Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

Automag episodes

  • Automag, 01/01/2018
    Paul, da kucke mer nees an d’Glaskugel – déi ass bestëmmt erem gutt gefëllt!
    Domat läis de richteg, allerdéngs muss ech schonn direkt soen dat ech elo och keen Hellseher sinn, mee mech op dat baséieren wat mer gesot kréien respektiv wat ech esou dorëmmer liesen. Mee emmerhinn sinn de gréissten Deel vun de Pronostique vum läschte Joer tatsächlech Realitéit ginn.

    Wéi gesäit et da bei de grousse Marquen aus, ech huelen un, do passéiert am meeschten?
    Dat huelen ech un wëll bei verschiddene wéi VW an och Audi war et 2017 zimlech roueg. Dofir ass awer nächst Joer beim Volkswagen-Groupe méi lass. Zum Beispill Audi, déi elo endlech nodeems BMW 5er a Mercedes E-Klass presentéiert sinn, den neien A6 virstellen. Op der anerer Säit soll och een neien A1 kommen, an zwar op der neier Polo-Plattform. SUVginn et natirlech och masseg, esou den neie Q3 an eventuell ee Q8, esouzesoen eng Coupé-arteg Versioun vum Q7. VW feiert mam Polo SUV T-Cross Première am Boom-Segment vu Seat Arona a Co. Da soll endlech deen neien Touareg kommen, dotëscht placéiert sech nach den Tiguan Coupé. Och BMW setzt voll op SUV; den X4 gëtt gelift, den X7 war fir den US-Marché geduecht a kënnt fläit och bei eis, den X5 soll och ofgeléist ginn an anengems e puer Kiloen ofspecken. Zum Gléck vergësst BMW séng Genen net a présentéiert deen neie Roadster Z4 aus der Cooperatioun mat Toyota an den neien 3er ass och drop an drun. Kloer dat Mercedes net pennt: déi nei A-Klass a B-Klass sollen 2018 um Start sinn, genee wéi deen éischte rengen Elektroauto aus der EQ-Serie deen endlech soll gewise ginn.

    Ech gesinn, SUV sinn nach emmer an der Moud!
    An dat hëllt net of; Ford plangt zum Beispill op Basis vum nächste Focus och een SUV deen dann den C-Max ofléise soll, bei Hyundai wëlle se zesumme mam neie Santa Fe bis 2020 am ganzen 3 nei Offroader lancéieren. Mitsubishi, Jaguar a Hyundai hunn esouguer SUV mat Elektroundriw an der Pipeline déi mindestens 300 km Autonomie verspriechen. Bei Citroën ass nach net secher op den C5 en Nofolger kritt, dofir kënnt awer een C5 Aircross, esouzesoen de brave Pendant zum DS7 Crossback. Bleiwe mer bei PSA: Peugeot start bei deene klengen mam 1008, Seat bréngt de grousse Brudder vum Ateca eraus a Rolls Royce soll mat hirem Bentley-Bentayga-Konkurrent all Moosse sprengen.

    Da komm mer schrauwe mol erem e bessen zeréck; Stéchwuert Autoen déi Spaass maachen, op wat frees du dech do?
    Ma do soll bei Toyota een neie Supra kommen, an zwar gouf deen zesumme mat BMW entwéckelt wat jo Fuerspaass versprécht. Dann fir de bësse méi décke Portmonni kënnt deen neie Porsche 911 deen e Stéck gewuess ass. Bei Honda gëtt gemunkelt dat een neien S2000 soll an der Maach sinn an anengems och eng Roadsterversioun vum NSX kënnt. An e Sportswon fir 4 respektiv ee Panamera-Konkurrent wëll Mercedes mam AMG GT4 bréngen. Bon an natirlech freen ech mech op schéin Autoen déi dacks aus Italie kommen; zum Beispill ass eng nei Alfa Giulietta esou eppes vun iwwerfälleg, en plus soll deen nees hannegedriwwe sinn, also Fuerspaass garantéiert. Maserati kënnegt den Alfieri als Coupé a Roadster un a wëll de Jaguar F-Type fäerten doen. Awer och Mazda kë schéin Autoe bauen, de KAI Concept huet eis jo scho gewisen wéi deen nächste Mazda 3 kéint ausgesinn. An entretemps kommen och Schéinheeten aus Schweden; Volvo kënnegt den Nofolger vum S60/V60 un - op éischten Zeechnungen gesäit dee scho ganz villverspriechend aus.

    Bis dohinner kënne mer jo mol déi Autoe kucke goen déi secher bei eis kommen an zwar um Festival!
    Genee, an dozou wäert ech an 3 Wochen eise Festivalsdossier op auto.rtl.lu virstellen, do kritt een dann all Info déi ee brauch.

    5 min
  • Automag, 30/12/2017
    Paul, da kucke mer nees an d’Glaskugel – déi ass bestëmmt erem gutt gefëllt!
    Domat läis de richteg, allerdéngs muss ech schonn direkt soen dat ech elo och keen Hellseher sinn, mee mech op dat baséieren wat mer gesot kréien respektiv wat ech esou dorëmmer liesen. Mee emmerhinn sinn de gréissten Deel vun de Pronostique vum läschte Joer tatsächlech Realitéit ginn.

    Wéi gesäit et da bei de grousse Marquen aus, ech huelen un, do passéiert am meeschten?
    Dat huelen ech un wëll bei verschiddene wéi VW an och Audi war et 2017 zimlech roueg. Dofir ass awer nächst Joer beim Volkswagen-Groupe méi lass. Zum Beispill Audi, déi elo endlech nodeems BMW 5er a Mercedes E-Klass presentéiert sinn, den neien A6 virstellen. Op der anerer Säit soll och een neien A1 kommen, an zwar op der neier Polo-Plattform. SUVginn et natirlech och masseg, esou den neie Q3 an eventuell ee Q8, esouzesoen eng Coupé-arteg Versioun vum Q7. VW feiert mam Polo SUV T-Cross Première am Boom-Segment vu Seat Arona a Co. Da soll endlech deen neien Touareg kommen, dotëscht placéiert sech nach den Tiguan Coupé. Och BMW setzt voll op SUV; den X4 gëtt gelift, den X7 war fir den US-Marché geduecht a kënnt fläit och bei eis, den X5 soll och ofgeléist ginn an anengems e puer Kiloen ofspecken. Zum Gléck vergësst BMW séng Genen net a présentéiert deen neie Roadster Z4 aus der Cooperatioun mat Toyota an den neien 3er ass och drop an drun. Kloer dat Mercedes net pennt: déi nei A-Klass a B-Klass sollen 2018 um Start sinn, genee wéi deen éischte rengen Elektroauto aus der EQ-Serie deen endlech soll gewise ginn.

    Ech gesinn, SUV sinn nach emmer an der Moud!
    An dat hëllt net of; Ford plangt zum Beispill op Basis vum nächste Focus och een SUV deen dann den C-Max ofléise soll, bei Hyundai wëlle se zesumme mam neie Santa Fe bis 2020 am ganzen 3 nei Offroader lancéieren. Mitsubishi, Jaguar a Hyundai hunn esouguer SUV mat Elektroundriw an der Pipeline déi mindestens 300 km Autonomie verspriechen. Bei Citroën ass nach net secher op den C5 en Nofolger kritt, dofir kënnt awer een C5 Aircross, esouzesoen de brave Pendant zum DS7 Crossback. Bleiwe mer bei PSA: Peugeot start bei deene klengen mam 1008, Seat bréngt de grousse Brudder vum Ateca eraus a Rolls Royce soll mat hirem Bentley-Bentayga-Konkurrent all Moosse sprengen.

    Da komm mer schrauwe mol erem e bessen zeréck; Stéchwuert Autoen déi Spaass maachen, op wat frees du dech do?
    Ma do soll bei Toyota een neie Supra kommen, an zwar gouf deen zesumme mat BMW entwéckelt wat jo Fuerspaass versprécht. Dann fir de bësse méi décke Portmonni kënnt deen neie Porsche 911 deen e Stéck gewuess ass. Bei Honda gëtt gemunkelt dat een neien S2000 soll an der Maach sinn an anengems och eng Roadsterversioun vum NSX kënnt. An e Sportswon fir 4 respektiv ee Panamera-Konkurrent wëll Mercedes mam AMG GT4 bréngen. Bon an natirlech freen ech mech op schéin Autoen déi dacks aus Italie kommen; zum Beispill ass eng nei Alfa Giulietta esou eppes vun iwwerfälleg, en plus soll deen nees hannegedriwwe sinn, also Fuerspaass garantéiert. Maserati kënnegt den Alfieri als Coupé a Roadster un a wëll de Jaguar F-Type fäerten doen. Awer och Mazda kë schéin Autoe bauen, de KAI Concept huet eis jo scho gewisen wéi deen nächste Mazda 3 kéint ausgesinn. An entretemps kommen och Schéinheeten aus Schweden; Volvo kënnegt den Nofolger vum S60/V60 un - op éischten Zeechnungen gesäit dee scho ganz villverspriechend aus.

    Bis dohinner kënne mer jo mol déi Autoe kucke goen déi secher bei eis kommen an zwar um Festival!
    Genee, an dozou wäert ech an 3 Wochen eise Festivalsdossier op auto.rtl.lu virstellen, do kritt een dann all Info déi ee brauch.

    5 min
  • Automag, 19/12/2017
    Paul, et ass bestëmmt schwéier vun engem Bestseller d’Nofolleg unzetrieden?
    Op jidde Fall, an dat no weltweit méi wéi 750.000 verkaften Exemplairen an domat deem erfollegräichste Volvo vun der Welt. Kee Wonner dat déi éischt Generatioun vum XC60 bal 9 Joer um Marché war.

    Et kéint ee bal mengen dat Volvo sech net getraut huet, een Nofolger ze bauen?
    Et koum scho bal esou riwwer. Mee si konnte jo mam grousse Brudder XC90 schonn emol taaschten ob deen neie Volvo-Design gutt ukënnt an deen huet jo bekanntlech ageschloe wéi eng Bomm. An esou geet et och dem neien XC60 wëll Volvo huet tatsächlech de Moment eng glécklech Hand; hire Vertrieder an der kompakter Premium-SUV-Klass ass nees e richtege Beau; gutt proportionéiert, typesche Volvo-Design mam Grill an de Luuchte mat Dages-LED an T-Form an och vun hannen scho vu wäitem ze erkennen mat der bekannter Taille an de Luuchten déi bis an den Daach wuessen. Dat ganzt ass sober, edel – je einfach gelong.

    Ech huelen un, beim Intérieur geet et esou virun?
    Absolut; hei gesäit den XC60 fir mech nach besser an nach méi edel aus wéi de groussen 90er – Den Design strahlt eng immens Klass aus, dozou Holz wat sech wéi Holz ufillt, alles wéi aus dem Volle gefräst a fir d’Éiwegkeet gebaut – am Fong esou wéi fréiher. D’Knäppercher huet Volvo wéi bei deenen anere Modeller drastesch reduzéiert a steiert elo alles iwwert dee groussen Touchscreen am Héichformat. Dee stellt alles messerscharf an héich opgeléist duer, allerdéngs ass d’Bedéngen net optimal. Dacks hunn ech missen a komesch verschachtelten Ennermenue sichen fir eppes ze fannen. Zum Beispill hunn ech den automatesche Wischer réischt de läschten Dag aktivéiert kritt, de Compteur op 0 setzen huet sensationnell 15 Minutte gebraucht. Ausserdem hunn ech verschidde Lidder op méngem USB-Stick einfach net eremfonnt. Dofir kann een awer den Ofstandstempomat ofschalten an den Design vun den Instrumenter op säi Gusto astellen. Typesch Volvo a gemaach fir vill stressfräi Kilometer sinn déi exzellent Sëtzer déi bequem sinn an trotzdem gudde Säitenhalt bidden. Mat der neier Plattform gewënnt de Banneraum dann och u Plaz. Idem fir d’Mall, leider muss een SUV-typesch alles méi héich hiewen.

    Also éischter op Confort a Wellness ausgeluecht?
    Absolut, Rouh, Sëcherheet a Gebuergenheet – dat ass de Credo vum XC60. Besonnesch elo mat der Loftfiederung déi zwar nach straff awer vill méi confortabel schlecht Stroosse meeschtert an op Knappdrock an zackege Kéieren awer d’Fassong net verléiert. E klenge Bemol ass d’Motoregeräich vum 4-Zylinder-Diesel an eiser Testversioun D4 – se hu en zwar gutt no bannen ewechgedämmt, mee bausse rabbelt dat nawell ziemlech net-Premium-like. Op dëser Plaz kräischen ech dann awer dem gudden ale 5-Zylinder no. U Leeschtung feelt et dofir net, 190 PS a 400 Nm huelen se aus dem 2-Liter an domat ginn déi 2 Tonne richteg gutt virun. Och d’8-Gang Automatik huet hire Match gutt gemaach, heiansdo hat se awer Krämpes déi richteg Zännrieder ze fannen wat se dann mat Ruckele quittéiert huet. Och huet enner Vollascht bei Asaz vum Allrad den Auto relativ staark vibréiert. An, vill Gewiicht an en héighe Gabarit, dat brauch Sprit; 8,2 Liter hat ech no 750 Testkilometer an der Moyenne. Dat ass net nëmme Liichtjoere vun der Wierksdonnée ewech, mee och net vill manner wéi de gudden ale 5-Zylinder.

    Ech denken dat hënnert Volvo awer net drun mam neien XC60 erem vill Suen ze verdéngen?
    Nee, ech denken net, trotz deene klenge Schwächten. 46.000 Euro si minimum fir den D4 fälleg, verglach mat BMW a Mercedes ass den XC60 dann esouguer nach gënschteg. Mat Automatik an e puer flotten Optiounen sinn déi 60.000 dann och net méi wäit. Mee wéi gesot, ze stéiere schéngt dat net, zenter séngem Lancement verkeeft sech den XC60 wéi verréckt.

    An dem Paul séng Fotoe grad ewéi d’Präisser vum neie Volvo XC60 ginn et natirlech och, ze fannen op auto.rtl.lu

    5 min
  • Automag: Renault Captur, 18/12/2017
    Waat beim Mënsch d'Midlife-Crisis ass, ass am Automobil Secteur de Facelift. A genee esou een huet Renault dem Captur spendéiert. Den Akim Schmit aus der Automag Equipe ass dofir bei mir am Studio. An du hues der ugekuckt waat bei deem klenge Fransous changéiert huet...

    - 2013 um Autosalon ze Genf virgestallt ginn
    - domat schon 4,5 Joer an eng sëllegen Kilometer um Bockel
    - iwwerleets -> wivill Autoen am Automag zënterhir!
    - effektiv Zäit fir e Facelift ginn

    Zemools well d'Konkurrenz bei de klengen SUVen net schléift

    - hir de Captur eraus koum: baal aleng am Segment vu klengen bëllegen SUV
    - haut vill Konkurrenz: Peugeot 2008, Opel Crossland X, Skoda Karoq
      oder Audi Q2
    - si Marken derbai déi fir hir Qualitéit a Finitioun bekannt sin
    - war e Kritikpunkt beim Captur

    Du betouns de war: Deemno hunn d'Fransousen an deem Domaine beim zweeten Ulaf vill besser gemaach...!?


    - baussen: erkenns de Facelift just wanns de Captur fiers
    - minimal Changementer un der viischter Calande
    - Réckluchten neien Design & nei Faarwen am Programm
    - bannendran iwwerrascht de Captur -> nei Materialien & besser Finitioun
    - Steierrad lait méi grëffeg an der Hand
    - Sëtzer bidde méi Säitenhalt wéi virdrun

    Dat alleng ass awer bestëmmt nach kee Grond fir vum alen op deen neie Captur ze wiesselen...

    - ech probéieren mat neien Optiounen ze iwwerzeegen
    - zum engen net just Xenon mee LED Luuchten  
    - Navigatiouns-System mat ubannung un en online Appstore
    - d'Apark-Automatik - (selwer nach bei kengem Testauto profitéiert)

    Bon, ok... Wat erwaart eis dann ënnert dem Capot?

    - bei de Motoren naischt geännert
    - weiderhin Choix: 2 Diesel 90, 110 Päerd / 2  Bensinner 90, 118 Päerd
    - Testauto 118 Päerd Besinner a Kombinatioun mat Automatik

    A wéi fiert sech de Captur an der Praxis?

    - Leeschtung geet fir e klengen SUV gutt duer
    - Motor héiers de, hällt sech awer am Hannergrond
    - Zwou Saachen  nët gefall:
    - Automatik Boîte, ruppesch erop an erof schalt (besser selwer ze schalten)
    - Bremsen nët gutt doséieren (laang kënnt naischt, dann hänks de am Gurt)

    De Renault Captur huet bis elo e gemëschten Androck hannerlooss...

    - Captur ass net de beschten Auto dee Renault an der Gamme huet
    - bis elo beléift well et u Konkurrenz bei Mini-SUV gefehlt huet
    - d'Konkurrenz ass awer elo do, elo muss e sech beweisen

    An dat kéint en och iwwert de Präis. Wéi gesäit et dann am Käschte-Kapitel aus?

    - och hei de berühmte "vu bis"
    - lass geet et bei 16.000 Euro
    - eisen Testauto aus der Gamme "Intens" 23.600 Euro an der Lëscht
    - héchste Gamme "Initiale Paris" lait bei knapp 26.000 Euro
    - an da muss de dech mam ukraize bei den Optiounen am Grëff hun...

    Fotoen op auto.rtl.lu


    3 min
  • Automag, 12/12/2017
    ..jo war bis an den Doktesch Zenter op Réiden. Do war d’Salle d’attente gutt gefëllt. Houscht a Schnapp doheem an der Famill, oder de Grippe Virus deen sech op der Schaff breet mécht. Momentan ass dat bei där Météo kee Wonner.
    An dann awer hannert de Volant? Wat mengt den Dokter? Mir hunn e gefrot, den Dr Spassimir Ivanov?
    (Cut 1...) 35 sec

    Verschidde Medikamenter kennen deemno midd a schléifereg maachen, d’Siicht aschränken, oder Schwindel provozéieren.
    Jo woubäi et och Ënnerscheeder an de Reaktioune ginn, je no Alter oder Gewiicht. Medikamenter kennen och deelweis di selwecht Konzentratiouns a Reaktiouns Lacunen opweisen wéi Alkohol um Steier. Beispillsweis Antdepressiva, Antiepileptika, Berouegungsmëttel oder natierlech Schlofpëllen.
    An den Dokter ass och gehalen drop opmierksam ze maachen fir bei bestëmme Medikamenter den Auto stoen ze loossen an sech féieren ze loossen?
    (Cut 2...)

    Grad elo am Wanter wou Deeg kuerz, gro kal a naass sinn, dréckt dat op Moral. Also och heifir mol séier e Mëttelchen ageholl. Mee den Dokter warnt ?
    (Cut 3...)

    So a wéi ass et dann mat de Berufschaufferen aus?
    Jo do gesäit d’Saach dann nach e bësschen anescht aus. Den Dokter Spassimir Ivanov...
    (Cut 4...)

    Grondsätzlech kéint ee soen dass wann Optik, Motorik, an den zentrale Nervesystem nett optimal zesumme schaffen, klemmt de Risiko vun engem Accident.
    Bei enger Narkose muss op Auto fueren während 24 Stonnen verzicht ginn, och wann et eng ambulant Behandlung war?
    (Cut 3...) 30sec...

    A wéi heescht et jo ëmmer esou schéin “Liest d’Packungs Bäilag oder frot ären Dokter oder Apdikter em Rot”


    5 min
  • Automag, 05/12/2017
    Paul, wann ech mer den Honda Type R esou ukucken – diskret ass tatsächlech anescht!
    Ah sou? Nee, kloer, beim Type R muss de net wéi bei engem Seat Leon Cupra oder bei engem VW Golf R an d’gro Kaart kucke goen fir erauszefannen dat et d’Topmotorisatioun ass – beim Civic zelebréiert Honda dat carrément an dat a Form vun opfällege Spoilerjupen, Säiteschweller, 20-Zoll-Rieder mat roude Bremssiedel, enger Lofthutz um Capot, verbreete Schutzblecher, 3 zentral Auspuffréier, Finnen um Dag an als Kréinung enger riiseger Théik um Mallendeckel. An ech muss soen, ech fannen dat och nach cool, et ass eben esou typesch Type R. Just déi typesch Honda-Community, déi wäerten e bessen enttäuscht sinn, well ze tunen gëtt et tatsächlech net méi vill.

    Alles nëmme Show oder huet dee ganzen opteschen Opwand och säin Zweck?

    Nee, natirlech spillen Aerodynamik, Stroosselaach an déi richteg Killung schonn eng grouss Roll. Mee den Type R follegt natirlech och der Traditioun vum Virgänger. Déi éischt 2 ware jo bësse méi brav bis deen éischte mam Turbomotor an der entspriechender Optik koum.

    An déi gëtt bannendran virugefouert?

    Natirlech. Knallrout Schuelesëtzer déi der wéi eng zweet Haut sëtzen, rout Applikatioune mat Karbon iwwerall an deen typesche sëlwer Schaltknauf aus Metall, dat muss natirlech sinn. Soss bleift et den typesche Civic mat 5 Dieren an och genuch Plaz fir Famill a Kanner – Pappen oder fläit och Mamme mat sportlechen Ambitiounen opgepasst – hei kënnt ären Auto!

    Wann hinnen d’Optik gefällt, wëll déi polariséiert jo awer bestëmmt – hält de Civic Type R beim Fueren dann och dat wat e vu bausse versprécht?
    Absolut. Fir d’éischt emol de Motor: 320 PS a 400 Nm aus engem 2-Liter 4-Zylinder. An Honda huet déi Kombinatioun Turbo- an héich Dréihzuelen richteg gutt hikritt. Du hues d’Gefill, en zitt direkt vum Ralenti un an entwéckelt dann een onheemleche Schub dee just am Rupteur bei 7000 Touren noléisst. An dat vu Gang zu Gang, natirlech e Kannerspill mat der extrem knackeger a kuerzer Schaltung. Déi elo beim Zeréckschalten och nach automatesch Tëschegas gett an esou emmer de perfekten Uschloss mecht – REV-Matching am Jargon. Dobäi kléngt de Motor net kënschtlech gepimpt mee esou wéi wann en es einfach net genuch ka kréien, eben typesch Honda.

    E staarke Motor aleng geet natirlech net duer!
    Kloer, fir mech hu se dat zweet Konschtstéck bei der Stroosselaach fäerdegbruecht. Den Type R läit wéi dat berühmte Briet op der Strooss. Mat denen elo adaptiven Amortisseuren léisst sech dozou nach alles e Krack méi stramm astellen esou dat’s de an de Kéiere mengs, du wiers nach Kilometerwäit vun der Limite ewech. En dréckt héchstens mol iwwert déi viischt Rieder, leet sech soss emmer saat a gutt équilibréiert an d’Kéier eran – am +R-Modus léisst en esouguer e liichten Drift zou. An dobäi halen d’Sportsetzer dech fest wéi an engem Schraufstack. Als Kiischt um Kuch dann och eng Steierung déi 1 zu 1 d’Strooss eremgëtt ouni zappeleg oder nervös ze sinn – et war scho bal eng Drog, ech konnt net dervu lossen fir all Dag eng Spaassronn ze dréinen. Just huet de Péitrus et net esou gutt gemengt a krut während ménger Testwoch net emol d’Schlaisen zou. Op drëchener Strooss kommen déi zwee viischt Rieder schonn dacks un d’Schweessen, am naassen ass Vollgas op d’mannst bis de 4. Gang absolut tabu. Dofir hunn d’Conti Sportcontact an de Kéieren awer nach emmer optimal Pattex-Eeegeschafte bewisen. Trotz dem Fait dat eisen Testauto wahrscheinlech op enger Rennstreck schonn e besse Gummi geloss hat an deementspriechend Bremsen a Pneue scho matgeholl waren. An Honda Belsch kennt wuel d’Gesetzer zu Lëtzebuerg nach emmer net, soss géingen se am November net nach Testween mat Summerpneuen erausginn.

    Mee soss duerch an duerch e positiven Androck deen’s de eis matbruecht hues?

    Kann ee soen, och am Alldag huet den Type R net genervt; eng Comfort-Astellung erlabt esouguer eng relativ bequem Fiederung an d’Sportsetzer sinn un de Säiten extra ausgeschnidden fir relax eran- an erauszeklammen. An och soss hat eis Topversioun GT alles wat soss bei der Konkurrenz deier Oppräis kascht. Just de Geräischpegel bei 140 kann op laange Strecken nerven grad wéi dee Witz vun Tank mat nëmme 44 Liter Volume. Déi 10 Liter Testverbrauch ware bei méngem Fuerstil zwar ganz ok, trotzdem hat ech d’Gefill dauernd op der Tankstell ze stoen. An eisen Testauto huet leider och schonn e besse bannenan gerabbelt.

    Du giffs der en trotzdem kafen?
    Losse mer soen, wéi ech en ofginn hunn, jo, do hat ech schonn eng kleng Tréinchen am A. 36.200 Euro kascht den Type R, als komplett équipéierte GT läit e bei 39.000. Ausser dem Leon Cupra bitt keen esouvill Leeschtung zu esou engem faire Präis.

    An dem Paul séng Fotogallerie grad ewéi och d’Präisser vum neien Honda Civic Type R fannt der op auto.rtl.lu
    5 min
  • Automag: Renault Koleos, 04/12/2017
    Paul, ieren ass menschlech a passéiert anschéngend och dir!Majo, hat ech nach viru genee 2 Joer behapt, de Renault Kadjar géing de Koleos ofléisen - abee elo gouf ech eppes besserem beléiert wéi Renault awer nees de Koleos ugekennegt huet.

    Deen huet awer net vill mam Virgänger ze dinn?Nee, am Fong guer näischt - hat Renault sech do nach bei sénger koreanescher Duechterfirma Samsung zervéiert, esou huet deen neie Koleos éischter Nissan-Genen, fir genee ze sinn déi vum X-Trail.

    Wat ee vu baussen net mierkt?Nee, guer net. De Koleos gesäit 1zu1 aus wéi den Talisman Grandtour, just alles eng Etage méi héich an eng Mooss méi grouss. Nierft typeschem Renault-Design krut de Koleos 2 virun allem e puer cm méi spendéiert. A konkreten Zuele sinn dat emmerhinn 15 cm méi an der Längt dofir awer 1 cm manner an der Breet. An dovunner profitéiere virun allem d'Passagéier an der Reih 2. Been- a Kappfräiheet si scho bal luxuriéis, virun allem op deene chice Setzer vum Initiale Paris léisst et sech gutt aushalen. Wat se awer vergiess hunn, an dat ass wahrscheinlech de Problem vun der Nissan-Plattform; grouss Jonge wéi ech fannen am Koleos keng gutt Setzpositioun. Hei feelen einfach 10 cm Verstellberäich. Ausserdem ass d'Setzgefill ongewéinlech déif an d'Iwwersiicht och nef SUV-like; den Tableau, deen ech iwweregens och net immens flott fannen, baut immens héich. Gutt ennerbruecht ass dann erem d'Gepäck - 565 Liter, domat kennt d'Vakanzecharge gutt ennerdaach.

    Vill Nissan am Renault Koleos - bei de Motoren ass et wahrscheinlech net anescht?Bon, den Diesel aus eisem Testauto, den 2 Liter mat 175 PS mecht den Tour duerch bal all Modellreihen - am Koleos géing ech soen ass et de Minimum! Emmerhinn gellt et 1700 Kiloen ze beweegen an domat huet dee relativ neelege 4 Zylinder genuch ze dinn. Bon, ech hat mech wierklech net op e Freedefeier u Fuerspaas agestallt, mee der Gees den Hutt of deet déi stufenlos Automatik - déi och bei Nissan agesaten X-Tronic ass fläit confortabel, mee soss fannen ech keng Argumenter dofir. Zackeg enzwousch erausfueren oder viif teschebeschleunegen - vergiess et. Bis d'X-Tronic sech décidéiert huet, kanns de relax nach e Kaffi schlürfen, an zwar ee groussen. Och de Verbrauch ass keng Bäschtleeschtung, éischter 10 wéi 9 Liter rauschen duerch. Wäit ewech vu 5,9 Liter Wierksdonnée. Wat de Koleos kann, dat ass konfortabel fiederen wat besonnesch op laange Strecke gutt deet. Graff Lächer ginn awer e bessen trampeleg verschafft, nees eng kleng Erennerung un d'Nissan-Basis. Typesch Renault ass dann erem den Infotainment; e besse verstoppte Menuen, den Touchscreen deen net gutt réagéiert an d'Sproochsteierung déi mech net gutt versteet, do gett et nach Saache besser ze maan.

    Da bleift nach d'Rechnung ze maan!Déi ass zimlech selbstbewosst; bei ronn 31.000 start et, top motoriséiert an équipéiert wéi eisen Testauto sinn awer éischter tescht 37 an 42.000 Euro fälleg. Do kritt ee bei der Konkurrenz zum Beispill schonn eng besser Automatik a méi kultivéiert Motoren.

    An d'Fotoe vum neie Renault Koleos ginn et wéi gewinnt och, zLOLOesumme mat de Präisser vun alle Versiounen op auto.rtl.lu
    4 min
  • Automag, 28/11/2017
    ...jo an dat ass den Daniel Conrardy vun Réiden un der Atert, well deen dierf saïn Automobil Konschtwierk, e Subaru Impreza vun 2006 do an d’Vitrinn stellen?
    (Cut 1...) 36 sec

    Wat gouf dann alles um Auto verännert?

    (Cut 2...) 33 sec

    Den Subaru leit esou déif dass den Trajet fir op Essen schonn en Challenge dierft ginn?
    (Cut 3...) 14 sec

    Tuning, en aussergewéinlechen Hobby. Ausser Motorëmbau a Lackéirung huet den Daniel Conrardy alles selwer gemaach?
    Jo, an awer sinn wéi gesot 80 000 Euro do dran gefloss. Dat ass eng Staang Geld, do sollt de Partner awer matspillen, an dat mécht deen och...
    (Cut 4...) 12 sec

    Vum Lëtzebuerger eriwer bei d’Essen Motor Show selwer. Déi weist Tuning Trends vum Joer ?
    Genee. Vum 2. bis den 10. Dezember gëtt sech d’Welt vum Tuning Rendez-vous zu Essen. Dozou zielt och Tuning Xperience. Eng Show à part wou d’Haërzer vun de Fans vum PS Festival méi séier schloen.   Nett nëmmen méi breet a méi déif zielt, och bannenan heescht et, “pimp my car”.  No Chassis, Felgen, a Spoiler, elo e noblen Intérieur.
    De Motorsport ass d’Virbild vun der Tuning Szeen.  Awer och vrun der E-Mobilty mécht Tuning keen Halt.  Fir de 50. Anniversaire gëtt natierlech och eng speziell Expo mat Super Sportsween aus 5 Jorzéngten. De Classic & Prestige Salon proposéiert ganz seelen Modeller vun Aston Martin, BMW, Bugatti, Ferrari, Ford, Jaguar, Lamborghini, Mercedes, Mc Laren, Maserati, Porsche a Pagani . Spektakulär Sportsween déi sécherlech als eng vun de groussen Attraktiounen zielen.

    Vum Passé eriwwer bei de Futur, well Tuning  gëtt och ëmmer méi digital.
    Car Media World nennt dat sech, mat Auto spezifeschen Naviveiver, Plug and Play Klang Upgrade. Technologien fir Smartphone Apps am Cockpit.... .....

    Essen Motor Show dat goung 1968 ganz bescheiden lass?

    Si gouf vum Wolfgang Schöller an d’Liewe geruff.  Deen hat Formel 1 Weltmeeschter, Motorsport Legenden, a vill aner Promien op Essen invitéiert krut. De 50. Anniversaire vun “senger” Tuning Foire sollt hien nett méi mat erliewen. Am Summer ass dëse leider am Alter vun 74  Joer verstuerwen.

    D’Essen Motor Show, eng rieseg Spill Wiss fir Erwuessener. Vill Power a PS, an déi Kéier och mat engem Lëtzebuerger sengem Tuning Car an der Expo. Fotoen ginn et op www.auto.rtl.lu

    5 min

About Automag

From the publisher's feed

Autonews, Autotester, nei Modeller zu Lëtzebuerg an alles soss ronderëm den Auto

More shows like Automag

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners