Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

Automag episodes

  • Automag: Sécherheet bei Kannersëtzer, 30/10/2017
    R T L Automag
    Méindeg: 30.10.2017
    U S O :
    …an haut huelen mir äis een Ament am Automag fir d’Secherhheet bei de Klengsten. Kannersetzer sinn en Thema. 1963 koum mam Modell „Nicki“ vum Konstrukteur Storchenmühle deen éischten Kannersetz op de Marché. Deen huet natierlech évoluéiert, an de Christian Schmit wollt zesummen mam ACL, dem Automobile Club wessen wéieng divers Kanner Sëtzer dann haut ugebuede ginn, a wourop et heescht oppassen…
    T E X T :
    …an hat doweenst Rendez-vous mam Frank Maas. 1963, mir hunn et héieren deen éischte Kannersetz fir den Auto, eng aner wichteg Etapp war 1989 mam Reboard-Setz an 2001 wou den Isofix-System agefouert gouf.
    A wou stinn mir haut?
    (Cut 1…) 20sec
    E Kannersetz vun gudder Qualitéit ass ee Volet, di richteg Installatioun am Auto eng aaner?
    (Cut 2…) 25sec
    De Kannersetz am Auto ass nett nëmmen obligatoresch mee iwwerliewenswichteg fir d’Butzen, well?
    (Cut 3…) 40sec
    Wien gehéiert bis wéieen Alter an e Kannersetz?
    (Cut 4…) 25sec
    Tester hun och gewisen dass d‘Qualitéit vum Kannersetz nett onbedengt eng Affär vun Prais muss sinn. Kanner nett an adäquate Setzer fixéieren, eng absolut Irresponsabilitéit?
    (Cut 5…)
    Eng Fro déi ee sech an deem Kontext och emmer stellt, mat oder géint déi Richtung an déi ee fiirt?
    ( Cut 6…)
    Voilà an elo kann etop den Tour mat de Bebéen a klengen Debessen, je eise Léifsten mat u Bord.
    Ofso Speaker:                      An wéi gutt di eenzel Modeller bei den Tester ofgeschnidden hunn, dat kann ee beim ACL dem Automobile Club gewuer ginn…        
    3 min
  • Automag, 28/10/2017

    T E X T :
    ...an dat zu Starachowice. Hei huet een Erfahrung mat Bus a Camion. Di polnesch Marque Star huet hei bis 1999 produzéiert. Dunn huet di däitsch Marque MAN d’Ruder iwwerholl, a no a no zu engem moderne Produktiounsstanduert ausgebaut. Haut ginn ausschliisslech Bussen montéiert, mee Leit vum Fach ze fannen war nett schwéier well et historesch gesinn hei schonn ëmmer eng industriell Produktioun gouf.  
    Mir kréien eng Visite guidée mam Michel Kobringer, deen ass responsabel fir d’MAN Busproduktioun a Polen, awer och déi an der Türkei an Südafrika. Mee och wann et kulturell Ënnerscheeder an de eenzelne Länner gëtt, déi haalen hannert der Wierks Paart vun MAN op.
    Hautesdaags sinn et eng 2000 Exemplairen a 600 Niederflur Chassien déi zu Starachowice montéiert ginn, dat gëtt realiséiert mat 150 Entwecklungsingenieuren an 2350 Matarbechter. Seelen sinn et zwee di selwecht Modeller déi noeneen d’Endkontroll passéieren. Logistesch eng absolut Meeschterleeschtung, an d’Produktioun  muss getakt ginn?
    (Cut 1...) 36sec
    Bei eiser Visite krute mir op engem Tableau gewisen wou di Bussen déi d’Endkontroll passéiert hunn dann elo an den Asatz kommen. An hei kuck do deemnächst kommen och erëm bei de Lëtzebuerger Autocaristen nei MAN Stad Bussen op den Haff.  D’Chauffere kenne sech dann och gläich mat deem fuschneie Gefier familiariséieren, well et sinn ëmmerhin 1300 Kilometer vun Starachowice bis op Lëtzebuerg.
    A wou mir do sou duerch d’Produktiouns Haalen trëppelen komme mir natierlech och op Thema Sécherheet an de moderne Bussen vun haut ze schwëtzen, déi jo spéitstens bei schlëmmen Accidenter erëm Thema ginn.
    (Cut 2...)
    D’Evolutioun Bus gëtt ëmmer méi modern, och a punkto Design an Entwecklung, Stechwuert 3D?
    (Cut 3...)
    Zukunftsmusek déi mir mam 3D Brëll dann och vrun Aae gefouert kruten, mee déi nei Modeller vun MAN kann ee sech schonn vläicht op der Busworld Foire am Oktober zu Courtrai a Réalitéit ukucken...
    Ofso Speaker.                      ....a Fotoen vun der MAN Busfabrik a Polen, déi kenne mir äis op www.auto.rtl.lu ukucken.



    4 min
  • Automag: Volvo S60 Polestar, 17/10/2017
    Polestar: eigentlech e Rennteam, schaffe scho méi laang mat Volvo zesummen, hu verschidde Courseautoen fir d’Schweden entwéckelt, an hunn dunn iergendwann ugefaangen och Serienautoen e bëssen ze tunen. Viru kuerzem huet Volvo du Polestar ganz opkaaft, an dat ass elo quasi hiren Haustuner, esou wéi AMG bei Mercedes.

    An och wann ee bei Volvo net direkt u Sport denkt... an der Vergaangenheet gouf et schonn deen een oder anere sportlechen Highlight, viru Joeren huet mech de V70 R wierklech beandrockt... An d’Schweden fueren och am Moment an der Tourewon-Weltmeeschterschaft, a leien do mam Björk Thed esouguer aktuell un der Spëtzt vum Klassement. Volvo a Sport, dat ass vlàicht ongewinnt, mä näischt komplett neies.
     
    Fänke mir vir un. E sportlechen Auto muss sportlech ausgesinn!
     
    Definitiv emol opfälleg: d’Faarf vun eisem Testauto. Déi selwecht Faarf wéi de Courseauto an der Tourewon-Weltmeeschterschaft: hellblo, oder „Cyan Racing Blue“ wéi se offiziell heescht. Dann 20 Zoll Felgen, e Spoiler um Mallendeckel, also den üblechen opteschen Tuning, ouni awer z’iwwerdreiwen. Du hues virdrun de skandinaveschen Design ugeschwat, Volvo bleift och bei senge Polestar-Sportmodeller ganz stilsécher, a wiem déi hellblo Faarf zevill ass: et kritt een och méi dezent Lackéierungen.
     
    Da kucke mir ënnert de Capot. Ass do genuch „Damp“?
     
    Wanns Du mech frees: et feelt en Zylinder. Leider kee 5-Zylinder, mä och Polestar huet sech nëmme mat 4 Zylinder dierfen austoben. 2-Liter, dee klassesch getunt gouf, also Turbodrock erop, Kompressor dobäi, Nockenwellen e bësse geschärft... d’Resultat sinn 367 Päerd Leeschtung a 470 Newtonmeter Dréimoment.

    Dat misst duergoen?
     
    4.7 Sekonne vun 0 op 100... Soss... Ech wees net, op ech ufänke bornéier ze ginn, mä dat huet mech net wierklech beandrockt. Jo, kräftege Motor, virun allem mëttleren Dréizuelberäich ass genuch Power do, mä iergendwéi erwaarden ech mir vu knapp 370 Päerd nach e bësse méi. Mä den S60 Polestar weit 1750 Kilo, an do verpuffe schon emol e puer Päerd...
     
    A mierkt een dat Gewiicht och beim Fueren?
     
    Definitiv! Liicht awer offensichtlech Tendenz fir z’ennersteieren. Den S60 dréckt iwwert déi viischt Rieder. D’Fuerwierk ass optiméiert, alles e bësse méi haart a méi direkt, mä de Speck op den Hëften kritt een net ewech diskutéiert... Et giff een sech och wënschen, dass beim Allrad e bësse méi Power un déi hënenscht Rieder geet...
    Wann ech dat mat engem Audi S4 vergläichen, deen leeschtungs- a präisméisseg op engem ähnlechen Niveau läit, da kann de Sport-Volvo bal, awer net ganz mathalen.
     
    Deng Conclusioun?
     
    Bei Präisser vun 63'600 Euro fir den S60 a 65'000 Euro fir de Kombi V60, gëtt d’Loft natierlech zimlech dënn. Et ass kee schlechten Auto, mä et mierkt een einfach, dass d’Basis net méi déi jéngsten ass. Och den Intérieur ass net méi ganz zäitgeméiss, Mini-Ecran, vill haarde Plastik, et ass e Volvo vum ale Schlag... Mä et mecht definitiv Loscht op méi. Mir freeën eis schon op den nächste Polestar!

    4 min
  • Automag: Garage 11 zu Hamburg, 14/10/2017
    Kee Glaspalast, keng deier Plättercher a keng opwenneg Beliichtung – d’Garage 11 verstoppt sech am total onglamoureusen Deel Hamm zu Hamburg nierft engem Discounter an enger Tiefgarage. Et muss ee sichen fir déi zimlech verranzte Garagepaart mam klenge Schëld ze fannen. Esoubal se awer opgeet, gluckst all Youngtimer-Fan d’Häerz – de Jens Seltrecht huet hei seng Passioun zum Beruff gemaach:
    Cut 01 2017_Garage11_01Anfang 20”

    Onscheinbares wéi e VW Polo G40, Audi V8 oder BMW 3er Cabrio, exotesches wéi Studebaker Avanti, Honda Beat oder Ghia 230 s oder ëmmer nees gesichte Klassiker wéi Käfer Cabrio, Porsche 911 oder Volvo Schneewittchensarg – de Jens Seltrecht huet alles do. Dobäi fiert heen ëmmer no engem Critère:
    Cut 02 2017_Garage11_03Einkaufskriterium 27”

    Deemno spillt also ganz vill Häerz a Bauchgefill mat – heiansdo deet et him dann och déck wann en en Auto ewechginn huet.
    Cut 03 2017_Garage11_04Selbstbehalten 30”
     
    Wann een esou duerch Hamburg fiert, begéint een nawell dacks méi oder manner al an historesch Gefierer – d’Clientèle vun der Garage 11 kënnt trotzdem vun e bësse méi wäit hir, esouguer e Lëtzebuerger hat beim Jens Seltrecht schonn emol säi Gléck fonnt.
    Cut 04 2017_Garage11_07Kundschaft ca 30”

    Fir d’Garage 11 définéiert sech e Klassiker iwwert e puer Elementer; Design, Charakter, Motor, – kuerz: eng Identitéit mussen se hunn. Esou kënnt et vir dat och emol méi nei Modeller wéi Audi TT oder Renault Avantime de Wee op Hamm fannen. Allerdéngs ginn déi aktuell Autoen ëmmer méi verwiesselbar, gläiche sech wéi een Ee deem aneren – geet engem do d’Wuer fläit geschwënn aus?
    Cut 05 2017_Garage11_08ZukunftAutos&Kunden 37”

    All deenen aneren déi nach e Minimum vu Bensinn am Blutt hunn sief e Besuch beim Jens Seltrecht recommandéiert, och wann déi stramm Präisser een nees séier op de Buedem zeréckhuelen. Mee dreeme kann ee jo ëmmer.

    OFSO:A fir de Virwëtz endlech ze stoppen kënnt der entweder op www.garage-11.de laanschtsurfen oder op auto.rtl.lu dem Paul séng Fotogallerie ukucken.

    4 min
  • Automag, 10/10/2017
    An haut soe mer enger weiderer Traditiounsmark äddi – Lancia ass nämlech vum lëtzebuerger Marché verschwonn – Zäit fir e klenge Réckbléck.

    Paul et war esouzesoen ee schläichenden Dout?

    Jo, absolut. Et ass mer besonnesch emmer dann opgefall wann ech um Festivalsdossier geschafft hunn – bei Lancia huet sech dann d’Fro nees gestallt: kritt den eenzege Modell Ypsilon säin xte Facelift oder ass et elo eriwwer? Och bei FCA, dem Mammenhaus Fiat Chrysler gouf sech net grouss iwwert d’Zukunft vu Lancia geäußert, och emol net wéi et elo geheescht huet: et ass fäerdeg.

    Wierklech traureg well Lancia ass jo awer eng Marque mat Geschicht!

    Genee, an eng Marque déi jidderee kennt. Mee zu Lëtzebuerg ass d’Communautéit relativ kleng, op jidde Fall halen sech d’Lancia-Fans zeréck. Et gëtt kee Club a bei Oldtimerevents trëfft een heiansdo mol eng Fulvia oder en Delta Integrale – dat war et. Ech hunn trotzdem e begeeschterte Lancia-Fuerer fonnt – den Oli Marin ass scho vu Kandhem un e grousse Fan a sot mer och firwat:

    Cut 01 (2017_RIPLancia_01FirwatLancia) 50”

    Am Fong keng immens al Autosmark?
    Bon, emmerhinn gouf Lancia schonn 1906 gegrënnt an zwar vum Vincenzo Lancia, dee wéi vill aner bedaitend italienesch Autobauer, sief et d’Gebridder Maserati oder den Enzo Ferrari bei Fiat geschafft hunn. Fiat huet dann 1969 Lancia iwwerholl.

    Mee bis dohinner hate si immens vill technesch Innovatioune bruecht!
    Jo, an dat weess haut kaum een. Zum Beispill koum mam Theta 1905 deen éischten Auto mat serieméisseg engem kompletten elektresche System eraus, 1923 am Lancia Lambda déi éischt selwerdroend Karosserie an d’Eeenzelradophänk vir, 1948 déi éischt 5-Gang-Boîte am Ardea an och bei de Motore war Lancia dacks Pionéier – 1950 koum deen éischte V6 am Aurelia an och e ganz spezielle 4-Zylinder hate si erfonnt.

    Cut 02 (2017_RIPLancia_02Typesch) 21”

    Jo, d’Technik stoung emmer am Virgrond an dat huet nun eben och säi Präis.

    Cut 03 (2017_RIPLancia_02bPräis) 24”

    Obwuel et jo och Zäite gouf wou si vill Sue verdéngt hunn, zum Beispill am Rallyesport!
    Genee, an dat ass déi Associatioun déi wahrscheinlech am meeschte gemaacht gëtt. Seet ee Lancia, da falen engem direkt Fulvia, Stratos an Delta Integrale an. Déi 2 läscht hunn dann och am ganzen 9 mol Lancia den Titel vum Champion bei de Constructeuren abruecht. A vill bekannte Rallyechauffeuren souzen hannert dem Steier, Juha Kankkunen, Miki Biasion, Didier Auriol, Walter Röhrl, Henri Toivonen – all si a vill aner stounge mat Lancia um Podium.

    An dat huet hinnen eng grouss Fangemeinschaft abruecht!
    Enorm, et brauch ee just ze nozesichen wat déi Autoen haut gehandelt ginn. Mee d’Fans goufen och dacks widdert de Kapp gestouss. D’Iwwernahm vu Fiat war zum Beispill net jidderengem sénges. Och Marketingstrategien wéi den Tipo 4, de Gemeinschaftsprojet mat Saab, Fiat an Alfa wou de Lancia Thema gebuer gouf, hat mat der eigentlecher Philosophie vu Lancia net méi vill um Hutt. Och déi nei Generatioune vum Delta konnten d’Fans net begeeschteren. Nodeems déi hypermodern Luxuslimousine Thesis mat sénger immens deirer Entwécklung d’Keesen eidelgemaach hat koum mam Kaf vu Chrysler duerch Fiat den Ufank vum Schluss. Voyager, 300M a Sebring kruten op emol de Lancia-Logo opgepecht – dat war den totalen No-Go.

    Cut 04 (2017_RIPLancia_05Présent&Zukunft) 25”

    D’Hoffnung stierwt jo als läscht – esou huet sech an Italien eng onofhängeg Grupp vun Enthousiasten zesummegedoen a “SaveLancia” gegrënnt; hei gëtt och scho vun engem Delta-Nofolger gemunkelt – ween dem Italienesche mächteg ass, dee ka gär mol op www.savelancia.it laanschtsurfen.

    6 min
  • Automag: Made In China, 09/10/2017
    ...Chery Motors, Great Wall, Borgward, a Wey aus China, en plus nach Thunder Power vun Hongkong, jo um 57. Autosalon zu Frankfurt waren di chinesesch Autokonstrukteure présent. Dat mat ganz interessante Modeller, nett nëmmen wéinst dem Präis Schëld.
    Vläicht well grad méi Plaz disponibel war, traditionell Marquen ofgesot hunn, konnt Thunder Power sech beispillsweis nieft dem Stand vun Maserati a Ferrari presentéieren. Nett wéi virun e puer Joer um 1. Stack bei den diversen Zouliwwerer vun der Autoindustrie.
    De Know How kennt aus Europa, bekannt an talentéiert Entwécklungs Ingenieuren goufen engagéiert, esou och den Däitschen  Markus Leder dee mir bei Thunder Power begéinen, deen eis verréit wou sech chinesesch Modeller kenne positionéieren?
    (Cut 1...) 29sec
    Thunder Power, en Elektroauto Konstrukteur, dee mat sengem éischte Modell grad di lescht Testronnen an Europa dréint. An elo schonn eng Autonomie versprécht vun där d’Europäer just dreeme kennen.
    Grad bei der Entwécklung vun Elektro Autoen sinn d’Chinesen äis e Schrëtt viraus. Vun do kommen jo och ëmmer méi Restriktiounen wat de Verbrennungsmotor, an d’Unzuel un Elektroautoen am Stroosseverkéier betreffen. Elektromobilitéit deemno nett méi opzehalen?
    (Cut 2...) 25sec
    Respekt fir d’Qualitéit bei den ausgestallte Modellen aus China. An och a punkto Design muss ee sech nett méi verstoppen. Zäiten vum Knäipen, an der 1:1 Kopie sinn och souwäit erduerch.
    D’Welt ass dach kleng, well bei d’Chery Motors konnte mir “lëtzebuergesch” schwëtzen. Dat mam Sergio Loureiro vun Déifferdeng, deen elo zënter 5 Joer zu Shanghai als Intérieur Designer fir de gréissten Exportateur vun chineseschen Autoen schafft.
    Mat den SUV  Modeller Tiggo, Exeed, an engem Showcar waren si zu Frankfurt op d’IAA gereest. Eegestänneg Modeller mat Downsizing Moteuren.
    (Cut 3...)
    “Actually not for sale in Europe”, war nach bei verschiddenen ze liesen. De Sergio Loureiro verzielt äis dass hir Modellen schonn am Iran, Egypten, oder Jordanien verkaf ginn. Mee den Accès an Europa ass méi schwiereg?
    (Cut 4...)  
    Interessant an deem Kontext den innovative Wee vun Borgward. Déi hunn elo hir Modeller dem Rent a Car SIXT ugebueden, an den Entretien der däitscher Entreprise ATU. Sou wieren d’Ween op der Strooss an et bräicht een direkt mol kee Showroom a Garage...
    E Lëtzebuerger a China aktiv an der Automobilindustrie, e Sujet op dee mir deemnächst am Automag zréck kommen.
    4 min

About Automag

From the publisher's feed

Autonews, Autotester, nei Modeller zu Lëtzebuerg an alles soss ronderëm den Auto

More shows like Automag

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners