Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

Automag episodes

  • Automag: Hyundai Sponsor WM, 09/06/2018 11:15
    Vum 14. Juni bis den 15. Juli kuckt di ganz Welt op Russland, well da leeft jo do daat ronnt Lieder am Kaader vun der FIFA WM 2018.
    Natirlech ass esou en Event eng rieseg logistesch Erausfuederung, wou och de Fuerpark fir Fonctionnairen, Top Sponsoren, Schiidsrichter, Linienrichter an natirlech d’Spiller well coordinéiert sin.
    Anescht wéi een kennt unhuelen gin déi Hären awer nett mat russeschen Modeller oder daitschen Luxusliner chaufféiert, mee mat koreaneschen, an zwar därer vun Hyundai.
    0 min
  • Automag: Hyundai Sponsor WM, 09/06/2018
    R T L « Automag »


    Christian, du hues mol nogefrot wat do alles gebraucht gett, a wéieen Impakt daat op d’Marque huet.


    T E X T  :

    …jo an dass elo do fir  d’WM Gefiirer vun der koreanescher Marque Hyundai a KIA an den Asaatz kommen, dat  kennt nett vun ongeféier.
    De 5. gréissten Autoprouzent weltweit haat sech well souzesoen  1999 qualifizéiert, oder hat genuch op den Dësch gebliedert fir zu de 16 A Sponseren ze gehéieren
     1999 huet d’Korean Motor Company mat der UEFA an der FIFA verhandelt, zu engem Ament wou déi zwou Marquen Hyundai a KIA bei ais nach nett esou bekannt waren, a wou effektiv aner Marquen deen Zuch verpasst haaten. E clevere Schachzuch, iwer dee sech och de Florian Buengener Marketing Manager fir Hyundai Europe freet ?
    (Cut 1…)
    Déi 21. WM dauert jo och erem e Mount, et ginn Matcher queesch duerch Russland gespillt. Wéivill Autoen sin dann eigentlech do am Asaatz ?
    Jo et ass esou dass effektiv do ganz vill gebraucht gett. De Fuerpark gett iwregens vun Korea aus gesteiert, a bis op di kleng Modeller ass di ganz Gamme vertrueden?
    (Cut 2…)
    Jo a bei KIA sinn et Modeller déi mir och op eise Stroosse gesinn. De Ceed, Sorento a Sportage. Fir de FIFA Président Gianno Infantino an aner héich Sport Fonctionnairen an Observer ginn et anscheinend keng Extrawurschten. Mee mam Modell K 9 vun KIA kennt dann dach e Luxusliner an d’Spill deen de Premium Usproch bestemmt erfellt.

    Speaker:                                    Mee elo mol konkret, waat brengt daat enger Marque ? Sou nom Motto, Hyundai am Stadion gesinn, an dann direkt bei de Concessionnaire fir ze bestellen ?
    Gut Fro? Lauschtere mir mol wat de Marketing Mann dozou mengt
    (Cut 3…)
    Hyundai ass den Automotive Partner vun der FIFA, an zielt zu de 16 A Sponsoren mat Rechter a Pflichten. Sou ass z.b genee définéiert wéi a wou d’Autosmarque am Virfeld vun de Matcher, an a ronderem de Stadion dierf puben, oder wéivill Autoen aus der Gamme ausgestellt dierfen gin.
    Thema Logistik ugeschwaat. Gespillt gett an 12 Stadien queesch duerch dat riesegt Russland.
    Dat an zwee Stadien zu Moskau, Sankt Petersburg, Sotchi, Kasan, Wolgograd, Nischni Nowgorod, Rostow am Don, Samara, zu Saransk,  Jekatarinburg, an zu Kaliningrad..
    Déi leien ganz schéi weit auserneen.
    Tanken, Wäschen, Botzen an Entretien vun der WM Flotte. Wéi kommen déi Autoen dohin, Florian Buengener ?
    (Cut 4…)
    Vill zousätzlech Facility Main d’oeuvre gouf do extra engagéiert.
    Speaker:                           An d’Mannschaftsbussen, kommen déi och vun Hyundai
    Yes. Hyundai ass och am Bus an Truck Beraich aktiv. Dat ass de Modell Universe Express Noble, deen all Equipe zur Dispositioun huet. Déi kommen jo dann och ëmmer schéin an d’Bild wann de Bus aus dem Mannschaftsquartéier Richtung Stadium fiert.  32 Busser sinn och Asatz, an do gouf et en interessante  Concours.“Be there with Hyundai“  Hyundai hat an deenen 32 länner déi sech qualifizéiert hunn, invitéiert fir sech e Slogan fir hir Equipe afalen ze loossen. Déi originellst sinn elo op d’Bussen gepecht ginn. 3,5 Milliounen Leit hunn welweit matgemach, a pass mol op wat déi gewannen?
    (Cut 6…).
    Bei eise belsche Noperen do steet um Bus:  Red devils on a mission  a bei Frankraich: Votre force, notre passion, allez les Bleus.
    Speaker:                      Alleguerten di Sloganen vun den 32 Mannschaften, déi kann ee  noliesen op der FIFA Internetsait, de www.fifa.com
    Di offizell Remise des clefs  déi war schonn, a geprouft gouf och. Well de Federation Cup 2017 dee war jo och a Russland mat Hyundai / KIA
    (Cut 7…)
     Verschidde Concessionairen loosse sech dann och speziell Aktiounen afaalen. Kickertournoi mat anschliessender Live Iwwerdroung vun engem Match bespillsweeis. Bei Hyundai, dem Official Automotive Partner vun der FIFA heescht et eng gutt Figur ofgin bei der WM an Russland, e wichtege Marché fir di koreanesch Marque. Dat gellt och fir KIA.
    Jo an egal wien dann um Enn als Vainqueur vum Terrain geet an d’Coupe mat heem hëllt, Hyundai gratuléiert….
    .


    7 min
  • Automag, 06/06/2018 09:40
    Kleng a wibbeleg, dat sinn déi Qualitéiten, déi en Auto idealerweis matbrénge muss, fir beim Serge eng gutt Zensur geschriwwen ze kréien. VW huet viru kuerzem säin neie Polo GTI op d’Strooss gelooss. Wéi kleng a wibbeleg ass deen dann?
    0 min
  • Automag, 06/06/2018
    Kleng a wibbeleg, dat sinn déi Qualitéiten, déi en Auto idealerweis matbrénge muss, fir beim Serge eng gutt Zensur geschriwwen ze kréien. VW huet viru kuerzem säin neie Polo GTI op d’Strooss gelooss. Wéi kleng a wibbeleg ass deen dann?
    Net méi esou kleng, och de Polo wiist vu Generatioun zu Generatioun. Aktuelle Modell 4m05, nëmmen nach 20 Zentimeter Respektofstand op de Golf. Well de Polo sech elo och am selwechte Baukasten wéi de Golf zervéiert, dierf en och deem seng Motoren notzen.
    Ale Polo GTI hat nach eng 1800er Motor, déi nei Generatioun kritt eng ofgespéckte Versioun vum 2-Liter-Turbo-Bensinner vum Golf GTI. Ofgespéckt heescht: op 200 Päerd limitéiert.

    200 Päerd am Polo, dat ass fir d’Wibbelegkeets-Wäertung awer ganz vill verspriechend?

    Definitiv net ënnermotoriséiert… Sprint vun 0 op 100 dauert 6.7 Sekonnen, am Verglach: de Golf GTI mat 230 Päerd ass „nëmmen“ 3/10 méi séier.
    Op der anerer Säit: de Polo GTI kinnt wahrscheinlech nach méi séier sprinten, mä d’DSG-Boite mécht do e Stréch duerch d’Rechnung. Si schalt relativ spéit, dréint d’Gäng also bis hannen hinner aus, an dann dauert de Schaltvirgang u sech och zimlech laang. Dat ass fir eng DSG-Boite relativ ongewinnt, et feelt da während enger klenger Sekonn awer un der néideger Kraaft fir dass et richteg viru goe kann. Ech giff emol behaapten, dass d’Ingenieuren dat esou agestallt hunn fir de Verbrauch ze drosselen. Mir hätte gären déi manuell Versioun probéiert, mä déi gëtt eréischt an den nächste Wochen ausgeliwwert.

    Wéi wibbeleg ass de Polo GTI dann op der Strooss?
    Déi néideg Ingrédienten: Adaptiivt Fuerwierk, 15 Milimeter méi déif geluecht, op Wonsch 18-Zoll-Rieder, eng elektresch Differentialspär… Chassis a Fuerwierk erméigleche wierklech sportlech Leeschtungen. Ech si vill op klenge Stroosse gefuer, gutt Traktioun, léisst sech präzis duerch d’Kéiere steieren… Et ass effektiv deen dynameschte Polo, dee VW bis elo op d’Rieder gestallt huet.
    An awer… en huet et einfach net fäErdeg bruecht, fir mir ee Grinsen an d’Gesiicht ze zauberen. Du kriss als Chauffer relativ wéineg vun deem mat, wat den Auto alles kann. De Feeling an d‘Show misste bei esou enger Spillsaach fir mäi Gout einfach méi spektakulär sinn.

    En ass also net esou sportlech wéis Du Dir dat erwaart hues?
    Jein… vun de Leeschtungen hir, mécht de Polo wierklech e gudden Job, mä e verkeeft sech einfach schlecht. Et ass eben net nëmmen eng Saach vun der Stopauer, mä och vum Gefill…
    Dat fänkt scho mat der Optik un. Vu bausse gesäit en éischter brav aus, d’Waben-Calendre, déi roud Sträif vir, de Spoiler hannen… déi richteg Usätz sinn do, mä wann en dann esou virun engem steet, gesäit en awer extrem brav aus. Et ass keen Auto, wou et schon am Gasfouss kribbelt, wannste en nëmme gesäis. Wat par contre ganz réusséiert ass, ass d’Karromuster fir d’Sëtzer.
    Seng zwee gréisste Konkurrenten, de Peugeot 208 GTI by Peugeot Sport, an den neie Ford Fiesta ST, déi si vläicht am Detail net esou soignéiert, si si sécher manner confortabel, mä si ginn der Roll vum klenge Sportler einfach méi gerecht, si maachen einfach méi Spaass.

    Also e gemëschte Bilan ?
    En Auto fir Polo-Clienten deenen déi 115 Päerd vu bis elo net duerginn. De GTI kascht 26‘700€, par rapport zum stäerksten Polo vu bis elo ass dat e Plus vu 5‘000€. Dat ass net geschenkt, mä passt awer duerchaus an d’VW-Präispolitik. D’Konkurrente vu Ford a Peugeot leien do präislech och net esouwäit aus de Féiss.
    4 min
  • Automag: 4 Marken ënnert engem Daach, 04/06/2018 11:50
    No enger Ëmbau-Phase vun iwwer zwee an engem hallwe Joer ass et endlech esouwäit – um Site vum fréiere Garage Scholer zu Nidderanven kommen d’Marken 'VW Nutzfahrzeuge', 'MAN', 'Neoplan' an 'Hess' ënnert een Daach. Mir ware bei der Ouverture vu 'Losch Truck Van & Bus' de leschten Donneschden derbäi.
    0 min
  • Autotest Ford Fiesta ST & Active, 02/06/2018
    Am Automag vun haut steet de Ford Fiesta am Mëttelpunkt. Ford Performance huet sech dee Kompakten ënnert den Nol gerappt an ëm e bësse méi Pepp verpasst. Den Akim Schmit aus der Automag Equipe ass dofir bei eis an der Ronn. An du wees méi...
    -    wien haat 1982 schon de Führerschain?
    -    Draam vun Teenager
    -    Ford Fiesta XR2
    -    Ee vun den éischten Kompakten mat Power
    -    Liicht, wendeg, flott ze kucken a bezuelbar
    -    Leeschtung haut e Witz: 84 Päerd, 10,1 s 0-100 an 170 km/h séier


    Haut heeschen d’Sportler bei Ford net méi XR mee ST an RS... mee daat ännert awer naischt un der Iddi déi dohannert stecht.
    -    Ford -> Traditioun u sportlechen Mini’en
    -    2018 ass et erëm esouwaït
    -    Fiesta ST
    -    Net just eng Ausstattungslinn mat opteschem Bling-Bling
    -    Badge um Kühlergrill versprecht Leeschtung


    Ka Ford daat Verspriechen dann och aléisen?
    -    Marketing dréiht déck op
    -    Mee net oflenke loossen
    -    Mech interesséiert éischter d’Fiche Technique
    -    Eckdaten: 200 Päerd,, 6,5 Sekonnen Sprint op Tempo 100


    Wann ech mech net ieren haat de Virgänger, de Fiesta ST200 schon 200 Päerd. Also ass deen Neien guer net esou nei oder?
    -    Leeschtung alleng net alles
    -    Mussen méi an den Detail goen
    -    200 Päerd jo -> MEE e komplett neie Motor
    -    Ford bekannt fir Downsizing
    -    Am ST -> 1,5 Liter Ecoboost-Motor
    -    huet 1 Zylinder manner wéi säi Virgänger
    -    Amplaz 4-Zylinder just nach 3!
    -    An och just wa se gebraucht ginn

    Daat muss de mer awer elo méi genee erklären...?
    -    Stéchwuert ass Zylinderofschaltung
    -    Wa wéineg Leeschtung gebraucht gëtt -> 1 Zylinder entkoppelt
    -    Muss also net bewegt ginn, manner Reiwung –> manner Verbrauch
    -    Gëss de Gas -> 3. Zylinder direkt erëm do (14 ms)
    -    Schon am 1.0-Ecoboost Motor zum Asaz koum
    -    Hei nei -> Sportsmaschinn mat 200 Päerd

    Ford gett am Automag oft si seng excellent Chassis’en geluewt. Ech ginn dovun aus, dass d’Ingénieuren et sech och do nët huele gelooss hun fir Hand unzeleeën.
    -    richteg, nach e puer kleng Stellschrauwen fonnt
    -    .... Fuerwierksfiederen déi d’Kraft dynamesch verdeelen
    -    optional Differentialspär
    -    dobai Fuerprofiler: Sport an Track
    -    beaflossen d’Gaspedallinn / d’Steierrung / de Sound

    Mir hunn et also net méi mat enger Spillsach ze dinn. Wéi fiert sech den Fiesta ST dann um Makkadamm
    -    am Resumé: e mecht richteg Spaass
    -    d’Stroosselag excellent, fiert wéi op Schinnen
    -    als Chauffer spiers de waats de ënnert de Rieder hues
    -    d’Steierrung gett genuch Feedback
    -    d’Boîte ass kuerz a knackeg ze schalten
    -    d’Bremsen paaken uerdentlech zou, kéinten awer méi grouss dimensionéiert sinn

    Also e ganz positiven éischten Androck vum Fiesta ST. Ma nierft der Rennmaschinn huet Ford awer och méi e gemittlechen awer net manner aktiven Fiesta am Programm. Rieds ass vum Fiesta Active. An dee gouf et esou nach net.
    -    Active -> nei Linn bei Ford
    -    Focus,
    -    Trend zum SUV ongebrach
    -    Fiesta Active -> Leit deenen de Kuga ze grouss ass

    Dobai ass de Fiesta jo awer e klengen Auto. Kann daat gutt goën?
    -    Dierfs net mengen kriss richtegen 4x4
    -    SUV’en wéinst aaneren Grënn kaaft
    -    Fiesta Active = Crossover
    -    Gréisst Ännerung -> knapp 2 cm méi héich geluecht
    -    Bréngt méi Buedemfräiheet + méi héich Sëtzpositioun



    SUV’en ginn awer och oft wéinst der Sécherheet kaaft. Huet Ford de Fiesta Active dann och an dësem Beraich entspriechend verbessert?
    -    Wann Secherheet = Allrad heescht, dann net
    -    Elektronesch an d’Trickkëscht gegraff
    -    Fuerprogrammer fir rutscheg Stroossen (ESP Agrëff)
    -    Ennert dem Stréch = méi héich Sëtzpositioun (dréiht dozou bai)
    -    Nach aaner Virdeeler -> eran/eraus klammen + Mall belueden méi liicht

    Op de Fotoen gesait een dann och direkt den Ënnerscheed zum gewéintleche Fiesta. E wierkt oballefall méi zolitt!
    -    Optesch méi robusten Optrëtt
    -    Méi Plastikverkleedungen un de Radkëschten
    -    Aaner Stoussfänger vir
    -    Bannendran zeréck gehaalen
    -    Bis op faarweg Applikatiounen + Kontrast-Néiht un de Sëtzer naischt geännert

    D’Praisser an d’Fotoen vum Ford Fiesta ST an Active op auto.rtl.lu









    8 min
  • Automag News, 28/05/2018 11:50
    Haut mat vill manner Marken um Salon zu Paräis, engem neien Test-Zentrum vu Ford, mat Mercedes-Benz déi geschwënn an der franséischer Noperschaft produzéieren a Kia déi de Sportage iwwerschaffen.
    0 min
  • Automag News, 28/05/2018
    USO: Haut an den Automag-News: Vill manner Marken um Salon zu Paräis, en neien Testzentrum vu Ford, Mercedes-Benz produzéiert geschwënn an der franséischer Noperschaft a Kia iwwerschafft de Sportage. Den Détail elo mam Paul Origer:


    Hallefzäit fir de Kia Sportage. De Korea-SUV gëtt optesch liicht verännert, dat a Form vun engem neie Pare-Choc vir, geännerte Luuchten an eckegem amplaz ronnen Tankdeckel; wahrscheinlech wéngt dem Ad-Blue-Stutzen deen elo bäikënnt. Och d’Fuerfpalett esou wéi d’Felgendesigns ginn opgefrëscht, am Intérieur falen dat neit Steierrad, déi nei Instrumenter a geännert Loftdüsen op. Fir mat der Konkurrenz matzehalen ginn d’Assistenzsystemer opgestockt; den adaptiven Tempomat kann elo am Stau och stoe bleiwen an nees ufueren, eng 360 Grad Kamera hëlleft beim Parken an ee Middegkeetswarner seet Bescheed wann eng Paus néideg ass. Bei de Motoren wäerten elo Diesele mat SCR-Kat deen alen 1700er CRDi ofléisen. Och vun engem liichten Diesel-Hybrid mat 48 Volt geet rieds.

    JINGLE

    EQ heescht d’Submark vu Mercedes déi demnächst fir eng eege Gamm vun Elektro-Autoe steet. Nierft engem SUV an anere Versioune soll och ee kompakte Modell op de Maart kommen an dëse gëtt esouguer an eiser direkter Noperschaft gebaut. Well fir d’éischt an hirer der 100 Joer aler Firmegeschicht fënnt d’Produktioun vun engem Mercedes-Benz a Frankräich statt. Méi genee am Smart-Wierk zu Hambach, wou nierft dem Smart Fortwo de kompakten E-Mercedes vum Band lafe soll. Demnächst sollen d’Virbereedunge starten a ronn 500 Milliounen investéiert ginn. Haptsächlech an nei Hale fir de Karrosseriebau an d’Lackéirerei wäerten dës Sue fléissen, d’Montage gëtt donierft nach erweidert an d’Infrastruktur ugepasst. Zenter Oktober 1997 gëtt am lothréngeschen Hambach produzéiert; 800 Beschäftegter hunn zënterhier ronn 2 Millioune Smart fortwo inklusive d’Elektroversioun do gebaut.

    JINGLE

    D’Entwécklung vun engem Auto ass laangwiereg, komplizéiert an opwenneg. Den Auto ënnert alle Konditiounen ze testen gehéiert natirlech och dozou – entweder heescht et apaken a mat an d’Wüst oder op den Nordkap huelen oder et geet wéi elo neierdéngs bei Ford; si bleiwen doheem a maachen et selwer. An der Wieder-Fabrik zu Köln Merkenich ass alles méiglech; extrem Hëtzt dat d’Loft flimmert an e puer Meter niewendrun esou kal dat ee mam Schlitt fuere kann, schmaier wéi am tropesche Bësch, oder Wandvitesse bis zu 250 km/Stonn, brennend Sonn a staarke Reen an esouguer Héichte bis zu 5200 Meter. Op dat, wéi si soe, fortschrëttlechst Klima-Wandkanal-Testzentrum sinn d’Kölner Autobauer immens houfreg, iwwer 70 Milliounen Euro hu si sech dëst kaschte gelooss. Bis zu 10 Autoe vum Ka+ bis den Transit kënne gläichzäiteg getest ginn, um Menu sti Confort, Sécherheet, den Test vun elektresche Komponenten an den übleche Systemer. Zesumme mam Testgelänn zu Lommel an der Bälsch sinn d’Testariichtunge vu Ford an Europa elo komplett.  

    JINGLE

    Am Oktober ass et nees esouwäit, da wäerten sech zu Paräis op der Porte de Versailles d’Autosgecken un den neie Gefierer d’Nuese platt drécken. Allerdéngs wäert de Choix staark geschrumpft sinn; am ganzen 11 Marken hunn nämlech ugekënnegt zu Paräis net mat derbäi ze sinn. Esou zum Beispill VW; ausser Audi, Skoda, Seat a Porsche wäert keen aneren Auto aus dem VW-Konzern ze gesi sinn. Lamborghini begrënnt et domat dat d’Welt sech stänneg ännert a si wëlle nach just do ausstelle wou si et fir sënnvoll fannen. Och Ford konzentréiert sech léiwer op aner Präsentatiounsformater an huet sech wéi och schon 2016 zu Paräis ofgemellt. Ofgesot hunn och Mazda, Subaru, Mitsubishi, Nissan an Infiniti, ënnert anerem aus wiertschaftleche Grënn. Déi nei PSA-Mark Opel iwwerléisst léiwer Peugeot a Citroën d’Bühn a Volvo ass scho méi laang net méi derbäi; d’Schwede konzentréiere sech nach just op 3 Salon’e pro Joer.
    4 min
  • 70 Joer 2CV, 26/05/2018 11:15
    Et ass keen Auto, et ass eng ganz Philosophie. Sou gouf dacks vun der kulteger Döschewo gesot, déi och nach einfach "Int" genannt gouf. 70 Joer ass se al, wéi se op d'Welt komm, wéi dacks Citroën probéiert huet se z'ersetzen. Wat hire Wäert haut ass a wat um Gerücht drun ass, datt ee se ni konnt ëmgeheien. Doriwwer schwätzt de Paul Origer am Automag vun haut.
    0 min

About Automag

From the publisher's feed

Autonews, Autotester, nei Modeller zu Lëtzebuerg an alles soss ronderëm den Auto

More shows like Automag

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners