Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

Automag episodes

  • Automag: Peugot 308 SW an 3008, 30/04/2018
    R T L Automag
    Méindeg: 30.04.2018
    U S O :
    …den Automag haut de mëtteg mam Léiw, dem Peugeot’s Léiw. Klassesche Kombi, oder SUV, 6 Gang manuell Boîte, oder 8 Gang Automatik, dat ass d’Fro  Genee wéi Peugeot 308 SW oder dach léiwer den 3008? Allebéid hunn e puer Nouveautéiten opweises..
    De Christian Schmit war mat deenen zwee op den Tour. Hei seng Impressiounen…


    T E X T :
    …Klammen mir fir d’éischt an den 308. 2013 hat dëse seng Première gefeiert. a krut jo grad e Facelift, Mee d’Esteticienne huet ganz dezent geschafft. D’Retuschen un der Carosserie sinn éischter marginal. D’Front wirkt elo méi dynamesch an harmonesch. Am GT Dress ass den 308 SW, de Break, ugetrueden. Motrice: 2 Liter HDI an 180 PS, E gudde Kompromess fir d’Famill. Power a Plaz anengems.

    Nei ass eng 8 Gang Automatik,déi ass och just mat der Topmotorisatioun ze kréien. Méi soft a méi séier, wéi bei där aaler mat 6, passt dat elo top bei den Iwwergäng. Dovunner kréien de Chauffer an d’Passagéier wéineg mat, just beim Iwwerhuelen. Wann méi Leeschtung ofgeruff gëtt, dann gett ganz fex zereck geschalt an et ass ee séier laanscht.
    Iwerhapt muss ee sech iwwer Temperament nett beschwéieren. De Peugeot’s Léiw erleedegt de Sprint op 100 an 8,5 Sekonnen, an iwwer 220km/h Spëtzevitesse op fraien Autobunnspassagen ouni Tempolimit missten och jiderengem duergoen.
    Am Alldag ennerwee, e Mix tëscht Stad, Iwwerland an Autobunnpassagen, do ginn déi 6,6 Liter Verbrauch voll an d’Rei.
    Eisen Testauto hat deen iwwerdimensionalen Glasdaach. Gesait chic aus a brengt vill Liicht an de Break, mee dat gutt Stéck léisst sech nett opmachen, an trotz Sonnerollo gett et onmosseg waarm am Interieur. D’Klimanlaag  huet da Krempes den Interieur op Zëmmer Temperatur ze kréien.
    Top équipéiert mat vill Luxus, Infotainment  an Assistenzsystemer kascht den 308 SW an der GT Line awer och 34 460 Euro. Den Testauto suguer nobai 39000
    Euro  Mee dofir awer och vill Fuerspaass, Plaz, Confort, an en ass spuersam un der Pompel..

    Automag Virgule

    …vum 308 an den 3008, am Moment de Bestseller  an der Gamme. En SUV wou mir dann elo eng hallef Etage méi héich setzen an esou besser d’Iwwersiicht behalen. eng Vun sengen Talenter konnte mir eis schonn d’lescht Joer iwwerzeechen, elo ass et eng nei Motorisatioun mat der 6 Gang manueller Bôite déi mir gefuer sinn.
    E 1500er HDI Diesel deen op 130 PS kennt. Soll sech mat 4,2 Liter zefridde ginn, an 109g CO2 Ausstouss dat géif och eng gutt Zensur.. Mol gespaant, zemols den SUV mam Léiw vir am Kühler iwwer 1400kg op d’Wo brengt. .
    300 Newtonmeter Dréimoment stinn schonn bei 1750 Touren zur Dispositioun. De Ganghiewel leit gutt zur Hand an d’Boîte léisst sech prätis schalten.  De Moteur wirkt nett iwwerfuedert mat der Carosserie a pakt de Sprint an knaps 11 Sekonnen. D’Spëtzevitesse, déi jo kaum nach irgendwou kann ausgefuer ginn, leit bei 190 km/h.
    Akustesch hällt sech den 4 Zylinder dezent am Hannergrond. Déi 4 virum Komma beim Verbrauch ass nett dran, mee eng 5,8 krute mir awer réaliséiert. Fairerweis muss och gesot ginn dass den Testauto eréischt 2000 km um Tacho hat.
    Genee wéi den 308 koum och den 3008 an der Topversioun GT Line an den Test.
    Vill Equipement ass do schon de série, an awer addéieren sech do nach fir 8 600 Euro Optiounen. Glas Toit ouvrant, Sesselen am Nappa Lieder mat Massage Funktioun,  19 Zoll Felgen….
    Sou stinn dann nobai 43 000 Euro op der Facture. Dat fannen ech dach e selbstbewosste Prais.
    Den 3008 ass trotzdeem d‘Referenz am SUV Segment an erfreet sech grousser Beléiftheet, genee wéi sai Brudder den 5008
    Ofso Speaker:                 merci Christian. A Fotoen vun deenen zwee Peugeoten am  „bleu magnetic“ kenne mir äis op www.auto.rtl.lu ukucken.

    3 min
  • Mat der Sankta Maria II vu Waasserbëlleg op Oberbillig, 28/04/2018
    R T L Automag
    Samschdeg:  28.04.2018
    ...an elo geet et op d’Schëff. Eng Mini Mini Croisière steet um Programm.  Dat mat der Sankta Maria II, där neier Fähr déi tëscht Waasserbëlleg an Oberbillig op der däitscher Säit zirkuléiert.
    Du has fir den Automagazin mam Auto iwwer gesat.
    T E X T :
    ...jo wéi virun zwou Wochen hei op dëser Plaz annoncéiert, geet et haut am Automag op d’Musel. Hat den Auto op d’Fähr gesat tëscht Waasserbëlleg an Oberbillig.
    Do hat ech Rendez-vous mam Ortsbürgemeister vun Oberbillig, den Andreas Beiling, well d’Fähr zirkuléiert zwar regelméisseg tëscht Lëtzebuerg  an Daitschland, mee exploitéiert gëtt di Fähr vun Oberbillig aus. An dee Mann genéisst och dacks di Mini Mini Croisière?
    (Cut 1...) 17sec
    28m laang, 8m 90 breet, an der Werft zu Stralsund gebaut ginn. Op der Sankta Maria II gëtt et kee Catering an och keng Kabinnen, kee Fausti a keng Landausflig. Mee ganz no baï ginn et  Erfrëschungen, an dat souwuel des Säit wéi déi Säit der Musel. Séikrank gëtt do och kaum een, well d’Fahrt iwwer d’Waasser dauert grad mol 2 Minutten an dat bei enger Vitesse vun 6 km/h..
    Speaker:                              Di Fähr ass jo eréischt am Wanter op der Musel an den Dingscht komm. Wat ass dat dann fir e Schëff?
    Ganz modern. Reng elektresch. 4 Motricen mat insgesamt 256 Kw Leeschtung. D’Akku-Batterien sinn ënnert der Kabinn stockéiert, a wéi beim Elektroauto kennt di Fähr all Owes no der Schicht un de Stecker. Dat misst nett sinn, si kéint  nämlech zwee Deeg iwwer d’Musel fueren ouni opgelueden ze ginn.
    Iwweregens ass dat weit a breet di eenzeg Transport Fähr déi reng elektresch fonctionnéiert, an di Solarzellen déi ee gesäit, déi bréngen genuch Jus fir dem Kapitän seng Keizung a Klimanlaag an der Kabinn. A well dee Pendelverkéier op der Musel elo esou ëmweltfrëndlech leeft, gouf et och aus europäeschen interregionalen Fongen 660 000 Euro Subside. Prais war 1,5 Milliounen Euro
    Speaker:                                Di Fähr déi huet Traditioun, dat goung schonn am Mëttelater lass?
    (Cut 2...) 30sec
    Jo wien hei an der Ronn huet dann schonn mol domadden iwwergesat?
    1966 koum dunn déi Diesel Fähr déi di meescht nach kennen, an déi kritt jo elo eng zweet Carrière an Afrika. Déi ass och an tëscht schonn erëm zweemol op der Musel gefuer, et gouf nämlech déi eng oder aner technesch Pann un der Elektro Fähr.
    16 Fahrten an der Stonn pakt Sankta Maria II, also 8 mol vun Waasserbëlleg op Oberbillig an ëmgedréint. A wien dierf alles mat?
    (Cut 3...) 45sec
    Kascht 70 Cent als Foussgänger. Den Auto gëtt mat 2 Euro 50 fakturéiert. Do ass och näischt mam Chris de Burgh sengem “Don’t pay the ferry man until he’s the other side”. Neen et gëtt bezuelt éier et lass geet.
    Doduerch dass een elo mat Navigatiouns Technik a Radar équipéiert ass geet et elo d’ganzt Joer scho an der Woch moies um ½ 7 lass geet, bis owes um 8. De Weekend vun 9 Auer un.
    Speaker:                                  Wien huet Prioritéit op der Musel?
    Jo et gëtt natierlech och um waasser Regelen, kee  Code de la route, mee de Code fluvial
    (Cut 4...) 17sec
    Et kann bei Wand a Wieder navigéiert ginn, just bei Héichwaasser da klappt dat nett mam uleeën, an dann muss d’Fähr an den Hafen op Mäertert.
    Speaker:                              Wien notzt di Fähr eigentlech?
    (Cut 5...)35sec
    E puer Zuelen déi schonn impressionéieren. All Joer sinn et 145 000 Persounen, 66 000 Autoen, 1600 Motorieder an 20 000 Veloen pro Joer.
    Fir  Kapitän op der Sankta Maria II ze ginn, muss de schonn e  Brevet fir d’Binnen Schiffahrt hunn. Wéinst dem Schaffen op Schichten, sinn et der gläich dräi .
    Ee vun hinne hu mir kenne geléiert. Den Dieter Feldmann
    En Job deen hien gär mécht, awer et heescht konzentréiert schaffen, och wann Distanz pro Croisière eng kuerz ass?
    (Cut...6...)30sec
    An dee Kapitän huet ze dinn, well dee mécht nämlech och nach d’Kees.
    Fir näischt dierf een awer nächste Weekend, de 5. a 6. Mee. Dann gëtt gefeiert op deenen zwou Säiten mat Fest Meilen um Bord vun der Musel. An dat, well bei der Daf am November just déi Offiziell Accès haten, gëtt di Aweiung fir de Public elo nogeholl...
    Ofso Speaker:                Avis aux amateurs a  Fotoen op www.auto.rtl.lu

    10 min
  • Automag, 25/04/2018
    Volvo start voll duerch – no XC90 an XC60 kënnt elo mam XC40 deen drëtte SUV an de Programm!
    An domat beweise si eng glécklech Hand wëll de Moment sinn déi grouss SUV’e manner en vogue, dofir boomt et awer am Segment vun de Premium-Kompakten. An déi Kategorie huet jo de Range Rover Evoque virun enger Parti Joeren opgemaach, Jaguar ass mam E-Pace nogezunn an elo dann och Volvo.

    A Volvo huet jo designméisseg bis elo emmer an d’Schwaarzt getraff oder ass den neien XC40 just ee geschrumpften 90 oder 60?
    Ma nee, dat huet mech och iwwerrascht. De Baby-SUV an der Volvo-Gamme huet säi ganz eegene Charakter an deen ass effektiv och erem immens gutt geroden. Nierft den typesche Volvo-Attributer wéi Grill, Pharen oder Réckluuchten ass exklusiv XC40 déi massiv C-Sail déi schonn an der hënneschter Dier ufänkt an zesumme mat de grousse Rieder deem ganzen Auto eppes Onverwüstleches gëtt oder de schwedesche Fändel dee vir iwwert dem Schutzblech erausluust. An trotz 20 cm manner wéi den XC60 ass den XC40 net kleng. Dovunner profitéiert d’Handlechkeet an d’Sich no enger Parkplaz ouni beim Banneraum musse grouss Ofstrëcher ze maan; au Contraire; et sëtzt ee richteg gutt, vir ass masseg Plaz an hanne gëtt et esouguer mat mir hannert dem Steier och nach emmer genuch Been a Kappfräiheet. Just de Foussraum ass e bëssen enk.

    Also gëtt dee méi groussen XC60 scho bal iwwerflësseg?
    Losse mer soen, den XC40 kënnt séngem grousse Brudder geféierlech no. Wëll och a punkto Mall ass ee gutt zervéiert, op jidde Fall mol besser wéi beim Konkurrent Range Rover Evoque.

    Also zu Recht an der Kategorie vun de Premium-Kompakten ennerwee?
    Dat kann ee soen; Confort, Verarbechtung an Design banne wéi bausse spillen an der iewechter Liga. Mat allerdéngs e puer Schwächten; deen net esou premium-like haarde Plastik am ënneschte Beräich, den digitale Cockpit dee sech bei staarker Sonn bal net ofliese léisst, e puer Verkleedungen déi sech bei eisem Testauto geléist hunn oder deen am Fong flotte peppegen orangen Teppech deen no 6000 km schon zimlech ofgewetzt war. Soss passt eigentlech alles - Fueren a Bedéngen ass kee gréissere Problem; bis op e puer Schrullegkeeten wéi den Automatik-Wielhiewel wou ee muss zweemol tippe fir vum Réckgang an den Drive ze kommen an de P e separate Knäppchen huet – dat war soss emol méi einfach. Och de Multimediasystem mam groussen Touchscreen gesäit zwar flott auss, ass awer mat ze klenge Schaltflächen a komesch opgebaute Menuen net esou intuitiv a lenkt zevill vum Fueren of. Luew awer trotzdem fir den Navi deen ee via Sichfonktioun extrem séier programméiert kritt a fir de fulminanten Harman Kardon Soundsystem – e Genoss!

    A beim Fueren?
    Vu wege kleng a kompakt – den XC40 fiert wéi ee groussen. Engersäits duerch déi richteg gutt Sëtzer an déi gutt gelongen akustesch Isolatioun. An d’Motore kommen all vun de grousse Bridder; esou och de groussen Diesel D4 mat 190 PS, Allrad an 8-Gang-Automatik. Dës Motor-Boîte Kombinatioun huet mam 40er relativ liicht Spill – allerdéngs ass en och net iwwermotoriséiert, ronn 1700 Kilo sinn nawell e besse Speck op de Rëpper. Trotzdem fiert en handlech an agil, d’Steierung ass zwar ze liicht an d’Fiederung éischter op Confort getrimmt mee zackeg Kéiere fueren kritt den XC40 fir esou ee SUV nach ouni grouss Wankbewegungen awer hinn. Just déi grouss 20-Zoll-Schlappe vum Testwon polteren op schlechte Stroossen. An de Verbrauch ass mat gutt iwwer 8 Liter alles anescht wéi kompakt, läit esouguer um selwechte Level wéi de gréisseren XC60.

    Mee een deen sech an den XC40 verléift huet, dee kuckt fläit doriwwer ewech?
    Oder kënnt spéitstens beim Dekont erem op de Buedem zeréck. Theoretesch start den XC40 bei eppes enner 30.000 Euro. Dofir gëtt et weder Allrad, nach Automatik, nach all déi flott Häppecher wéi den Daach a Kontrastfuerf, Navi, Panorama, grouss Rieder. A villes, wéi z.B. och d’Fuerwen huet Volvo gewëtzt u verschidden Ausstattungslinne gekoppelt esou dat een eigentlech net ënner 45.000 Euro dervu kënnt. Schéinheet huet eben hire Präis.

    An dovunner kënnt der ierch selwer iwwerzeegen - dem Paul séng Fotoe grad ewéi d’Präisser vum neie Volvo XC40 ginn et wéi emmer op auto.rtl.lu

    5 min
  • Automag: Mercedes A-Klass, 23/04/2018
    U S O :
    ...di fusch nei Mercedes A-Klass parkt haut virun Mëtteg am Automag. D’Présentatioun vun der 4. Generatioun leeft am Moment nach a Kroatien, mee di firescht Woch hat de Christian Schmit schonn Geleeënheet op der internationaler Présentatioun hannert dem Volant ze setzen...

    T E X T :
    ...jo an dat an zu Trogir un der dalmatinescher Küst.
    1997 bei der 1. Generatioun gouf et vill Applaus, an dunn koum den Elch-Test, an  Mercedes hat e Problem. Haut 20 Joer duerno ass dat längst vergiess, well jo schonn bei m Virgänger Modell hat ee sech jo vum Van Design getrennt.
    Um Bord vun der Presentatioun huet en Entwécklung s Ingenieur mir verroden dass schonn no engem Joer méi Modeller verkaf goufen wéi am ganzen Zyklus vun der A-Klass virdrun.
    Elo dann e neit Kapitel. Méi erwuessen méi confortabel. Luxus an der Kompaktklass.  Op den éischte Bléck mengt ee nach et hätt sech nett vill
    gedoen, mee wou mir do esou zoufälleg nieft dem Virgängermodell parken, gi mir eppes Besseren beléiert. D’Proportiounen goufen optiméiert. Vun progressivem Frontdesign geet riets. Tatsächlech ass d’Motorhauf vill méi déif gezunn, an di fiischt Luuchten méi flach.
    De Radstand gouf vergréissert, di säitlech Charakterlinn léisst d’A Klass 2018 méi gestreckt wirken. Och vun hannen setzt de klenge Benz op eng eegestänneg Designlinn.
    D’Aerodynamiker waren ganz exigent, an esou kann elo den CW Beschtwert an där Klass vun 0.25 attestéiert ginn.
    Méi revolutionär geet et dann bannenan virun. Direkt falen engem di zwee 10 Zoll Ecranen op. Genee wéi um Smart Phone kann do getaucht a gewëscht ginn fir all méiglech Funktiounen opzeruffen, aktivéieren, désaktivéieren asw.
    Oder dir schwëtzt direkt mam Auto. Nee den Auteur vun dësen Zeilen  spënnt nett. Dat digitalt Zäitalter mécht et méiglech ass bei der A-Klass agelaut ginn.Glaich a méi Sproochen kann een dem Mercedes seng Wënsch oder Froen zou komme loossen. An dat klengt dann esou...
    (Cut 1...)
    Dës kënschtlech Intelligenz ass clever a verhält sech wat är Gewunnechten sinn. Ganz individuell a stellt sech op de User an.
    De klasseschen Command System vum Virgänger  ass a Pensioun geschéckt ginn. MBUX, Mercedes Benz User Xperience iwerhellt elo de Kommando. Dee wir esouguer am Stand eng emotional Verbindung tëscht Auto, Chauffeur a Passagéier ze crééiren.
    Touchsctreen, Touchpad an Touch-Control Knäppecher um Volant bidden vill a sollen engem villes vereinfachen. Mercedes ME App Sammlung proposéiert eis och vill online Aktualiséirungen.
    Jo et well een an der kompakter Klass en Zeechen setzen Richtung Wolfsbuerg. Vill Luxus Featuren aus E an S-Klass  kommen do am d’Spill. Sëtzer mat Heiz, Beleftung a Massagefunktiounen, Assistenzsystemer an Ambiente Beliichtung.  Premium kennt engem spontan iwwer d’Lëppsen.
    E bësschen méi Plaz ass och erausgesprongen, genee wéi Efforten bei der Iwwersiicht vun der Carosserie. De Wee op di hënnescht Setzrei geléngt elo ouni Verenkungen, an 30 Liter passen méi an d’Mall.
    Ennert der Hauf geet d’Kaart vum Downsizimng ausgespillt. Den A 200 ass en 1400er 4 Zylinder mat Partikelfilter deen 163 PS Leeschtung bidd. 6 Gang manuell oder 7 Gang DCT Duebel Kupplung Automatik, et huet een de Choix.
    Oder méi Power mam A 250, den 2 Liter an 224 PS, resp. Den 1500er Diesel mat 116 PS koum erëm a Cooperatioun mat Renault zu staan. Mat senger AdBlue Technolgie dierf dee wahrscheinlech och an d’Stied déi iwwer e Fuerverbuet nodenken.
    Allen dräi Motorisatiounen fuere sech harmonesch, den Dezibelpegel hällt sech diskret am Hannergrond. Kloer déi 224 PS Versioun mécht am meeschte Spaass.  D’4-Matic Allrad-Traktioun ass och ze kréien.
    Op d’Fro no Elektro oder Hybrid Versiounen gëtt een op 2019 an 2020 vertréischt.
    Di nei A-Klass, esou jonk wéi ëmmer, war ob der Présentatioun ze verlauschteren. Dat passt. Genee wéi d’Praispolitik am Haus Benz. Bei 28 314 Euro geet et lass, mee wéi esou dacks loosse sech do X Optiounen ukräizen, an esou sinn séier 40  oder vläicht 50 000 Euro fälleg.


    Trotzdem dierf een elo schonn der A-Klass Editioun N:4 Erfolleg garantéieren.  Am Mee kennt en dann an de Showroom fir sech ze iwwerzeechen...

    Ofso Speaker:                Sou laang muss nett op Fotoen gewaart ginn. Déi ginn et elo gläich op www.auto.rtl.lu 


    4 min
  • Automag, 18/04/2018
    Zenter Mäerz 2017 gehéiert Opel zu PSA an de franséische Groupe huet all Hänn voll ze dinn fir déi däitsch Traditiounsmark nees rentabel ze maachen. Elo geet et drëms sech mat den Händler an Europa eenz ze ginn, dofir goufen déi lafend Kontrakter gekënnegt. Betraff sinn och Garagen zu Lëtzebuerg - dozou de Marc Devillet, Direkter vun Autopolis:
    Cut 1 - 00:12 – 00:35

    Zevill Concessionnairen, déi meescht ze no beieneen a folleglech net genuch Venten – eng vun de Moossnahmen fir aus de rouden Zuelen, an deenen d’Mark zënter Joeren stécht lues a lues nees erauszekommen.
    Cut 2 - 00:41 – 01:09

    De Marc Devillet ka säi Kapp schonn a Rouh leen, fir d’Multimarken-Haus zu Bartréng ass deen neie Kontrakt schonn a dréchenen Dicher, eenzeg Ännerung betrëfft d’Spart vun den Utilitairen déi elo mat de Persouneween zesummegefaasst ginn. Och fir d’Personal soll näischt änneren, wéi gesäit et fir de Client aus?
    Cut 3 – 03:05 – 03:20

    Wéi et elo anere Garagen oder Concessionnairen am Land wäert ergoen, ass nach net bekannt. An Däitschland ass virgesinn dat vun 385 Betriber 12 keen neie Kontrakt méi kréien, d’Händlernetz soll awer net forcément ausgedënnt ginn. Op jidde Fall wäert de Rimm nach weiderhin méi enk geschnallt ginn, bleift ofzewaarden wat zu Paräis demnächst nach décidéiert gëtt.
    3 min
  • Automag: Ford Escort, 16/04/2018

    U S O :
    ...et ginn Modeller déi schloen an wéi eng Bomm. Déi fannen am Showroom gläich Gefalen, an och genuch Amateuren dass d’Vendeuren sech d’Hänn reiwen bei deene Verkafszuelen.
    Virun 50 Joer war dat mam Ford Escort de Fall. Och bei eis am Land.
    De Christian Schmit huet sech fir deen Auto interesséiert, deen an Däitschland de Spëtznumm “Hundeknochen” krut.


    T E X T :
    ...Hundeknochen, an dat well di fiischt Luuchten zesummen mam Kühlergrill d’Form vun enger klassescher Schank fir de Mupp hat. Dat sollt awer näischt um Succès änneren. Bei VW an Opel ass een domols nervös ginn,  Deen an England gebauten Modell gouf séier zum paneuropäeschen Verkafserfolleg. Géint déi ertabléiert Modeller Kadett vun Opel a Käfer vun VW hat ee gutt Argumenter.
    Méi handlech wéi dee mam Blëtz am Kühler. a méi gënschteg wéi den Bestseller vun Volkswagen. Jo och en Daf 44 an Citroën Ami 6 waren méi deier.
    An et konnt e mat méi Varianten Punkten. 2 oder 4 direg, an och e Kombi, domols schonn mam Numm Turnier.
    Mam Jos Maillet léiere mir e Lëtzebuerger kennen deen bis haut ob saïn Escort schwiert?
    (Cut 1...)
    “Simpel, robust, a laanglieweg” esou hat eng däitsch Oldtimer Zaitschrëft getitelt. Dat passt?
    (Cut 2...)
    Sportlech huet sech den Escort och presentéiert. Mat engem GT Chassis, ronne Scheinwerfer, Tourenzieler an 72 PS goung et lass. Mee dobäi sollt et nett bleiwen. 1973 koum eng Versioun mat 100 PS op de Marché, an deem gëtt nogesot de Virleefer vum GTI ze sinn.
    Mat grad mol 915 Kilo op der Wo hat deen souguer de Sprint géint den 911 vun Porsche gewonn. Mat senger  wäisser Carosserie a bloe Sträifen ass een opgefall.
    5000  Exemplairen goufen verkaf, wier d’Uellechkriis nett dertëscht komm der bestëmmt nach en etlech méi...
    Schonn di éischt Série konnt Ford a ganz Europa etabléieren. Deen éischte Modell deen ausserhalb vun den USA produzéiert gouf koum bis Enn 1974 op 2 Milliounen Exemplairen. Eng Partie dovunner och um Lëtzebuerger Marché.
    Ganz beléift waren och di sportiv RS Modeller. Därer ginn an tëscht mat em di 20 000 Euro gehandelt. Di zivil Versioun weit manner, mee et muss een dann och emol gutt erhalen Exemplairen fannen. 
    Di zweet Generatioun Escort hat eigentlech just e grousse Facelift ze bidden. Eréischt 1980 koum e komplett neie Modell, mat elo traction Avant an Eenzelradophänkung.
    Iwraschung dun am Joer 1198, also virun genee 20 Joer. Di 5. Generatioun heescht ubemol nett méi Escort, mee Focus. An dee leeft bis haut vum Band, an hat grad elo am Abrëll seng Première mat engem fusch neien Design.  

    3 min
  • Automag News, 09/04/2018
    R T L Automag
    Méindeg: 09.04.2018
    U S O :
    ...am Automag fuere mir haut eng Ronn Taxi zu London, a kucken eis di neisten Trends vun Autoshow zu New York un, déi do gëscht op en Enn goung.
    Automagnews mam Christian Schmit...
    T E X T :
    ...wien kennt si nett, déi berühmt Black Cabs zu London. Déi Taxien gehéieren zum Stroossebild , a prägen d’Stad un der Themse wéi Tower Bridge a Buckingham Palace.
    Awer déi Taxien mussen elo méi modern ginn fir dass si nach an d’City of London dierfen. D’Immatriculatioun gëtt et nëmme nach wann si elektresch ugedriwwe ginn.  
    D’Léisung kennt aus China. Propper, sécher a bequem, e Black Cab wéi e Schwäizer Messer esou schwäermt den Ian Collins, deen zënter e puer Joer elo fir d’London Electric Vehicle Company schafft.
    De chineseschen Autogigant Geely huet d’Kapital, d’Schwestermarque Volvo den techneschen Know How geliwwert.
    Amplaz vum klasseschen Diesel souert elo en Elektro Moteur mat 150 PS.
    Ouni Dezibel geet et also elo duerch d’London City. 130 km/h Spëtze Vitesse ginn och deck duer, ass souwisou meeschtens Stau, an a ganz England dierf e jo nëmmen 115 km/h fueren.
    E Range Extender ass mat u Bord fir dass den Akku de ganzen Dag iwwer hält.  Em 3 Zylinder Bensiner dee bei konstanter Dréizuel eng Generatrice undreift.
    Mat deenen 38 Liter am tank, kennt den Taxi dann nach mol 500km méi weit. Praxistester zu London lafen elo zënter dem leschten Hierscht. An déi falen nett zu lescht wéinst de kaschten beim “tanken” ganz positiv aus.
    Dat well och den Taxichauffeur endlech ob bequeme Sëtzer dierf Plaz huelen, d’Klimanlaag besser ass, Fuer Assistenzsystemer u Bord sinn, an de Geraischpegel ganz nidreg ausfällt.
    Vun baussen ganz deen Aalen, an awer komplett nei. Plaz wéi an der éischter Klass bei der Bunn, a mat 8m 50 ganz maniabel an der City vun London...
    LED, USB a WLAN ginn gebueden, a vu seng Dimensioun, 1m 89 héich, a Rollstull Rampen och gëeegent fir den Behënnerten Transport.
    Den System vun den Dieren ass dee selwechten wéi bei Rolls Royce, an esou kéint de grousse schwaarzen Black Cab mat elo enger grénger Séil zum Rolls Royce vum klenge Mann avancéieren. Ganz ecologesch...
    Vlaicht ass esou e Black Cab jo nett nëmmen eppes fir d’City vun London..
    .
    Gëscht goung zu New York d’Autoshow 2018 op en Enn, a genee wéi bei eis an Europa hunn d’SUV’en am Scheinwergferliicht geglënnert.
    En etlech Modeller kommen bestemmt och nees bei eis iwer de Pull. Wéi de neien Hyundai Tucson, Subaru Forester an Toyota RAV 4
    Dat ass iech alles ze gewéinlech? Gutt dann eriwer bei Maserati an Jeep.
    De Maserati Levante Trofeo huet nämlech ee vun Ferrari entweckelten 3.8 Liter V8 mat 590 PS ennert dem Capot.
    Souvill Power brengt den Italo SUV an 4 Sekonnen op 100,  300 km/h,, an a Praisregiounen vun wait déi Sait den 100 000 Euro leien.
    Woubai mir dann och schon beim nächsten Hummer wiren. Nennt sech Jeep Grand Cherokee Trackhawk. Prais 120 000 Euro. Bis de Summer kennt dir nach spueren, an dem Noper schon mol Zong lang machen dass dir elo deemnächst mat engem 6.2 Liter V8 a 710 PS gefuer kommt. Och hei sinn et Fuerleeschtungen wéi bei rengrassege Sportseween, oder dem elo just ugeschwaten Levante Trofeo.
    Fir esou Accéleratiouns Orgien meeschter ze ginn, an och erem un d’Stoen ze kommen, goufen 8 Gang Automatik, Brembo Bremsen, an Spärdifferenzial un der henneschter Achs massiv verstärkt.
    Bis gëscht zu New York ze gesinn, an deemnächst dann och déi Saït dem grousse Pull am Showroom….



    4 min

About Automag

From the publisher's feed

Autonews, Autotester, nei Modeller zu Lëtzebuerg an alles soss ronderëm den Auto

More shows like Automag

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners