Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

Automag episodes

  • Automag, 24/01/2018
    Paul, effektiv hat Ford relativ séier op dësen Trend réagéiert?
    Dat ass richteg, den Ecosport gouf et am Fong a Latäinamerika scho méi laang, deen aktuelle Modell kënnt zum Deel aus brasilianescher an indëscher Produktioun a gouf 2012 lancéiert. Mat e bësse Startschwieregkeeten; nierft den ongenügende Produktiounskapazitéiten koum de Look net esou gutt un, besonnesch dat baussen ugepechte Reserverad an déi bëssen zevill lax Veraarbechtung waren net grad attraktiv.

    Also war de Facelift néideg?

    Op jidde Fall, och wann tëschenduerch schonn e puer Saache verbessert goufen wéi eben dat ellent Reservrad wat herno nëmmen nach optional ze kréie war. Mee elo gouf den Ecosport grëndlech renovéiert an dat hu se och gutt hikritt. Bon, en ass vun der Form hir nach ëmmer net déi Beauté, mee zemols déi nei Front mat neie Pare-Choc’en, nëmmen nach enger grousser Kalander a vergréisserte Luuchten gläicht elo méi dem Kuga an dat steet em gutt. Besonnesch an der ST-Line-Versioun mat e bësse Gespoilers an dem Daach a Kontrastfaarf gesäit dat scho flott aus. Hannen ass zimlech alles d’selwecht bliwwen, just en neie Pare-Choc bréngt e bësse méi Form eran. Wat e leider och behalen huet, dat ass de Mallendeckel oder soe mer éischter d’Gepäckportal; dat ass nämlech wéi virdrun nach ëmmer lénks ugeschloen a geet op wéi eng grouss Scheierpaart – a genee esouvill Plaz brauch se och, nämlech mindestens annerhallwe Meter. Ford hätt do misse gréisser un de Blech schnëppele goen fir dat ëmzeänneren, mee wann ee vill an dacks muss hannen erantesselen, da kann dat schonn nerven.

    Et gouf jo vill Kritik un der Veraarbechtung – huet Ford do réagéiert?
    Jo, effektiv huet beim Virgänger den haarde Plastik dominéiert. Elo profitéiert den Ecosport dovun dat en an Europa gebaut gëtt a sech um neie Fiesta inspiréiert; den ënneschte Beräich vum Tableau ass zwar nach emmer keen Handschmeichler, mee ueweneriwwer fillt sech dat elo scho vill besser un, d’Zuel vun de Knäppercher gouf drastesch reduzéiert a vum Plattformbrudder kommen dann och déi flott gemaachten Instrumenter an dee groussen Touchscreen vum Sync3-Infotainment-System. An do gëtt et näischt ze meckeren, fläit steet den Touchscreen e bëssen ze riicht, ass awer esou och gutt am Bléckfeld a léisst sech dank groussen Ikonen och ouni Problem bedéngen.

    Vill Fiesta am Ecosport inspiréiert – mierkt een dat och beim Fueren?
    Erstaunlech vill, jo! Bon, ugefaang beim groussen Ennerscheed; d’Sëtzpositioun ass natierlech SUV-typesch eng Etage driwwer an dat och wierklech op enger ganz agréabeler Héicht. Mee esoubal een domat fiert, da spiert een déi typesch Ford-Atouten: eng schéin direkt Steierung mat vill Feedback, eng straff mee net onconfortabel Fiederung a fir een SUV eng erstaunlech sportlech Stroosselag! Och Fuergeräischer hale sech schéin zeréck, just bei méi héighe Vitesse rumouert et liicht. Dat bescht Stéck um Testauto war awer de Motor. D’Topmotorisatioun, den 3-Zylinder-Ecoboost-Bensinner war e richtege Pleséier; mat 140 PS ass e staark ënnerwee, gefällt mat Dréihfreed an hänkt gutt um Gas! Iwweregens hu se gespuert oder einfach vergiess de Motor vun ënnen ze verkleeden; op jidde Fall ass deen Waasser, Dreck a Streesalz komplett ausgesat. Stechwuert Allrad; déi Optioun gëtt et bei de Bensinner net, eisen Test-Ecosport hat trotzdem keng Traktiounsproblemer. Beim Verbrauch heescht et och éischter Sport wéi Eco; no ronn 350 km éischter iwwer wéi ënner 8 Liter. Dozou muss ech awer och soen dat déi Kombinatioun aus viivem 3-Zylinder, knackeger Boîte a gudder Stroosselag mech nawell dacks gekëddelt huet den Ecosport esou richteg mam Ouer ze huelen.

    Also kee schlechte Bilan fir dee klenge Ford-SUV – och präislech?
    Bon, anescht wéi erwaart ass et kee Schnäppchen. Mat tëscht ronn 18.000 a 26.000 Euro läit e genee am Feld vun der Konkurrenz. Dofir kritt ee fläit net dee schéinsten, mee e geraimege klenge SUV dee vill Fuerspaass bréngt. Allerdéngs kann dee spärege Mallendeckel och e Killerargument sinn.

    A wann der wëllt Fotoen an déi komplett Präislëschte vum neie Ford Ecosport kucken, klickt ierch eran op auto.rtl.lu

    4 min
  • Automag: Autofestival 2018, 22/01/2018
    Enn der Woch fänkt zu Lëtzebuerg nees den Autofestival un an eis Automag-Redaktioun ass natierlech drop virbereet: am Festivalsdossier op auto.rtl.lu fannt der alles wat der wësse muss an do derhannert stécht de Paul Origer.

    Paul, nach 5 mol schlofen an dann ass et esouwäit!


    Oder besser gesot, zanter leschte Freiden schlofen ech nees besser wëll zenterdeems ass de Festivalsdossier ofgeschloss an online!

    Et ass jo schonn eng Traditioun, den Dossier op auto.rtl.lu – wat kritt een do gebueden?
    Richteg, den Dossier ass feste Bestanddeel vum Automag an elo sinn et schonn e puer Joer dat mer op eng e bësse méi ofgespeckte Versioun gewiesselt hunn. Wat awer net heescht dat et manner Informatioune gëtt. Au contraire; et bleift bei der traditionneller Grille mat de Marke-Logoen – iwweregens 50 Autosmarken sinn et dëst Joer, Lancia hu mer 2017 jo missen äddi soen - do derhannert verstoppt sech dann pro Mark nëmmen dat wat zenter dem läschte Festival nei ass mat enger klenger Beschreiwung, spréch komplett nei Modeller awer och Facelifts. Dann natirlech eng Fotogallerie, déi entspriechend Links op de Site vun der Mark an eis online Präislëschten hannert déi ech mech elo nach setzen dat déi bis e Samschden aktuell sinn a last but not least, fir déi Modeller déi de Pascal an de Serge fir d’Telé getest hunn, och e Link op de Reportage.

    Dat héiert sech no vill Arbecht un an dowéngt derwäert kucken ze goen?
    Jo, Arbecht ass et, zemols net all Autosmark esou séier hir Informatiounen erausgëtt wéi ech se gär hätt an et zum Deel och Marke ginn déi immens vill an engem Joer présentéieren.

    Loss mech roden, zu deene gehéiert och VW?
    Ma dës Kéier iwwerraschenderweis net. Bei VW dominéieren de Polo an den Arteon an e ganz wichtege Modell, mat deem VW d’Klass vun de klenge SUV opmëscht: den T-Roc. Bei BMW war dogéngt méi lass: ronn 15 nei Modeller a Facelifts – do ass de Showroom bei verschiddene Concessionnairen wahrscheinlech ze kleng. Och hei wäert den Highlight den neien X2 sinn, déi méi sexy Versioun vum X1. Gutt gefëllt ass och de Programm bei Mercedes, allerdéngs steet hei keen SUV am Mëttelpunkt mee eng Coupé-Limousine: den neien CLS. Bleiwe mer bei däitsche Marken: bei Audi dominéieren nei S- an RS-Modeller an hirt Flaggschëff den neien A8, bei Opel sti mat Crossland X a Grandland X déi éischt Modeller mat PSA-Genen, Ford weist houfreg deen neie Fiesta an de Facelift vum Mustang a während dem Festival wäert e ganz besonnesche Showcar den Tour maachen: de Ford GT.

    Woumat mer bei exklusiv Autoe kéimen – wat gëtt et vun Dramautoen ze gesinn?

    Oh, villes, wa mer alphabetesch fueren; bei Aston Martin steet um Festival deen neien DB11 an de Vantage – allebéid rasseg Schéinheete fir den décke Portmonni, Ferrari weist hiren neie Grand Tourer, den 812 Superfast. Net vill manner séier ass den neien Honda NSX deen elo offiziell och zu Lëtzebuerg verkaf gëtt – a mir sinn dat eenzegt Land am Concessionnairen wahrscheinlech ze kleng. Och hei wäert den Highlight den neien X2 sinn, déi méi sexy Versioun vum X1. Gutt gefëllt ass och de Programm bei Mercedes, allerdéngs steet hei keen SUV am Mëttelpunkt mee eng Coupé-Limousine: den neien CLS. Bleiwe mer bei däitsche Marken: bei Audi dominéieren nei S- an RS-Modeller an hirt Flaggschëff den neien A8, bei Opel sti mat Crossland X a Grandland X déi éischt Modeller mat PSA-Genen, Ford weist houfreg deen neie Fiesta an de Facelift vum Mustang a während dem Festival wäert e ganz besonnesche Showcar den Tour maachen: de Ford GT.

    Woumat mer bei exklusiv Autoe kéimen – wat gëtt et vun Dramautoen ze gesinn?
    Oh, villes, wa mer alphabetesch fueren; bei Aston Martin steet um Festival deen neien DB11 an de Vantage – allebéid rasseg Schéinheete fir den décke Portmonni, Ferrari weist hiren neie Grand Tourer, den 812 Superfast. Net vill manner séier ass den neien Honda NSX deen elo offiziell och zu Lëtzebuerg verkaf gëtt – a mir sinn dat eenzegt Land am Benelux! E Besuch bei Lamborghini ass natirlech och emmer faszinant, allerdéngs ass den neie SUV, den Urus nach net do. E bësse méi schlank ass et bei Porsche, déi weisen e familljefrëndleche Panamera.

    A propos familljefrëndlech – wat bitt de Festival dann fir den “normale” Portmonni?
    Ma guer net esou wéineg; ugefaang bei de klengen Autoen déi am Fong net méi esou kleng sinn: Polo, Fiesta an Ibiza si fuschnei, dozou ginn et déi entspriechend Héichsëtz wéi den Ford Ecosport, Seat Arona, Hyundai Kona a Kia Stonic. Jo, a bei Dacia steet dee komplett neien Duster, bei Subaru ass den Impreza nees zeréck a Suzuki présentéiert de Swift Sport. Eng Klass déi awer secher och dëse Festival dominéiert ass déi vun den SUV’en; quasi all Mark huet mindestens 1 neie Modell an dëser Kategorie.

    An wéi ee gees du dir dann onbedéngt ukucken?
    Wann et muss ee SUV sinn, dann deen neie Volvo XC40, soss wäert ech awer bei Kia een Ofstiecher maachen, deen neie Stinger ass genee en Auto no méngem Goût: eng wonnerschéi Form an ennert dem Capot richteg Wuppes.

    5 min
  • Den Salon Auto Moto vu Bréissel, 20/01/2018
    U S O :
    ...an och mat an der Ronn de Christian Schmit. Gudde Moien. An du war’s fir den Automagazin op Bréissel. Salon Auto Moto heescht et do nach bis muer den Owend, dat schonn di 96. Editioun vun deem Autosalon?
    T E X T :
    ...jo am Parc d’Expositions do ass d’FEBIAC, d’Fédération belge  de l’automobile et du cycle, déi de Salon Auto Moto organiséiert. D’FEBIAC ass de Pendant vun eiser ADAL a FEGARLUX.
    De Salon Auto Moto muss ee wëssen ass dee gréissten Event deen an der Belsch organiséiert gëtt. Eng 10 000  Mataarbechter aus allen erdenkleche Branchen schaffen do zesummen fir déi Expo. Vum Logistiker, Schrainer, Elektriker, Caterer Vendeur a Marketing Manager bis bei deen Troupeau deen d’Carossen op Héichglanz bréngt. Dee gréissten Event deen an der Belsch organiséiert gëtt.
    Honnert Dausende Visiteuren all Joer, an ech konnt mech e Méindeg Metteg dovun iwerzeechen. Also d’Attraktivitéit vum  Automobil mat all senge Formen a Facetten ass nach ëmmer ongebrach.  Do war Nocturne bis 10 Auer, och dat vläicht eng interessant Iddi fir den Auto Festival, an do stungen d’Leit um ½ 7 am Stau fir op de Parking, nett fir heem ze fueren.
    Grouss a kleng dréckt sech hei duech d’Halen, an am Palais N:.1 do parken “Dramautoen”’ vun op mannst 100 000 Euro.
    Nei ass och dass d’Marquen erëm mat Show an Entertainment hir Modeller an Szeen setzen.
    An et muss ee wierklech soen dass dee Salon ganz erfollegräich ass, an och keng Marque sech ze schuet fir sech no beim Atomium do mat hiren Nouveautéiten ze presentéieren.
    Spaeker:                        Anescht wéi dat beispillsweis op der leschter  IAA zu Frankfurt war?
    Genee do haten sech jo gläich eng partie Marquen ofgemellt. Zu Bréissel nett, all Marque déi an der Belsch verkaf gëtt war um Rendez-vous, och di ganz prestigiéis wéi Rolls Royce. an dat mécht de Porte Parole vun der FEBIAC, Jost Kaesemnas zimlech houfreg?
    (Cut 1...)
    De Bréisseler Auto Salon ass e bësschen esou wéi den Autofestival bei äis, just eben mam Avantage dass all Marque op enger Plaz ze fannen ass. Well anescht wéi op den internationale Salonen uechtert d’Welt ginn hei och Autoe verkaf. Eng ganz Armada u Vendeuren lauert drop dass eis belsch Noperen fläisseg bestellen, an de Krop ënne riets op de Bon de Commande setzen.
    (Cut 2...)
    Speaker:                        Do wäert dann stinn also dann och déi Modeller déi fir den Autofestival bei äis am Showroom stinn.
    De Gros ganz sécher. An Tëscht gehéiert et jo och well zum gudden Toun, dem Visiteur um Auto Festival eppes “Spezielles” ze weisen, an esou kommen jo dann och mol aussergewéinlech Modeller an de Grand-Duché.
    Wéi vläicht de Jaguar I-Pace Concept oder den Skoda Vision E, zwee sougenannt “Concept cars”, genee wéi de Mercedes Maybach Vision Cabrio., Peugeot Instinct oder de Renault Symbioz. Méi konkret dann bei Land Rover mam Discovery SVX., a BMW Z4 Concept
    Bleiwe mir bei BMW. Déi hate sech eppes ganz Besonnesches afale gelooss. Zäitgläich mam Salon zu Detroit an den USA gouf e Méindeg ze mëtteg den X 2 dévoiléiert. Eng absolut Welt Première. Do schwëtze mir elo nett méi vun SUV, mee vun SAV, dee well e Sport Active Vehicle sinn. Do ass och confirméiertAn deen heiten souz schonn dran.
    Soss sinn aner annoncéiert Welt Premièren, bei Citroën, a Mini, awer éischter e Relooking vun bekannte Modeller,.
    Di grouss Nouveautéiten stinn natierlech dann dach am Scheinwerfer Liicht zu Detroit, esou de Joost Kaesemans vun der FEBIAC.
    (Cut 2...)
    Speaker:                          Mee d’Fro bestëmmt och déi Säit der Grenz, wat soll ech kafen?
    Jo  Ofgasdiskussiounen a Fuerverbuet machen onsecher, an d’FEBIAC huet elo mol e klengen handlechen Guide erausginn, deen um Salon Auto Moto verdeelt gouf.
    (Cut 3...)
    Den 96 Salon Auto Moto reservéiert natierlech dann och eng grouss Bühn fir d’Amateuren vun den Zweerieder. Gläich zwou Halen, an och hei all Construkteur um Rendezvous.
    Bis muer den Owend kann ee nach zu Bréissel passéieren, soss vum nächste Weekend un lount sech de Besuch um Autofestival bei äis...

    8 min
  • Automag, 10/01/2018
    Mat 6 Minutten 23 Sekonnen, eng vun de längste Singelen déi je erauskoum - whatever vun Oasis - dat Lidd dat net ophale wëllt - mir ginn awer awer lo no gutt 4 Minutten dezent eraus aus dem Lidd - ran an ee neien Auto...

    Wann ech „Subaru Impreza“ héieren, do denken ech direkt un de Colin McRae, gëlle Felgen, bloe Lack, an e grousse Camping-Dësch-Spoiler…

    Déi Zäite si leider eriwwer… Enn Dezember huet Subaru näämlech ugekënnegt, dass de WRX STI an Zukunft net méi an Europa verkaaft gëtt. Mir hunn also  net d’Sportversioun mä déi ganz zivil Versioun vum neien Impreza probéiert.

    Ouni grousse Spoiler, ouni gëlle Felgen an ouni sensationelle 2,5-Liter-Boxermotor ?
    En gesäit ganz brav aus, an ass dann och ganz brav motoriséiert. Eenzege Motor ass e 1600er 4-Zylinder-Bensinner, natierlech als Boxer, mat 114 Päerd. Den 2-Liter-Bensinner, deen et a verschidde Länner gëtt, steet bei eis awer net an der Präislëscht.
    Net nëmmen de Boxer gehéiert einfach zu Subaru, och den Allrad ass natierlech bei dëser Mark ëmmer serieméisseg. Eigentlech hunn se bei Subaru och ganz gutt manuell Boiten, awer den neien Impreza kënnt d’office mat enger stufenloser CVT-Automatik…

    Oh oh… Domatter hat den Impreza bei Dir da scho mol schlecht Kaarten?

    Fir unzefänken: de 1600er Motor huet mech positiv iwwerrascht. Mat 114 Päerd rappt ee keng Beem aus, mä en ass zimlech lafroueg, mécht kee Kaméidi a vibréiert net.
    Mä bon, d’CVT-Boite ass natierlech de grousse Spassverdiewer. Wann een eng Kéier Vollgas gëtt (beispillsweis fir op eng Autobunn erop ze fueren), dann dréint d’Automatik bis kuerz virun de roude Beräich… De Motor huerelt, et huet ee scho bal Matleed.
    Wann een awer gemittlech ronderëm rullt, da mécht d’Boite awer e ganz korrekten  Job…

    Wéi ass d’Stroosselag dann? Eischter gemittlech confortabel oder sportlech häerzhaft?
    Definitiv confortabel! Am Verglach mam Virgänger läit den neien Impreza definitiv méi stabel op der Strooss. Mä dovunner kritt een als Chauffer net vill mat. Et ass een esou isoléiert, dass ee kaum Réckmeldung kritt… Dat ass schued, ech mengen den Impreza giff sech ganz flott fueren, wann de Feedback besser wier. Mä op d’mannst ass de Confort esou wierklech gutt.

    Mir hunn nach guer net doriwwer geschwat, wéi den neien Impreza ausgesäit, ausser dass e keng gëlle Felgen huet…
    Bei eis ass et e 5-Dierer, d’Limousine gëtt net an Europa verkaaft. Wat de Look ugeet… et ass iergendwéi typesch japanesch pragmatesch. Dat heescht et gëtt definitiv keen Designpräis dofir, en ass éischter onopfälleg, net ellen, näischt wat wéi deet, awer och näischt wou een sech an 20 Joer nach drun erënnere giff…

    A wat gesäit ee bannendran ? Premium oder Plastik?
    Och do japanesch Pragmatismus… vill schwaarz, en harmonesche Materialmix vu lackéierte Plastik iwwert Fake-Karbon… definitiv kee Premium awer och net bëlleg.
    De Sëtzconfort vir geet an d’Rei, hannen muss een e puer Ofstrécher maachen. Been a Kappfräiheet sinn ok, mä d’Sëtzfläsch ass zimlech kuerz an de Säitenhalt ass schlecht.

    Däi Schlussverdict?
    Um Ufank war ech net begeeschtert dovunner, ästhetesch an och vum Fueren hir éischter langweileg, mä déi wichtegst Qualitéit hunn ech eréischt am Laf vum Test entdeckt: et ass en extrem onkomplizéierten Auto, an dat ass haut wierklech net evident. En ass einfach ze bedéngen, duerch déi grouss Fënstere gesäit ee wierklech gutt eraus, déi ganz Sécherheets-Systemer maachen een net méi duerchernee wéi se engem hëllefen… Dat kléngt elo banal, mä ech fuere vill Autoen, déi méi flott ausgesinn, oder méi flott ze fuere sinn, mä déi am Ëmgang wierklech komplizéiert sinn. Do ass den Impreza wierklech eng agreabel Ofwiesslung, déi mat Präisser tëscht 20 a 27‘000 Euro och nach abordabel ass…
    5 min
  • Automag: BMW X3, 08/01/2018
    08/01/2018 AUTOMAG BMW X3 (11h5    0)
    P. ORIGER
    _____________________________________________________
    USO: Am Automag vun haut teste mer een neie BMW SUV, an zwar den X3 an deen ass entretemps schonn an der drëtter Generatioun ukomm!

    Paul, a BMW follegt dem allgemengen Trend an huet den X3 och nees e Stéck wuesse geloss!
    Richteg an dat kënnt net vun ongeféier; den neien X3 steet nämlech op der Plattform CLAR - Cluster Architecture an déi gëtt och fir de 5er an de 7er agesat. Vu baussen gesäit ee fläit net direkt en Ennerscheed zum Virgänger, ausser fläit e puer optësch Détailer, mee bei den Zuele mierkt een et: ronn 7 cm huet en an der Längt an annerhalwen cm an der Héicht an an der Breet zougeluecht, virun allem de Radstand 5 cm gestreckt.

    An dat mierkt een dann wahrscheinlech bannenan?
    Absolut. Ech muss éierlech soen dat ech als éischt geduecht hunn, ech séiz an engem X5. U Plaz feelt et wierklech net; den X3 ass vir immens lëfteg, besonnesch no uewen ass bei mir nach e gefillten halwe Meter Sputt, op der Réckbänk ass zwar Plaz, et gouf awer Kloen iwwert de Sëtzconfort, deelweis ass se haart a si kéint wéinstens esou gutt konturéiert sinn wéi déi viischt Sëtzer. Wëll déi hu wierklech BMW-typesch erem gepasst wéi e Costume op Moss. Sou dat ech emol spontan den Aller-Retour op Hamburg gemaach hunn ouni herno grouss Réckeproblemer ze hunn. Iwwerhapt ass den X3 gemaach fir laang Reesen; sämtlech Fuergeräischer goufe gutt ewechisoléiert, de risege Panoramadaach suergt fir eng Wuelfillatmosfär a mat der SUV-typesch héigher Sëtzpositioun huet een e gutt Fuergefill. An och ouni Loftfiederung rullt den X3 confortabel iwwer schlecht Bunnen. Eeenzeg beim Manövréieren an enke Parkhaiser oder a schmuele Garagen ass dem X3 säi gewuessene Gabarit scho problematesch. Dofir daacht d’Mall eppes; 550 Liter ass se grouss an de Rollo léisst sech ennert dem Buedem verstauen. En plus ass de Banneraum vollgestoppt mat prakteschen Oflagen – hei gouf matgeduecht!

    Den X3 kënnt séngem grousse Brudder also geféierlech no!
    Dat op jidde Fall, den Interieur gesäit edel aus an ass gutt verschafft, zemols mat den Equipementer aus 5er a 7er kënnt deementspriechend Luxus an d’Bud – virausgesat natirlech, et huet ee bei den Optioune fläisseg Kräizer gemaach. Den Ecran steet fräi a gutt am Bléckfeld um Tableau an ass 10,2 Zoll grouss, léisst sech elo neierdéngs nierft dem i-Drive och als Touchscreen bedéngen. Déi digital Instrumenter sinn och vu 5er a 7er, genee wéi d’Gestesteierung. Bon, ech misst dat genee esou wéineg hunn wéi en Touchscreen; fir mech ass den i-Drive mat der Molett nach emmer e vun deene bäschte Systemer déi am mannsten oflenken.

    Ech héieren et gëtt net vill ze meckeren, och net beim Fueren? Dat ass jo d’Paradediscipline vu BMW!
    An dofir strecken ech do och emmer all méng Fühler aus. Ma och beim X3 hunn d’Bayern nees en Auto fäerdeg bruecht, deen trotz knapp 2 Tonnen liicht, handlech a wann ee wëll och dynamesch ze fueren ass. D’Motorisatioun vum Testauto war dee bis elo mol klengsten Diesel; am 20d stinn 190 PS zur Dispositioun an déi ginn am Fong duer. Och wann de Genéisser sech de 6-Zylinder wënscht, mam 4-Zylinder schwëmmt ee gutt mat, 400 Nm Dréihmoment si jo och net näischt. Eventuell bei Iwwerhuelmanöver op der Autobunn wier e bësse méi dann awer méi souverän. An och de Klang ass virun allem baussen onverkennbar Diesel. Tréischte kann ee sech mat eppes iwwer 7 Liter Verbrauch respektiv 9 vollbesat bei schwéierem Fouss op däitscher Autobunn, dat ass ok fir esou een Auto, och wann et wäit vun deene 5 aus dem Katalog ewech sinn. Gutt Note ginn et fir d’8-Gang-Automatik, si mécht de Match gutt; besonnesch am Sport-Modus geet dat viif a genee zum richtege Moment. Schued just dat eisen Test-X3 keng Paddel um Steier hat.

    Da gouf wahrscheinlech genuch ugekräizt!
    Wahrscheinlech! Mee bei engem Testwonpräis vu knapp 63500 Euro dierft dat scho mat dra sinn. Mee dat ass jo souwisou gewosst. Den X3 start bei 44.150 Euro, eisen Diesel kascht bal 3000 Euro Oppräis, de virleefegen Topdiesel a méng Idealmotorisatioun steet mat ronn 55.000 Euro an der Lëscht. A wéi emmer, ouni Optiounen! Interessant Info; den X5 start eréischt bei 55.650 Euro, do kann een also mol un d’Iwwerlee kommen.
    A wann der ierch Fotoen oder d’Präislëschten vum neie VW Polo ukucke wëllt, da klickt ierch eran op auto.rtl.lu



    6 min

About Automag

From the publisher's feed

Autonews, Autotester, nei Modeller zu Lëtzebuerg an alles soss ronderëm den Auto

More shows like Automag

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners