Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

Automag episodes

  • Automag Vintage Mustang Club Lëtzebuerg, 07/10/2017

    The 67 turns 50 – dat ass de Motto vum Weekend vum 14. a 15. Oktober wann déi Ettelbrécker Däichhalen nees vu V8-Geblubber emgi sinn. De Vintage Mustang Club Lëtzebuerg stecht hannert dëser Organisatioun – hire Sekretär Donny Wagner erklärt wéi et iwwerhapt dozou koum:
    Cut01_Event u sech 31”

    Samschdes tescht mueres 10 an owes 19h esouwéi Sonndes vun 09 bis 17h00 wäerten sech eng Hellewull Ponycars zu Ettelbréck afannen. Den Event ass international ausgeschriwwen an eng Parti auslännesch Mustang-Club’en hu sech och schonn ugekënnegt.
    Cut02_Programm (am Cut bei 0:13 ugefaang)

    Star vum Weekend ass natirlech de 1967er Mustang, esouzesoen deen éischte Facelift vum Urmodell an an der Tëschenzäit eng vun deene populärste Versiounen. Deemols gouf déi ganz Karosserie vergréissert fir ennert anerem e Big Block V8 ennert de Capot ze kréien. De Succès vum Mustang ass zenterhier ongebrach, de Vize-President Marc Lederlé weess och firwat:
    Cut04_Faszinatioun 20”

    Vill Fans, vill Modeller, deemno wäerten sech den nächste Weekend vill Gefierer zu Ettelbréck afannen. Zougeloss sinn iwweregens sämtlech Generatiounen, besonnesch déi erfollegräich Editioun vun 2015 wäert omnipräsent sinn. Den Nic Jungers, President vum Vintage Mustang Club Lëtzebuerg:
    Cut 03_Unzuel&Modeller ca 20”

    Unzemelle brauch een sech net. Nierft garantéierte Bensinnsgespréicher, sief et mat Mustang-Propriétairen oder bei deenen eenzelne Verkafsstänn gëtt och weder Honger nach Duuscht gelidden. Rendezvous also nächste Weekend, de 14. a 15. Oktober wann et bei den Ettelbrécker Däichhalen heescht: The 67 turns 50.

    OFSO: An dir kënnt och gär um Site vum Vintage Mustang Club Lëtzebuerg laanschtsurfen: www. Vintagemustang.lu


    3 min
  • Automag, 03/10/2017
    ... gudden Owend Michèle. Jo mir waren mam groussen Peugeot ënnerwee. Huet mat sengem Virgänger, dem 508  aus dem Joer 2009 eigentlech näischt méi “en commun”. Deen well an sech de Spagat tëscht SUV an Van paken. De Look ass identesch mam Modell 3008, just an der Längt ënnerscheeden sech di zwee. Mam 5008 ass et och méiglech 7 Passagéier u Bord ze hunn.
         
    an déi sinn alleguer gutt opgehuewen?

    Jein. Hänkt dovun of op et elo Kanner sinn oder Erwuessener. An der éischter an zweeter Rei gëtt et guer näischt ze meckeren. Ganz bequeem a verstellbar Fauteuilen erwaarden een do. Bee Fräiheet an der zweeter Setz Rei ass üppeg.
    Dat kann ee vun der drëtter Setz Rei nun wierklech net behaapten. Do muss de schonn gewierweg sinn fir do  hin ze kloteren. Mee et fiert ee jo nett permanent zu siwen, an esou verschwannen déi zwee Setzer och prima an easy am Buedem vum 5008. An där Konstellatioun ass d’Mall schonn grouss, mee wann alles ëmgeluegt gëtt, proposéiert de Peugeot 5008, 1940 Liter Volume. Do kenns du dann a Fro fir hëllefen ze plënneren.  
    Den Intérieur kann wierklech all Transport Situatioun mat Bravour ugepasst ginn. E coole Crossover op 4m 64 mat remarquabelem Rad Strand vun 2m 84.  Buedemfraiheet leit bei 23 Zentimeter. Trotzdem gëllt och fir de 5008, Advanced Grip Control jo, eng 4 X 4 Traktioun neen. Och nett an der Optiouns Lescht. Dat schéngt es awer vill Clienten nett ze stéieren, ëmmerhin louchen schonn séier 80 000 Virbestellungen bei der Marque mam Léif am Kühler um Dësch.
                            
    Och bannenan sinn 3008 a 5008 quasi identesch?

    Jo effektiv profitéieren di béid vum avantgardisteschen Tableau de bord, dat sich mam Filz, Chrom, Lieder an Holz ganz chic an héichwäerteg presentéiert. Bon et muss een och wëssen dass mir d’GT Versioun zur Dispositioun haaten. Mam riesegen Panoramadach wierkt de ganzen Intérieur dann nach méi lefteg.
    Inklusiiv dem an tëscht bekannten Mini-Steierrad an digitalem Display mat Touch Screen. Vill Gefaacher huelen all méiglech kleng a gréisser Objeten op. Den Handy konnt ouni Kabel induktiiv opgelueden ginn, an tëscht de Setzer an der Mettelconsole war Plaz fir Gedrenks an aner Erfreschungen, well dee Kompartiment ass gekillt.

    Christian, mir hunn nach ënnert de Capot geluusst?

    Richteg. Jo do ware mir verwinnt. Den 2 Liter Turbodiesel mat 180 PS huet do fir ganz agréabel Fuerleeschtungen gesuergt. Den HDI erlaabt eng Accélératioun op 100 a 9 Sekonnen, an 210 Km/h ginn mengen ech och méi wéi duer. Mir schwëtze schliisslech vun engem Familjenauto. Iwwer e Verbrauch vun 6,8 Liter kann een och nett meckeren. Bei där Gréisst! Dat a Kombinatioun vun der robotiséierter automatescher Boîte kann et roueg op d’grouss Rees goen. Mir waren zesummen op Düsseldorf, an mat méi Leit op der däitscher Musel ënnerwee. D’Fuerverhalen ass neutral, de 5008 ass och ganz maniabel. Parken am Sous Terrain ass kee Cauchemar. Parksensoren a Kamera hëllefen natierlech?

    Groussen Auto, grousse Präis?

    Also de “Lion King” vun Peugeot an der GT Versioun wéi mir en haten mam ganz faméisen 2 Liter Turbodiesel koum op 43 995 Euro. Dat ass sécher e Pak Geld, mee do ass awer dann och alles u Bord. Ausser dass bei deem Prais d’Mall nett elektresch op an zou geet. An dat huet mech gestéiert a genervt. Well et erfuedert schonn e bësschen Muskelkraft fir se zou ze kréien...mee ënnert dem Strich wäert den 5008 zesummen mam 3008 zu de Bestseller an der Gamme gehéieren...D’Praisdifferenz tëscht deenen zwee leit bei moderaten 1 500 Euro.

    Fotoen vun ënnerwee mam Peugeot 5008 kenne mir op www.auto.rtl.lu uklicken...

     

    4 min
  • Automag, 26/09/2017
    Dat bäscht Päerd am Mercedes-Stall ass jo am Fong d’S-Klass – an déi hu se elo renovéiert, Paul?
    Jo, dat Wuert “bäscht” oder “beste” krute mer op der Présentatioun zu Zürich nawell dacks ze héieren, net aleng wéngt dem Mercedes-Slogan “das Beste oder Nichts” mee geet et em d’S-Klass, dann ass dat tatsächlech fir si dee “bäschten Auto” iwwerhapt.

    An dat bäscht konnt een trotzdem nach verbesseren?
    Dat ass emol dat wat versicht gouf. Bon, Loft no uewen gëtt et emmer, dat hu sech d’Ingénieuren och geduecht. D’Designer éischter manner; et muss ee scho ganz genee kucken fir elo déi “nei” S-Klass ze erkennen. Dofir halen ech mech elo och net mat deene klengen optësche Retouchen op, mee klammen mol eran. Do falen direkt zwou Saachen an d’A; den digitale Widescreen-Cockpit aus der E-Klass an dat neit Steierrad. An hei mussen agefleeschte Mercedes-Fuerer a –Fans elo staark sinn; den Tempomathiewel ass elo definitiv an der Pensioun, séng Fonctioune ginn elo – am Fong banal wéi bei der Konkurrenz – iwwer Knäppercher um Steier ersat. Schued, wëll dee klengen Hiewel war praktesch an eben typesch Mercedes.

    Wa mer vun typesch Mercedes schwätzen – d’S-Klass konnt sech jo do emmer vun der Konkurrenz ofhiewen!
    Genee, an dat fannen ech och gutt. D’Luxusklass ass jo op däitscher Säit gutt vertrueden, Audi A8, BMW 7er – d’S-Klass konnt sech do emmer mat hirem enorme Confort ofhiewen. An dat ass och no’m Facelift bliwwen, wann net esouguer nach besser ginn. Losse mer soen, et ass eng Wellness-Oase op 4 Rieder; de Motor ass perfekt isoléiert, Fuerwierk a Rieder sinn dank Loftfiederung esou ofgekoppelt dat’s de d’Impressioun häss du géngs schwiewen, Sëtzconfort an Entertainment, esouwäit een bei den Optioune gutt akaf huet, sinn op extrem héighem Niveau. A fir de ganze Wellness-Facteur ze ennersträichen gëtt et elo serieméisseg eng nei Spillerei: Energizing Comfort. Hannert dësem fantastesche Begrëff verstoppe sech 6 Programmer Frëschheet, Wäermt, Vitalitéit, Freed a Gemittlechkeet, déi alles am Auto gezielt ofstëmmen: Klima mat Beduftung, d’Sëtzer mat Heizung, Belüftung a Massage an d’Ambiancebeliichtung esou wéi déi passend Hannergrondmusek.

    Also léiwer sech an der neier S-Klass chaufféiere lossen fir dat alles ze testen oder awer selwer fueren?
    Nujee, een dee mech kennt, dee weess dat ech emmer selwer hannert d’Steier muss. Mee mat der neier S-Klass heescht dat net dat’s de och selwer fuere muss. Genee wéi bei der E-Klass ass d’Thema autonom’t Fueren och hei eng Etapp méi wäit; d’S-Klass liest Schëlder, passt d’Vitesse automatesch un, hällt op der Autobunn automatesch d’Spuer a wiesselt se esouguer fir z’iwwerhuelen. Am Fong ass de Chauffeur nach just do fir alles z’iwwerwaachen. Trotzdem hunn ech Intelligent Drive mol an d’Paus geschéckt. Well et ginn nei Motoren. No 20 Joer kennt de Reihesechszylinder nees zeréck. Als Diesel am 350d mat 286 PS an als 400d mat 340 PS, all Kéiers serieméisseg mam elo iwwerschafften Allrad 4-Matic a mat der 9-Gang Automatik gekoppelt. Am Fong brauch ee soss näischt. 600 respektiv 700 Nm Dréihmoment suergen dofir dat et trotz 2 Tonne Gewiicht richteg viru geet, de Verbrauch soll awer ennert 6 Liter bleiwen. An dobäi kléngt en esou richteg gutt no 6-Zylinder, genee esou douce an zeréckhalend wéi fréiher. Eng Schëpp drop leet d’Bensinner-Versioun; hei sinn och 3 Liter Hubraum am Asaz, fir de Räscht awer e ganze Batz nei Technik. En 48 Volt Bordnetz dreift Klimakompresser a Waasserpompel, esou wéi een Zousazturbo elektresch un; sämtlech Käilrimmer falen ewech. E Startergenerator kann och nach boosten wann et néideg ass; Resultat ass een immens kultivéierten a flénke Motor deen a punkto Lafrouh a Leeschtung en 8-Zylinder net vermëssen deet.

    A wann et awer ee soll sinn?
    Da gëtt et och hei en neit Aggregat; de V8-Pleséier start elo eréischt am S 560 – 469 Päerd a 700 Nm – do gëtt all Wonsch erfëllt; just schued dat een de Motor quasi net héiert. Soll dat de Fall sinn, da sief engem den S 63 AMG un d’Häerz geluecht; do brabbelt elo een neie 4-Liter-Biturbo-V8 mat 612 PS – ech soe just: King of the Autobahn. An esouguer zackeg Kéieren op der Landstrooss kënnen dank AMG-Label och mat enger 5-Meter-Luxuslimousinn Spaass maachen.

    A kee Spaass versti se wann et em d’Präisser geet?
    Hei géing ech éischter soen: Was Lacostet die Welt, Geld spielt keine Rolex – enner 90.000 Euro leeft näischt, ronn 114.000 kascht den S560 mat V8-Bensinner, 167.000 den AMG – an dann huet een den Optiounskatalog mol nach net opgeklappt. Eng Optioun muss ech awer ernimmen a wier mer déi 7500 Euro wäert; d’Burmester Surround 3D-Hifi Anlag mat 26 Hautparleuren a 1590 Watt Leeschtung – do soen ech just wow! Mee wa wéi gesot Sue keng grouss Roll spillen, da kritt een an der S-Klass dat wat een sech erwaart; exklusive Confort a vill Wellness fir manner Stress op der Strooss.
    An och déi nei Mercedes S-Klass fannt der an eisen Autopräisser an an der Fotogallerie vum Paul, surft einfach laanscht op auto.rtl.lu

    6 min

About Automag

From the publisher's feed

Autonews, Autotester, nei Modeller zu Lëtzebuerg an alles soss ronderëm den Auto

More shows like Automag

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners