Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

Automag episodes

  • BMW M5 & Alpina B5 Biturbo , 20/06/2018 08:50
    Zwou 600PS-Interpretatioune vum 5er BMW am Verglach. Et trieden un de BMW M5 an den Alpina B5 Biturbo. Um Pabeier sinn se sech relativ ähnlech. Mä op der Strooss an um Circuit mierkt ee séier, dass hire Charakter komplett verschidden ass.
    0 min
  • BMW M5 & Alpina B5 Biturbo, 20/06/2018
    Du hues leschte Weekend däi Führerschäin erëm op d’Spill gesat?
    Ech hu mech definitiv misste beherrschen, well ech war mat zwou verschiddenen High-Performance-Interpretatioune vum 5er BMW ënnerwee. Den M5 vu BMW op der enger Säit, an den B5 Biturbo vun Alpina op der anerer Säit.

    “BMW M” kennen ech. Mä wat ass Alpina?
    Klengen däitsche Constructeur, 1500 bis 1700 Autoen d’Joer, dat ass wierklech exklusiv. D’Gamme baséiert op bekannte BMW-Modeller, mä d’Fuerwierk, d’Bremsen, den Intérieur an natierlech de Motor gi vun Alpina speziell preparéiert. Et ass awer keen einfachen Tuner, mä huet de Statut vun engem Constructeur, dofir ass et och op der Groer Kaart kee BMW, mä en Alpina. Eis zwee Testkandidaten waren um Pabeier zimlech ähnlech, mä mir hu séier gemierkt, dass se vum Charakter grondverschidde sinn.

    Wat steet dann um Pabeier?
    Dat wat se gemeinsam hunn: e V8 Biturbo, 8-Gang-Automatik, an Allrad.
    Den M5 vu BMW: 600 Päerd, 700 Newtonmeter, 3.4 sec 0-100, Spëtzt serieméisseg 250, oder 305 wann een den Auto fräischalte léisst
    De B5 Biturbo vun Alpina: 608 Päerd, 800 Newtonmeter, 3.7 Sekonne vun 0 op 100, mä 330 Spëtzt

    Dat klengt effektiv net no esou groussen Differenzen. Du sees awer, dass se sech komplett verschidde fueren?
    M5 ass net nëmmen dee méi déieren Auto, mä och dee méi sofistikéierten. Vill Know-How aus dem Motorsport, egal op Boite, Bremsen, Fuerwierk. Du hues vill méi Astellméiglechkeeten, beispillsweis fir déi eenzel Komponenten méi confortabel oder schaarf anzestellen. An dann ass den M5 op Régime gesat. Carbons-Daach fir nëmmen ee Beispill ze nennen. E weit awer nach ëmmer iwwer 1900 Kilo, dat ass kee Plommegewiicht.
    Mä den Alpina verzicht op de ganze Schnickschnack. Du hues zwar och en adaptiivt Fuerwierk, e fiert sech méi sportlech wéi en zivile 5er BMW, mä et ass ënnert dem Stréch awer alles méi kultivéiert, méi confortabel… An en ass net grad esou liicht, 2.2 Tonnen.

    Wéi wierkt sech dat dann op der Strooss aus?
    M5 am Verglach mat sengem Virgänger: elo Allrad. En ass wierklech besser ze beherrschen, am alen M5 hunn ech mir wesentlech méi dacks selwer Angscht gemaach. Den M5 ass e Präzisiounsinstrument. Virun allem a laang gezunnenne Kéieren an op glate Maccadam läit e wéi eng 1! Op schlechte Stroossen mat enke Kéieren mierkt een dann awer, dass et e groussen a schwéieren Auto ass. Mä et ass en Auto, wou et vill méi schwéier ass, sech ze beherrschen. Du hues den Androck e giff dech permanent provozéieren fir Dommheeten ze maachen.
    Den Alpina ass do méi relax. Du wees, dass de kinns esou zimlech alles platt maachen, wat fir virun d’Rieder kënnt, mä du genéiss einfach an du waarts einfach, op eng däitsch Autobunn ouni Traffic.

    An ugeholl, ech wéilt elo op de Circuit fuere goen?
    Mir hunn dat gemaach, mat engem richtege Pilot, dem Steve Jans. An do war de Vainqueur direct kloer. Den Alpina huet zwar alles matgemaach, mä d’Bremse ware relativ séier um Enn. Den M5 huet do definitiv méi Freed gemaach, virun allem well een do och op 100 Prozent Heckundriff ëmschalte kann, an dann ass et eng eenzeg Driftmaschinn. Et mierkt een, dass den M5 fir de Circuit gemaach ass, an de B5 fir d’Autobunn.

    Däi Choix?

    Wéi dacks fueren ech Autobunn, wéi dacks fueren ech Circuit?
    D’Biller iwwregens e Sonndeg um 19h am Automag

    5 min
  • Peugeot 508 , 18/06/2018 11:50
    Mam 508 kämpft Peugeot direkt op zwou Fronten. Éischtens ass do déi éiweg Fro, op Fransousen iwwerhaapt eng Limousine baue kënnen, déi der däitscher Konkurrenz d’Waasser reeche kann. An zweetens muss de 508 beweisen, dass déi klassesch Limousine an Zäite vun SUV a Crossover nach net dout ass. De Serge Pauly kënnt zur Conclusioun "double mission accomplie".
    0 min
  • Peugeot 508, 18/06/2018
    Haut si mir a Frankräich ënnerwee, an dat direkt am duebele Sënn. Du hues d’lescht Woch tëscht Nice a Monaco den neie Peugeot 508 probéiert?

    Mam 508 kämpft Peugeot direkt op zwou Fronten. Eischtens ass do déi éiweg Fro, op d‘Fransousen iwwerhaapt eng Limousine baue kënnen, déi der däitscher Konkurrenz d’Waasser reeche kann. An zweetens muss de 508 beweisen, dass déi klassesch Limousine an Zäite vun SUV a Crossover nach net dout ass. An ech muss soen, bei béide Missioune schneit de 508 zimlech gutt of!

    Wann ech mir d’Fotoen esou ukucken, muss ech soen, dass d’Designer nawell zimlech couragéiert waren…

    Ganz expressiv Proportiounen. Méi kuerz, méi flaach a minimal méi breet wéi de Virgänger. E mécht e kräftege selbstbewossten Androck. D’Ligne ass éischter déi vun engem Coupé, dat heescht d’Daachligne leeft no hannen zimlech flaach aus. Wann ee vu vir kuckt, falen direkt riets a lénks d’Dagesluuchten op, eng schmuel vertikal Sträif bal iwwert déi ganz Héicht vun der Calendre. Hanne fält direkt eng breet schwaarz Sträif op, an där déi hënnescht Luuchten integréiert sinn, och dat dréit zum wierklech styleschen Optrëtt bäi.

    Ass et net vläicht zevill dees Gudden?

    Gefält definitiv net jiddferengem, mä polariséiert definitiv och net esouvill wéi en DS5 beispillweis, an et wierkt och net esou opgesat wéi de VW Arteon. Et ass einfach en eegene Stil, an net esou langweileg wéi dat wat déi däitsch Premium-Marken eis am Moment u Limousine virsetzen. Dat gëllt och fir den Intérieur. Peugeot war do ganz kreativ, den Tableau de Bord besteet aus verschiddenen Niveauen… op den éischte Bléck e bëssen onroueg, awer wéi gesot, méi flott ze kucken wéi den groen däitschen Eenheetsbräi. An et ass och nach akzeptabel verschafft.

    Du hues d’Coupé-Ligne ugeschwat. Wéi praktesch ass dee flaachen Daach iwerhaapt?

    Kappfräiheet leider net optimal, do verléiert een effektiv zwee dräi wichteg Zentimeter an der Héicht. Mä ähnlech wéi de VW Arteon oder den Opel Insignia kënnt och de Peugeot 508 mat engem grousse Mallendeckel, engem Hayon… Dat war laang Zäit out, mä wann een déi grouss Ouverture vun der Mall gesäit, versteet een firwat ëmmer méi Designer dohinner zeréck fannen. D’Vue no hannen ass zwar net perfekt, mä dat ass hautzedags leider e Problem bei villen Autoen.

    Ass de Peugeot 508 op der Strooss éischter e rouege Gesell oder éischter e Sportler?

    E gudde Kompromëss, d’Fuerwierker si souwisou eng vun de grousse Peugeot-Stäerkten. Mäin Testauto hat en adaptiivt Fuerwierk, mä et huet een am beschten de Peugeot-Ingénieure blann ze vertrauen an am Normal-Modus ze fueren. Dat passt am beschten, am Confort-Modus ass de 508 e bësse vill schwammeg, am Sport-Modus ass en onnéideg haart. Mä „normal“ bitt e bal perfekte Kompromëss fir den Alldag, schéin direkt, mam néidege Feedback a mat genuch Laangstreckeconfort.
    Beim Motor sinn ech mir nach net ganz eens. Ech sinn nëmmen de 1600er Bensinner mat 225 Päerd gefuer. Dee leeft roueg, geet gutt, mä bon, bei 225 Päerd hätt ech mir nach eppes méi erwaart, do feelt et einfach e bëssen u Charakter. Et kritt een och nach e Bensinner mat 180 Päerd an dräi Dieselen tëscht 130 an 180 Päerd, en Hybrid soll nach nokommen.

    Däi Schlussverdict misst ganz positiv ausfalen?

    Mir testen hautzedags bal nëmmen nach iwwerstylten SUV’en, an heiansdo langweileg Limousinen. An do deet et einfach gutt, en Auto wéi de 508 ze probéieren: eng klassesch Limousine, déi awer aus dem Eenheetsbräi ervirstécht. Déi genee PRäislëscht ass nach net do, mä de 508 giff tëscht 30 a 50‘000 Euro rangéieren. Dat ass däitschen Niveau, et muss ee kucken, wéi de 508 sech do schléit.

    4 min
  • De VW Käfer- virun 70 Joer zu Lëtzebuerg , 16/06/2018 11:15
    De Bretzel-Käfer oder den éischte VW zu Lëtzebuerg an d'Sich ni sengem Proprietaire an wéi aus engem ale Käfer en modernen Electro-Auto ka ginn. Zwee Themen am nächsten Automag iwwer déi de Pascal Becker de Moie geschwat huet. D'Emissioun Automag leeft den 24. Juni owes um 7 op Tele Lëtzebuerg
    0 min
  • Automag , 13/06/2018 19:15
    De Mini Cabrio ass banne wéi baussen iwwerschafft ginn. Wat di neiste Versioun vum beléiften Won alles besser kann wéi de Virgänger, a firwat e "Launometer" sollt dra sinn, huet de Christian Schmit fir den RTL Automag getest.
    0 min
  • Automag: Ford Mustang Facelift, 11/06/2018

    Am Automag haut cruise mir duerch Amerika, oder besser gesot: mir cruisen mat engem Amerikaner duerch Europa. Well de Facelift vum Mustang ass elo och endlech bei eis disponibel?

    D’Amerikaner dierfen den opgefrëschte Mustang schon zënter engem Joer kafen, mir Europäer hunn eis misste gedëllegen. De Facelift am Résumé: d’Ästhetik e bësse méi elegant, d’Fuerwierk e bësse méi soignéiert, de V8 e bësse méi kräfteg an dat wichtegst: d’Automatik huet elo keng 6 Gäng méi, och keng 7, keng 8, keng 9, mä ganzer 10 Gäng.

    10 Gäng? Ass dat net e bëssen „overkill“ wéi d’Amerikaner soen?
    Ford seet, si hätten dee Sprong vun der 6-Gang op d’10-Gang-Automatik gemaach, fir dass de Mustang besser um Gas hängt, a fir dass de Verbrauch erof geet.
    Ech hunn effektiv gefaart, dass d’Boite permanent um schalten ass, an dass dat ee gäckeg mécht. Dat ass awer net de Fall. Wann ee gemittlech ënnerwee ass, gëtt einfach all zweete Gang iwwersprongen, also 1., 3., 5., 7… Cruisen ass dat wat de Mustang nach ëmmer am beschte konnt, an do harmonéiert och déi nei Boite perfekt.
    Wann een e bësse méi sportlech ënnerwee ass, fält de Bilan vun der Boite e bësse méi nuancéiert aus. Am Normalmodus ass se dann heiansdo net op Zack a brauch e bësse bis se engem de perfekte Gang gëtt. Wann een op de Sportmodus schalt, dann ass se par contre fir mäi Gout e bëssen zevill hektesch.
    Wat mech wierklech gestéiert huet: wann een beim sportleche Fueren eng Kéier ubremst, da schalt d’Boite esou massiv bis an den 3. Gang zeréck, dass de Motor bis an de roude BEräich dréint an den Auto vill ze vill ofgebremst gëtt… dat ass fir mech dann e bëssen zevill pubertär Show… Iergendwéi feelt fir eng sportlech Fuerweis e Boiteprogramm tëscht „Normal“ a „Sport“.
    Am Dragstrip-Mode, engem zimlech extreme Modus, dauert de Sprint vun 0 op 100 4,3 Sekonnen. Pas mal…

    An de Verbrauch?
    Ech hunn de V8 probéiert, do reagéiert de Verbrauch ganz sensibel op d’Fuerweis. Ënnert 10 Liter si méiglech. Wannste de Dir eng kleng Freed méchs, kënnen et och schon 11 bis 13 Liter sinn, wann d’Freed e bësse méi grouss soll sinn, kann och schon eng 2 vir stoen. Vum Gefill hëlleft déi nei Boite awer déi eng oder aner Drëps Bensinn ze spueren. An dat obwuel de  V8-Motor elo méi Leeschtung huet, 450 amplaz 420 Päerd. Wa mir grad bei de Motore sinn. Dee klenge, de 4-Zylinder-Ecoboost huet am Géigenzuch knapp 30 Päerd verluer, an kënnt elo nëmmen nach 290 Päerd.

    450 Päerd, dat kléngt no richteg vill Spaass?
    Ech muss elo oppassen, wat ech soen. Well et gëtt eng grouss Mustang-Fan-Communitéit, a fir déi ass hiren Auto esou eppes wéi eng Relioun. Richteg ass, dass den aktuelle Mustang a Saache Stroosselag dee beschte Mustang vun allen Zäiten ass, a schon no drun ass un europäesche Modeller vun engem ähnleche Gabbarit. Mä fir mäi Gout ass en nach  ëmmer ze grouss, ze schwéier en ze oniwwersiichtlech fir zu engem richtege Sportler ze mutéieren. Fir mech bleift et e Cruiser, wou een de V8-Sound genéisst, an déi 450 Päerd héchstens op der Autobunn-Opfahrt e bësse këddelt. Mä ech muss zouginn, dass mam Facelift virun allem hannen de Buedemkontakt elo besser ass. E läit méi sat op der Strooss. Déi hënneschten Achs gouf näämlech optiméiert, fir dass de Mustang manner „rullt“.

    Iwwert Motoren, Boite a Fuerwierk hu mir elo geschwat. Wat bréngt de Facelift soss nach mat sech?
    Baussen: liicht aner Capotsform, d’Emplacementer vun de Winkeren, d’Form vun de viischte Luuchten, LED-Dageluuchten, dräi nei Faarwen, aner Felgen… > bësse méi eleganten Optrëtt
    Bannen: digitale Cockpit, verfeinert Finitioun (nach kee Premium, mä näischt wou ee sech schumme misst), déi aktuell Generatioun vum Sync-Connect-Infotainment-System (endlech halbwegs uptodate, och wann d’Nordstrooss nach ëmmer dra feelt), a ganz wichteg: endlech e Klappenauspuff!

    Wat mécht e Klappenauspuff?

    Steieren, a wéi enger Tounlag den Auspuff séngt… Nëmme basslasteg brabbeleg, oder richteg jäizeg aggressiv. Witzegen Detail: Funktioun „braven Noper“, speziell fir Leit déi moies fréi fortfueren oder owes spéit heemkommen, an déi d’Noperen net wëllen aus dem Bett geheien.

    Wéi fält Däi Schlussbilan aus?
    Facelift sécher besser, awer Ennerscheed net esou grouss, dass d’Besëtzer vum „Pre-Facelift“ missten nervös ginn. 10-Gang-Boite u sech gutt, Calibrage a mengen Aen awer perfectible.
    Kleng Schéinheetsfeeler kann een awer alles entschëllegen, Mustang ass bellegste Manéier fir V8 ze fueren: 44‘500 fir de Coupé, knapp 49‘000 fir de Cabrio. De klengen 4-Zylinder-Turbo kritt ee scho fir ënnert 38‘000 Euro.

    6 min

About Automag

From the publisher's feed

Autonews, Autotester, nei Modeller zu Lëtzebuerg an alles soss ronderëm den Auto

More shows like Automag

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners