Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

Automag episodes

  • Automag, 14/03/2018
    Dat SUV boomen wësse mer alleguer, am VW-Groupe hu se deen Trend natirlech och erkannt.
    Kloer an dofir bitt esou gutt wéi all Mark vum grousse Volkswagen-Konzern an all Klass een SUV un. Den Trick dobäi heescht MQB – modularer Querbaukasten; eng Plattform fir vill verschidde Modeller déi sech emmer erem upasse léisst. Natirlech spuert dat enorm Käschten an erfëllt direkt vill Zwecker beieneen.

    An déi global Plattform gëtt et dann a verschiddene Gréissten?

    Jo, ugefaang bei der MGB-A0, dat ass déi klengst op déier och VW Polo a Seat Ibiza stinn. Déi éischt SUV’en déi dorop opbauen sinn de Seat Arona an den Audi Q2. E Krack méi spéit zitt de VW T-Cross no, de SUV-Brudder vum Polo wäert nach dëst Joer virgestallt ginn. D’A0-Basis notzt Audi gläich zweemol, nierft dem Q2 steet och den nächste Q3 op dëser technescher Basis. Feelt nach just Skoda; den Numm ass nach net festgeluecht, et gëtt gemunkelt dat dee klengen Offroad-Tschech kéint Polar heeschen. 2019 soll e kommen a wahrscheinlech d’Kombiversioun vum Fabia ersetzen.

    Déi kleng SUV’en sinn also grouss am Kommen! Wou et awer nach emmer fluppt, dat ass an der Kompaktklass?
    Absolut; Seat Ateca, Skoda Karoq oder deen nach zimlech rezente VW T-Roq hunn all eppes gemeinsam: d’Plattform MQB-A1. Woura se sech ennerscheeden sinn natirlech déi technesch Detailer; Allrad oder nëmme virgedriwwen, DSG oder Manuell, staark oder méi kleng Motorisatiounen. Eng Stuf oder eng Gréisst driwwer si mer dann bei A2. Dës Basis déngt dem VW Tiguan an dem Skoda Kodiaq. An et wäert och net méi allzelaang daueren bis Seat hire grousse SUV présentéiert, allerdéngs muss nach een Numm dofir fonnt ginn.

    An och hei ginn et nach emol verschidde Gréissten, wéi däin Testauto weist?
    Richteg, déi Plattformen lossen sech nach emol op déi verschidde Besoinen upassen. Stechwuert Tiguan. Fir verschidde Marché’en ass deen awer ze kleng a fir dem Skoda Kodiaq d’Feld net ganz aleng ze iwwerlossen huet VW de grousse Brudder Tiguan Allspace nogeschéckt. Am Verglach mat der Normal-Versioun streckt sech de Radstand em 11 cm, de ganzen Auto ass nach emol 22 cm méi laang, am Total 4,70 m. Dovunner profitéieren engersäits déi hënnescht Passagéier duerch e gudde Batz méi Beefräiheet an och d’Gepäck; den Tiguan Allspace schléckt elo 730 Liter, dat ass e Plus vun 115.

    Also nëmme Virdeeler bei der XL-Versioun vum Tiguan?
    Net ganz. Den Allspace kann ee fir knapp 800 Euro Oppräis och als 7-Sëtzer kréien, déi zwou ganz hënnescht Plaze sinn awer wierklech nëmme klenge Kanner ze recommandéieren. Brauch een dat, da soll een sech bäimaachen a fläit besser ee Sharan kafen esoulaang VW dee produzéiert. E klengen Nodeel sinn och déi verlängert hënnescht Dieren; besonnesch an enke Parkplaze froen ech mech wéi een do säi Kand aus dem Kannersetz gehuewe kritt ouni dem Noper dat grousst Portal widdert de Blech ze técken. Mee domat wier schon ausgemeckert well besonnesch beim Fuere spillt den Tiguan Allspace séng Assen all aus. Nom Prinzip “Länge läuft” läit den Allspace nach e Stéck méi roueg op der Strooss a mécht laang Strecke zum stressfräie Genoss. Fir de Räscht ass et den typesche VW-Feeling; perfekt verschafft an duerchduecht mee iergendwéi schonn erem langweileg. Och fuertechnesch ass dem Tiguan Allspace näischt unzekräiden; mam 150-PS-TDI kënnt ee scho gutt vun der Plaz, en harmonéiert gutt mat der DSG, ass just heiansdo akustesch ze präsent.

    Da lount sech awer den Oppräis zum normalen Tiguan? Wou start den Allspace dann?
    Den Oppräis fällt relativ grouss aus wëll den Tiguan am XL just als Highline ze kréien ass. Mindestens 45.000 Euro muss ee fir den 150 PS-TDI arechnen, dat ass eng Differenz vu 7000 Euro. Kuckt ee beim Skoda-Brudder Kodiaq an d’Präislëschten, da kritt ee fir 2000 Euro manner schonn d’Topversioun Scout mam groussen Diesel, Allrad an DSG. Op engem de VW-Badge dann awer esouvill wäert ass?

    A wann der ierch dem Paul séng Fotoen oder d’Präislëschten vum neien Tiguan Allspace ukucke wëllt, da klickt ierch eran op auto.rtl.lu

    4 min
  • Automag: Hyundai Kona, 12/03/2018
    Gudde Mëtteg. Jo Hyundai Motors huet jo schonn mat senge Modeller Santa Fe, Grand Santa Fe, an Tucson zwee Eisen mam SUV Feier leien. Mat enger Approche méi progressiv soll de Kona elo zu nach méi Attraktivitéit vun der Marque bäidroen, an esou soll et da klappen mam Objectif 2021 déi erfollegraichst asiatesch Marque an Europa ze ginn.
    Stylestesch gelongen, fällt en  op an der masse mat enger Design Linn déi dat Progessivt ënnersträicht. Vun vir nach méi prononcéiert wéi hannen. Eng zweefaarweg Carosserie an vill Fuerwen mat Pep droen hiert och dozou bäi.
    De kompakten SUV ass zwar just 4m 17 laang, mee 1m80 breet, an doraus erginn sech dann agréabel Plazverhältnesser bannenan. Op de viischten Sëtzer ass ee gut opgehuewen, obschonn d’Sëtzfläch fir eis Mëtteleuropäer e Steck méi laang kéint sinn. An déi di hannen matfueren mussen sech och nett bekloen. An d’Mall passen 361 Liter ,wat ok ass, an je no Sëtzkonstellatioun 1500 Liter.
    Och bannenan ginn Fuerw Akzenter gesat, enner anerem um Amaturebried, a bei de Secherheetsgurten déi rout waren, vlaicht well den Testauto och roud metallic wor.
    De Plastik ass nett iwerall agréabel untzepaken, dat kennen aner Marquen besser.
    Op der Mëttelconsole ass et den 8 Zoll Ecran mat Infotainment System iwer dee Villes gesteiert ka ginn. Mee bei Klimaanlag an Audiosystem vetraut Hyundai op Knäppecher. Huet de Virdeel dass ee sech net duerch e sellechen Sous-Menuen muss duerch scrollen.
    D’Amaturebried présentéiert sech iwersichtlech, an ais Versioun hat esouguer en Headup Display.
    De Kona kann vun sech behapten en echten SUV ze sinn mat 4X4 Eegenschaften. De Client huet zumindest de Choix, och wann et mam klenge Koreaner nett permanent an de Bësch fiert  Allerdengs gëllt dat just fir Top Motorisatioun. Déi kleng 1000er 3 Zylinder ginn just mat traction avant ugebueden.
    E gudde Choix ass 7 Gang DCT Boïte. Dank duebler Kupplung passen d’Iwergäng fléissend an ouni Denkpaus.
    Déi Automatik harmonéiert agréabel mat der Top Motoriséirung. Eis stung den 1.6 GDI Bensinner mat 177 PS zur Dispositioun. E ganz viven Gesell deen de Sprint op 100 an knaps 8 Sekonnen pakt, an eréischt bei 205 km/h raute wénkt. 265 Nm Dréomoment schon bei 1500 Touren, Respekt!
    Do staunt munchereen nieft iech op der Autobunn.. A punkto Handling gett sech de Hyundai Kona ganz agil, a léisst sech nett esou séier aus der Rou brengen. D’Lenkung ass wuel präzis, mee bei der Reckmeldung zum Makadam sëcherlech nach Loft no uewen.
    D’Fuerwierk ass éischter sportlech ausgeluegt.  
    Naischt Neits a Sachen Verbrauch. Prospekt a Réalitéit leien wait auserneen. Hyundai annoncéiert 6,7 Liter, eisen Testverbrauch louch bei 8,4.
    Schloen mir nach d’Praislëscht op. Do huet sech jo an tëscht och erem geschwat dass Hyundai nett méi onbedengt am ënneschte Praissegment ze kréien ass.
    Den Kona 1.6 GDI an der Luxury launch Edition koum op 29000 Euro. Dat ass e Pak, mee dofir lauert awer hannendrun keng zentimeterdeck Farde mat Optiounsméiglechkeeten…
    Neen alles ass quasi u Bord a jo 5 Joer Garantie natirlech och…
    Esou gesinn wärte mir deemnächst de Kona bestëmmt méi dacks am deegleche Stroosseverléier begéinen.
    3 min
  • Auto-Salon vu Genf, 10/03/2018
    Der Autosalon Genf (8. bis 18. März 2018), kurz GIMS 2018 (für Geneva International Motor Show), ist die erste große europäische Automesse des Jahres. Auch bei der mittlerweile 88. Ausgabe des Genfer Salons liegt der Fokus auf Sportwagen und spektakulären Concept Cars sowie Studien. Natürlich präsentieren die Hersteller in Genf auch neue Kompakte, SUVs, Kleinwagen und Luxusautos.
    11 min
  • Automag, 07/03/2018
    Zenter 1984 organiséiert d’Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun dëse wichtegen Happening fir nët nëmmen Oldtimer-Frënn an Autosgecken. Läscht Joer hate ronn 6000 Besicher de Wee op de Kierchbierg fonnt an och dëst Joer kréien d’Visiteuren nees eppes gebueden. Déi zwou Hale vun der LuxExpo si voll besat an esou wéi d’Traditioun et wëll, steet och fir d’Editioun 2018 een Thema am Mëttelpunkt. Den Thierry Hilger vun der Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun:
    2018_AJ_ThierryHilger_01FerrariDino50Joer (20”)

    Den AutoJumble ass virun allem awer och eng Bühn fir d’Veräiner déi bei der LOF Member sinn; wéi all Joers stelle si Gefirer vun hire Memberen aus, do dernierft hunn och Commerçanten ronderem alles wat mam Auto ze dinn huet, nees hir Stänn opgeriicht. A fläit fënnt deen een oder anere Besicher jo eppes neies ales fir an d’Garage:
    2018_AJ_ThierryHilger_02Autohändler (31”)

    Déi läscht Wochen huet bestëmmt nach kee säi Bijou op de salzege Stroosse beweegt, wien awer mat séngem Old- oder Youngtimer den nächste Weekend bis op de Kierchbierg kënnt, deen erwaart traditiounsgeméis och eng kleng Extrawurscht:
    2018_AJ_ThierryHilger_03Oldieparking (18”)

    Och d’Oldtimerei suergt sech em den Nowuess, dofir kann een sech grad ewéi läscht Joer um AutoJumble och e puer manner al Modeller erwaarden, Stéchwuert Youngtimer.
    2018_AJ_ThierryHilger_04Nowuess

    Nierft dem AutoJumble zielt d’LOF nach eng Parti aner wichteg Rendez-Vous’en am Joer; esou gëtt nees e groussen Oldtimerdag de Weekend vum 15. a 16. September organiséiert. Dotëscht wäerten och erem op deene verschiddene Plazen am Land d’Oldtimer-Breakfasts stattfannen, déi genee Datumer dovunner an aner Informatiounen fannt der op www.lof.lu.
    3 min
  • Automag Am "Zylinderhaus" zu Bernkastel, 03/03/2018
    R T L „Automag“
    Samschdeg: 03.03.2018
    U S O :
    …haut ass den Automag zu Bernkastel-Kues op Besuch. Dat am Zylinderhaus, en nett alldeeglechen Automusée, mee „Das Museum für ein ganzes Lebensgefühl“, esou Definitioun vum Propriétaire.
    An du De Christian  war‘s an de fusch neien Musée op d’Musel  gefuer….
    T E X T :
    …jo deen ass esou nei dass du d’Faarw nach bal richs. De 15. Oktober 2017 war di offiziell Ouverture. Lait am Staddeel Kues, ech mengen wien war nach nett zu Bernkastel. Et si jo nemmen vun der Stad eng 80 Kilometer bis dohin.
    Vu baussen gesäit d’Architektur aus wéi en Industrie  Gebai em 1900, mee dat ass am Sënn vum Wuert just Fassad. 3 Joer gouf geplangt a bebaut, an elo ass dat impressionant Gemeier dann faerdeg. Zylinderhaus gouf et gedeeft.
    Speaker:                          An du war’s begeeschtert an d’Aaen hunn geglënnert?
    Jo, ganz einfachschon well ech e Faible fir Automuséen hunn, a schon ronderem de Globus esou Collectiounen vun „ patrimonie automobile“ besiche konnt. Dat hei ass wirklech gelongen, eng Beraicherung fir d’Géigend…
    Ech muss och soen, meng Visite war Enn Januar, gro a fiicht  dobaussen, mee am Zylinderhaus do bas du och bei esou Wieder top opgehuewen.Quasi virun eiser Hausdier, an et ass wierklech eng Rees duerch 90 Joer daitsch Automobilgeschicht.
    Vum ganz luxuriésen Horch 8-Zylinder aus dem Joer 1937, iwwer deen éischte Sportswoon mat enger Pastik Carosserie, deen éischten Audi 100 vun 1970.
    En Erliewnes ganz am Sënn vun Nostalgie an d’Léift zum historeschen Automobil, a méi….
    Wéi mir de Martin van Stek an den Olivier Peitz, d‘ Haushären am Zylinderhaus verzielt hunn.
    (Cut 1…)
    Vum Velo, Moto, also 2 Rad bis 4 Rieder ass alles dobai, an dat nett ze knaps?
    (Cut 2…)
    Speaker:                                  Wou kommen déi gutt al Stécker dann hir, gouf elo d’ganz Musel ofgefuer an do an ale Scheieren no Oldtimer gesicht?
    Dat och, effektiv ass et esou dass de Musée duerch Zoufall op rar Modeller an Ausstellungstàcker fir an d’Vitrinne gestouss ass. A Rekordzaït vun nëmme 4 Joer ass d’Kollektioun zesumme gedroe ginn, Dofir muss e jo hautjedagds nett méi ronderem d’Welt reesen. Mee de WWW, de World Wide Web a gutt Kontakter maachen  et och méiglech. Deen eelsten Modell ass en DIXI vun 1928, eng Marque déi e puer Joer drop vun BMW opkaf gouf.
    Op drai Etagen kann een d’Entwecklung vun de verschiddenen Epochen erliewen, a wéi sot de Martin van Sten: „Autos, Motorräder und Transporter – Alltagsgefährte und Meilensteine – glänzen im Zylinderhaus um die Wette“.
    Mee nett all Exponat gouf restauréiert, an dat ganz bewosst. Den Oliver Peitz?
    (Cut 3…)
    Wirtschaftswonner, an den Opbroch a jiderengem sai privat Gléck. D‘1950er a 60er Joren stoungen jo fir Zait vum Opschwonk an der Verännerung. A genee dat soll de Visiteur am Zylinderhaus erliewen. Houfreg ass den Oliver Peitz op vill Modeller, beispillsweis seele Créatiounen vum Luigi Collani, oder eng  ganz Série vun Bonsai-Autoen à la Goggomobil an BMW Isetta…
    Mee ganz houfreg ass een op e Modell deen seng ganz eege Story huet?
    (Cut 4…)
    Speaker:                                Wéini ass den neien Auto- Musée Zylinderhaus dann op?
    Abbé an Zylinderhaus, de Musée fir Oldtimer an Technik zu Bernkastel-Kues dierfe mir all Dag ausser Méindes. Kascht 12,50 Euro, a gären gett och eng Visite guidée organiséiert. Jo a well de Propriétaire e gutt bekannten Hotelier a Restaurateur aus der Géigend ass, gouf glaich niewendrun dann och nach e Restaurant installéiert, da kann’s de dech no der Visite glaich stärken…
    Speaker:                          Ok merci fir déi Propose, Fotoen  ginn et ze kucken op www.auto.rtl.lu, an do fennt een och de Link op d’Website vum Zylinderhaus.

    7 min
  • Automag, 28/02/2018
    Du wars op d’Côte d’Azur e Schnéimännsche bauen ?

    Iddi fir Jaguar E-Pace bei bloem Himmel ze filmen… Zwee Deeg Nidderschlag an all senge Formen: Niwwel, Fissemreen, Reen, Schloreen, Schnéireen, Schnéi, Knëppelstäng… Eppes kann ech soen: den Auto ass definitiv waasserdicht an hat trotz Summerpneuen am Schnéi nach eng akzeptabel Traktioun…

    Looss mech roden. De Jaguar E-Pace ass de klenge Brudder vum … F-Pace?

    F-Pace koum viru gutt zwee Joer eraus… Jaguar war zwar spéit un fir e SUV ze lancéieren, mä Lektioun séier geléiert: d’Clientèle wëllt haut SUV’en, och den F-Pace ass Bestseller, nëmmen eng Fro vun der Zäit bis klenge SUV kënnt.

    Basis = Range Rover Evoque
    4m39 laang, also plus minus Tiguan-Format,
    direkt Konkurrenz = Audi Q3, BMW X1…

    Du hues elo e puer Konkurrenten genannt. An där Klass huet de Client jo wierklech en enorme Choix. Mat wat stécht de klenge Jaguar-SUV dann elo eraus?

    Design!
    Schmuel Luuchten, grouss Calendre, iwwert d’Schëllerligne zimlech breet, d’Daachligne déi flaach no hanne erof geet, kuerz Iwwerhäng … dat alles suergt fir en extrem sportlechen dynamesche Look.

    Iddi dohannert: den E-Pace soll sech vum Sportwon F-Type inspiréieren. Et erkennt een effektiv Designelementer erëm (Form vun de Luuchten). Wierklech réusséierten Design, méi dynamesch wéi den F-Pace, a keng 1:1 Copy vum Range Rover Evoque

    Den F-Pace krut jo (och vun Iech) déi zum Deel schappeg Finitioun reprochéiert. Huet Jaguar bäigeléiert?
    Finitioun ass definitiv besser, obwuel ech och beim E-Pace Plaze fonnt hun (beispill Mallenofdeckung) wou ee vläicht e puer Cent méi an d’Matièren hätt investéiere kënnen. Mä egal, en ass besser verschafft wéi den F-Pace, an den Intérieur gefält mir och ästhetesch besser.
    Et ass näämlech net den Tableau vum F-Pace, deen e bësse banal ass, mä den Tableau vum Coupé F-Type. De Cockpit ass da ganz op de Chauffer zentréiert, dee setzt e bëssen a senger eegener Capsule, wéi eben an engem Sportwon, an et sëtzt ee fir esou e SUV och relativ niddereg, dat passt alles!

    Du hues en op der Côte d’Azur probéiert. Wier et de richtegen Auto fir domatter an d’Vakanz ze fueren ?
    Wann ee mat klengem Gepäck reest! D’Mall ass net rieseg, eist Teles-Equipement esou grad dragepasst. Op der Réckbänk méi Plaz wéi  geduecht. Duerch déi schmuel Fënsteren fillt een sech zwar e bëssen ageenkt, mä et ass iwwerall genuch Loft fir dass ee sech Kapp a Knéien net stéisst.
    Flotte Gadget: hannen dräi USB-Prisen, vir nachemol zwou plus zwee Zigarettenanzünder. Et kënne siwen Apparater Stroum tanken, wichteg fir Elteren déi fäerten, dass hir digital Babysitter iergendwann eidel kinnte sinn.

    Wéi fiert den neien E-Pace sech dann esou, am Schnéi?
    Am Test = P300, 4-Zylinder Turbobensinner, 300 Päerd, kombinéiert mat 9-Gang-Automatik. Fiert sech ganz smooth, mä fillt sech awer och net wierklech no 300 Päerd un. An et feelt d’Lafkultur an de Sound vun engem 6-Zylinder. Motor huet mech elo net esou begeeschtert, et kënnt ee virun, awer ouni besonnesche Charme.
    D’Stroosselag ass tendenziell méi haart. Elo net wierklech onconfortabel, mä net esou geschmeideg ofgestëmmt wéi en Audi Q3 beispillsweis. Och en X1 huet nach méi Confortreserven.

    Du hues nach 10 Sekonne fir d’Präisser…
    Et fänkt bei knapp 35‘000 Euro un fir e virgedriwwenen manuellen Diesel mat 150 Päerd. An um aneren Enn vun der Präislescht: de P300 Allrad Automatik an der HSE R-Dynamic fir 63'000 Euro. Op engem Niveau mam Evoque.

     

    6 min
  • Automag: Nissan Leaf II, 26/02/2018
    Paul, den Nissan Leaf ass am Fong de Pionéier a sénger Klass?Dat stëmmt, 2010 huet Nissan jo déi éischt Generatioun vun engem emol “brauchbaren” Elektroauto lancéiert; dat heescht kompakt Mossen, Plaz fir 5 Passagéier mat e bësse Gepäck a mindestens 200 km Autonomie. An den Erfolleg koum och; mat 286.000 Exemplairen ass de Leaf aktuell de meeschtverkaften Elektroauto vun der Welt a wéi et schéngt sinn och all d’Clienten zefridden.

    An awer gouf et Zäit fir en Nofolger – an deen huet sech zimlech verännert!Jo, den Design war beim Virgänger wierklech eng Saach vum Goût. Entweder war et hui oder pfui, an dofir huet Nissan deen neie Leaf wiesentlech méi gefälleg gemaach. Vu vir ass et zum Beispill dat typescht Familljegesiicht à la Micra a Co, hanne muss ech soen erënnere mech d’Luuchten u Volvo an de schwaarzen Daach dee bis erof an de Mallendeckel gezu gouf, e bëssen un de Skoda Rapid Spaceback. Op jidde Fall ass den Design em Welte méi flott gerode wéi virdrun. Bannendran trëfft dat elo no méngem Goût net esou zou! Hei vermëssen ech e bëssen dat spacegt vum Virgänger; den Tableau ass klobeg an zimlech banal; eenzeg déi zwee Displays lossen op esou een héichmodernen Auto schléissen. Esouguer den digitalen Tacho vum Virgänger huet misse fir eng analog Versioun weechen. Bedénge léisst sech de Leaf awer dofir relativ einfach, allerdéngs erkläert sech de ganzen Infotainment-System net vum selwen; dat kënnen aner asiatesch Marquen wéi z.B. Mazda besser.

    Kompakt, 5 Plazen an eng brauchbar Mall – ass dat och bei der Nummer 2 bliwwen?Jo, hei gëtt et am Fong keng gréisser Ännerung – Plaz huet een am Leaf genuch, d’Mall ass mat 435 Liter esouguer de bäschte Wäert a sénger Klass, seet Nissan. Wat sech awer verschlechtert huet, dat ass fir mech emol op jidde Fall d’Sëtzpositioun. Dat speziell ofgeflaachtent Steierrad soll zwar d’Eraklammen erliichteren, verstelle léisst sech d’Rénkel awer nemmen no uewen an no ënnen. En plus ass de Sëtz ze héich a geet net genuch zeréck esou dat d’Steier mir um rietse Bee läit wat natirlech an enke Kéiere just nervt. Ok, ech entspriechen net der Normmoooss, mee aner an esouguer vill méi kleng Autoen bréngen dat awer vill besser fäerdeg.

    Also net grad alles besser ginn um neien Nissan Leaf – wéi gesäit et technesch aus?Jo, dat ass wuel déi interessantste Fro déi sech stellt. Dem neie Leaf huet Nissan net nëmme méi Leeschtung, sprech 150 PS an 320 Nm spendéiert mee och eng méi grouss Batterie. Vun 30 klëmmt déi elo op 40 kW-Stonnen. A wat eis do jo am meeschten interesséiert; wéi wäit komme mer domat? Laut NEDC – dem neien europäesche Fuerzyklus sollen et 378 km sinn, Nissan baséiert sech awer léiwer op dee méi realistesche WLTP fir Worldwide harmonized Light vehicles Test Procedure; dee gëtt nämlech 270 km un. A bei eisen Testfahrten läschte Freiden war et wéngt dem kale Wieder och nach e Stéck manner. Domat ass d’Verbesserung zum Virgänger net méi esou grouss. Bon, via Schnell-Lueder sinn no 40 Minutten erem 80% dran, doheem dauert et un enger spezieller Borne awer 6 – 8 Stonnen.

    De Problem vun der Autonomie bleift also emmer dee selwechten, wéi fiert sech deen neie Leaf dann?Wee schonn en E-Auto ënnert dem Hënneschten hat, dee kennt natirlech déi Faszinatioun vum geräischlosen an trotzdem sportlechen a liichtféissege Fueren. Dank 30 kW méi geet de Leaf 2 besser vun der Plaz, nëmme 7,9 Sekonne brauch de Sprint op 100. Stéchwuert geräischlos; e rullt elo och méi roueg of, de Motor ass total ofgekoppelt an nëmme bei Vollgas – pardon Vollstroum ass e liicht Summen ze héieren. Ganz nei ass d’E-Pedal-Fonctioun déi am Fong d’Bremspedal iwwerflësseg mecht wëll een alles mam Gasfouss bestëmmt; fueren an och bremsen. Dat fonctionnéiert no kuerzem Agewinnen och ganz gutt. Nei ass och de Pro Pilot, deen zesumme mam Tempomat fir de richtegen Ofstand suergt a via Agrëff an d’Steierrad hëlleft d’Spuer ze halen. Anengems kann de Pro Pilot och am Stau selwer stallhalen an nees ufueren.

    Neien Design, nei Technik an de Präis ännert och?Nëmme ganz liicht; ronn 500 Euro sinn elo méi fälleg; ab 32.044 Euro kritt een den neie Leaf mat de Batterien abegraff – d’Locatioun vun den Akku’en ass beim neie Modell nämlech net méi méiglech.
     
    An dem Paul séng Fotoen vum Nissan Leaf an natirlech och d’Präisser vun alle Versioune fannt der op auto.rtl.lu
    5 min
  • RTL Weekend: Automag, 24/02/2018
    -    Changementer: Donneschdes>Sonndes, 13min>26min, elo eemol de Mount
    -    firwat a wisou?
    Wou leien d’Herausfuederungen? (Risiko Zuschauer ze verléieren, Balance tëscht Info an Entertainment...)

    -    Programm éischt Emissioun:
    Subaru Test a Finnland um Polarkrees
    RangeRover Velar, Premium-SUV am detailléierten Test
    Historesch Randonnée London to Brighton mat Autoen vu virun 1904, Lëtzebuerger Participatioun
    “Course” tëscht dem Bentley Flying Spur W12S (séierst Serielimousine vun der Welt) géint en Zuch vun der CFL
    klenge Portrait vum David Hauser, Coursepilot, elo Ingenieur bei Renault

    -    Behind the scenes:
    opwenneg Tournagen, schéi Biller, gutt Kameraleit, ofwiesslungsräich Locations
    kal Fangeren a Lappland

    -    Automag allgemeng
    existéiert zënter 17 Joer (1. Sendung am Januar 2001) fir d’éischt eenzel Reportagen, du fest Rubrik, elo da 26 Minuttern
    vun Ufank un Duo Becker/Pauly (Kreativitéit vs Excel-Organisatioun)
    Virbild TopGear?

    8 min

About Automag

From the publisher's feed

Autonews, Autotester, nei Modeller zu Lëtzebuerg an alles soss ronderëm den Auto

More shows like Automag

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners