Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

Automag episodes

  • Auto-Musée Camargue , 07/07/2018 11:15
    Tëscht Aigues-Mortes a Sainte-Maries-de-la-Mer zu Montcalm matzen an de Wéngerten wou de Petit Rhône fléisst, an de Vin de Sable hirkënnt, do läit eng kleng Schatz-Tru mat Oldtimer. Et ass dem Maurice Blucher säi Privatmusée mat enger Kollektioun vun alen Autoen, déi en zum Deel scho vu sengem Papp iwwerholl huet.
    0 min
  • Auto-Musée Camargue, 07/07/2018
    R T L Automag “live an der Ronn”
    Samschdeg: 07.07.2018
    U S O :
    ...am Automag sinn mir haut schonn am Vakanz Modus. Et geet an d’Camargue. Och eng flott Plaz fir de Summer Congé ?
    Christian du war’s an der Camargue ënnerwee an hues dech do fir en klenge mee rengen Automusée interesséiert.
    T E X T :
    ...jo esou en Ausflug a Südfrankraich, oder iwwerhaapt am Hexagone,  ass jo eigentlech souwisou schonn en Tour duerch de Musée. De Fransous schwëtzt jo gären vun enger bagnole aplaz vun Automobil, an déi gëtt an der Regel vill méi laang gehal wéi bei äis am Grand-Duché.
    Also op menger leschter Rees sinn ech do an Dierfer op Autoe gestouss déi mir begéint sinn wéi ech an d’Schoul gaang sinn. An ech sinn der ewell 50 ginn. Mäin éischten Auto war e Renault 6, an och därer hunn ech nach ee begéint. An och eng 2 CV ass och anno 2018 keen Exot am Stroosseverkéier
     Um Bord vun enger Porsche Présentatioun hat ech Geleeënheet schonn en Dag éischter do sinn, an hunn a) di herrlech Landschaft genoss,
    a b) duerch Zoufall op dem Maurice Blucher seng Kollektioun gestouss. Tëscht Aigues Mortes an.Sainte Marie de la Mer  zu Montcalm matzen an de Wéngerten wou de Petit Rhône fléisst, an de Vin de Sable hirkennt, do leit déi kleng Schatz Truh mat Oldtimer?
    Speaker:                       E private Musée deemno...
    Genee, an dee Maurice Blucher ass een dee gutt zum typeschen Klischee vum Fransous passt. Gudd Zait, d’Liewe genéissen, a sech nett aus der Rouh brénge loossen. Iregendwéi e ganz besonnesche Personnage, wat mir nach héiere wärten. En Deel vun der Collectioun ass en Heritage vum Papp, dee schonn virun iwwer 40 Joer mat sammelen ugefang hat.
    Mee déi Oldtimer dierfen och de temps en temps eraus op d’Strooss.
    (Cut 1...)
    An do déèlacéiert den Maurice Blucher sech dann och gären. Den Oldtimer op d’remorque gelueden a lass. Bis an d’Schwaiz war hien schonn mol fir eng Hochzait.
    „Pour votre casting photo/ clip vidéo / mariage / cérémonie, le Musée Automobile De Camargue se déplace pour vous «  eng Offer déi dacks an Usproch geholl gëtt.esou  

      Zënter 2001 ass de Musée och op fir de grand public.
    Speaker.                       Wéi eng Autoen stinn dann an der Expo?
    Also dat ass schonn en Ausflug an d’lescht Jorhonnert...
    (Cut 2...)
    A natierlech e puer ganz rar Artikelen?
    (Cut 3...)
    Jo an hien huet och deen Delahaye  M 134 aus dem Film “L’été meutrier” mam Isabelle Adjani an dem Alain Souchon.
    A wou mir do esou duerch seng Scheier / Garage aus dem Joer 1917  trëppelen, déi iwweregens och voll gepaakt mat Auto Accessoiren , wësst dir wou et nach esou herrlech no alem Uelech richt, verzielt de Maurice Blucher mir dass esou eng Sortie mat engem Oldtimer eppes ganz Besonnesches wier?
    (Cut 4...)
    Hei stinn Coupen vun gewonnene Rallyen, Plakater vun Autoscoursen an och eng Partie Spillautoen.
    Speaker:                         E klenge Musée mat enger Particularitéit?
    Jo an dat ass déi dass contrairement zu anere Automuséen de Visiteur sech Plaz huelen dierf an den Exponater?
    (Cut 5...)
    Oldtimer déi e Verméige wert sinn an senger Garage, mee privat ganz buedemstänneg. Wéi mengt de Propriétaire, Camargue ass nett Cannes oder Monaco, a weist mir dann sain alen Renault Kangoo mat 300 000 Kilometer um Tacho.
    Speaker:                       A beim Concours d’élégance do trefft ee sech gären ënner Gläich Gesënnten?
    Genee...
    (Cut 6...)
    Am Moment kommt dir och mam Maurice Blucher an d’Geschäft, wann dir op der Sich no engem MG, Citroën 11 Traction, oder  enger 4CV vun Renault sidd. Déi ginn elo mol verkaaf.
    De klenge  Musée zu Montcalm vläicht eng Escale wäert. Eng schéin an och nach e bësschen méi “sauvage”Géigend  wéi Côte d’Azur . Jo a kaum war ech vum Haff gefuer do stoung schonn enger 2CV als Fougonette vis à vis...tjo a Frankraich bas de “le long de la rue” ëmmer an engem Automusée...
    Speaker:                       Fotoen vun dohannen déi ginn et op www.auto.rtl.lu

    8 min
  • Automag , 04/07/2018 08:50
    Fréier grouss a Moud an haut vum SUV verdrängt – de Minivan. Nëmmen nach e puer Autosmarken halen um Multitalent mat 6 oder 7 Sëtzer fest, och BMW. Déi hunn nämlech elo hiren 2er GranTourer opgefrëscht an de Paul Origer hat en am Test.
    0 min
  • Automag, 04/07/2018
    Paul, BMW a Van, do hu missen e puer Fans schlécken!
    Dat ass richteg – bon elo ass den 2er GranTourer jo schonn e puer Joer um Maart an zesumme mam klenge Brudder Active Tourer schéngt de Konkurrent vu Mercedes B-Klass, Renault Scénic a Co awer elo akzeptéiert ze sinn.

    Vun de Mossen hir bleift de GranTourer nach kompakt, an trotzdem passe 7 Leit eran?
    Dat ass genee déi Fro déi sech emmer stellt. Mee genee wéi bei der Konkurrenz bleiwen déi 2 Plazen an der drëtter Reih éischter just fir den Noutfall. An dat Konschtstéck bréngt och BMW net fäerdeg; kleng Kanner enner 1m50 kënnen do eventuell nach setzen, mee dann och net laang. Besser verzicht een op déi drëtt Sëtzreih a spuert domat och nach 800 Euro, dofir huet een dann eng vill méi grouss Mall wéi am Active Tourer. Zu 5 reest et sech gutt am GranTourer, Plaz ass iwwerall, besonnesch Chauffeur a Bäifuerer sëtze méi wéi lëfteg. Gemeckert gouf an der zweeter Reih just iwwert déi ze haart Polsterung, do gouf dann awer mat der Sportlechkeet iwwerdriwwen. Soss ass de GranTourer fläit keng Beauté, mee e gutt iwwerluechte Familljenauto mat villen Oflagen an engem wonnerbare Raumgefill.

    Elo si mer jo beim Facelift deen un der Karosserie wahrscheinlech net vill geännert huet – wat ass um 2er GranTourer dann elo nei?
    Do hues de Recht, d’Struktur blouf déi selwecht mee wéi et sech fir e Facelift gehéiert gouf de BMW-Van fir d’éischt emol optësch renovéiert. Dat si baussen déi üblech Elementer wéi Pare-Choce, Luuchten a Felgen. Dozou gëtt elo optional LED-Technik fir Pharen an Niwwelluuchten an d’4-Zylinder-Versiounen erkennt een hannen neierdéngs un 2 décken a richtegen Endréiher. Bannenan kommen nierft neie Faarwen an Iwwerzich en Touchscreen fir Multimedia an Navi an den elektronesche Wielhiewel fir d’Automatik. Dann, Stéchwuert Connectivity, fiert elo serieméisseg eng SIM-Kaart mat déi den Auto konnektéiert, WLAN, induktivt Oplueden an Apple Car Play gëtt et als Optioun. Nei ass och den Active Cruise Control deen vu Stop & Go bis 140 km/Stonn fonctionnéiert esouwéi e City Noutbrems- an ee Spurhal-Assistent. An deen huet mech genervt wëll ech en néierens ausschalte konnt. Wann’s de nämlech op Landstroosse méi zackeg d’Kéiere schneids hält däi Steier net méi op mat Vibréieren wëlls de de Markéierunge méi no kënns. Bei der Konkurrenz gëtt et dofir e Schalter, beim 2er GranTourer hunn ech dat bis zum Schluss net fonnt.

    Dobäi ass Bedénge bei BMW jo am Fong kee Problem?
    Nee, an den Touchscreen hätten se sech och kéinte spueren well fir mech den i-Drive Kontroller genee op der richteger Plaz läit a sech präzis a secher bedénge léisst.

    Ech huelen un, de Facelift konzentréiert sech awer net nëmmen op d’Elektronik?
    Nee, dat wichtegst Stéck am Testwon war déi nei Automatik, fir méi genee ze sinn, eng Duebelkupplungsboîte mat 7 Gäng. Do huet fir mech BMW an d’Schwaarzt getraff; et ass déi éischt Boîte vun déier Zort déi propper, ruckfräi an och beim Zeréckschalten perfekt fonctionnéiert. En plus huet se gutt mam 192 PS-Bensinner am 220i, wou se iwweregens serieméisseg verbaut ass, harmonéiert. An domat kéime mer bei d’Fuere wou spéitstens all BMW-Fan déi typesch wäiss-blo Genen erausspiert; den 2er GranTourer ass tatsächlech de BMW ënnert de Vans; knackeg, handlech, präzis Steierung, d’Sportsetzer passe wéi ugegoss, de 1500er Turbobensinner dee flott dréint a gutt kléngt an déi richteg gutt Boîte – de GranTourer huet mech op en neits positiv iwwerrascht. Eeenzeg d’Traktioun koum bei Vollgas un d’Limiten, de Verbrauch loung knapps 2 Liter iwwert der Wierksdonnée, nämlech bei gutt 8 Liter an d’Fiederung war trotz moderate 17-Zoll Felgen aus dem M-Sport-Paket relativ straff. Mee fir de Papp dee keng Loscht op eng fuerspaassbefreite Pampersschaukel huet, mäi Geheimtipp.

    A bei de Präisser vergeet de Spaass och net?

    Ma dach, soss wier et kee BMW. An der Basis si fir den 220i GranTourer scho ronn 34.500 Euro fälleg an da komme wéi emmer déi flott Optiounen; aleng den M Sportpaket dee ménger Meenung no fir de GranTourer muss sinn, kascht 5600 Euro! Eisen Testwon huet dann och schonn un de 50.000 gekratzt.
    5 min
  • Automag: Opel Grandland X, Bugatti Veyron Super Sport, 02/07/2018
    ...jo haut mam neiste Vertrieder an der Opel Gamme. Wéivill Opel stécht dann am SUV, dee jo à la base en Peugeot ass. Nodeems jo d’Marque mam Léiw am Logo an déi mam Blëtz fusionéiert hunn, huet een elo de Choix. Woubäi sech di zwee awer trotzdem ganz kloer ënnerscheeden.
    Extérieur an Intérieur goufen am Opel ganz eegestänneg interpretéiert. Hei fillt sech den Opelaner gläich zuwee. Jo manner avantgardistesch wéi en 3008 mee dofir nett manner attraktiv.
    Alles wierkt opgeraumt, gutt verschafft an mat Piano Lack och Premium. Kee Wonner mir haten den Topmodell zur Dispositioun. A fir dat ze ënnersträichen och den Top Moteur. Den 2 Liter Turbodiesel mat 177 PS ënnert dem Capot, deen och di streng Euro 6D Temp Norm erfellt.
    Deen kennt och serieméisseg mat enger 8 Gang Automatik, an dat passt ganz harmonesch zesummen.
    Dat bréngt zwar mat der automatescher Bôite 180 Kilo méi op d’Wo mee bleift iewer nach ënner 1,6 Tonnen.
    Domat ass een souverän ënnerwee. De Wiessel an di nächst Stuf kritt ee kaum mat. Séier seet ee sech mat dem doten kann et op d’grouss Rees goen. Oder op eng däitsch Autobunn wou de Grandland X dann sain Temperament ausspille kann. Déi Säit der Musel esou tëscht Tréier a Koblenz do ginn et esou Passagen wou nett vill lass ass an Tachonool mat der 200 flirt. Mee mam Opel SUV war et awer grad esou agréabel d’Panorama Strasse laanscht d’Musel ze erliewen.
    Den Dezibelpegel hällt sech am Hannergrond. 2 Ausgläichs Wellen eliminéieren d’Vibratiounen.
    D’Fuerleeschtungen sinn méi wéi ok, a mat 7 Liter Consommatioun gëtt dat berühmtent Seel och nett erofgerappt, och wann d’Prospekt eis 5 Liter vir rechent.
    De Präis? 33 750 Euro, dann awer schonn d’office an der Innovation Versioun mat vill Équipement, an dach ass nach séier deen een oder aneren Dausender an Luxus Featuren investéiert.
    Allrad bleift weider keen Thema, genee wéi beim Cousin dem 3008 vun Peugeot e Nodeel vis à vis vun der Konkurrenz. Déi bidden dat zumindest géint Opräiss un.
    Trotzdem gëtt et eng gutt Zensur fir den Opel Grandland X, besonnesch an der Top Motorisatioun an der Top Automatik

    Chic an mat méi Inhalt, dat de neie Layout vum Lëtzebuerger Mercedes-Benz Oldtimerclub Magazin. Zweemol d’Joer kennt deen elo eraus an enger Oplo vun 4000 Exemplairen. Méi wéi just eng Club Zäitschrëft, neen hei ginn et och aner Rubriken. Kloer gëtt sech mam Passé an dem Futur vun der Marque mam Stär befaasst, mee och Gastronomie, Tourismus oder Immobilien spillen eng Roll. E richtege Männer Magazin, deen engem Zäit am Wartesall e bësschen méi attraktiv erschénge léisst...
    Si ass gratis op ville Plazen ze fannen, an dat nett nëmme beim Mercedes-Benz Concessionnaire...

    Bis den 13. Juli kennt dir nach spueren, an dann kennt zu Goodwood an England um Festival of Speed dee leschten Bugatti Veyron Super Sport ënnert den Hummer.
    Eng Auto Stee vun der Superlative ! D’Auktiounshaus  Bonhams zeechent heifir responsabel.
     
    2012 ass dësen Vyeron Super Sport als leschten Exemplaire vun 450 Stéck vum Band gelaaf. Inklusiv agrawéierter Plakett: The last Super Sport. Den 1200 PS starken an 430 km/h séieren Bugatti hat lang den Temporekord. De Proprietäre ass grad mol 550km domat gefuer. Mecht 91 km pro Joer!

    E ganz besonnesche Veyron, an doweenst ginn sech em di 2 Milliounen Euro erwaart…

    3 min
  • Automag , 27/06/2018 19:15
    Kleng, kompakt a staark motoriséiert – e Rezept dat Fuerspaass garantéiert! Suzuki ass an dësem Segment schonn zënter den 80er Jore vertrueden - deemools war et de Swift GTI, haut ass et de Swift Sport an dee gouf elo komplett nei opgeluecht. Wat en nach vu senge Virgänger behalen huet a wat e besser kann, weess de Paul Origer.
    0 min
  • Automag, 27/06/2018
    Paul, Suzuki huet vill bei hirem klenge Sportler emgekromt?

    Dat kann ee soen; wa mer beim Design ufänken; den neie Swift kenne mer jo schonn zenter dem virläschte Festival, dat war schonn ee radikale Changement. Net méi déi Reminiszenzen un de Konkurrent vu Mini mee nach vill méi eegene Charakter a virun allem eng speziell C-Sail déi duerch e schwongvolle Knéck ënnerbrach gëtt. Wat bliwwen ass, dat ass de stämmegen Optrëtt an den Daach deen vum Räscht vun der Karrosserie wéi ofgehuewen ausgesäit, e flotten Designkniff. Typesch Sport sinn dann natirlech Spoiler, Schweller, Lofthutzen, grouss Felgen an den dueblen Auspuff ouni dat daat ganzt awer krawalleg ausgesäit

    Also éischter dezent – dat och bannen?

    Losse mer soen net zevill opfälleg an awer als Sport ze erkennen an dat ass och gutt esou. Déi rout Applikatiounen, dee rout hannerluechten Tourenzähler, dat ofgeflachtent Steier an d’Sportsetzer signaliséieren dem Chauffer wéinstens; violà, hei ass dee sportlechste Swift deen et ze kafe kënnt. Anengems gouf esou munches verbessert; de Verstellberäich vun de richteg gudde Sportsetzer an och d’Finitioun; just hei an do begéint een nach dees haarde Plastik.

    Komm mer ginn emol bei dat Essentiellt – Suzuki – vun enger Mark déi och Motorrieder baut, erwaarden ech och Talent bei der Motorisatioun!


    Genee esou sinn ech och un déi Saach erugaang. No relativ klenge Motoren déi hir Kraaft aus héighen Toure geholl hunn klëmmt Suzuki dann elo och op den Zuch vum Turbo-Trend a spendéiert dem Swift Sport een opgeluedene 1400er Turbo. Mee léif Fans vun den héighen Dréihzuelen, nach net kräischen! Ech duerft – fir mech natirlech den Himmel - bei der Présentatioun zu Schëtter och alleguer d’Virgänger testen, vum 2. Swift GTI vun 1990 iwwert déi 2 Generatioune Swift Sport vun 2007 an 2012. Alles Dréihuergele déi knackeg leien a richteg Laun a Spaass maachen; dat alles kann och deen neien an, dat nach besser. Méi Dréihmomentwuppes aus dem Keller léisst de Swift nach méi flénk sprinten, et ass net méi grad esouvill Schaltarbecht néideg an et huet een einfach vill méi e sprëtzegen Auto. A wann et muss sinn, dann och bis iwwer 6000 Touren. Just de Sound ass ze brav, mee do schafft Suzuki schonn un engem optionale Sportauspuff deen et an der Bälsch scho gëtt an och geschwe bei eis kënnt.

    An och a punkto Fuerverhale bleiwe keng Wënsch op?

    Am direkte Vergläich mat de Virgänger fält et direkt op: den neie Swift Sport ass net méi esou kompromësslos haart mee éischter méi polyvalent an alldagstauglech ginn. Ouni awer manner zackeg em d’Kéieren ze flitzen, wat dank mininale Karrosseriebewegungen a präziser a réckmeldefreedeger Steierung gutt geléngt. Och Schaltung a Reaktiounen op de Gasfouss passen do wonnerbar derbäi. E ganz groussen Effekt huet natirlech d’Gewiicht wat Suzuki op ënner eng Tonn gedréckt krut; esou treffen 140 PS op nëmmen 970 kg an dat trotz serieméisseg 5 Dieren an e Batz Confort- an Assistenzsystemer. Dat spiers de natirlech wann’s de quer oder längs beschleunegs. Iwweregens, an 8,1 Sekonnen ass dee klengen Hot Hatch op 100 an e packt maximal 210.

    A wou beweege mer eis präislech?

    Suzuki rifft 23181 Euro fir hire sportleche Mini op – wat kritt een do nach? Fiesta Ecoboost, Mini Cooper an Ibiza TSI leien zwar och an dëser Präiskategorie, sinn awer laang net esou gutt équipéiert, hunn trotzdem e puer Kiloe méi op de Rëpper a keng 5 Joer Garantie.

    A méi Détailer gesitt der am Paul sénger Fotogallerie; ze fanne grad ewéi déi komplett Präislëschten op auto.rtl.lu

    4 min
  • Automag: Bentley Bentayga V8 , 25/06/2018 11:50
    Bis elo krut een de Bentley-SUV nëmme mat engem W12-Bensinner oder engem V8-Diesel. Nei am Bentayga-Programm ass de V8-Bensinner mat 550 Päerd. Mussen et wierklech 12 Zylinder sinn, oder ass den neie V8 eng serieux Alternativ? De Serge Pauly wollt dat erausfannen.
    0 min
  • Automag: Bentley Bentayga V8, 25/06/2018
    Gëschter Owend am Automag op der Tele hues du nach vum klenge Suzuki Swift Sport geschwärmt, esou liicht, esou flott ze fueren, och ouni vill Päerd. An haut wëlls Du wéi et schéint dovunner näischt méi wëssen?
    Effektiv an der automobiler Nahrungsketten wierklech um komplett aneren Enn ënnerwee, awer an allen Dimensiounen, vum Präis, vum Gewiicht a vun der Leeschtung. Ech hat d’Chance de Bentayga ze fueren. De Bentley-SUV war bis elo nëmme mat engem 6-Liter-W12 a mat engem V8-Diesel ze kréien. Nei am Programm ass e 4-Liter-V8-Bensinner, an deen hu mir natierlech misste probéieren, fir erauszefannen wéi sech de Verzicht op véier Zylinder dann esou auswierkt.

    Du schéins et iwwerlieft ze hunn?
    Et war effektiv net esouuuu schlëmm. 2 Liter manner Hubraum, 4 Zylinder manner, dat klengt dramatesch. Mä a Päerd ausgedréckt hellt sech de Verloscht a Grenzen. 550 Päerd, do brauch ee sech par rapport zu de 608 Päerd vum 12-Zylinder net zevill ze schummen . Beim Dréimoment fällt een dogéint vun 900 op 770 Newtonmeter, dat deet um Pabeier schon e bësse wéi, mä an der Realitéit spiert een deen Ënnerscheed nëmme minimal. Well 8 Zylinder bauen och e bësse méi kompakt wéi 12 Zylinder, dat heescht mam klenge Motor bleift de Bentayga ënnert 2.4 Tonnen, en ass 50 Kilo méi liicht wéi de W12, an 100 Kilo méi liicht wéi den Diesel.

    Dat waren elo vill Zuelen beieneen. Dat wat mech interesséiert: wéi gutt geet de V8-Bentayga?
    Potentiell Clienten brauchen net ze fäerten, et ass een definitiv net ënnermotoriséiert. Ech zitéierne elo awer nach emol e puer Zuelen. Vun 0 op 100 verginn 4,5 Sekonnen, domatter läit de V8-Bensinner genee tëscht Diesel an 12-Zylinder. Et ass schonn e bëssen hir, dass ech déi aner Motorisatioune gefuer sinn, en direkte Verglach ass also schwémä wéi gesot, beim V8 huet mir wierklech zu kengem Zäitpunkt eppes gefeelt. Positiv iwwerrascht war ech vun der Zylinderofschaltung. Wanns Du déi 550 Päerd net grad all brauchs, ginn näämlech 4 Zylinder an d’Paus geschéckt fir Bensinn ze spueren. An dat kritt een als Chauffer net mat. A propos Verbrauch: 12 bis 14 Liter, manner wéi de W12. Och d’8-Gang-Automatik schafft iwwregens extrem diskret, also vum Undriff hir ass dat alles ganz grousse Kino.

    Mä et bleift awer e groussen a schwéieren Auto?
    Jo, mä fir de V8 gouf d’Fuerwierk e bësse méi sportlech ofgestëmmt. Et ass natierlech kee klenge Suzuki Swift Sport, deens de an d’Kéiere geheie kanns, mä op der anerer Säit sinn ech ëmmer erem beandrockt, wéi agil sech de Bentayga trotz sengen 2,4 Tonnen fiert. An de Bentayga brengt eppes fäerdeg, wat net vill Autoen hikréien: ech sinn absolut zen, wann ech domatter fueren. Et geet duer, ze wëssen, dass ee kinnt, wann een da willt, an da brauch ee sech guer net mam nidderege Vollek an hirem opgemotze Golf GTI unzeleeën. An nach e wichtegen Detail: bei Bentley hunn se endlech op mäi Kolleg Pascal Becker gelauschtert. Hien hat sech deemols a sengem Test beschwéiert, dass ee fir esou e schwéieren Auto keng Karbonbremsen kritt. Fir de V8 ass dat elo méiglech, als Optioun.

    Soss muss ee bei esou engem Auto awer wahrscheinlech net vill Optiounen ukräizen?
    Bien au contraire… 75‘000 Euro Optiounen, dat extra-nobelt Lieder, déi super-sofistikéiert Soundanlag, hannen zwee luxuriéis Eenzelsëtzer, Picnics-Dëscher… Do kënnt dann awer esou munches zesummen… Um Enn huet mäin Testauto 222‘000 Euro kascht, mä mat 147‘000 Basispràis ass et effektiv déi „bëllegste“ Manéier fir Bentayga ze fueren. 30‘000 Euro méi bëlleg wéi den Diesel, iwert 60‘000 par rapport zum W12 gespuert.

    4 min

About Automag

From the publisher's feed

Autonews, Autotester, nei Modeller zu Lëtzebuerg an alles soss ronderëm den Auto

More shows like Automag

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners