aner Autofuerer sech emdréinen. Abee de Stinger ass esou ee Kandidat. An et ass zum Gléck mol emol kee SUV, mee eng Limousine, an zwar eng mat Fastback. 4m83 laang an awer nëmmen 1m40 héich duckt sech de GranTurismo sat op dem Macadam. De Bléck ass grimmeg, déi hënnescht Luuchten elegant, d’Silhouette verführeresch, déi falsch Entlëftungslächer un de Flanken an um Capot verspillt. Hei huet een sech wierklech ameséiert en Auto fir Carguys a Petrolheads ze zeechnen.

    An dat geet bannenan och esou virun?

    Absolut, de Cockpit ass flott gemaach a gëtt vun de ronnen Loftdüsen an der Mëtt dominéiert; d’Instrumenter si keen digitalt Gespills mee klassesch mat richtegen Zären. D’Sëtzer si grouss dimensionéiert, confortabel an d’Sëtzpositioun sportlech déif. Vir sinn definitiv déi bäscht Plazen, hannen vermasselt déi schéi Form dann awer d’Kappfräiheet. A wa vir e Lulatsch vu méngem Format sëtzt, dann ass et och mat der Beefräiheet grad esou wéi mam Foussraum eriwwer. Hannert dem grousse Mallendeckel bleift och nëmme Plaz fir 406 Liter, dat ass net terribel fir e bal 5 Meter laangen Auto. Mee een, dee sech an de Stinger verléift huet, verzeiht dat villäit.

    An d’Léift verblatzt net wann en de Motor start?

    Am Fall vun eisem Testauto bestëmmt net. Dat war zum Gléck d’Topversioun GT déi keen Affer vum Downsizing gouf mee aus dem Volle schäfft. V6 an 3.3 Liter, per Turbo op 370 PS a 510 Nm opgeblosen. An déi maachen aus dem knapp 1900 Kilo schwéiere Stinger eng Rakéit. Egal op aus dem Stand oder beim Iwwerhuelen, Reserve si masseg do. Wann et muss sinn a 4,9 Sekonnen op 100 a maximal 270 pro Stonn séier. Dat si Fuerleeschtunge wéi een se soss am S-, M- oder AMG-Rayon fënnt. Iwwerdroe gëtt d’Leeschtung via eng 8-Gang Automatik an Allradundriw – Traktioun ass deemno keen Thema, just d’Boîte geréit bei sportlecher Fuerweis mol un d’Ruckelen. Stroosselaach kann de Stinger dogéngt gutt, d’Steierung bitt e flotte Feedback an agéiert extrem präzis, allerdéngs spiert een a séier gefuerene Kéieren dat do bal 2 Tonne matschaffen. Dofir läit de Stinger bei laange Strécken extrem sat op der Strooss, näischt rabbelt oder klappert, déi laang Iwwersetzung vun der Automatik hällt d’Touren agréabel niddereg an d’Fiederung huet trotz 19-Zoll-Rieder esouguer gutt Schlécktalent. De Motor iwweregens och; enner 11 Liter leeft näischt, gutt gefuer rauschen 12 a méi duerch d’Asprëtzanlag. An enttäuscht huet de Sound; trotz 4 groussen ovalen Tröten kënnt hanne just diskret Gemurmel eraus. Mol net de Sportmodus verschaft dem Stinger de Klang deen e verdéngt hätt.

    Eng grouss Limousine mat vill Technik a Leeschtung, dat ass bestëmmt och net geschenkt.

    Dat secher net, de Stinger ass deen deierste Kia deen ech bis elo gefuer sinn. Bei 44.480 Euro geet et lass, ronn 52.800 Euro kascht de GT, fir ee Kia vill Suen, fir dat wat ee kritt awer absolut net. Eng exzellent Soundanlag vun Harman Kardon, Navi, LED, alles vun elektreschen Heinzelmännercher wat et gëtt, Assistenzsystemer an eng 360 Grad-Kamera déi bei der miserabler Iwwersiicht och absolut néideg ass. Just den Tempomat mat Ofstandsradar hunn ech mer soss enzwousch gewënscht; op der Iwwerhuelspuer bei fräier Pist huet deen emmer gemengt mussen an d’Eisen ze goen wa riets ee gefuer ass. Do ass dann nach Loft fir Verbesserungen.
    4 min
  • Automag: De neie Kia Stinger, 31/07/2018

    Eng grouss Limousine mat vill Technik a Leeschtung, dat ass bestemmt och net geschenkt.
    Dat secher net, de Stinger ass deen deierste Kia deen ech bis elo gefuer sinn. Bei 44.480 Euro geet et lass, ronn 52.800 Euro kascht de GT, fir ee Kia vill Suen, fir dat wat ee kritt awer absolut net. Eng exzellent Soundanlag vun Harman Kardon, Navi, LED, alles vun elektreschen Heinzelmännercher wat et gëtt, Assistenzsystemer an eng 360 Grad-Kamera déi bei der miserabler Iwwersiicht och absolut néideg ass. Just den Tempomat mat Ofstandsradar hunn ech mer soss enzwousch gewënscht; op der Iwwerhuelspuer bei fräier Pist huet deen emmer gemengt mussen an d’Eisen ze goen wa riets ee gefuer ass. Do ass dann nach Loft fir Verbesserungen.

    4 min

About Automag

From the publisher's feed

Autonews, Autotester, nei Modeller zu Lëtzebuerg an alles soss ronderëm den Auto

More shows like Automag

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners