Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

Automag episodes

  • Wéini soll ee sech trennen? Vu sengem Auto, 07/04/2018
    07/04/2018 AUTOMAG Wéini soll een sech vum Auto trennen? (10h30)
    P. ORIGER
    _____________________________________________________

    E Sujet deen am Fong gutt an d’Aktualitéit passt – Stéchwuert Dieselskandal!
    -    Ofwrackprime an Däitschland
    -    Dieselautoe mat Euro 1 - 4 gi verschrott, dat obwuel verschiddener knapp 10 Joer al sinn nach nach vill Joer a km kéinten halen, zum Deel esouguer Euro 5 Diesel mat knapp 5 Joer um Bockel an nach héighe Räschtwäert
    -    Prime je no Modell dee kaf gëtt bis zu 10.000 Euro (bei Kia, Hyundai, Audi & VW)
    -    Stark emstridden
    -    150.000 Autoe schonn esou verschrott
    -    Autoe ginn zum Deel komplett an d’Press; Händler hu keng Plaz fir auszeschluechten
    -    Panik bei de Leit: Fuerverbuet, keng “Zulassung” méi fir net emgerüsten Diesel, Angscht virum Wäertverloscht

    Lëtzebuerg ass jo och bekannt dat bei eis net vill al Autoe ronderem fueren!
    -    Lëtzebuerg: ëm 6 Joer
    -    Däitschland: an de läschte Joer stänneg geklomm vun 6,3 an den 90er op 9,4 Joer an der Moyenne

    Ursaachen?
    -    Gewunnescht, (fläit och wéngt der Kontroll) all 3 – 4 Joer en neien Auto
    -    Autofestival
    -    Et geet de Leit gutt, ass scho bal “usus” emmer een neien Auto ze hunn
    -    De Wonsch, emmer den neitsten technesche “Stand” ze hunn, Beispill Fernseh

    Am Fong géing een Auto awer vill méi laang halen?
    -    Evolutioun vun der Technik
    -    Schmierstoffer si besser ginn
    -    Karosserie si besser konservéiert
    -    Service ass besser ginn
    -    LOF: Recycle, Drive a Classic

    Wéini ass et dann esouwäit dat ee soll séngem Auto Äddi soen?
    -    Facteuren: Wäertverloscht, Wéi staarkt gëtt e genotzt, Confortusproch, Secherheetsusproch, Entretien
    -    Vill méiglech Grënn; N°1: wirtschaftlechen Totalschued, kleen CT méi, ze deier Reparaturen (bei 10+); besonnesch bei méi neien Autoe kënne Reparature séier an d’Geld goen an den Zäitwäert em ee villfaches sprengen; eventuell Buch iwwert d’Ausgabe féieren, bei Alter net méi an d’Markegarage fueren
    -    Elektrik an Elektronik;
    -    Motorschied, och haut nach aktuell; Zahnrimm, Turbo... – fréiher war bei 100.000 km déi “Magësch Grenz”
    -    Raschtproblemer; Karosseriearbechten sinn deier
    -    Schwéier ofzeweihen wéini de Moment do ass; besonnesch bei Kilometerfréisser mat héighe Fraisen – de Punkt wou vill Reparature kommen
    -    Accidenter: ze héich Reparaturkäschten, net méi verkéierssëcher, Kader verzunn
    -    Räschtwäert vum Auto; ass de Modell gefrot oder net, onverkeeflech?
    -    Keng Ersatzstécker méi liwwerbar, Konstrukteur gëtt et net méi
    -    !! Dacks ginn Autoe verschrott déi nach guer net esou schlecht sinn, zum Deel och esouguer wäertvoll oder gesicht

    Wéi soll ee virgoen? Wat geschitt duerno mam Auto?
    -    Schrotthändler
    -    Prime de Recyclage beim Kaf vun engem neien Auto (min. 6 Méint am Besëtz, ca 2000 Euro)
    -    Als “Teileträger” verkafen
    -    Beim Schrotthändler: Flëssegkeeten ofgeloss, ausernee geholl; Ersatzstëcker agelagert, de Räscht gepresst a geschreddert, Stoffer gi getrennt
    -    Vill Autoe ginn awer och an Afrika verkaf (Cotonou)
    -    Den Auto “emfonctionnéieren”, Bsp. Automiwwel

    13 min
  • Automag, 04/04/2018
    Fir de Ralph Kroemmer war et e Schock. Moies-fréi, grad aus der Hausdier fir sech op de Wee richtung Aarbecht ze maachen. Mee dat goung dann awer net esou wéi, dat normalerweis de Fall ass.
    Cut 1
    Dass dat scho laang keng Eenzelfäll méi sinn, dat mierkt een och ëmmer erëm am Ausland. Hei ginn d’Autoe richteg op Demande opgebrach. A just déi Stecker geklaut, déi gebraucht ginn. Ganz virbäi op der Hitlist sinn Autoe vu der Mark BMW. Virun allem Airbagen, Navigatiounsapparater a Luuchten erfreeën sech enger gewësser Beléiftheet. Fir dee Schuert ersat ze kréien, ass et wichteg, dass een eng Assurence -vol ofgeschloss huet, seet de Marc Hengen vun der ACA, der Associatioun vun de Lëtzebuerger Assureuren.
    Cut 2
    Mee och wann ee gutt Verséchert ass, dat heescht net, dass een net gehäit ass. Well en Auto ouni Steierrad an Airbagen ass a la Base net verkéierssecher, an dierf netmei am Stroosseverkéier genotzt ginn. Dat war dunn och fir de Ralph Kroemer e Problem.
    Cut 3
    A genau hei réit d’Police och, wann engem suspekt Leit opfalen, déi sech Autoe méi genau ukucken, dat direkt um 113 ze mellen.
    Cut 4:
    De Schuert deen esou eng Band an engem Auto uriichte kann, dee ka séier iwwer Zéngdausend Euro kaschten. Wann Navigatiounsapparater einfach esou erausgerappt ginn, da mussen am Auto net just Geräter an d’Airbagen neigemaache ginn, mee och de komplette Kabelbaam. An dee kascht laut Informatioune vun den Autoshiersteller ganz séier iwwer 10000 Euro. Kee wonner, dass am europäeschen Ausland emmer méi Spezialunitéite gegrend ginn, déi sec hem déi Fäll këmmeren.

    3 min
  • Automag-News, 02/04/2018
    Schonn iwwer 30 Joer huet de Combo séng Plaz an der Opel-Gamme. 1 mol als Kadett an 2 mol als Corsa mat Rucksak, duerno gouf sech bei Fiat zervéiert. Elo ass den neie Combo Life e Kand aus dem Bestiednes mat PSA an dierf sech och dowéngt gudde Gewëssens “Ludospace” nennen. Hannert dësem Begrëff stécht e Segment wat an de läschte 4 Joer em 26 % gewuess ass; ween eng grouss Famill huet oder einfach nemme Plaz brauch a sech net onbedéngt en deiere Van oder SUV an d’Garage stelle wëll, deen huet sech bestëmmt schonn no engem Ludospace emgekuckt. PSA ass hei scho méi laang de Leader an dee Savoir-Faire stécht och am neie Combo Life. Den Design ass dann och bewosst praktesch ausgeluecht; déi quadratesch Grondform mat héighem Daach notzt de Banneraum esou gutt wéi méiglech aus, dozou maachen eng héich Sëtzpositioun, praktesch Schiebedieren an e Mallendeckel deem séng Fenster separat opgeet d’Liewen am Alldag esou confortabel wéi méiglech. An 2 Längten ass de Combo ze kréien; 4m40 oder 4m75; dat bréngt natirlech eng grouss Mall mat knapp 600 oder esouguer 850 Liter mat sech. Domat net genuch; bis zu 28 Oflagen huet Opel agebaut fir Fläsche, Spillsaachen etc ze verstauen. Awer net nëmme klenge Krom, Miwwelen oder Veloen sollen am Combo Plaz fannen, och Passagéier an dat neierdéngs bis zu 7 Persounen. Egal op laang oder kuerz, de Combo gëtt et optional mat 7 Sëtzer, déi 2. Reih au choix 1/3 zu 2/3 oder mat 3 Eeenzelsëtzer op deenen esouguer 3 Kannersetzer kënnen nierftenee montéiert ginn. Ween elo Camionette seet, dee läit e besse falsch, de Combo Life huet am Fong alles vun engem richtegen Auto, och d’Equipementer; bis zu 19 Assistenzsystemer wéi z.B. Anti-Collisioun, automateschen Tempomat oder 180° Kamera si genee esou ze kréien wéi e gehëtztent Steierrad, Panoramadaach oder den neitsten Infotainment. Ennert der Hauf fanne mer bekanntes vu PSA; e 1500er Diesel mat 75, 100 oder 130 PS esou wéi en 1200er Bensinner mat 110 oder 130 PS, zum Deel mat manueller Boîte oder der fuschneier 8-Gang-Automatik. Präisser verréit Opel nach keng; no der offizieller Présentatioun am Fréijoer wäerten déi réischt am Mee bekannt ginn, am Hierscht gesäit een den neien Opel Combo Life dann am Showroom.
    JINGLE
    Nächste Weekend start um Hockenheimring nees d’Fréijoers-Veterama, ee vun de wichtege Rendezvous’en fir Oldtimer-Fans. Vum 6. – 8. Abrëll gëtt sech en Aussteller-Rekord erwaart; fir sämtlechen Ufroen genuch Plaz ze bidden, gouf d’Fläch nach emol erweidert. D’Offer geet vun deenen üblechen Ersatzdeelhändler  iwwert Infostänn vun Oldtimerclibb bis zu Motorsportatmosfär a Form vum DRX-Testdag Sonndes de 7. Abrëll bei deem d’Visiteure PS-staark Toureween erliewe kënnen.
    JINGLE
    1995 war nach méi Faarf am Spill, do war déi beléifsten Autosfaarf blo, rout koum direkt op déi zweet Plaz an dräimol däerf ee roden; gréng war d’Nummer 3. 2017 koumen déi 3 Grondfuerwe knapps op 18 Prozent , de Räscht vun den Autoe war entweder schwaarz, gro oder wäiss, esou d’Resultat vun engem Sondage vun der Zeitung “Auto Strassenverkehr”. Et hänkt awer och vun der Mark of; bei Dacia bestellt en Drëttel vun de Clienten Blo, wahrscheinlech och wëll déi kee Supplément kascht. Bei Mazda war déi markentypesch Rout mat 25 Prozent de Renner. Rout läit och bei Alfa héich am Cours, ass awer trotzdem nemmen drëttplazéiert hannert Gro a Schwarz. Am mannste Faarf gëtt bei däitschen Autosmarken verkaf; iwwer 75 % wiele bei Audi, BMW a Co gro, schwarz oder wäiss. Eeenzeg Opel mecht do eng kleng Ausnahm; dank dem klengen Adam klëmmt de Faarfundeel op iwwer 30%.

    4 min
  • Automag: HIFI am Auto, 31/03/2018
    En Equipement dee mer am Fong all Kéiers benotze wa mer mam Auto fueren an dofir haut schonn eng Selbstverständlechkeet – den Autoradio!
    Genee, an dobäi war dat net emmer esou. An den 20er Joeren koumen déi éischt, ennert anerem am Ford Model T an 1932 gouf op der Internationaler Funkausstellung zu Berlin deen éischten Autoradio an Europa virgestallt. An zenterhier war en Autoradio eigentlech emmer eppes Extras, jo am Fong e richtege Luxus. Och an den Zäiten wou ech ugefaang hunn mech fir Autoen ze interesséieren, Enn 80 Ufanks 90 war et schonn emmer esou dat een neien Auto héchstens e Précablage fir de Radio hat, de Schlitz blouf awer eidel, genee wéi d’Plaze fir d’Hautparleuren.

    An do huet een da missen déif an d’Täsch gräifen!
    Oh jo, nodeems verschidde Systemer am Auto ausprobéiert goufen, sief et e Radio aleng, oder esouguer mat Plackespiller wat Enn vun de 50er ausprobéiert gouf, iwwert den 8-Track, eng déck Kassett mat 8 Spueren déi an de 60er a 70er zimlech populär war bis schliesslech bei d’Compact Kassett wéi se haut och quasi total verschwonnen ass. Ech ka mech nach erënneren dat e richteg gudde Radio mat mickrege 4 x 15 Watt Leeschtung, Kassett an RDS-Tuner (deen den Numm vum Sender ugewisen huet), am léifsten och mat Auto-Reverse wou en net huet missen d’Kassett dréinen, virun 30 Joer awer gutt a gär 250 Euro a méi kascht huet. Am Verglach; haut kascht ee Radio mat minimum 4 x 50 Watt, CD, USB a Bluetooth-Fräischwätzanlag manner wéi d’Halschent. An dann hat een deemols nach keng Lautsprecher; do huet misse gekuckt ginn, wou kann een se abauen, wéi grouss kënnen se sinn; 10, 13 oder 16 cm waren déi gängeg Mossen. A ween nach Suen zevill hat, konnt sech dann och nach ee Verstärker leeschten. Op Autosalonen konnt een da staunen wéi esou richteg Freaks sech ausgetobt hunn; do gouf et Autoen, déi waren esou voll gestoppt mat Boxen a Verstärker dat bei vollem Opdréinen den Daach gebiewt huet oder carrément d’Fënsteren erausgeflu sinn!

    D’Technik huet dann och nach emmer virun evoluéiert, wëll do koum jo op eemol d’CD!
    Richteg, dat war dunn den totale Summum fir a séngem Auto een CD-Player ze hunn. Ech ka mech erënneren dat deemols Renault esou e Sondermodell vum Clio erausbruecht huet, de Clio Disc, deen een CD-Radio serieméisseg hat. Obwuel déi éischt CD-Player net grad frou mat schlechte Stroosse waren a permanent gespronge sinn. Besser an nach méi luxuriéis waren déi éischt CD-Wiessler; déi déck Këscht an der Mall wou mer dann Magaziner mat 6, 10 oder 12 CD’en dragepakt hunn an esou während 10 Stonne nonstop Musek konnte lauschteren.

    Den Auto zum Concerts-Sall emfonctionnéieren war och schonn demols bei ville Marken eng wichteg Aufgab!
    Op jidde Fall; besonnesch bei deenen deieren Autoe war dacks schonn eng gutt Anlag mat mindestens 4 Hautparleuren, zum Deel esouguer ee separate Verstärker an – typesch fir d’80er – een Equalizer mat dran. Wee kennt dat haut nach? Dee klengen Apparat mat enger Dose Schieber fir de Klang anzestellen. Dat huet vill Sue kascht a war de Must fir all Hifi-Freak. Och waren déi optional Radio’en ab Wierk emmer immens deier; wann ee bei Mercedes zum Beispill ee gudde Becker-Radio an der Optiounslëscht ugekräizt huet, da waren emgerechent mindestens 500, dacks esouguer 1000 Euro fälleg. Déi automatesch Antenn war dann meeschtens nach een Extra!

    Haut si mer dogéngt komplett verwinnt!
    Absolut; entretemps hu mer alles hannert eis geloss, weder Kassett nach CD, an och de kuerzen Optrëtt vun der MiniDisc spillen haut keng Roll méi. Vill Geräter hu mol kee Lafwierk méi; d’Musek kënnt voll digital vum Stick, vum MP3-Player, vum Handy oder online. Grouss Marke wéi z:B. Bose hu schonn eng laang Traditioun am Beräich Auto-Hifi. Well et muss ee bedenken, fir dat et an engem Auto esou gutt kléngt wéi doheem an der Stuff, muss vill berechent a geplangt ginn. Kleng Flächen, net vill Méiglechkeeten fir Lautsprecher anzebauen, Glas wat reflektéiert, Blech wat resonnéiert, do ass vill Kappzerbrieches verlaangt. Do sinn ech dann emmer erem iwwerrascht wann ech entdecke wéivill nei Marken an dat Geschäft mat eraklammen; établéiert si scho méi laang natirlech Bose an Harman-Kardon, gutt ennerwee an dat besonnesch am Luxus-Segment ass awer och den däneschen Edel-Fabrikant Bang & Olufsen, awer och aner Marke wéi Dynaudio, JBL, Rockford Fosgate a Burmester sinn bei villen Autosmarken ze fannen. An esouguer den deieren High End-Beräich mécht do keng Ausnahm; Linn, Naim oder Mark Levinson sinn établéiert Marken aus dem audiophile Beräich; si fënnt ee bei Aston Martin, Bentley a Lexus.

    Du schéngs jo dorop bal esouvill Wäert ze leen wéi op de Motorklang?
    Losse mer esou soen; wann’s de mam Auto laang Strecken ennerwee bass, dann ass dat déi perfekt Plaz fir intensiv Musek ze lauschteren ouni dat’s de iergendeen domat stéiers. Du kanns do esou richteg andauchen an dat genéissen, zemols Nuets wa keen op der Strooss ass. Ech hat do schonn Testautoen, do war dat ee richtege Genoss; de Summum war natirlech an der iewechter Präiskategorie; Bentley verbaut zum Beispill 18 Hautparleuren an eng Leeschtung vun iwwer 2000 Watt an engem Continental, donierft suergt een digitale Soundprozessor fir déi richteg Klangambiance. Aner Marquen benotzen esouguer d’Stereoanlag am Auto fir stéierend Fuergeräischer ewechzefilteren. Mee och a méi bezuelbaren Autoen huet een haut schonn Anlagen mat 10 a méi Lautsprecher; dacks opgedeelt an Déif-, Mëttel- an Héichtéiner déi iwwerall am Auto verdeelt sinn an zesumme mat engem Centerspeaker um Tableau an engem Subwoofer fir Sound wéi am Kino suergen. Leider sinn esou Systemer dacks eng immens deier Optioun vun e puer dausend Euro; et kritt een awer ëmmer méi Systemer déi enner 1000 Euro leien a richteg gutt kléngen.

    11 min
  • Automag, 28/03/2018
    Haut kucke mir eis de BMW i3 e bësse méi genee un. Dee gëtt et jo schon eng Zäitchen, mä wann ech éierlech sinn: esouuuu vill gesäit een der net op der Strooss?
    2013 lancéiert, grouss Ambitiounen, BMW hat Elektro-Revolutioun ausgeruff. Verkafszuele bleiwe sécher hannert den Ambitiounen zeréck, mä e generelle Problem vun Elektroautoen. i3 zielt awer zu de beléifsten Elektroautoen. Zuelen fir Däitschland 2017: i3 meescht verkaaften Elektromodell, knapp virum Renault Zoe, VW e-Golf op Plaz 3 schon e gudde Krack manner Autoen verkaaft

    An deen i3 kritt elo no fënnef Joer e Facelift?
    Kleng Changementer: amplaz grouss ronn Niwelluuchten elo laang schmuel Winkeren, viischte Parechoc bëssen aneschters gezeechent, wierkt elo méi breet, elo Voll-LED-Luuchten… i3 gesäit net méi grad esou verspillt aus, e bësse méi erwuessen, mä bleift sech sengem eegenen, ganz spezielle Stil absolut trei, nach ëmmer op den éischte Bléck als Öko-BMW z’erkennen.
    Soss: nei Faarwen Imperial Blue a Melbourne Red. Nei Matièren am Intérieur.

    A propos Intérieur: och do pfleegt den i3 säin eegene Stil?
    Zum Deel natierlech Matièren déi nowuessen, recycléiert Matièren, also duerch an duerch nohalteg. Neiegkeet mam Facelift: e Lodge-Intérieur. Huet mech spontan un eng Stuff am „Hygge“-Stil erënnert, déi skandinavesch Liewensphilopsophie, wou een d’Wunnengen jo extrem gemittlech ariicht. Vill Holz, hell Faarwen, extrem lëftegt Raumgefill, wierklech wéi an enger Lodge, leider sëtzt ee schlecht, d’Sëtzer haart a kaum Säitenhalt.
    Wat mech nach genervt huet: hënnescht Diere gi géigeleefeg op, et muss ee viischt Dieren opmaachen, fir déi hennescht opzekréien. Onpraktesch!

    Gouf och den Elektroundriff op de Leescht geholl?
    Normalen i3: wéi gewinnt 170 PS, keng Changementer, d’Batterie gouf net ausgebaut, nach ëmmer zimlech limitéiert Autonomie (am Alldag, Wanter, vill Autobunn: 130 realistesch Kilometer). Weiderhin och nach eng Versioun mat Range-Extender, also e klenge Bensinsmotor fir d’Batterie ze lueden.
    Nei par contre: Sportversioun i3S

    Looss mech roden. Du hues genee déi Sportversioun probéiert?
    i3S huet 14 PS méi, also 184 PS, och  e bësse méi Dréimoment, leeft 10 km/h méi séier, also 160 amplaz 150 wéi den normalen i3. An de Sprint vun 0 op 100 dauert 3/10 manner laang, 6.9 amplaz 7.2 Sekonnen. Donieft: 1 Zentimeter méi déif geluecht an d’Pneuen e bësse méi breet, mä nach ëmmer éischter Format vu Schubkarren-Rieder. Soll alles an allem besser leien.

    Dat sinn elo déi theoretesch Wäerter. Däi Verdict vum Sport-i3?
    0 bis 100: 6,9 Sekonnen, net wierklech impressionant. Par contre den Départ bei der rouder Luucht, do kommen net vill Bensinner an Diesel no, 0 op 50 ënnert 3 Sekonnen
    Normalen i3 scho relativ gutt Fuerleeschtungen, hei eng Grëtz besser, spiert een och, op een dowéinst elo wierklech 3‘500 Euro (esouvill kascht näämlech den „S“-Package) extra bezillt, sief dohinner gestallt.
    Mä wou ee vum Sportpackage profitéiert, dat ass bei der Stroosselag. Normalen i3 fiert sech net wierklech gutt, beim i3S, méi niddereg, méi breet Pneuen, méi breet Spuer > suergt alles an allem fir eng besser Stroosselag, huet mech am Usaz schon un e Mini erënnert.
    Also méi sportlech, awer nach ëmmer net perfekt: Ofrullconfort ass schlecht, et muss een nach ëmmer Ofstrécher beim Confort maachen, d’Lenkung ass synthetesch, an den i3 ass zimlech ufälleg fir Säitewand.

    Dat grousst Virurteel vis-à-vis vun Elektroautoen: si kommen net wäit a si sinn ze deier. Trëfft dat op den i3 zou?
    Autonomie wierklech limitéiert… nei méi grouss Batterie soll eréischt bei engem nächste Facelift respektiv bei neier Generatioun kommen.
    Präis: Basis: 37‘500 (klenge Motor), mat Sportpackage an RangeExtender: 45‘500 Euro… Schon net geschenkt. Mä eisen Testauto, mam Lodge-Intérieur, plus nach puer Gadgeten: 60‘600 Euro… Scho vill gesinn, mä do ass mir de Kënn op den Holzen Tableau de Bord geknallt.
    6 min
  • Automag: Mazda Skyactiv X, 26/03/2018
    Et si beileiwe keng gutt Zäite fir de Verbrennungsmotor; den Diesel gëtt demnächst aus de Stied verbannt, laut Pronostique sollen a 15 bis 20 Joer keng nei Autoe méi mat fossile Brennstoffer fueren. Mazda ass dofir bekannt dat si sech e besse géngt den Trend stäipen; d’Konkurrenz setzt op Downsizing mat Turbo, Hybrid- oder Elektroundriw, de japanesche Konstrukteur bleift beim Diesel a Bensinner mat groussem Kubik, schrauft un der Verdichtung a gleeft weider un de Verbrenner, esou de Christian Schultze, Direkter vu Recherche an Entwécklung bei Mazda Europe:
    2018SkyactivX_01Verbrenner 34”

    Skyactiv X heescht dat neit Kand aus den Ingenieurskäpp vu Mazda. Säin Arbechtsprinzip gläicht dem Diesel; e fonctionnéiert mat héigher Kompressioun a säi Sprit-Loft-Gemësch zünd dofir quasi vum selwen, leeft awer mat Bensinn a brauch dofir je no Situatioun eng minimal Friemzündung, sprëch de Fonke vun enger Bougie. De Client interesséiert warscheinlech manner den Arbechtsprinzip an dofir méi wat e vun der neier Motorentechnik mierkt:
    2018SkyactivX_02Effekt 31”

    Technesch baséiert den neie Skyactiv X op engem 2-Liter 4-Zylinder mat duebler Nockewell a 16 Ventiller. 190 Päerd soll den Zwittermotor leeschten, e Kompresser soll fir genuch Dréihmoment am nidderegen Toureberäich suergen. Op een Turbo verzicht Mazda ganz bewosst:
    2018SkyactivX_03Turbo 42”

    20 % Prozent manner Verbrauch versprëcht Skyactiv X a fiert am bäschte mam bëllege Bensinn mat net méi wéi 91 oder 95 Oktan. 2019 ass de grousse Start, vun do u wäert déi nei Technik a praktesch alle Modeller vun der Mazda-Gamme disponibel ginn.
    4 min
  • D'Formel 1 Saison fänkt un!, 24/03/2018
    Eischte Grand-Prix dëse Weekend an Australien, Résumé Qualifying haut de mueren. Wien huet gekuckt?

    Problem F1: ëmmer manner Zuschauer
    Chifferen ???

    Kucke mir op d’Resultat. Wien steet vir?

    Resultater Qualifying ???

    Wien geet dann als grousse Favorit an dës Saison?

    Tester virun der Saison: Mercedes, Ferrari, RedBull

    Een, deen et wësse misst, gesäit dat och esou. Nico Rosberg, neien RTL-F1-Expert

    24/03/2018 F1 ROSBERG 1 Favoriten

    Tester: Ferrari op eng Ronn séier, Mercedes awer bei Grand-Prix-Simulatiounen. Red Bull wuel ganz no drun.
    Best of the rest: Haas gëtt héich gehandelt, Renault...

    Wou stinn McLaren a Fernando Alonso, déi jo vun Honda bei Renault gewiesselt sinn

    Trotzdem an Tester nach vill Pannen... Toro Rosso mat Honda ënnerwee par contre gutt gelaf... Geet d’Kris awer net op de Kont vun Honda mä vu McLaren!?

    Da ginn et dës Saison e puer wichteg Changementer. D’Autoen gesinn aneschters aus?

    Halo, Sécherheet, Autoen ellen, gesäit ee Pilote manner.

    Nico Rosberg net esou kritesch:
    24/03/2018 F1 ROSBERG 2 Halo

    Den Halo koum bäi, d’Gridgirls verschwannen?

    Grouss Opreegung. Leit déi sech doriwwer opreegen, dass elo kebg Meedecher mei um Start stinn, hunn net verstanen, wou déi richteg Problemer vun der F1 leien... Action op der Piste ass schlecht, Hybridmotoren onspektakulär, et ass een Team dat ëmmer dominéiert, jonk Piloten ouni Charakter...

    Aner Revolutioun: en neien Horaire?

    Aner Startzäiten net méi um 14h, mä um 15h10

    24/03/2018 F1 ROSBERG 3 Startzäiten

    Mir hunn elo den Nico Rosberg e puer mol héieren. Hien huet en neien Job, hien ersetzt den Niki Lauda bei RTL

    Zesumme mam Timo Glock. Grouss Fro: wéi wäert hien mat sengem Lieblingsfeind Lewis Hamilton ëmgoen?

    24/03/2018 F1 ROSBERG 4 Kommentator

    A propos Tele: an Däitschland nëmmen nach RTL, Sky hat keng Loscht méi op F1. Nei Plattform vun F1 selwer fir F1 ze kucken, mat villen Donneeen asw, awer nach net prett... Och nach keng Info iwwert Abo fir Letzbg fonnt.

    Muer de Moien also Formel 1 kucken, muer den Owend um 19h awer Automag op der Tele?

    Salon Genève, Jaguar E-Pace am groussen Test, d’Toyota Collection zu Köln, grousse Verglach Bensin-Diesel-Elektro.


    16 min
  • Automag: 40 Joer AMAL, 19/03/2018
    U S O :
    ...AMAL, steet fir Association des motos anciens à Luxembourg. Déi feieren elo hiren 40. Gebuertsdag, an dat mat enger interessanter Expositioun. Zu Dikrech am Conservatoire Nationale des véhicules historiques gesäit een am Moment eng flott Kollektioun vun raren Objeten vun private Sammler.
    De Christian Schmit war op Dikrech kucke gefuer, an hat do och Rendez-vous mat engem vun de Grënnungs Member.

    U S O :
    ...an dat ass keen aneren wéi e bekannte Personnage aus der Oldtimer Szeen, de Goy Feltes. Virun 40 Joer hat déi Passioun fir al Motorieder ugefang?
    (Cut 1...)
    Nach bis den 10. Juni  parken elo wéi gesot zu Dikrech am Conservatoire National des vehicules Bijouen op 2 Rieder aus private Kollektiounen, a méi? De Président Ralph Thein.
    (Cut 2...) 20sec
    Whizzer, eng Marque déi kaum nach e Mënsch kennt, a scho guer nett weess dass dat an sech “Made in Luxembourg” war?
    (Cut 3...) 35sec
    D’Whizzer ass dann och den heemleche Star an der Expo, wann och nett ëmmer ganz fiabel. Heizou eng léif Story vum Goy Feltes?
    (Cut 4...() 40sec
    D’’Amal huet probéiert vill Marquen a Modeller aus der ganzer Welt fir d’Expo zesummen ze droen. Aus
    Daitschland, Italien, England Japan, a ganz besonnesch en Hommage fir därer aus der Belsch. Et muss ee wëssen dass 1924 d’Belsch di gréisstren Motorrad Produktioun vun der Welt hat.
    Och d’Restauratioun vun engem Modell ass ze gesinn, a Modeller déi am Originalzoustand gelooss goufen.
    Op ee Modell ass de Goy Feltes besonnesch houfreg, e Moto mat deem Son Altesse Royale gären ënnerwee war?
    (Cut 5...)
    Ma dann soen mir Happy Birthday a Prost op déi nächst 40?
    (Cut 6...)


    Ofso Speaker:
    ...an d’Ausstellung mat den ale Motorieder déi kann e sech nach bis den 10. Juni zu Dikrech am Conservatoire Nationale des Véhicules historiques ukucken. A Fotoen gesäit een direkt op www.auto.rtl.lu

    3 min
  • Ënnerwee op der Panamericana, 17/03/2018
    R T L “live “ an der Ronn
    Samschdeg: 17.03.2018
    ...an dann fueren mir haut am Automag. Et geet op di längste Strooss vun der Welt, d’Panamericana. E Mythos, genee wéi d’Seidestrooss oder di legendär Route 66.
    Christian Schmit, gudde moien, da bass op der Panamericana ënnerwee gewiescht. En Erliewnes?
    T E X T :

    ...allerdengs,  An ech war  elo fir d’zweete Kéier op der Panamericana  ennerwee. Virun 3 Joer am Chile , an elo am Panama a Costa Rica. Die Panamericana heescht jo déi Saït dem grousse Pull, Pan American Highway, an op spuenesch Carretera Panamericana. Bon wien sech awer elo 4 oder 6 spuereg Autobunne virstellt, dee leit falsch. Et ass meeschtens eng plus ou moins gutt zweespuereg Strooss op där richteg vill Trafic ass.
    Wéi lang si eigentlech ass weess keen esou genee. A Nordamerika, zu Prudhoe Bay am Alaska geet et lass, an hält  zu Ushuaia a Feuerland, also dem südlechste Punkt vun Südamerika op. 4700m Héichtemeter ginn gebueden, e puer Klimazonen, vun 0 bis 30 Grad Temperatur, an je no Reenzait och alt emol Passagen déi schwéier oder guernett kenne passéiert ginn.
    D’Panamericana leeft dann och duerch de Panama. An hällt och do op. Zu Yaviza bei der Post ass Schluss.
    Speaker:                Wéisou dat.
    Bon et feelen 90km bis zur kolumbianescher Grenz, an de Panama ass strikt dogéint dass déi faerdeg gebaut ginn. Weenst dem Drogenhandel a weenst der Maul a Klauen Epedemie, déi soss easy vun Süd a Nordamerika kéint kommen.
    Méi richteg ass awer wuel Tatsaach dass do nach Urawunner wunnen, an den Tracé duerch en Tropebesch mat héicher Biodiversitéit verlafe soll.
    Duerch deen Drogenhandel hues du och massiv Policekontrollen  déi d’Vitesse op der Panamericana dann vum selwen bremsen.
    Op der Panamericana ass een och ni eleng ennerwee. Alles, awer wirklech alles gett op där Nord-Süd- Achs transportéiert. Am Sënn vum Wuert op Achsen, well wéi mir vun eiser Lëtzebuergerin op der Plaz gewuer goufen, weder de Panama nach de Costa Rica eng Eisebunn hunn.
    (Cut 1…)
    An déi Trucken sinn meescht total iwwerlueden.
    Mam Patrick Arendt gett et och e Lëtzebuerger deen an de Panama ausgewandert ass. Panama an d‘Panamericana?
    (Cut 2…)
    Speaker:                                A soss esou, fueren a Lateinamerika?
    Selwer hannert d’Steier, also secherlech net ze recommandéiren fir Leit di nach ni am Ausland en Auto gelount hunn. Well riets iwwerhuelen ass ganz normal, oder matzen an der Strooss ginn Uebst a Geméàis  an allméiglechs soss verkaf gett. Soubal vun der Panamericana erof, gett ee mam Schëld  „Fin al paviemento“ drop higewisen dass de Makadam elo ophällt. Doweenst ass en Offroader ze recommandéiren.
    Spannend ass et och wann Diabolos engem sai Wee kraizen. Gesait aus wéi di amerikanesch Schoul Bussen. Hei sinn et di al Iwerlandbussen, an déi hun et an sech.
    (Cut 3…)
    Bon den Alter vun den Autoen geet elo lues a lues erof, well d’Politik elo den Import vun ausgelierten Gefierer verbidd, mee bis di aal ausrangéiert sinn, dat dauert nach.
    Speaker:                               Do frees du dech natirlech, do gett et dann wuel kee Contrôle technique, oder?
    Dach, mee. Façon spéciale, Beispill Panama?
    (Cut 4…)
    An am Costa Rica gesait dat dann esou aus?
    (Cut 5…)
    Interessant och di Sach mam Führerschein am Panama a Costa Rica.?
    (Cut 6…)
    (Cut 7…)
    Jo mam Patrick Arendt a Claudine Ricco, eisen zwee Lëtzebuerger a Mëttelamerika, do ass ee schon eppes gewuer  ginn iwer Land a Leit, Panamericana a natierlech Panamakanal. An dass am Costa Rica déi meeschten an eelsten Land Rover Defender weltweit ennerwee sinn…
    Deen Ausflug kascht och nett d’Welt. Mam Iwerlandbus fir eng Hand voll Dollar, a fir eis un der Pompel de Liter Super fir eppes méi wéi en halwen Euro…
    Speaker:                          Eng flott Rees mat villen Impressiounen a Fotoen?
    Jo op www.auto.rtl.lu do hunn ech en Echantillon zesummegestallt mat “on the road” Fotoen…


    11 min

About Automag

From the publisher's feed

Autonews, Autotester, nei Modeller zu Lëtzebuerg an alles soss ronderëm den Auto

More shows like Automag

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners