Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

Automag episodes

  • Automag: Hyundai i30, 19/02/2018
    19/02/2018 AUTOMAG Hyundai i30 N (11h50)
    P. ORIGER
    _____________________________________________________
    USO:

    Wann een op der Sich no engem bezuelbare Sportler ass, da lount sech och emol e Bléck an d’Kompaktklass, déi kritt nämlech elo mam Hyundai i30 N interessanten Zouwuess aus Korea. De Paul Origer konnt sech domat ameséieren an huet eis säi Verdikt matbruecht.


    Paul, de Choix bei de sportleche Kompakte gëtt emmer méi grouss!
    Genee richteg erkannt, den engleschen Terme trëfft et nach besser; déi esougenannten Hot Hatches sinn total in. Audi, BMW, Ford, Mercedes, Seat a VW si scho vertrueden, Peugeot a Renault hunn och séier 3 a 5-Dierer am Programm. Bei den Asiate war bis ewell emmer Honda mam Civic Type R de Solist, elo lancéiert Hyundai endlech och eng kompakt Rennmaschinn.

    No hiren Erfolleger am Rennsport war dat jo scho bal néideg.
    Dat stëmmt, zenter 2013 gëtt et an Däitschland d’Divisioun Hyundai Motorsport an déi si fläisseg am Rallyesport aktiv. Den i30 N ass deen éischten Héichleeschtungsmodell fir op d’Strooss – entstan zu Namyang a Korea a perfectionnéiert am Europäeschen Testzenter um Nürburgring. Den N steet awer nët nëmmen dofir mee symboliséiert och eng Schikan op enger Rennpist.

    An ee Gléck dat den N als Emblem drop ass, soss géing déi nei Topversioun emol net esou opfalen!
    Dat stëmmt och. Den i30 N setzt sech optesch relativ diskret vu sénge brave Bridder of. Wann en net grad an der Exklusiv-Faarf Performance Blue bestallt ginn ass, da mierkt een et héchstens un de grousse 18 oder 19-Zoll Felgen, deene dezente Spoileren oder der Sportauspuffanlag. Dat kann natirlech och grad een Usporn sinn, den i30 ass jo schonn esou keen ellenen Auto, a fläit well een de krawallegen Optrëtt à la Honda Civic Type R mol iwwerhapt net. Bannendran geet et esouguer nach méi brav virun; ofgesi vun den exzellente Sportsetzer mat de bloe Bitzereien a fläit nach dem speziellen Tourenzähler mat variablem roude Beräich ass et een i30 wéi all déi aner och. Dofir hätt ech mer alt, wann och als Optioun, e bësse méi Akzenter gewënscht.

    Mee loss eis den i30 N mol fueren!
    Genee, a wéi scho gesot; dat éischt wat beandrockt ass déi exzellent Sëtzpositioun. Verstellberäich, Säitenhalt, Beenoplag an esouguer Laangstreckeconfort – alles huet wonnerbar gepasst. Dat bäscht kënnt awer mam Drock op de Startknäppchen. D’Koreaner hunn aus dem 2-Liter Turbo an der Performance-Versioun nët nëmmen 275 PS an 353 Nm gekëddelt mee och nach ee super Sound. Déi extrem Dréihfreed a Sprëtzegkeet hu mech esou ugemaach dat ech dacks am Begrenzer gelandt sinn ouni et ze wëllen. A wann och d’Konkurrenz éischter iwwer 300 PS läit, et feelt absolut net u Leeschtung. Au contraire, et mecht Spaass den i30 N voll auszereizen ouni mussen Angscht ze hunn. Kloer si bei naasser Strooss der Traktioun Limite gesat, mee och hei bleift Gestotters beim Duerchdréinen meeschtens aus. Mee Gas ginn ass net alles, och a punkto Stroosselaach läit d’Laat extrem héich. De fréihere BMW-M-Ingenieur Albert Biermann huet hei ganz Arbecht geleescht. D’Steierung ass dann och zimlech BMW-ähnlech spatz an direkt, agil geet den i30 N em den Eck, dréckt héchstens mol iwwert déi viischt Rieder a bréngt je no Konfiguratioun e bësse Liewen an den hënneschten Train – fir sech ze ameséieren genee dat richtegt. Just d’Schaltung, déi ass zwar knackeg, mee net iwwerméisseg präzis a kéint e bësse méi kuerz Wee’er hunn.

    A fir den Alldag net e bessen dees gudden zevill? Eng Kompaktlimousinn mat 5 Dieren gëtt jo awer net nëmmen op d’Rennstreck entfouert!
    Dorunner hu se bei Hyundai geduecht an aus dem i30 N e richtegt Chamäleon gemaach. Nierft de festen Astellungen Normal, Eco a Sport gëtt et den Dr Jekyll-Modus N wou alles op maximal Leeschtung agestallt ass. Motor a Steierung sprieche méi schaarf un, beim Zeréckschalten ass den Tëschegas automatesch, d’Fiederung gëtt knëppelhaart, déi zweet Auspuffsortie rouert wéi en Hirsch an der Brunftzäit a knallt bei Gangwiessel aus héighen Touren wéi d’Freedefeier bei Nationalfeierdag. Ausserdem léisst den ESC nach liicht Drifts zou. Weem dat awer e bessen zevill ass, dee ka séng Bandscheiwen, Oueren oder de Führerschäin schounen an alles ganz genee personnaliséieren. An dat fonctionnéiert wierklech super esou dat den i30 N och als Alldagsauto ze gebrauchen ass! Chapeau, Hyundai!

    Ech héieren, du bass begeeschtert!
    Effektiv. Mee e puer Bemole ginn et trotzdem; eisen Testwon hat Problemer mam 5. a 6. Gang, zemols de 6te wollt sech dacks net alee lossen an d’LED-Pharen mat automatescher Ofblendung kéinte d’Strooss besser ausliichten – jo an dann den Duuscht; enner 10 Liter si wierklech ganz schwéier ze réaliséieren.

    Mee een Joker huet Hyundai nach bestëmmt parat?
    Absolut an dat ass de Präis; 29.000 Euro kascht den i30 N an der 250 PS-Versioun, fir déi 275 Päerdecher si ronn 33.000 fälleg an dann ass quasi alles dran wat een sech wënscht mat on top 5 Joer Garantie. Wat wëll een do nach méi?

    An dem Paul séng Fotogallerie genee wéi d’Präisser vum neie Hyundai i30 N fannt der op auto.rtl.lu.

    6 min
  • Automag: Oldtimer, 17/02/2018
    _____________________________________________________
    Esou Oldtimer-Foiren oder Messen ginn et jo am Joer eng ganz Rëtsch – ech huelen un déi meescht hues du och scho gesinn?

    Déi grouss a wichteg Rendezvous’en ouni op Treffen, Spezial Events oder Tier ze schwätzen ze kommen:

    Techno-Classica zu Essen
    -    Feiert elo dest Joer déi 30. Editioun (21/03 – 25-03/2018)
    -    Rekord 2017: 185.000 Visiteuren aus 41 Natiounen; extrem vill Zoulaf, bal wéi en “normalen” Autosalon à la IAA & Co (810.000 am Joer 2017)
    -    E ganz wichtege Rendezvous och fir Autosmarken (Klassikabteilunge vu Mercedes, Porsche a Co)
    -    Och Okkasiounen ausgestallt, mee leider extrem deier

    Retro-Classics zu Stuttgart
    -    Leeft parallel zu Essen (22/03 – 25/03), gëtt et zenter 2000, ass fir mech déi méi sympathesch Alternativ wëll besser Opdeelung vun den Halen, net grad esou grouss an e bësse méi sozial Präisser. Zitt awer elo unn.
    -    Ca 90.000 Visiteuren, Tendenz no uewen

    Bei däitsche Salonen emmer een zevill groussen Undeel vu Marke wéi Porsche a Mercedes, vill Restauratiounsbetriber mat exorbitanter Präisser a Blingbling, net vill fir de klenge Portmonni.

    Retromobile Paräis
    -    Emmer Ufanks Februar, dëst Joer mat 105.000 Visiteuren e bësse manner wéi 2017 (118.000).
    -    Logëscherweis méi Gewiicht op franséische Marken (besonnesch Citroën, mee och Peugeot & Renault), vill Clibb aus Frankräich an heiansdo och emol exklusiv Expo’en an Eventer wéi Pegaso oder Stee vun de Collections Baillon am Joer 2015 déi fir 25 Milliounen Euro ennert den Hummer koum (Reportage Pascal).

    Aner Eventer nach wéi Automania 57 zu Bouzonville, Bourse zu Ciney etc...

    Och Oldtimer-Boursen hei heem: Autojumble
    -    Dëst Joer den 10/03 & 11/03 um K-Bierg
    -    Gréisstendeels Clibb aus Lëtzebuerg an Ausland, grousse Succès bei de Visiteuren, ëm déi 6000 fannen de Wee dohinner

    Oldtimer hunn also och grousse Succès zu Lëtzebuerg, wéi gesäit et mat der Zukuft aus?
    Engersäits gëtt et kee Grond fir sech Suergen ze maachen, vu d’Zuel vun de (jonke) Visiteuren bei Salonen a virun allem Treffe bei eis am Land (Oldtimer Breakfast LOF).

    Groussen Hype ronderem d’Youngtimer – zwar emstridde bei agefleeschten Oldtimer-Fans, an awer eng (nach) präisgënschteg Alternativ fir ee Klassiker ze fueren.

    Anerersäits bekloen Autosmarken a Garagen dat déi jonk sech haut net méi fir Autoen interesséieren, d’Verlaangen sech méi spéit en Auto aus sénger Jugend zouzeleen (déi eigentlech Faszinatioun!), gëtt et ëmmer manner.

    Lancementer vun “neien” Editiounen (Fiat 500, Alpine, Mustang, Marke wéi Borgward etc déi eremkommen etc) dréit derzou bäi dat op emol “al” Modeller gesicht ginn.

    D’Präiss-Evolutioun dréit och derzou bäi dat den Oldtimer emmer méi zum Spekulatiounsobjet gëtt; en Auto kafen an hale bréngt méi wéi d’Suen op der Bank; Nodeel: vill “Schätzecher” verschwannen an de Garagen a gi mol net gefuer.

    Kënnen Autoe vun haut trotz Elektronik a Masse-Produktioun nach zu Oldtimer ginn?

    10 min
  • Automag, 07/02/2018
    Jo de Karoq  iwerhellt d’Roll vum Modell Yeti am Programm vun Skoda.. Dee quadratesch prakteschen Gesell verschwënnt aus dem Showroom a mécht Plaz fir dee Neien. Dee gläicht op den éischte Bleck sengem grousse Brudder de Kodiaq, ass awer mat 4m 38 e gutt Stéck méi kuerz.
    Dat passt besser zu enke Lëtzebuerger Parkplazen oder Sous-terrain, a souwisou brauch jo nett jiddereen en 7 Sëtzer.

    VW Family, dat ass eng grouss, an tëscht huet e jo de Choix an deem Segment vun klengen SUV?

    Du hues den Tiguan aus däitscher Produktioun, Ateca aus spuenescher, oder eben Karoq. aus Tschechien. Chacun son goût.
    Déi Kéier fänke mir mol mam Moteur un, deen ass komplett nei. Downsizing oblige, e 1500er Turbo Bensiner deen 150 PS leescht.
    A mir hunn fest gestallt dass dat am Alldag deck duer geet. Bei 1500 Touren sinn et 250Nm Dréimoment, de Chrono op 100 bleift bei ënner 9 Sekonne stoen, an bei 200 km/h Spëtzevitesse gëtt et och näischt ze meckeren.
    Akustesch  ass déi Motrice zwar ëmmer présent, ouni  awer elo lästeg ze wierken.
    Eco a Sport Modus sinn méiglech, an jee no Temperament Uspréch hunn 2 vun 4 Zylinder Paus. Eng Zylinderabschaltung.

    Optesch krit de Chauffeur dat um Tableau de bord affichéiert, an dat soll sech jo och positiv op de Verbrauch auswierken

    Bon vu dass eisen Testauto grad mol 270km erof hat wéi mir äis kenne geléiert hunn, variéiert de Konsum jo meeschtens nach. Hoffentlech, well déi 8,5 op 100 Kilometer, ouni de Karoq wierklech gestriizt ze hunn, an eleng u Bord, schéngen mir dach héich.
    Vun deene 5,5 Liter déi de Constructeur versprécht, ganz weit ewech, an den tschecheschen SUV hat just eng  4 X 2 Traktioun ze bidden.
    Déi ass komescherweis just a Kombinatioun mat den Turbodieselen méiglech. Firwat bleift wuel d’Rätsel vun Skoda.
    Op elo 4 X 2 oder 4 X 4, ze recommandéieren an all Euro Opräiss wäert ass DSG Boîte. Schalt ganz harmonesch an schrauft de souwisou schonn agréabelen Fuer Confort no uewen. Dat gëllt och fir d’Sëtzer.

    Och op laangen Distanzen mécht de Karoq eng gutt Figur?

    Jo duerchaus. De Karoq fiert sech ganz manéierlech, d’Amaturebried ass opgeraumt, an all Schalteren leien gutt accessibel fir deen hannert dem Volant. Och a punkto Verarbechtung gëtt et eng gutt Zensur, Fonctionel a komfortabel vun  agréabler Qualitéit.
    Och wien an der zweeter Rei mat fiert kann sech et gemittlech maachen. Beim Réck vun der hënneschter Setzrei léisst sech de Neigungs Wénkel individuell verstellen, an Topversioun Style proposéiert eng Lieder / Stoff Kombinatioun a Stzheizung vir an hannen, fir deen dee well..
    An d’Mal passen 520 Liter, dat misst duergoen fir d’Bagagen, soss einfach d ‘Setzer ëmleeën. An hei gouf et schonn méi clever Léisungen. Déi Schlaufen fir d’Sëtzer ze beweegen sinn e bësschen ëmständlech. A jo wann de Familjebudget et erlaabt, dann sollt ee sech och nach den elektreschen Malldeckel gönnen.

    Hautzedaags jo och emmen Thema. Wat gëtt un Assistenz Systemer, an Infotainment gebueden?

    A punkto Assistenz Systemer sinn d’Hausaufgaben gemaach, en Assistent fir d’Spuer ze halen, adaptiven Tempomat mat Noutbrems Funktioun, an de Karoq erkennt och op e Gefier am doudege Wénkel ass. Bei Infotainment a Connectioun ass een och up to date.
    Tjo esou e gutt ausstafféiert VW Regal, wou ee sech zerwéieren dierf, huet natierlech Virdeeler.
    Schloen mir nach d’Kapitel Präis op. Den Skoda Karoq vun Mlada Boleslav aus techeschecher Produktioun als 1.5 TSI Style kennt an der Lëscht op 30 160 Euro. Mee ouni sech grouss bei den Extraen ze defouléieren da land ee séier bei iwwer 35 000 Euro, fir eisen top équipéierten Testauto schonn éischter 38 000 Euro...
    Tjo tjo...wien nach mengt, Skoda = déi bëlleg Alternativ zu VW, dat ass schonn laang nett méi de Fall. Trotzdem vill Auto fir d’Geld...

    Ok, de Skoda Karoq Fotoen vum Skoda Karoq ze gesinn op www.auto.rtl.lu

    4 min
  • Automag: Jeep Compass, 05/02/2018
    ...jo Italo-Amerikaner dowéinst, well d’Marque Jeep jo zum Group Fiat gehéiert, an d’Motrice vum Testauto aus der italienescher Moteure Schmëtt kennt. A Brasilien, well de Compass do, no bei Receife vum Band leeft. Dat fusch neit Wierk ass ausgeluegt fir d’Produktioun vun 250 000 Exemplairen pro Joer. Hei gëtt och de klenge Brudder den Jeep Renegade gebaut
    Tëscht Renegade an Cherokee well een de Compass positionnéiren. De Virgänger hat nett dee gewënschten Erfolleg opweises.
    Dat kéint elo besser geléngen well den Compass vun der zweeter Generatioun besser gelongen ass. DNA Jeep ass deitlech ze erkennen, de Kühlergrill wéi bei Cherokee a Grand Cherokee. E feinen SUV, eng Kategorie Auto déi jo ongebremst Gefaale fënnt.
    Mir haten eng Versioun zur Dispositioun déi mengen ech am Grand Duché nett dacks bestallt wäert ginn. En Jeep ouni 4X4 Traktioun? E no go, mee mir haten d’4X2 Versioun, also just traction Avant.
    Bon d’Offroadeegenschaften goufen esou nett getest, wien méi déif an de Porte monnaie gräift, kann déi awer kréien. Einfach Trailhawk Versioun mat méi Buedemfraiheet simuléiertem Redukter an Offroad  Protectiounen bei den Optiounen ukräizen.
    De 1400er Multiair mat 140 PS, dee sech ufillt wéi wann iergendwou 30 PS verluer gaange wieren. Fuerspaass fillt sech anescht un.
    D’6 Gang Boîte  schalt sech zimlech knacheg, mee op , präzis geet besser. An op fläisseg schalten ass een ugewisen fir de ............Kilo Schwéiren Jeep bei Laun ze halen.
    10 Sekonnen verginn fir op 100 ze sinn, an no laangem Ulaf sollen dann 190km/h dra sinn. Och eleng u Bord hunn ech mir a Penten wierklech missten iwwerleeën op een iwwerhuelen oder léiwer hannendrun sollt bleiwen.
    Mir haten den Jeep Compass mat op Bréissel op de Salon Auto Moto.. Bei deem Temperament war dësen Trajet top. Schloreen an ëmmer de Risque vun engem Radar. Also brav mat 120 ënnerwee, an dann kennt ee mat ënner 8 Liter Verbrauch zuwee-
    Fuerverhalen ass ok, Steierung e bëssche flu, an de Fiederungsconfort fir en SUV e gudde Kompromëss.
     Bannenan fillt ee sech wuel am Compass. An der Top Versioun ginn et vill elektresch Heinzelmännecher déi engem d’Liewen agréabel maachen, an entlaaschten. Besonnesch elo am Wanter sinn e gehetzte Volant an Setzer eng kammoud Saach. Genee wéi den Hayon vun der Mall deen elektresch op an zou geet.
    Soss gëtt nach vill Infotainment an Multi Media gebueden. D’Verarbechtung ass gutt, a mat Lieder gouf nett gespuert.
    Um groussen Touch Screen ginn et eng Aberzuel un Informatiounen ofzeruffen, mee esou ganz iwwersiichtlech ass dat nett. Esou ass et nett easy e Smart Phone ze connectéieren, oder de Bordcomputer ze consultéieren.
    Mat senge 4m 40 loosse sech 4 Passagéier bequeem chaufféiren. Well de Kardantunnel zimlech flach ausfällt, och esouguer zu 5.
    An der Mall bleift dann nach Plaz fir 438 Liter Gepäck, bei emgeluegte Setzer sinn et der schonn 1250.
    Jeep well bis 2020 déi magesch Zuel vun 2 Milliounen Autoen bauen. De Compass an der neier Versioun kann duerchaus dozou bäidroen...well e vum Design gelongen ass a vill Motorisatiounen méiglech sinn.
    Eisen Testauto, den 1.4 Multiair an 140 PS ouni 4X4 Traktioun koum op 31 262  Euro...
    3 min
  • Mat Äerdgas fueren, 03/02/2018

    T E X T :
    Jo moien...effektiv ass et jo esou dass mir am Moment zu Lëtzebuerg nach op 6 Plazen am Land d ‘Méiglechkeet hunn Äerdgas ze tanken, dat um Findel, Märel, Schëffleng, Käerjeng, Remerschen, a Lëntgen. Aërdgas gëtt a Kilo getankt, nett a Literen. De Verbrauch bei zimlech där selwechter Leeschtung wéi Bensinner oder Diesel gëtt em di 30 % erof. Deemno duerchaus en Argument sech dofir ze décidéieren...
    Mee just eng 330 Gefierer Autoen a Bussen ginn am Grand-Duché mat Äerdgas beweegt.
    Wann een elo weess dass dovunner eng 100 Gefierer zum Fuerpark vun der Stad Lëtzebuerg gehéieren, an der 60 fir den TICE zu Esch ënnerwee sinn, da gesäit een dass sech d’Begeeschterung fir esou Gefierer a Grenzen hält,  obschonn d’Palett u Modeller eigentlech elo ganz attraktiv ass
    Si hunn sech rar gemaach, an och bei kengem Concessionnaire war nach en Auto ugemellt déi  mir hätte kennen testen. Virun e puer Joer hat ech awer schonn esou Modeller am Test, an dat huet sech ganz gutt gefuer. Ech war suguer eng Kéier an Holland an erëm zerck, reng mat Äerdgas.
    Ech hat Rendez-vous mam Erny Huberty, Président vun Lëtzebuerg gëtt Gaass. Rappeléiere mir mol nach eng Kéier wéi dat mat deem Äerdgas am Auto fonctionnéiert?
    (Cut 1...)
    Elo muss een och nach ënnerscheeden tëscht dem LPG, als flëssege Gas, an CNG, also Compressed Natural Gas,
    Speaker:                                 Also ass d ’Akzeptanz nett enorm wann een di Zuelen do héiert?
    Jo an den Erny Huberty,  erkläert sech dat esou?
    (Cut 2...)
    Speaker:                                    Wéi gesäit dat dann am Ausland aus?
    ...komescherweis ganz anescht. Bei eise Noperen an der Belsch do gëtt weiderhin och op den LPG, Autogas gesat. Deen ass och ganz beléift a Länner wéi Bulgarien an der Tiirkei. De Réseau un Tankstellen wou et LPG gëtt, leit bei iwwer 75 000. Ford proposéiert beispillsweis de Modell Focus domat.
    Mee och den CNG, gëtt promovéiert. Um Salon Auto Moto zu Bréissel, do gouf den Äerdgasauto genee esou an d’Vitrinn gestallt, wéi Elektroauto oder därer déi mat Bensinn an Diesel fonctionnéieren.
    De Slogan “one mission, low mission”, an et gëtt an der Belsch 500 Euro Prim. Den Importateur vum VW Grupp an der Belsch huet däitlech gewisen dass e gudden Deel vun der Gamme och mat CNG méiglech ass.
    Jo a wann eng däitsch Premium Marque en Télé Spot zum Thema “Fuere mat Äerdgas” lancéiert, dann ass dee jo och kaum gedréint ginn, fir di Modellrei erëm geschwënn aus dem Portfolio ze huelen.
    Mir schwëtzen hei vum Audi A5 Sportback.  D’Notzung vun Äerdgas gesäit een hei als Strategie a wichtege Pilier . Am Emsland a Norddäitschland produzéiert Audi an der weltwäit éischter industrieller “Power to Gas” Anlag erneierbaren synteteschen Äerdgas mat Hëllef vun Wandenergie an CO2 aus der Biogasanlag.
    Sou kéint den ongenotzten Wand Stroum aus der Iwwerproduktioun verwäert ginn. CO2 neutral Mobilitéit am Premium Secteur soll esou erreecht ginn. Mol ofwaarden...
    Bon Fiat, Opel, VW,  Seat, Skoda  a wéi gesot Audi hunn am Moment CNG Modeller an der Gamme. Neierdéngs och di koreanesch Marque Ssang Yong.   Volvo huet sech schonn méi laang aus deem Marché zeréck gezunn, an hir Modeller agestallt, an och elo virun kuerzem Mercedes.
    Tëschefäll d’lescht Joer an Däitschland mat Äerdgasautoen, wou et zu Komplikatiounen an Explosiounen beim tanken komm ass, hunn sécherlech  nett zum Vertrauen bäigedroen..
    Speaker:                              Wéineg Akzeptanz, heescht wéineg tanken, mat der Konsequenz dass elo zu Lëtzebuerg den Aërdgas op den Tankstellen  verschwennt?
    Jo elo am Januar koum de Communiqué dass 4 vun de 6 Plazen wou een Äerdgas tanke kann, am Laf vun dësem Joer  oder spéitstens 2019  wäerte verschwannen. Déi zwou um Territoire vun der Stad bleiwen awer a ginn esouguer moderniséiert. Nach eng Kéier den Erny Huberty?
    (Cut 3...)
    Speaker:                  D’Elektromobilitéit gewënnt also kloer géint Äerdgas, bei den alternativen Energien?
    Et gesäit ganz esou aus, an dat schéngt och de politesche Wellen ze sinn. Och hei huet ee sech der Alternativ mat Stroum verschriwwen,. esou de President vun Lëtzebuerg gëtt Gas?
    (Cut 4...)
    Speaker.                        Majo da spillt den Äerdgasauto um Autofestival 2018 bei äis zumindest jo wuel keng Roll méi...
    E puer Impressiounen vun der Promotioun bei eise belsche Noperen fir Autoen déi och mat Gas fonctionnéieren, gesinn mir op www.auto.rtl.lu  

    8 min
  • Automag, 31/01/2018
    Zenter läschtem Weekend leeft den Autfestival zu Lëtzebuerg an do war bestëmmt och deen een oder aneren aus eiser Automag-Equipe ennerwee.
    Paul, du och?
    Jo, tatsächlech – obwuel ech e bësse gezéckt hunn well zemols Sonndes nomëttes een deen aneren ophieft, mee et goung awer nach.

    Du haas jo mam Onlinedossier scho genuch Arbecht, an awer zitt et dech op den Tour duerch d’Garagen?
    Natirlech, fir mech gehéiert dat einfach derzou emol de Bols ze fillen an ze kucken wéi d’Ambiance bei de Concessionnairen ass. Ech hu mäin Tour awer dest Joer no engem bestëmmte Motto geriicht, an zwar hat ech mer virgeholl no Autoen ze sichen, déi den Autosgenéisser - esou wéi ech - kéinte glécklech maachen.

    An esou Autoen sinn nach ze fannen?
    Losse mer soen, wann ee kuckt wat de Gros vun de Marke lancéiert, do sinn ech heiansdo gefrust. Emmer méi kleng a méi staark opgeluede Motoren déi herno awer nach ëmmer esou vill oder esouguer méi verbrauchen, alternativ Undriffer déi awer nach ëmmer keng Alternativ sinn an dann deen Trend zum SUV. Du gesäis am Showroom hannert der Mauer vu Pseudo-Offroader scho bal déi normal Autoen net méi. Kloer ass dat héicht Sëtzen eng agréabel Saach – mee musse mer tatsächlech esouvill Material em eis hunn fir vun A op B ze kommen? A Spaass ze fueren, mécht dat secher net.

    Komm eis lo net mat engem négative Bilan?
    Nee, zum Gléck net! Wat mech nämlech gefreet huet, dat ass de Fait dat vill Constructeuren awer nach Ingénieuren an der Equipe hunn, fir déi Look, Leeschtung, Strosselaach a Sound nach eng Roll spillen. An do huet de Festival relativ vill ze bidden; An och Iwwerraschunge wéi bei Kia: den neie Stinger ass eng rasseg Coupé-Limousine mat esouguer engem décke 6-Zylinder ënnert der Hauf. Wou sech immens vill deet, dat ass an der Kategorie vun den “Hot Hatches”, also kompakt Autoen, meeschtens mat 5 Dieren an enger grouss Heckklapp, genuch Wuppes ennert dem Capot a mat em 30.000 Euro net grad de finanzielle Ruin. Si heesche Renault Mégane RS, Honda Civic Type R oder, de Geheimtipp vum Festival: de Hyundai i30N. Enger Marque wéi Hyundai hätt ech éierlech gesot esou eppes net zougetraut.

    Elo muss jo net jiddereen den Nowuess duerch d’Géigend kutschéieren – wéi ass et bei de klassesche Sportsmaschinne mat 2 Dieren, bleiwen do just méi deier Marken?
    Kloer ginn der Kategorie Dramautoen d’Gefierer mat héighem Spaassfacteur ni aus. Mee egal op Porsche, Audi, BMW oder Mercedes – ënner 50.000 Euro leeft do näischt! Zum Gléck ginn et nach bezuelbar a rasseg Coupé’en no aler Schoul; sprëch staarke Motor an hanne gedriwwen; entweder den neie Ford Mustang mat V8 oder Turbo-4-Zylinder, den Nissan 370 Z mat sexy Sechszylinder oder d’Paradebeispill Toyota GT86 respektiv den Zwilling Subaru BRZ; e Boxer ouni Turbo dee gär dréit, keen iwwerflëssege Schnickschnack a virun allem nëmmen 1200 Kilo Gewiicht. Der selwechter Philosophie follegt déi nei Alpine déi Renault um Festival ausgestallt huet; rasseg Form, sportlech déif Sëtzpositioun, en 250 PS-Turbo-Mëttelmotor an dat bäscht; nëmmen 1080 Kilo. Paradoxerweis stoung zu Gaasperech am Showroom deen neie Renault-Pickup Alaskan just vis-à-vis – an dee bréngt minimum dat duebelt op d’Wo! Kascht awer nëmmen hallef esou deier. Verdréinte Welt. De schlankste Fuerspaass-Vertrieder ass iwweregens deen neie Suzuki Swift Sport: schonn um Pabeier versprecht dat eng onheemlech Spaassmaschinn ze sinn; 140 PS treffen op 970 Kilo!

    D’Gewiicht ass also de Spaasskiller Nummer 1 – wouhier kënnt dat?
    Mir wëllen emmer méi Confort an Elektronik an d’Crashufuederungen ginn och emmer méi streng. Op der anerer Säit féiere mer ganz vill Technik an Equipement onnëtz spazéieren; wat maache mer mat Allrad wa mer ni am Gelänn oder an de verschneite Bierger ennerwee sinn? Muss dee schwéiere Panoramadaach sinn? Mécht de kompakte Kombi net de selwechten Déngscht wéi ee Fullsize-SUV?
    Ech fir mäin Deel hoffen dat och nach déi nächst Festivalen un d’Petrolheads ënnert eis geduecht gëtt a bezuelbar a liicht Spaassautoe nach emmer ze fanne sinn.

    5 min
  • Automag: Kyburz E-Rod, 29/01/2018
    “Mir entwéckelen Produiten déi eng positiv Influenz op d’Leit an d’Emwelt hunn”, dat ass d’Philosophie vum Ingénieur a Firme Grënner Manfred Kyburz. Virun gutt 25 Joer hat ee sech effektiv drop spezialiséiert elektresch Drairieder ze entwéckelen an ze bauen. Séier hat di Schwäizer Post dorunner Gefaale font, an  elo sinn et der schonn 3000. Iwwer 11 000 Modeller rullen der weltwäit.
    D’Marque Kyburz ass am  Kanton Zürich no bei Winterthur doheem.
    Den E-Rod deen zu Bréissel vill bewonnert gouf ass dann elo déi neiste Créatioun. Absolut puristesch, ouni Kompromesser wéi äis de Fréderic Olivier erklärt, dee Kyburz importéiert?
    (Cut 1...)
    E-Rod, pure driving, d’fiche technique gëtt séier Opschloss.
    600kg schwéier, 45 KW Batterien, 140 Nm Dréimoment.
    Mee de Sprint op 100 an 3,9 Sekonnen leit ganz no un deem vun engem Lamborghini Hurracan. Deen Duell ass op youtube ze gesinn a goung mat 0.7 Sekonnen un den italienesche Sportswoon.
    Fuerspaass, ganz kloer, a nett ze knaps?
    (Cut 2...)
    Sou wéi an der Zait bei engem Smart Crossblade gëtt an der puristescher Form op alles verzicht. Mee vu dass et jo och méi Soft Puristen ginn, proposéiert Kyburz dann och elo eng viischt Glass, an en Hardtop. A wien d’Eidgenossen aus der Schwyz kennt, dee weess, do ass Qualitéit garantéiert.
    Oder déi ënnert iech mat guddem handwierkleche Geschéck, déi bauen e selwer zesummen, Frédéric Olivier?
    (Cut 3...)
    Esou spuert dir dann och nach e puer Dausend Euro, well esou e Kyburz ass schonn eppes Exklusives, an dat huet saï Präis?
    (Cut 3...)
    Den E-Rod eng Mëschung tëscht Auto a Moto, deen eng Homologatioun fir op der Strooss huet, a wou kee Helm obligatoresch ass.                    
    4 min

About Automag

From the publisher's feed

Autonews, Autotester, nei Modeller zu Lëtzebuerg an alles soss ronderëm den Auto

More shows like Automag

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners