Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

Automag episodes

  • 70 Joer 2CV, 26/05/2018
    En Auto mat Kult-Status deen aus der Geschicht vum Automobil absolut net ewech ze denken ass, feiert 70 Joer – d’Döschewo!

    Paul, am Fong ass et awer scho méi laang hir wéi 70 Joer?
    -    Offiziell Présentatioun vun der 2CV zu Paräis um Salon vun 1948
    -    Virgeschicht ass awer 14 Joer virdru scho gewiercht; net vill motoriséiert Gefierer déi Zäit ennerwee -> de Generaldirekter Pierre Boulanger huet de cahier de charges fir eng TPV (toute petite voiture ofginn):
    -    schlicht, onkomplizéiert, fir Männer an och (! Ongewéinlech fir déi Zäit) fir Fraen, bëlleg am Ennerhalt
    -    en Auto fir Baueren, Händler a Commerçanten
    -    Präbbeli op 4 Rieder; min. 50 km/h séier, 2 Baueren mat Hutt, graffe Stiwwelen an ee prallvolle Sak Gromperen konfortabel un d’Ziel bréngen, maximal 3 Liter op 100 km verbrauchen, esou gefiedert sinn dat d’Baueren och domat kënne mat Vollgas duerch hiert Stéck briederen wann um Récksëtz e Kuerf mat réihen Eeer steet
    -    André Citroën 1935 u Kribs gestuewen, Michelin huet d’Rudder iwwerholl; Pierre Michelin a Pierre Jules Boulanger waren d’Direkteren
    -    1937 éischte Prototyp; schmuel Rieder, Karrosserie mat Segelduch bespant, 500 ccm Motos-Motor, 1939 Virserie vun 250 Autoen, no’m 2. Weltkrich awer nemmen e puer bliwen
    -    De Bildhauer Flaminio Bertoni huet sech der Saach ugeholl an nach während dem Krich un enger gefälleger Versioun geschafft

    Eischt Reaktiounen deemols?
    -    Éischter gedeelt; hui oder pfui, déi eng hu gelaacht, gestaunt, waren irritéiert; extrem schlicht, de Boulanger huet Luxus an Ästhetik fir iwwerflësseg gehalen, “Vullekäfeg op Rieder” war trotzdem immens beléift a bis zu 6 Joer Waardezäit (net vill Produktiounsstätten, wéineg matières premières, Renault hat Prioritéit)

    An déi éischt Varianten oder Evolutiounen hunn och net op sech waarde geloss?

    -    Éischt Camionette “AZ” 1950
    -    Motoren vun 375 op 425 ccm (mat brachialen 12 PS), duerno 16 a 25 PS bis schliesslech 29 PS aus 602 ccm.
    -    Radikale Verzicht op Luxus a bëllegen Ennerhalt: ideal fir Studenten

    Wéi koum et zum Numm? Firwat soen déi Däitsch “Ente”?
    -    2 CV heescht chevaux vapeur, si franséisch Steierpäerd (wéi Renautl 4 CV), gouf aus Unzuel vun de Gäng, Iwwersetzung vun der Boîte an der Gréisst vun de Pneue gerechent.
    -    Ente wéngt der Form oder dem Klang, Hans-Christian Andersen “hässliches Entlein”
    -    A Frankräich: Deuche, Deux-Pattes, Dodoche, Schwäiz: Döschwo

    Technik?
    -    Boxermotor a Fiederung
    -    Gerücht eng 2CV ass net emzegehaien

    Nofolger?
    -    Citroën geréit duerch d’R4 enner Drock; 1967 soll d’Dyane d’2CV ofléisen, huet et net gepackt. Spéider sollen och Visa an LN d’Rudder iwwerhuelen; réischt 1986 gouf de Citroën AX nei Entrée en Gamme, d’2CV blouf weider am Programm, 1988 Schluss zu Levallois (F) an 27/07/1990 wou déi allerläscht, eng gro 2CV6 Charleston zu Mangualde a Portugal vum Band leeft.
    -    Dérivée’en: Ami, Méhari, Lomax
    -    Versiounen & Sondermodeller: Club, Spécial, Charleston; Dolly, France 3, Perrier, Sahara (mat 2 Motoren a 4x4!)

    Anekdoten?
    -    D’2CV an d’Nonnen

    11 min
  • Automag, 16/05/2018
    ...La Grande Motte, an di charmant Camargue ronderëm  hat Porsche ausgewielt fir de neien Cayenne E-Hybrid ze presentéieren.
    2007 goung et mat engem Prototyp lass, 2010 dunn di éischt Série. 4 Joer drop mam Modell Wiessel kommen Lithium a Plaz Nikkel Batterien an den Asatz. Vun ugangs 5 % Nofro, sinn et am Moment weltwäit schonn 12% vun de Venten.  Tendenz steigend, well mam neien Cayenne E-Hybrid  villes verbessert gouf, an den Diesel jo aus dem Programm gestrach gouf...

    Wat zielt dann zu den High Lights?

    Bon di ganz Hybrid Strategie gouf iwwerduecht. Resultat, besser Fuer Leeschtungen a méi eng héich elektresch Autonomie. Déi klemmt vun 30 op 44km reng mat E-Power.  Di nei fluid gekillte Batterie huet 30% méi Kapazitéit. An esou sinn mir dann och emissiounsfräi  vum Parking, an duerch Dierfer a Stied gerullt soulaang wéi Jus an der Batterie war...
    Hybrid heescht jo eng Kombinatioun vun zwou Motricen. Den 3 Liter V6 mat 340 PS ass gekoppelt mat enger 136 PS staarker E-Maschinn.
    D’Systeemleeschtung mam Boost Konzept vum 918 Spyder. Dee Boost Moment kann zu jidder Zàait , an iwwer di ganz Dréizuel Band Breet ofgeruff ginn. Et stinn 700Nm Dréimoment zur Dispositioun. Just 5 Sekonnen verginn bis Tachnool bei 100 steet, an eréischt bei 250 bleift si stoen.
    Impressionant mat wéi enger Liichtegkeet den dach 2,3 Tonne schwéieren SUV no vir bréngt, an op där anerer Säit léisst e sech spilles mam klenge Fanger beweegen an dat jo och zäitweis  ouni Dezibel. Bis 135 km/h kann reng elektresch gefuer ginn. Mee och am Hybrid-Auto Modus, Sport oder Sport Plus hält sech de 6 Zylinder dezent am Hannergrond.  E Fuer Gefill wéi am Sportswoon
    Iwwer e klengt Riedchen nieft dem Steierrad léisst sech de Fuer Modus  changéieren.  De Sport Chrono Package ass serieméisseg mat u Bord.
    Am Sport Plus gëtt alles op Performence programméiert.

    A wéi easy kann den Plug-In Porsche opgeluede ginn?

    E kann un enger normaler Steckdous geluede ginn wann ee gutt Zait huet, oder am séiersten mam 7,2 kw on board Charger a mam och extra facturéierten Mode 3 Kabel kann de Cayenne E-Hybrid och un die ëffentlech Bornen.
    De Plug-In System fir ze lueden gouf optimiséiert. En LED Modul weist  den aktuellen Zoustand vun der Batterie an et kann een wielen op een direkt oder mat Zäit Schalter luede wëll. Dat kann dann iwwer d’Porsche Connect App programméiert ginn.
    Déi App weess och Bescheed wéivill Batterie Kapazitéit nach disponibel ass , a wou Bornen an der Géigend stinn, déi wann si fräi sinn, dann och direkt an de Navi kennen iwwerspillt ginn.
    De neien Porsche Charging Service këmmert sech och em d’Ofrechnung  mat engem speziellen ID Account.

    Soss nach Neits um Cayenne vun Porsche?

    Majo a Saachen Assistenzsystemer an Infotainment gouf et en Update. Massage Sëtzer kanns du elo bestellen, bis zu 22 Zoll Felgen, OnnoDrive, den elektronesche Co-Pilot, oder 3D High-end Surround Sound System aus dem Haus Burmester.
    Ganz praktesch parkt de Cayenne elo  ganz eleng. Dat och an schmuel Parkplazen an der Tiefgarage, a léisst sech via Handy App och wéi vun Geeschter Hand eraus manouvréieren.
    Kamout och de Curb Warner fir dass di deier Felgen nett un de Borduren gehimmelt ginn.
    Nei ass och eng 8 Stufen Automatik, Tiptronic S inklusiv PTM, steet fir Porsche Traction Management.  An esou gëtt et näischt ze meckeren bei Fuerdynamik, Agilitéit, Traktioun an Offroad Eegenschaften.

    So wéi effizient ass den Cayenne E-Hybrid dann elo, a wat kascht de Spaass?

    3,4 Liter ginn versprach, mee do muss du de Porsche dann heemelen. Réalitéit ass eng aner. Wien keeft e Porsche fir just ze cruisen?  9,2 Liter hunn mir verbraucht.
    D’Fro sief erlaabt, ob sech de ganzen Opwand vum Hybrid lount fir 40km reng Elektro Power. 90 000 Euro wieren ze iwwerweisen bei Porsche wat mech zum Nodeel vum Cayenne E-Hybrid bréngt. D’Praisscheld an eng laang Optiounslescht...
    Well soss bleift nett vill ze kritiséieren un deem SUV deen et souverän versteet dat sportivt,  confortabelt an Offroad ënnert een Hut ze kréien...

    Fotoen kucken dat kascht näischt. Ze gesinn op www.auto.rtl.lu. De Porsche Cayenne E-Hybrid  kann schonn bestallt ginn, a kennt geschwënn och an de Showroom.
    5 min
  • Automag News, 14/05/2018
    USO: Haut an den Automag-News: E klenge Résumé vun de Ferrari Racing Days um Circuit zu Spa, eng nei Gamme vu Bensinn an Diesel bei Shell an en Ausbléck op deen éischten SUV vu Rolls Royce. Den Détail elo mam Paul Origer:


    OFSO: A Fotoe vun de Ferrari Racing Days zu Spa ginn et natierlech och; ze fannen op auto.rtl.lu
    Näischt läit méi am Trend wéi de SUV; bis op Ferrari an Aston Martin huet och quasi jiddereen e Pseudo-Offroader am Programm. An do kënnt elo och RollsRoyce mat bäi. Cullinan, esou heescht net nëmmen de Bäitrag vun der britescher Nobelmark, mee och een anere Superlativ; nämlech dee gréisste Réihdiamant dee jemols fonnt gouf, inspiréiert un enger Klengstadt a Südafrika an um Numm vum Propriétaire vun der Mine wou den edle Steen an 9 Meter Déift fonnt gouf. Wahrscheinlech net nëmme beim Gewiicht mee och bei der Gréisst wäert den neie RollsRoyce Cullinan mat 5m34 Längt an 2m14 Breet nei Rekorder markéieren. Virun allem d’Plazoffer an der zweeter Reih soll nët nemmen d’Laangversioun vum RangeRover mee och de Konkurrent Bentley Bentayga an de Schied stellen. Fräi no’m Motto “Fortbeweegung ouni Effort” suergt ennert dem Capot ee 571 PS-12-Zylinder dofir dat de Cullinan sech standesgeméiss beweegt. D’Mammenhaus BMW wäert natirlech bei Multimedia a Co nees d’Fangeren am Spill hunn an och soss kënnt de Royce-SUV mat villen techneschen Nouvellen. Wien elo schonn op de Summum vu Luxus an Offroad gespaant ass, dee muss sech nach gedëllegen; wéini de Cullinan présentéiert gëtt a wat e kascht, ass offiziell nach net gewosst.

    JINGLE

    Mäin Haus, mäi Schëff, mäi Ferrari. Wann ee vun de Boliden mam Cavallo Rampante um Capot doheem an der Garage steet, dann huet een et schonn zu eppes bruecht. Sinn et der méi, oder zielt och nach e limitéierte Sondermodell derzou, dann dierf een sech geschwënn zum ausgewielte Krees vum Ferrari XX Programm zielen. Hei geet et net nëmmen ëm exklusiv Versiounen wéi de Supersportler FXX deen um 2002er Enzo baséiert, et geet och drëms besonnesch Clienten ze belounen. Esou zum Beispill mat de Ferrari Racing Days déi elo dëse Weekend mol zu Spa Franchorchamps organiséiert goufen. An Aktioun ass hei e Rennteam wat ausschliesslech aus Clienten besteet, déi am Kader vun de Corsi Clienti um Steier vun eben dem FXX oder och dem 599XX 4 mol am Joer e bekannte Circuit offueren. D’Rennween gehéieren de Clienten, ginn awer vunn an zu Maranello geréiert – inklusive dem Transport op d’Rennpist wou en Team vu Mécanicien’en sech natierlech em dat wertvollt Gefier bekëmmert. Zu Spa stoung dëse Weekend vill um Programm; nierft ausgestalle Clientsween natierlech och de Besuch an de Boxen, extra opgebaute Showrooms mat neie Gefierer an natirlech eng ganz Rëtsch vu Coursen.

    JINGLE

    Zenter 1924 schaffe Shell a Ferrari zesummen. Als ee vun den Haptpartner vu Ferrari huet natirlech och den Ueleggigant vun der Geleenheet profitéiert fir hir nei Gamm vu Sprit virzestellen. Den Numm V-Power ass jo schonn e Begrëff, nei derhannert ass d’Dynaflex Technologie. Haut musse Kraaftstoffer héighen Dréck, Temperaturen a Belaaschtungen standhalen, ausserdem geet et drëms Verbrennungsréckstänn a Reiwung ze reduzéieren an d’Motore klappfest ze maachen. Mat dëser neier Technik suerge speziell Moleküler fir e proppere Motor, entsteet manner Friktioun a brénge méi Oktan méi Klappresistenz. Esou wëll Shell prett si fir d’Zukunft vum Verbrennungsmotor.

    3 min
  • Automag, 09/05/2018
    Quizfro : X1, X3, X4, X5, X6… Wéi eng Modellbezeechnung feelt hei? Iwwert wat fir ee BMW schwätze mir haut wuel? Klengen Tipp: et ass net den X7!

    X2! Esoulues gi BMW d’Bezeechnungen aus, an iergendwéi hunn se zu München viru Joeren de Marché fir kleng SUV’en wuel falsch ageschat. Well X2 läit gréissteméisseg NET tëscht X1 an X3 wéi een op den éischte Bléck menge kinnt, mä et ass de dee KLENGE Brudder vum X1! Et ass déi selwecht virgedriwwe Plattform, mä den X2 ass 7 Zentimeter méi kuerz an 8 Zentimeter méi niddereg.
    Mä well se deen neie Modell wahrscheinlech net X0 deefe wollten, mussen d’Uerdnungsfanatiker bei BMW elo domatter liewen, dass hir X-Modeller net méi perfekt der Gréisst no sortéiert sinn…

    Esouvill zum Thema däitsch Uerdung… Wéi uerdentlech hunn d’Designer da geschafft?
    Mir gefält en… Et ass quasi d’Coupé-Versioun vum X1, also méi flaach, méi niddereg… Och soss gesäit e wesentlech méi sportlech an dynamesch aus. D’Schnëss ass zimlech aggressiv geroden, den Hënneschten ass wierklech knackeg-kompakt… Dat eenuzegt wou een diskutéierte kann, dat ass de BMW-Logo hanne säitlech op der C-Säil. Wa Maserati dat mam Dräizack mécht ass dat stilvoll, mä beim BMW-Propeller gesäit e bësse vill verspillt aus.

     Wéi verspillt ass den X2 da bannendran?
    Typeschen BMW-Intérieur, also ganz chaufferzentréiert. Bei der Finitioun huet BMW zeréck bei al Qualitéite fonnt, den X2 ass beispillsweis besser verschafft wéi den aktuellen 1er. Vermësst hunn ech awer dee groussen Naviécran, deen een aus méi grousse BMW-Modeller kennt. Mir haten d’All-In-Versioun, do war de ganzen Intérieur mat gielen Néit gebutt, passend zur neier Baussefaarw galvanic Gold. Also dat huet alles flott ausgesinn.

    Dat wat schéin ausgesäit, ass awer net ëmmer besonnesch praktesch. Wanns Du vun enger zimlech niddereger Karosserie schwätzt, fäerten ech schon dat schlëmmst?
    Et ass e klengen Auto, do gëtt et effektiv näischt ze diskutéieren. Bannen ass dann och alles eng Nummer méi enk, eben sportlech kompakt. Vir ass d’Raumgefill nach ok, mä hannen hunn ech mech e bëssen ageenkt gefillt. Et huet een zwar nach genuch Plaz, mä well d’Fënstere zimlech schmuel sinn, fillt een sech e bëssen agespaart. Och d’Mall ass net wierklech grouss...
    E weideren Nodeel vun de klenge Fënsteren, et gesäit ee schlecht eraus.

    Ofgesi vun der Visibilitéit, wéi fiert sech den X2?
    En huet mir wierklech Spaass gemaach. E läit straff op der Strooss, d’Lenkung ass direkt, mä en ass net iwwerdriwwen haart. Beim Confort muss e kleng Ofstrécher maachen, mä et ass nach alles am grénge Beräich. Et ass awer definitiv keen Auto fir graff Feldweeër, dofir läit en einfach ze niddereg. E fiert sech eigentlech net wéi e SUV. Den Diesel mat 190 Päerd an d’8-Gang-Automatik si scho bekannt, déi brauch ech hei net nach emol ze luewen.

    Du klengs éischter iwwerzeegt vum Auto?
    Jo, mir gefält en, mä de Problem ass, dass ech net déi typesch Clientèle fir esou Autoen sinn. Et ass e Lifestyle-Mobil, an dat léisst BMW sech deier bezuelen. Den 20d xdrive Allrad kascht Basis beispillsweis 40‘500 Euro. Den 3er Touring mam selwechte Motor kascht mol net 1‘000 Euro méi an ass definitiv dee méi prakteschen Auto mat méi Plaz. Oder den 1er mam selwechte Motor, zwar manner stylesch mä net manner praktesch, deen ass 7‘000 Euro méi bëlleg…  X2 ass  flott, mä komplett onverstänneg. Wéi iwwregens déi meescht SUV’en…
    4 min
  • Automag News, 07/05/2018
    R T L Automagnews
    Méindeg: 07.05.2018
    U S O :
    ...an haut kréie mir am Automag de “Weltmeeschter” presentéiert, ginn gewuer dass Nissan sech iwwer 5 Stären beim EURO NCAP Crashtest freeën däerf, an dass d’Marque DS un engem Modell “haut de gamme” schafft...
    Automagnews mam Christian Schmit...
    T E X T :
    ...Weltmeeschter, esou heescht tatsächlech eng nei chinesesch Automarque déi op der Auto China zu Peking nawell zolitt am Fokus vun de Pressevertrieder stoung.
    E voll elektreschen SUV am 4m 50 Format zum Präis vun engem klenge Stadflitzer. Klengt kaum realistesch, an dach am Hierscht soll den EX 5 schonn ausgeliwwert ginn. Am Ufank mol just a China, mee grad do gesäit een am Moment  kaum bis guer keng Elektro Autoen.
    De Freeman Shen ass de Chef vun der Elektro Start-Up WM. Dee war bis 2015 Manager bei Geely, eng anerer chinesescher Autosmarque.
    Weltmeister dat kréien och d’Chinesen ausgeschwat, an d’Ofkierzung WM passt och, well d’Chinesen jo  och op Fussball flippen.
    Mat der Weltpremière elo kirzlech zu Peking goung fir den Ex-Manager en Dram Réalitéit.  D’Visioun vum Tesla „made in China“ hat hien ewell méi laang.
    Mat enger Milliard Euro konnt dann elo en internationalt Team zesummegestallt ginn mam Knoiw How vun Design an Technik.
    Je no Wonsch a Porte monnaie geet d’Autonomie vun der batterie an d’Luucht, mee 350km sollen schon an der Basis dra sinn. Mee och bei 500km ouni opzelueden géif ee nach bei em di 25 000 Euro leien.
    Mat der kenschtlecher Intelligence u Bord ass och kee Schlëssel méi noutwenneg. Jidereen deen den Weltmeeschter notzt, kritt e Kont.
    Donnéen ginn an enger Cloud ofgespaichert, et wir ee permanent online, an en deelautonomt Fueren wir och dran. Eng Fabrik gouf gebaut an elo kann et dann mat der Produktioun lass goen…an deemnächst hunn dann vlaicht vill Chinesen an irgendwann och mir eise „Weltmeeschter“ an der Garage…
    Bleiwen mir beim Elektroauto. Do gett eng bonne note fir Nissan. De LEAF war deen éischten Auto dee sech 2018 mat de nach méi strengen Ufuederungen huet misste stellen. Nei am EURO NCAP Testprogramm sinn elo Velosfuerer an schwaach Liicht Verhältnisser mat deenen de Noutbremsassistent zuwee muss kommen.
    Desweideren gett och elo d’Leeschtung vum System deen d’Spuer soll haalen consideréiert. Liicht Défaillancen goufen just beim Gurt an der Kraaft vum Airbag notéiert.
    Insgesamt ginn dem Nissan Leaf vun der neister Generatioun awer di 5 Stären attestéiert. Bravo.

    DS, zenter e puer Joren elo déi eegestänneg Luxusmarque aus dem Haus Citroën. Déi plangen ganz aifreg um DS 8 a wellen e Wuert am  „haut de gamme“ Segment matschwetzen.
    Den Topmodell soll 2019 a China gebaut ginn, an do och seng Chance géint Benz et Co kréien, awer och um europäesche Marché welle e sech établéieren.
    Beim Design gouf sech um DS 7 Crossback orientéiert. Mat Finesse a Chrom an e besschen DS Nostalgie vun 1955 well ee punkten. Esou sinn zousätzlech Winkeren iwwer der henneschter Glass montéiert.un wéi bei der DS.

    E baséiert natirlech op där selwechter Plattform wéi den annoncéierten neien Peugeot 508. 
    Mat 4m 85 ass een um selwechte Level wéi di établéiert Konkurrenz.
    Mat Bensinner, Diesel a Plug-In Hybrid soll et un den départ goen.
    Mir si gespaant op den den chicen DS 8…


    3 min
  • Automag: Vintage, 05/05/2018
    R T L Automag
    Samschdeg: 05.05.2018
    …an haut Christian Schmit sammele mir am Automag. Déi Kéier awer elo keng Autoen, oder Motoen, Trakteren, oder soss Gefierer, mee Miniaturautoen, Autozeitungen an Auto Prospekter.
    T E X T :
    … jo och dat kann eng Passioun ginn, am Verglach mat deenen déi Timberen oder Mënze sammelen awer éischter eng rar Kommunautéit. Ech hunn esou e Personnage kennegléiert, …jo an dat zu Wolz, deen huet do seng Vintage Garage. Wat gehéiert do alles dran?
    (Cut 1…) 16sec
    Do staunst de nett schlecht wann een déi gewisen kritt. Also Plaz fir en Auto ass do kaum nach. De Germain Wagner ass e leidenschaftleche Sammler. Ass frou mat aalen Autoen, mee d’Passoioun ass eng aner. Dat goung schonn als klengen Dëbbes lass, an den Schokela vun Jacques war Schold drun…
    (Cut 2…) 21sec
    An de Mann huet och nach an der Kollektioun deen Album mat deem alles ugefaang hat?.
    Kloer, déi dierf nett feelen. Bis op de leschten Zentimeter ass déi Vintage Garage gefellt, an de Kellerraum niewndrun gouf och elo schon mat bai geholl…
    De Problem ass nämlech dass esou en Archiv vill Plaz ewech hellt. Well do ass nett alles am DIN A4 gedreckt ginn, asn esou passt nett alles an de Leitz Classeur. Doweenst mussen dann Këschten ugeschaaf ginn.
    Mee dat hällt de Sammler nett dovun of. Op Wikipedia fennt een eraus dass est esou Sammler wéi eise Lëtzebuerger, därer an Daitschland zu e puer Honnert sinn déi och e Faible fir d’Sammele vun Autosprospekter hunn, weltweit sinn et der e puer Dausend.
    Dee Mann huet alles, vun A wéi Audi bis Z wéi Zagato ass alles do. Ganz besonnesch houfreg ass een op ganz al Prospekter vun Marquen déi schon laang nett méi gett: Talbot, Minerva, Vanguard oder Berardino  Soubal en Auto dann nett méi gebaut gett, jo dann avancéiert dat vlaicht  banalt Prospekt zum kulturhistoreschn an technikgeschichtlechen Dokument. Zielen dann zum Automobilia Archiv, Germain Wagner?
    (Cut 3…) 55sec
    Dozou geselle sech dann nach eng impressionant Sammlung vun Miniaturautoen.
    Do derbai Policautoen aus allen Häre Länner, Brauerei’s Camionen mat original Logo vum Béier an e sellechen rar Oldtimer.
    Speaker:                          So mee ginn et dann iwerhapt nach Prospekter, haut fennt ee jo och all Marque um Internet?
    Jo dat stemmt. All Marque bidd haut de Car Configurator un, do kann’s du dain Draam Auto dann selwer zesummestellen. Faarwen, Felgen, an allméiglech Accessoiren, an zum Schluss gett och de Prais affichéiert.
    Mee trotzdeem huet d’Prospekt och weiderhin Bestand. Hat emol an engem groussen Concessionnaire Multi Marques nogefrot , an do krut ech confirméiert dass déi vun all Marque a Modell  Brochuren am Showroom ausleien hunn.
    Speaker:                      an eise Sammler vu Wolz dreemt och nach vun engem Objet a senger Kollektioun wat nach feelt?
    Jo hei ass et awer grad emgedréint, d’Prospekt an d’Bedienungsanleitung huet e schon, mee de Modell feelt nach vum Opel GT
    (Cut 4…) 25sec
    Mee deemnächst gett an der Vintage Garage dem Propriétaire sai ronne Gebuertsdag gefeiert, vlaicht klappt e jo bis dohin mam Cadeau, wann och just am 1:33 oder 1:43 als Spillauto.
    Mee e raren Youngtimer konnte mir dann awer beim Germain Wagner bewonneren, e Subaru deen just 25 000 mol gebaut gouf?
    (Cut 5…)
    Speaker:                               An déi Auto Prospekter goufen dann iwwer Joren zesummegedroen. Klappt een do Garage fir Garage oder wéi…
    Neen de Collectionneur war natirlech op ville Foiren, an do goufen et laang Aerm fir all di Katalogen heem ze schleefen.
    (Cut 6…)
    Ech hunn mech natirlech och gefrot wat ass esou eppes wert. Mee anescht wéi bei Mënzen oder Timberen gett et keng Leschten a Schätzungen. Also éischter eng Fro vun Offer an Demande.
    A ganz zum Schluss dann nach dat hei. Et gett eng öffentlech an digitaliséiert Sammlung, an déi kann ee consultéieren an der Sächsischen Landes, Staats, und Universitätsbibliothek zu Dresden.
    Ofso Speaker:                         Ok a Fotoen vun der Vintage Garage zu Wolz, déi kucke mir eis op www.auto.rtl.lu un.

    9 min

About Automag

From the publisher's feed

Autonews, Autotester, nei Modeller zu Lëtzebuerg an alles soss ronderëm den Auto

More shows like Automag

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners