Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

Automag episodes

  • Automag: Mazda CX-5, 27/11/2017
    Paul, SUV’e verkafe sech jo emmer gutt, a besonnesch wa se och nach gutt ausgesinn?

    Jo, an dat se bei Mazda schéin Autoe baue kënne wësse mer spéitstens zenter dem läschte Mazda 6. Abee dem CX-5 goung et genee d’selwecht, de Kodo-Design huet wierklech flott Proportioune fäerdeg bruecht an dee grousse SUV fir déi nei Generatioun elo net massiv verännert mee just nach emol raffinéiert; dëst a Form vu bësse méi schaarf geschniddene Luuchten an engem vergréisserte – fläit e bëssen ze grousse - Grill – kuerz, den CX-5 gefällt mir elo wierklech gutt a kéint et, ouni elo ze iwwerdreiwen, och mat engem Jaguar F-Pace oder Range Rover Evoque ophuelen.

    Dat ass jo schonn héich gegraff, erfëllt den CX-5 déi Erwaardungen dann och bannenan?

    Bon, den Tableau ass elo net spektakulär vum Design hir, awer fonctionnell an och gutt verschafft wat d’Matièren ugeet. Esouguer dee klenge Schiermchen fir den Head-up Display konnten se éliminéieren an dat den Navi-Display elo net méi integréiert ass mee uewendrop steet, stéiert net onbedéngt. E kéint just méi grouss sinn. Blöd och, dat verschidde Knäppercher wéi dee fir den nervegen i-stop dann lénks ennen nierft dem Steier verstoppt ginn, do wou een da muss de Bléck vun der Strooss huelen. Op der anerer Säit fannen ech d’Bedénge vun Navi a Co via Molette virun der Armlehn nach emmer top a vill besser wéi ee fummelegen Touchscreen. A praktesch ass den CX-5 och; un Oflagen fir grouss Fläschen oder soss gouf wierklech geduecht.

    Wa mer scho mam Banneraum amgaang sinn – wéi ass et mat der Plaz?

    Ma och do gëtt et näischt ze meckeren an et huet sech och net onbedéngt vill geännert. 1 cm méi an der Längt an 1,5 manner an der Héicht falen do net grouss op; ech hunn wéi beim Virgänger eng ganz gutt Sëtzpositioun fonnt, sief et hannen oder vir. Dat heescht, ennert dem flotten Design muss wierklech kee leiden. Kapp- a Beefräiheet sinn deemno bäschtens ze fannen, d’Mall ass just em 3 Liter op am ganze 506 gewuess.

    Wéi lieft et sech dann am Alldag mam neien CX-5?

    Dorop war ech natirlech och firwëtzeg an hat mech druginn fir an 3 Deeg esouvill wéi méiglech Kilometer ofzespullen. Als éischt Versioun hat ech den 2.2 Liter Diesel an der Topversioun mat 175 Päerd an Allrad. Leeschtung vermesst een do absolut keng, fir en Diesel ass en immens dréihfreedeg, gär och emol bis 5000 Touren an och déi verbauten Automatik huet mer mat hiren douce Schaltvirgäng ganz gutt gefall. E kéint just e bësse besser Manéieren hunn a manner rumoueren, besonnesch enner Vollascht ass en dann awer gutt ze héieren. Genervt war ech just vum Start-Stop-System deen emmer iwweräifreg de Motor zougesat a mer esou dacks e séiert Fortkomme vermiest huet. Wëll den Duuscht war trotzdem fir en Diesel héich; éischter 8 wéi 7 Liter goufe sech genehmegt. E ganz aneren Auto gëtt aus dem CX-5 wann een den Topbensinner ennert dem Capot huet. Nët nëmmen den i-stop fonctionnéiert hei besser, den 2,5 Liter mat 194 PS ass extrem dréihfreedeg a lafroueg a gëtt dem Mazda e relativ flénken a liichtféissegen, esouguer bësse méi noblen Touch. Allerdéngs vermësst een d’Dréihmoment vum Diesel an och deem säi Verbrauch; de Bensinner geet bal nëtt enner 10 Liter, an dat trotz topmoderner Technik wéi héich Verdichtung an Zylinderofschaltung – muss awer dozou och soen dat ech weder den Diesel nach de Bensinner geschount hunn. Wat awer och séng eege Schold ass wëll a punkto Fuerwierk hunn d’Mazda-Leit super geschafft; fir e SUV läit den CX-5 richteg gutt a motivéiert dann och emol e Krack méi séier ze fueren. Kee Geschaukels, keen tückescht Verhalen an esouguer Feedback vun der Steierung – dat ass alles richteg gutt gelong ouni dat d’Fiederung ze haart ausgefall ass. Och e Verdéngscht vum neien G-Vectoring Control deen an de Kéiere fir nach méi Stabilitéit an Traktioun suergt. Als Kiischt um Kuch géing ech mer nach Schaltpaddele fir d’Automatik um Steier wënschen, leider bidd Mazda déi awer net un.

    Wann ech mol zesummefassen, dann héiert sech dat jo awer gutt un – och nach emmer wa mer bei d’Finanze kommen?

    Esouguer och do, jo. Bon, d’Basisversioun vu ronn 24.000 wäert kaum ee bestellen, éischter dann den 150-PS Diesel fir ronn 30.000 Euro. Den Top-Bensinner gëtt et just an der Luxusversioun Skycruise, dann awer och mal allem wat bei der Konkurrenz deier Supplément kascht, fir ronn 38.400 Euro. Egal wéi soll ee kucken déi nei LED-Pharen mat u Bord ze hunn, déi konnte mat hirer Liichtkraft an der automatescher Ofblendung wierklech iwwerzeegen. An eng Lanz muss ech och fir de Bose-Soundsystem briechen, fir d’éischt gefällt mer de Klang emol richteg gutt, soss waren déi, speziell bei Mazda emmer extrem basslasteg.

    An dem Paul séng Fotoe grad ewéi d’Präisser vum neie Mazda CX-5 ginn et natirlech och, ze fannen op auto.rtl.lu

    6 min
  • Automag Expeditiouns-Camper, 25/11/2017

    T E X T :
    ...a stoung an der Hal 14 virun deene Kolossen déi ronderëm de Globus ënnerwee sinn, an allen Uspréch gerecht ginn. Eigentlech brauch e kee Wee a kee Stee, en Horizont geet duer?
    (Cut 1...) 32sec
    ...seet de Stefan Wirtz, de Chef vun Action Mobil zu Saalfelden an Éisträich. Eng Manufaktur do wou grad emol 4 Exemplairen pro Joer fäerdeg ginn. Luxus mat der 4 X 4 Technik kombinéieren, déi et engem erlaabt op déi ofgeleeënst Plazen ze fueren. Well op iergendeen ugewisen ass ee mat esou engem Expeditiouns Allrad Camper nett?
    (Cut 2...) 40sec
    Wien am Offroad Beräich ënnerwee ass, muss op eng qualitativ héichwäerteg a robust Carosserie ziele kennen. Déi och a verschiddene Klima Zonen zuwee kennt, an deementspriechend adäquat isoléiert an dicht ass. Op Warmwaaserheizung, Solar Panelen, a Klimaanlag muss och nett verzicht ginn.  En mobilt Haus op Rieder an deem mir do setzen, 15 Tonne schwéier, mee mir hunn nach méi grouss Gefierer am Portfolio, esou de Stefan Wirtz.
    Wien well oder brauch esou en individuell ofgestëmmten Offroad Camper?
    (Cut 3...)
    Op Event a Séminaire Reesen kann ee saïn Dram Camper besser kenne léieren, sech erun taaschten zu wat deen am Stand ass. Fuer Praxis gëtt et do gewéinlech am Maroc.
    Mee et muss jo nett ëmmer “hors piste” goen. Do wou e Camion hin dierf kann ee mat engem Offroad Camper vun Action Mobil och fueren.
    An dann verzielt mir de Stefan Wirtz dass d’Buch mat de Commanden gutt gefëllt ass, an een elo schonn bal 2 Joer waarde misst bis zur Ausliwwerung. Individuell Wënsch brauchen Zäit an en adäquat gefëllte Porte Monnie. Mir beweegen äis an enger Präis Skala vun tëscht no bäi 400 000 an 900 000 Euro...
    Dat ass awer muncherengem dat lescht Stéck Fräiheet op eiser Äerd wäert.  De Stefan Wirtz zitt et nawell gären heifir an de Namibia?
    (Cut 4...)

    Ofso Speaker:
    Fotoen vun esou engem Expeditiouns Camper kenne mir äis op www.auto.rtl.lu ukucken.


    4 min
  • Automag: Range Rover Velar, 20/11/2017
     Ma deen Numm mécht virwëtzeg... klär eis mol op!
    - Velar Numm vun Range Rover Virserie-Modeller enn 60er ugemellt goufen
    - Velar vum lataineschen "velare" -> "verbiergen" oder "verhüllen"
    - Range Rover sollt bis Première 1970 ënnert dem Radar bleiwen
    - mam 2017'er Velar geneeë Contraire
    - steet elo am Mëttelpunkt

    T'ass och schwéier deen neie Velar ze verstoppen. Well op de Fotoen gesäit en impressionnant aus. An dat net just duerch seng Gréisst.
    - vun der Gréisst tëscht Evoque an Range Rover Sport
    - mat 4,80 Meter Längt -> 5 cm méi kuerz wéi Range Rover Sport
    - optesch stellt e seng Bridder an de Schied
    - am Prinzip steet do e klengen Range Rover virun eis
    - Design ass reduzéiert ginn
    - wierkt harmonesch, jo souguer sportlech
    - trotz senger impressionanter Gréisst

    Du hues d'Gréisst ugeschwat. Gesäit en da just esou grouss aus, oder hues de och wierklech vill Plaz bannendran?
    - vun der Plaz bannendran iwwerrascht
    - manner wéi een bei der Gréisst erwaarde kéint
    - mee setzt een vir genee esou gutt ewéi hannen
    - opt mannst bei der Kappfraiheet
    - fir laang Strecken ze niddereg, Krämpchen virprogramméiert
    - den Velar spillt och net an der Liga vun den typeschen Familjen-SUV'en

    Wann ech dech elo richteg verstinn läit de Fokus vum Hiersteller net op Isofix- a Poussette-Kompatibilitéit?
    - do lais de net falsch
    - alles dru gesaat fir d'Passagéier ze verwinnen
    - am Velar dréint sech alles ëmt de Luxus
    - soubals de dra sëtz -> an enger eegener Welt
    - an do muss de dech firt éischt erëm fannen
    - ganzer dräi digital-Ecran'en am Testauto
    - fänkt bei digitalen Instrumenter un,
    - geet iwwert d'Navi- a Radio-Kombinatioun virun
    - fënnt sain Héichpunkt am ënneschte Beräich (beim Wielrad vun der Automatik)

    Bon, do wier ech zwar elo keen Display siche gaangen!
    - Ma deen Display regroupéiert Klimatisatioun, Sëtz-Heizung a -Belëftung
    - an d'Fuerprogrammer fir d'Traktioun op Sand, Fielsen, Ais a Schnéi oder am Bulli ze assuréieren
    - vun der Logik hir gutt plazéiert
    - an Zaiten ouni Handy um Steier bedenklech
    - d'Steierzentral huet mech nawell ofgelenkt

    Du hues elo vun Fuerprogrammer fir de Bulli geschwaat. Deemno ass de Velar net just um Makadamm doheem?
    - kaum e Land Rover ouni Offroad-Kapacitéiten
    - beim Velar alles un Technik dran waats de dofir brauchs
    - wat fehlt sin awer déi richteg Pneuen an Courage fir en anzesauen
    - ausserdeem -> Testauto haat den Zousatz "R-Dynamic"
    - Performance uspillen soll

    Performance ass e gutt Stéchwuert. Op wat dierf een sech dann an dësem Kapitel freeën?
    - bannendran villes nei
    - ennert dem Capot -> aal bekannter erëm
    - draï Bensinner an drai Diesel mat 180 bis 380 Päerd
    - muss ee bedenken -> 1,8 Tonnen ze beweegen
    - eisen Testauto D300
    - Iwwersaat: 3,0 Liter 6-Zylinder-Diesel mat 700 Nm Dréihmoment
    - 6,5 Sekonnen vun Null op Tempo 100

    Dat kléngt zwar gutt, mee net spektakulär...
     - weder vum Motorsound, nach vun der Zuel),
    -  fillt sech awer esou u wanns de dra sëtz, dorob kënnt et un
    - vum Motor kriss de wéineg mat
    - heescht: de Motor an d'8-Gang-Automatik harmonéieren
    - de Velar fillt sech an allen Disziplinen liicht an handlech un
    - eenzegen Nodeel ass seng Oniwwersiichtlechkeet
    - Deelweis duerch Elektronik -> Kameraen a Sensoren kompenséiert

    A vill Elektronik, vill Leeschtung a vill Luxus hunn och hire Präis. Wat muss d'Spuerschwéngchen dann hir ginn?
    - soot schon: net de Familjen SUV -> huet och mam Prais ze dinn
    - Lass geet et bei 55.400 Euro fir de klengste Bensinner
    - Testauto um aaneren Enn vun der Lëscht
    - als D300 R-Dynamic HSE lais de bei 88.700 Euro
    - virun Optiounen

    D'Fotoen vum Range Rover Velar op auto.rtl.lu

    0 min
  • Automag, 14/11/2017
    ...jo dat war wierklech Chance. Ech wollt fir den Automag e Reportage iwwer di chinesesch Marken op der IAA opzeechnen. Also hunn ech mech fir deenen hir Präsenz interesséiert, an dunn och bei Chery Motors gelant. Ëmmerhin dee gréissten Exportateur vun chinesesche Modeller. An do huet ee franséisch geschwat, mir sinn an d’Gespréich komm, an hunn dunn séier festgestallt dass mir eis eigentlech och op lëtzebuergesch kinnten ënnerhalen

    ...xtrait automag 1
    Elo freet e sech wéi kennt ee bei eng chinesesch Auto Marque?
    ...xtrait automag 2

    De Sergio Loureiro huet e portugiseschen an e Lëtzebuerger Pass, an hie wunnt elo zanter 5 Joer zu Shanghai. Mee a senger Carrière ass hien well vill duerch d’Welt komm?

    ...xtrait automag 3

    Elo ass hien Intérieur Designer fir d’Modeller aus der Gamme Chery. Dat geléngt him ganz gutt, well di Autoen sinn an tëscht prett fir op den exigenten europäesche Marché.

    ...xtrait automag 4

    An déi Zäiten wou d’Chinesen just geknäipt hunn sinn och erduerch?
    Jo domat kennt een hautesdaags nett virun fir ze bestoen. De Sergio kann bei Chery ganz creativ sinn. Mat knapps 40 Joer huet hien e ganz Team ronderëm sech, a gëtt als Europäer mat sengem Know How vun de Chinesen acceptéiert?

    ...xtrait automag 5
    Intererssant ass jo och dass d’Chinesen selwer op hir Autoen “Made in Cihina” nett onmosseg flippen?
    Effektiv ass dat en interessante Phänomene?

    ...xtrait automag 6
    Wéi lieft et sech dann esou zu Shanghai ?
    Ma dat wollt ech natierlech och vun eisem Lëtzebuerger do hanne wëssen?

    ...xtrait automag 7
    Also wann mir deemnächst mat engem chineseschen Auto vun Chery sollten ënnerwee sinn, da wësse mir elo do stécht och e Stéck Grand-Duché dran, de Know How vum Sergio Loureiro.

    0 min
  • Automag 2x Renault am Test, 11/11/2017
    R T L Automag
    Samschdeg: 11.11.2017
    U S O :
    ...chic chic presentéiert sech den Automag haut de moien. An eisen Automagnews war de Christian Schmit mat zwee Renaulten ënnerwee. Den Renault Twingo  an der Editioun “La Parisienne”, an mam Renault Grand Scenic , dat an der Versioun “Initiale Paris”
    O là là, da sinn mir mol gespaant wéi chic an elegant déi sech dann dee Klengen an de Groussen aus der gamme presentéiern...

    T E X T :
    ...fir d’éischt waren mir mam Twingo on tour. Schonn bei der  legendärer R4  gouf et d’Versioun “La parisienne” mat exclusive Faarwen an Intérieur Design. De gréng, wäiss schwaarze Karomuster verleeft baussen iwwer d’Carosserie, genee wéi op de viischten an hënneschte Setzer, an um elektreschen Stoffdach. Mat deem iwwerdimensionalen Toit-ouvrant wann ee sou well, gouf et schonn e bësschen Cabriofeeling am Indian Summer zu Lëtzebuerg.
    Chouchoute citadine gëtt esouguer am Pistache gréng ugebueden, eisen Testauto war awer schwaarz lackéiert. Bannenan ass och de Logo “la parisienne” ze gesinn, an
    16 Zoll Felgen, eng Reckfuerkamera, Navigatiounssystem, eng elektresch Climatisatioun, an Radio Connect R&Go rennen de Luxus Package dann of.  
    Ennert der Hauf waren mir mam 900er Draizylinder Bensiner a 90 PS ënnerwee gekoppelt mat der automatescher Boîte. Elo weess ee jo dass den Twingo vun Renault an de Forfour bei Smart identesch Modelle sinn, an esou kennt déi Automatik dann och aus der Smart Entwécklung.
    Déi schalt elo agréabel erop an erof, ouni déi Bedenk Zäit wéi een vun de Virgänger Modeller kannt huet.
    Passt gutt zu de 90 PS, an a punkto Fuer Leeschtungen gëtt et fir en Auto aus där Kategorie näischt ze meckeren.
    Just beim Verbrauch ass éischter eng 6 virum Komma wéi eng 5 op 100km, an dat ass dach vill fir dee klenge chice Sprengerlek aus der douce France. Präis 13 440 Euro, dat geet bei deem Équipement an d’Rei....

    Mir bleiwen am Hexagone an och bei Renault, well déi haten och nach de Grand Scenic an de Parc presse geschéckt. Och mat enger automatescher Boîte an engem 160 PS staarken Turbodiesel.
    De Grand Scenic ass nach eng Kéier 22cm méi laang, dat sinn dann 4m63. A mat deem kann et och zu 7 op d’Rees goen. Wéi esou oft sinn awer an der drëtter Rei keng Wonner ze erwaarden, mee mat Kanner kann et op den Tour goen. Déi sinn och nach méi gewierweg wéi eisereen, dee schonn Krempes huet vir bis dohin ze kloteren.
    An d’Mall passen jo no Konstellatioun, 516, oder 718 Liter. A punkto Modularitéit ass de grousse Renault top. All Setz kann verstallt, geréckelt oder emgeklappt ginn. Di zwee an der leschter Rei verschwannen propper am Buedem vun der Mall.  Dat ganz kamout mat enger Tastatur, wou alles mateneen oder eenzel di Setzer ëmgeluegt ginn.
    Polyvalent ass souguer d’Mettelconsole mat ville Gefaacher, an mat der Méiglechkeet eng Partie elektronesch Apparater opzelueden. Mee d’Konkurenz bidd schonn dat induktivt Lueden vum Handy un.
    Mam Grand Scénic ënnerwee sinn, dat ass ganz confortabel. Den Dezibelpegel halt sech dezent am Hannergrond, a mat den 160 PS ass den franséische Van gutt motoriséiert. Just bei forcéierter Fuerweis wierkt dësen e bësschen ugestrengt, mee Lenkung a Fiederung hunn et souwisou léiwer gemittlech.
    Dat schléit sech dann erëm positiv am Verbrauch néier, no 800km krute mir eng Moyenne vun eppes iwwer 6 Liter um Bordcomputer affichéiert. Di zweefaarweg Liederfautelen an der “Initiale Paris” Versioun sinn ganz bequem.
    Mam Topmodell komme dann nach vill aner Luxusfeaturen dobäi, an och a punkto Multimedia gëtt et näischt ze meckeren. Eng 360 Grad Kamera suergt dofir dass beim Rangéieren alles ganz bleift.
    Gewënscht hätt ech mir awer e Malldeckel dee sech elektresch op an zou mécht. Dat wär dann wierklech nach en echten Confort Plus gewiescht...
    Scenic oder Grand Scenic? Präis vum Testauto: 36 900 Euros. Dat sinn eppes méi wéi 1000 Euro Differenz zum Scenic mat 5 Plazen.
    Ofso Speaker:                   ...a Fotoen vum klengen Twingo a vum groussen Scenic, déi gëtt et op www.auto.rtl.lu ze kucken.

    0 min
  • Automag, 07/11/2017
    Paul, nom Ateca bréngt Seat elo hiren zweete SUV eraus – den Arona!

    Jo, déi grouss SUV’en verléieren e bessen u Succès – obwuel een de Moment anscheinend ganz laang op een Ateca waarde muss - dofir boomt d’Segment A0, also dat vun deene klengen. Vun 2010 – 2016 ass dat Segment nämlech em 700 % gewuess a quasi all Mark ass do mat engem Modell vertrueden; zum Beispill Audi Q2, Fiat 500X, Honda HRV, Mazda CX-3, Jeep Renegade, Kia Stonic, Nissan Juke an et ginn der emmer méi. Kloer dat do Seat och matmësche wëll!

    An dofir muss jo bekanntlech de Look stëmmen!

    Dat ass richteg. An do hu se bei Seat och gutt geschafft. Den Arona gesäit flott aus, knackeg a muskulös, esou wéi een sech dat vun engem SUV erwaart. Kloer, vir an hannen hu mer den typesche Seat-Look, esou wéi den Ateca am klengen, mee net onbedéngt einfach nëmmen een héichgeluechten Ibiza. Zemols vun der Säit fält engem d’Taille op déi no hannen stäil eropgeet a mat engem opfällegen Emblem d’Grenz zum Daach mecht. Deen ass nämlech och an anere Faarwen ze kréien; schwaarz, gro oder orange a mecht esou bis zu 68 Kombinatioune méiglech. Haut wëll jo jiddereen säi personnaliséierte Look!

    An dat ass och bannendran esou?

    Zum Deel jo; och hei soll e kënnen d’Fuerf vun der Dekorsträif aus Konschtlieder um Tableau auswiele kënnen. Am Konfigurator hunn ech déi Méiglechkeet awer net fonnt. Bon, huet mech elo net dermosse gestéiert. Dat Seat och Sue verdénge wëll beweist den Tableau deen tel quel aus dem Ibiza iwwerholl gouf – muss jo net schlecht sinn, mee e bësse Pep hätt dem Intérieur gutt gedoen. Positiv fält de Bilan bei der Plaz aus; den technesche Brudder Ibiza ass jo mat der neier Plattform MQB-A0 e gutt Stéck méi geraimeg a genee dat gëllt och fir den Arona. Et sëtzt een vir wéi hannen erstaunlech konfortabel, esouguer d’Kappfräiheet ass hannen tiptop. An natirlech, firwat mer jo een SUV kafen, dat sinn am Fall vum Arona 19 cm méi Buedemfräiheet déi ee méi héich sëtze lossen. An, last but not least, 400 Liter Mall sinn der zwar 55 manner wéi am Ibiza, verglach mat der Konkurrenz awer ganz uerdentlech.

    Méi Buedemfräiheet, Offroad-Look – trotzdem keen Auto fir an d’Gelänn?

    Nee, definitiv net, a fir déi Zwecker wäert och keen den Arona kafen. Dofir gëtt et dann och keen Allradundriw.

    Wou mer scho beim Undriw sinn – wéi fiert sech de Mini-Ateca dann?

    Do muss ech jo zouginn, dat ech mer bei dëser Kategorie Auto net emmer zevill erwaarden; dacks muss wéngt dem héighe Schwéierpunkt d’Fiederung stramm ausgeluecht ginn, respektiv d’Steierung geet ze liicht etc. Beim Arona ass dat net esou. Eng erstaunlech gutt Stroosselaach, net ze stramm gefiedert a keng zevill synthetesch Steierung – et huet nawell vill Spaass gemaach dee klenge SUV ronderem Barcelona duerch d’Kéieren ze schaichen. Am Extremfall dréckt en e bessen iwwert déi viischt Rieder, bleift awer emmer fäin a beherrschbar. D’Motoregamm ass natirlech bekannt; mir hate fir d’éischt den Diesel mat 115 Päerd an DSG; dréihmomentstark a spuersam, akustesch natirlech e bësse méi präsent awer zesumme mat der DSG eng gutt Allround-Motorisatioun. Méi sportlech a méi spaasseg war den décke Bensinner mat 150 Päerd an Handschaltung am Topmodell FR – méi brauch ee wierklech net. Bestëmmt geet och schon den 1.0 TSI 3-Zylinder mat 115 PS duer, leider konnte mer deen awer net fueren.

    A punkto Technologie wäert den Arona och villes vum Ibiza iwwerhuelen?

    Jo, dat schonn. Zum engen sinn et d’Assistenzsystemer déi Oppräis kaschten an op déi ech elo awer net nach eng Kéier well agoen. Spéider kënnt dann nach als Optioun een digitalen Tableau. An eppes ganz neies wäert och am Arona Première feieren – d’Amazon Alexa kënnt elo och an den Auto. Wien dat brauch... Méi interessant fannen ech dann d’Audio-Anlag vu Beats mat 300W, dat klengt wierklech gutt a kascht mat 475 Euro och net ze deier. Jo, an da ginn ech emol direkt bei d’Präislëschte virun; ab 15.375 Euro kritt een den Arona, dann allerdéngs an der Basisversioun Référence mat ellene schwaarze Stolfelgen. Chic an Hip wéi och eis Testautoen an der Versioun Xcellence mat Metallic-Faarf, Navi, Soundsystem etc kënnt een dann op ronn 24.000. Gesinn a bestelle kann een den Arona elo schonn, aner Motore a Versioune kommen nach no.

    An dem Paul séng Fotogallerie esou wéi och d’Präisser vun alle Versioune vum Seat Arona fannt der wéi emmer op auto.rtl.lu.
    0 min
  • Automag: Mam Camper duerch China an d'Mongolei, 06/11/2017
    R T L Automag
    Méindeg: 06. November 2017
    U S O :
    ...och di lescht Editioun vum Caravan Salon zu Düsseldorf huet gewisen, den Trend an d’Nofro vun der Vakanz op enger oder zwou  Achsen bleift ongebremst. Op esou Foiren sinn natierlech Globetrotter ze fannen, a Verschiddener weisen do hir Biller an Impressiounen vun exotesche Plazen.
    De Christian Schmit hat sech och dofir interesséiert, an haut geet et mam Konstantin Abert, an d’Mongolei a China?
    T E X T :
    ...jo de Konstantin Abert jo an tëscht en ale Bekannten am Automag. E Caravansalon ouni hien dat ass quasi ondenkbar. An dir kennt iech et denken, dee war déi Kéier nett just bis an de Schwarzwald oder an d’Provence mam Camper. Neen e war just vun der Mongolei / China Aventure erëm.
    Et gëtt kaum e Land wou dee Konstatntin Abert nach nett mat sengem Camper ënnerwee war, do erlieft ee natierlech sou munches. Wat waren d’Highlights?
    (Cut 2...) 30sec
    D’Mongolei, e risegt Spillzëmmer fir Erwuessener?
    (Cut 2...) 30sec
    A garantéiert kee Massentourismus, oder an dësem Fall iwwerfëllte Camping Plazen.
    (Cut 3...)
    Och Distanze soll ee nett scheien, mir kréien dat mol vir gerechent?
    (Cut 3...) 25sec
    Mongolei, sollt dat elo fir iech mam Camper en Thema sollt sinn, dann just am Summer?
    (Cut 4...)
    Eigentlech wollt de Globetrotter Konstantin Abert schonn méi laang e Buch mat all deenen Aventuren a spektakuläre Reesen erausbréngen? Et wir an der Maach esou mäi Vis à vis, also vläicht dann fir d’nächst Joer um Caravansalon 2018 zu Düsseldorf...


    0 min

About Automag

From the publisher's feed

Autonews, Autotester, nei Modeller zu Lëtzebuerg an alles soss ronderëm den Auto

More shows like Automag

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners