Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

Automag episodes

  • AUTOMAG smart-Times Hambach , 24/07/2018 10:30
    Kaum ze gleewen – mee de smart kritt schonn 20 Joër an ass domat offiziell Youngtimer! Kloer dat sech an dëser Zäit e Koup Fans fonnt hunn, déi vun deem klenge Stadflitzer begeeschtert sinn an dat och emol am Joer feieren – op de smart Times. De Paul Origer war bei der Editioun 2018 zu Hambach derbäi.
    0 min
  • AUTOMAG smart-Times Hambach, 24/07/2018
    18 Joër gëtt et d’smart Times schonn. Gebuer gouf d’Iddi an Éisträich, duerno hunn d’smart times zu Klagenfurt, zu Zell am See a schliesslech europawäit wéi zum Beispill an Ungarn, Spuenien oder Portugal stattfonnt. Em déi 2 – 3000 Fans hu sech all Kéiers mat hirem Auto bei dësem Happening Rendezvous ginn. Fir den 20. Gebuertsdag vum smart City Coupé, wéi e bei sénger Présentatioun 1997 geheescht huet, goung et zeréck an d’Fabrik, zu Hambach an der Lorraine, net wäit vu Lëtzebuerg ewech. Och hei waren nees etlech Natioune vertrueden; déi wäitsten Urees hate Fans aus den USA an esouguer China déi op eegener Achs bis op Hambach koumen. Net grad esou e wäite Wee, nämlech vun Hamburg hat de Ralf Waitschies, Vizepresident vum smart Club Däitschland. Hee war quasi bei all smart times derbäi:
    20180630_smartTimes_04stHambach (46”)

    Reduce to the Max; op de Maximum reduzéieren – esou gouf demols fir de minimalisteschen Auto Reklamm gemaach. De Ralf Waitschies hat sech och aus reng praktesche Grënn fir de smart décidéiert.
    20180630_smartTimes_01Kaufgrund (15”)

    Wann een den 30. Juni zu Hambach derbäi war an déi onzieleg smarten am grousse Cortège gezielt huet, da muss een definitiv feststellen dat sech aus engem praktesche Besoin eng Leidenschaft entwéckelt huet. Bei de smart times si se all derbäi; déi dräi Generatiounen, als 2-Dierer Coupé oder Cabrio, de 4-Dierer forfour oder den entretemps rare Roadster. Net ze vergiessen déi skurill Ausféierungen wéi de crossblade ouni Daach an ouni viischt Glace. Oder total geckeg getunte Versiounen, mat iwwerdimensionéierte Soundsystemer oder total schrille Fuerwkombinatiounen. Dobäi hat de smart et awer net esou einfach. Bei der Présentatioun op der IAA zu Frankfurt am Joer 1997 waren d’Meenunge staark gedeelt. Déi eng hunn en ofgelehnt, déi aner ware faszinéiert.
    20180630_smartTimes_02Faszination (48”)

    E Konzept wat op jidde wäert bäibehale ginn. An Zukunft wëll smart nach just Elektroautoe bauen – dat wäert Fans secherlech net drun hënneren och weiderhin fir d’smart times duerch d’Welt ze reesen.

    An dem Paul séng Fotoe vun de smart-times zu Hambach fannt der op auto.rtl.lu

    4 min
  • Automag News, 17/07/2018
    USO: Haut an den Automag-News: Éischt Impressioune vum neie Ford Focus, zwou Familljen-Entreprisen déi eng Partnerschaft aginn an de kuerzen Test vum neie koreanesche PickUp SsangYong Musso. Den Détail elo mam Paul Origer:

    De SsangYong Musso ass nees do. Viru 25 Joer war dat ee groussen Offroader mat Motore vu Mercedes-Benz an engem – léif gesot - nawell speziellen Design. No der Ofléisung duerch de PickUp Actyon am Joer 2005 gëtt déi nei Generatioun elo nees Musso genannt. An do derhannert verstoppt sech och erem e grousse PickUp deen awer elo um Rexton baséiert a vun deem net nëmmen de feste Chassis, den 2.2 Liter Diesel mee och den Design iwwerholl gëtt. Eeenzegen Ennerscheed an typesch PickUp ass selbstverständlech déi oppe Benne mat iwwert engem Meter Cube Plaz a 700 Kg Charge. A wann et domat net duergeet, da kann dee 5 Meter laange Musso 2,8 respektiv an der Automatikversioun 3 Tonnen un de Krop huelen. Bannendra fält op dat de Musso däitlech méi luxuriéis an héichwäerteg ginn ass. De Plastik ass zwar net iwwerall Premium-like, dofir kritt een awer elo vill méi Confort-Features wéi virdrun. Anengems huet sech d’Plazoffer wiesentlech verbessert. Och beim Fuere mécht sech de Klassesprong bemierkbar; de 4-Zylinder-Diesel ass mat 181 PS staark genuch an akustesch zeréckhalend, passend dozou schalt d’Automatik douce an onopgeregt. Allerdéngs erënnert d’Fiederung een nees séier drun dat een an engem Schaffpäerd sëtzt; schlecht Stroosse kommentéiert de Musso mat engem extrem staarken Zidderen a Polteren, wéineg Gefill an der Steierung an déi staark d’Säitenneigung maachen net onbedéngt Loscht op Kéieren. Dofir ass de Präis interessant; bei 25.740 Euro geet et lass, mat Allrad, Automatik a vollem Ornat kënnt een op ronn 38.000 Euro.
    JINGLE
    De Garage Rodenbourg, Etoile Garage an de Multiconcessionnaire Car Avenue hu sech zesumme gedoen. An deenen nächsten 2 Joer sollen déi 3 Entreprisen zesummewuessen an zu Lëtzebuerg en neien Automobilzentrum an der Industriezon zu Leideléng opriichten. 200 Matarbechter si vun dësem Projet betraff a wäerten sech dee Moment zu Leideléng em d’Marke vum Groupe PSA Peugeot, Citroën an DS këmmeren. Zenter Joerzéngten sinn de Frank an de Pierre Rodenbourg mat hirem Familljebetrib am Geschäft, si freen sech de richtege Partner fonnt ze hunn, wäerten awer am Kapital vun der neier Firma net präsent sinn. D’Etoile Garage schafft schonn 82 Joer mat PSA zesummen, de Geschäftsféirer Michel Braquet ass iwwerzeecht dat den neie Garage zu Leideléng fir de Client en däitleche Plus bedait. Hannert dem Multimarke-Concessionnaire Car Avenue steet d’Famill Bailly déi 1936 zu Metz hir éischt Peugeot’s-Garage opgemaach hunn. Zu Lëtzebuerg si si scho mat de Marken Nissan, Infiniti an Toyota vertrueden.
    JINGLE
    De Ford Focus start an déi 4. Generatioun; läscht Woch gouf déi neist Versioun vum éiwege Golf-Konkurrent op der Côte d’Azur presentéiert. Den Design ass zwar kee Broch wéi deemols beim Lancement vun der éischter Generatioun am New Edge Stil, trotzdem gläicht deen neie weder baussen nach banne sengem Virgänger. Wat och gutt ass, besonnesch bannen ass deen opgeraumten a vill méi iwwersiichtlechen Tableau eng wëllkomm Verbesserung. An och technesch huet de kompakte Kölner zougeluecht; Assistenzsystemer, Head-Up-Display, LED-Luuchten, déi éischt Schrëtter zum autonome Fueren esou wéi nei Motore gehéieren dozou. D’Bensinner sinn nëmmen nach 3-Zylinder, d’Diesele goufe méi propper an d’Powershift mat duebler Kupplung gëtt elo vun enger neier 8-Gang-Wandlerautomatik ofgeléist. A virun allem eppes hunn d’Ingenieuren dem Focus geloss; säin dynamesche Chassis mat Fuerspaass-Garantie. Méi Détailer an Impressiounen dozou am Hierscht hei am Automag.

    4 min
  • Coupe scolaire , 14/07/2018 11:15
    De leschte Sonndeg war am Shared Space zu Bartreng d'Finale 2018 vun der Coupe Scolaire bei där 79 Schoulkanner aus dem ganze Land matgemaach hunn. De Christian Schmit kennt d'Gewënner.
    0 min
  • Coupe scolaire, 14/07/2018

    D’Coupe Final am Fussball ass muer um 5 zu Moskau, mee du Christian war’s och op eng Final, an déi war schon leschte Sonndeg zu Bartreng?
    D’Final bei der Coupe scolaire, organiséiert vun der Sécurité routière an der Police…
    T E X T :

    …an der „Shared space“ Gemeng Bartreng, beim Centre Atert hat ee sech Rendez-vous ginn fir d’Coupe Scolaire Final 2018.  An dat waren emmerhin 79 Schoulkanner, déi sech an hirer jeweileger Gemeng fir d’Final qualifizéiert haaten.
    D’Coupe scolaire gett et schon zenter de 1960er Joren.
    Domols gouf just an engem Verkéiersgaart gefuer, mee zenter 1982 gin d’Epreuven och op der Strooss am deegleche Stroosseverkéier absolvéiert. De Parcours gett nett gespaart, fir dass d’Verkéiers Situatioun esou realitéitsno wéi méiglech ass.
    D’Isabelle Medinger ass nach ëmmer vun der Wichtegkeet iwwerzeecht?
    (Cut 1…)
    D’Police ass bei dëser Organisatioun nett repressiv mee préventiv ennerwee, an freet sech mat doriwer dass des Campagne hir Friichten dréit, well jo d’Staistike weisen dass nemme méi wéineg Kanner um Velo am Stroosse Verkéier blesséiert ginn, oder em d’Liewe kommen.
    Intressant och  dass mettlerweil d’Elteren vun hire  Kanner léieren, an wéi gesot, dass mir Automobilisten erfreelecherweis ganz gut mat de Kanner um Velo laanschtenee kommen ?
    Speaker:                 Mat der Theorie wéi beim Führerschein geet et lass?
    Jo iwwer 10 000 Questionnairen fir den theoreteschen Deel sin dest Joer vun der Sécurité routière un d’Kanner aus dem 4. Zyklus,  un den  Enseignement fondamental verscheckt ginn.
    Des ginn vun den Enseignanten an de Klassen verbessert, an do heescht et schon gut ofschneiden fir esou seng Gemeng op der Coupe Scolaire Final dierfen ze vertrieden.
    Leschte Sonndeg war dun wéi gesoot dee groussen Daag vun der Final, an Directrice vun der Sécurité routière betount?
    (Cut 2…)
    Speaker:                    Wourop hunn déi jonk Cyclisten dann missten opassen?
    Op 11 Kontrollpunkten gouf d’Verhaalen vun de jonken Cyclisten dann iwwer hirt Verhaalen um Parcours ronderem de Centre Atert zu Bartreng am Aa gehaal
    (Cut 3…).
    Mee loosse mir d’Kanner och emol zu Wuert kommen?
    (Cut 4…)
    A natierlech alleguer mat Secherheetsveste, an si haten  hiren Helm nett vergiess, well deen ass bei der Coupe scolaire Pflicht, a soll et eigentech ëmmer sinn wann et an d’Pedalen geet…
    E kann Liewe retten, a  muss och no enger Chute bei engem Accident prévenntiv ersat ginn.
    Speaker:                                 Mir haten et jo vun der Directrice vun der Sécurité routière héieren dass et kee Klassement gett, mee et gett awer en Diplom?
    En Diplom an en Bong am Wert vun 25 Euro fir Velosaccessoiren
    Eng gut Partie vun de Finalisten hat sech korrekt un de Code de la route gehalen, an ennert deenen sollt d’Lous entscheeden wien ee vun den drai Haaptpraisser duerft mat heem huelen.

    An mat engem fuschneien Mountainbike sin dann elo d‘ Lexy Delia vun Mëchelbuch, de Félix Evers vun Remerschen, an den Louis Peters vun Kanech  ennerwee.
    Speaker:                         an d’nächst Joer gett d’Coupe scolaire och erem gefuer, an d’Final ass entzwousch anescht?

    Genee, an d’Schlusswuert, iwwerloose mir dem Patrick de Roy vun der Police de la route
    (Cut 6…)

    9 min
  • Automag , 11/07/2018 19:15
    Ludo Space - dat ass eng Kategorie Auto déi 1996 mam Modell "Berlingo" vun der Mark Citroën kreéiert gouf. Aus engem Utilitaire ass e praktesche klenge Van mat vill Plaz fir 5 Persounen entstanen. Elo steet déi 3.Generatioun an de Startlächer.
    0 min
  • Automag, 11/07/2018
    Uso:

    Ludo Space, dat ass eng Kategorie Auto déi vun der Marque  Citroën 1996 creéiert gouf. Dat mam Modell Berlingo. Aus engem Utilitaire ass e prakteschen klenge Van mat vill Plaz fir 5 Persounen entstan. Elo steet déi 3. Generatioun an de Startlächer. De Christian Schmit ass bei mir, an du war’s fir äis op der Presentatioun...

    ... jo an dat an enger charmanter Géigend eng Autostonn vun Paräis am Département Yvelines. “We didn’t invent the Family, but we’ve the car who goes with it, iwwersat, mir hunn zwar nett d’Famill erfonnt, mee dee passenden Auto derfir.
    Effektiv ass esou e Berlingo ganz beléift. Meescht verkaaften Modell a senger Kategorie a 17 Länner. Et ass dat wat eis däitsch Nopere Kastenwagen nennen.

    Wat huet dann elo par rapport zum Virgänger changéiert ?

    Ma de Berlingo gëtt méi modern. Di nei Generatioun ass e Cube op 4m 40. An der Längt bal nett gewuess, an awer wierkt de neie Fransous méi grouss. E chicen Glas Panoramadach dee vill Luucht an den Interieur bréngt gëtt et elo, d’Portes coulissantes bleiwen, awer elo kennen d’Fensteren och elo elektresch op an of beweegt ginn. Neierdéngs kann den Berlingo och elo als 7 Sëtzer bestallt ginn. E geet an d’Verlängerung wann ee sou well, e + vun 35 Zentimeter. Op 4m 75 dierften dierf een sech dann an deenen 3 Setzreien iwwer vill Beefraiheet freen. D’Carosserie wierkt och an der rallonge Versioun harmonesch.
    Vun vir gläicht de Berlingo elo dem Modell Cactus. Citroën huet jo an de leschte Joren di ganz gamme moderniséiert. Bon iwwer Design kann een ëmmer diskutéieren. Déi berühmten Airbumps kommen och elo hei an den Asatz.
    De Berlingo gëtt am Portugal an a Spuenien produzéiert, parallel zu senge Cousinen aus der PSA Famill, Peugeot Drifter an Opel Combo

    Wat ass dann soss nach positiv oder och vläicht negativ opgefall?

    Also den Berlingo vun der drëtter Generatioun huet deitlech u Fuerconfort zougeluegt. Passe déi Zäit wou et en Utilitaire mat Setzbänke wor. D’Sonorisatioun ass och verbessert ginn. En ass och elo nach méi polyvalent:  Beispill di hënnescht dräi Setzer kennen eenzel verstallt an ëmgeluegt ginn.  Den Intérieur weess elo ze iwwer zeechen. 
    Ok den haarde Plastik ass um Rendez-vous, mee vill faarweg Accenter suergen fir Pep. Och op de Setzer.
    Schéin dass et mam Berlingo Série 3 och elo eng 8 Gang Automatik gëtt. Ganz agréabel wéi mir op deem dach ofwiesslungsraichen Parcours mat Autobunnpassagen, Stadverkéier an iwwerland erausfonnt hunn. A wann mir dann schonn vun der Groussregioun Paraïs schwëtzen, dee léiert esou eng automatesch Boîte séier ze schätzen. Mee wien dat nett well, oder nett investéiere well, deen dierf och schalten.

    Wat gëtt als Minus notéiert?

    Wat ech definitiv als Minus Punkt notéieren, dat sinn d’Sëtzer. Vill ze mell, a schon no 150 Kilometer hat deen heiten es genuch. Schued fir de Ludospace mat deem et jo op Aventure Reesen mat der Famill soll goen. An och d’Opléisung vum 8 Zoll Display kéint e besschen nogeschärft ginn.
    De Baifuerer Airbag kennt elo aus dem Daachhimmel, deemno ass Plaz fir eng zweet Händsche Kescht.
    Gutt Zensuren ginn et bei de Fuer Assistenz Systemer. 19 Stéck sin am Programm. Head Up Display, virum doudege Wenkel get gewarnt, vun selwen gebremst wann et brenzleg get,. A jo dat mam eegestännegen Aparken kann dee neie Berlingo och elo, an dain handy kann induktiv an der Mëttel Console oipgelueden ginn. Bei der Connectivity ass een och elo vir bäi.

    De neie Berlingo bréngt Faarf an d’Spill?

    Oui oui, och hei kann een elo sain Multispace individualiséieren. 8 Faarwen baussen, an drai Varianten bannenan. Wéi wier et dann mat Aqua Green, oder  sandfuerweg?

    A wat gëtt ënnert der Hauf gebueden?

    En 3 Zylinder Diesel mat 130 PS, oder den 1200er Bensinner an 110 PS.. alles Moteuren déi sech schon an der PSA Gamme bewährt hunn, an sech moderat am Verbrauch weisen.
    Am Hierscht kennt de Berlingo vun der drëtter Generatioun nan den Handel.  Dat an de Versiounen: Start, Live, Feel an XTR. Citroën well  tescht 17000 an nobai 29 000 Euro, an dann parkt den deitlech verbesserten Ludospace an der Garage….

    Fotoen vun deem neien Citroën op der Présentatioun hu mir prett op www.auto.rtl.lu 



    4 min
  • Automag , 09/07/2018 11:50
    E Bléck an Zukunft bei Porsche déi mat der Missioun E fir 2019 och elo op der Elektro Schinn fueren. Kee Wonner dass een do ënner Héichspannung steet.
    Um Bord vun enger Porsche Presentatioun hat de Christian Schmit Geleeënheet fir en Interview mam Presse Spriecher fir Technik Froen bei Porsche.
    0 min
  • Automag, 09/07/2018
    ...an dat war bei der Porsche Cayenne Hybrid Presentatioun am Mee wou den Hermann Josef Stappen sech an d’Kaarte kucke gelooss hat.
    7 Froen un den Mann vun der Technik. Huet een mat der Mission E dem Diesel definitiv äddi gesot?
    (Cut 1...)
    Ass e mat der Entwecklung am Timing?
    (Cut 2...)
    An e Numm huet een och schonn. D’Wiel ass op Taycan gefall, fir den 600 PS staarken Elektro Power Porsche.
    Kann een dem agefleeschten Porsche Fan mat engem Elektroauto gefuer kommen?
    (Cut 3...)
    A Norwegen, deem ganz Elektrauto frëndleche Land, sollen et Rumeuren no schonn Virbestellungen ginn?
    (Cut 4...)
    Mission E mat zukünftegen Elektroautoen, mee DNA vun engem Porsche déi bleift?
    (Cut 5...)
    Back to the roost, well e Porsche mat engem Elektromoteur gouf et schonn., Hermann Josef Stappen..
    (Cut 6...)
    (Cut 7...)
    95 000 Euro soll den Taycan kaschten, domat wier ee gutt positionéiert beim schärfste Konkuurent aus Kalifornien.
    Eng spannend Geschicht, well nom Taycan soll 2 Joer drop de Cross Turismo kommen....

    4 min

About Automag

From the publisher's feed

Autonews, Autotester, nei Modeller zu Lëtzebuerg an alles soss ronderëm den Auto

More shows like Automag

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners