Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

Automag episodes

  • Mercedes MBUX vs VW Innovision, 29/09/2018
    Um Smartphone féiert haut kee Wee méi derlanscht. An och am Auto steet de Wonsch nom passenden „Infotainment“ bei ville Keefer ganz uewen op der Wonschlëscht. Mam „Innovision Cockpit“ an dem „MBUX“ liwweren sech Volkswon an Mercedes e Kapp u Kapp rennen. An een, deen do nach den Iwwerbléck huet, ass den Akim Schmit aus der Automag Equipe. Lo klär eis mol op!
    -    Infotainment -> wat fréiher elektresch Fënsteren / Klima / CD-Radio
    -    Computer-Entwécklung rasant
    -    am Auto méi lues
    -    Grond -> Auto laang Entwécklungszäit ier e fäerdeg ass
    -    Resultat -> Navi hänkt gefillt „hannendran“
    -    Änneren och aktuell Karten naischt

    Bei Mercedes an VW ass awer vill méi aktuell wéi just d’Kaarten
    -    zwee Hiersteller Kapp u Kapp rennen
    -    weisen waat 2018 méiglech ass
    -    bei Mercedes den MBUX -> Mercedes Benz User Xperience
    -    bei VW ass et den „Innovision Cockpit“
    -    Richtung ass déi selwecht
    -    D’Resultat & Funktiounsemfang nët identesch
    -    Béid Systemer Stärkten an Schwächten

    Mir schwätzen ëmmer vun Infotainment. Mee waat ass Infotainment iwwerhaapt?
    -    d’Fusioun vun 2 bis 3 Aufgaben-Beraicher
    -    dem Entertainment -> Ënnerhaalung (Radio, CD, MP3, Streaming-Servicer oder dem Fernsehempfang bei High-End Limousinen)
    -    der Informatioun -> Navigatioun, Fraispriechanlag
    -    mat Performanten Systemer -> uweisen vun zousätzlechen Infos & aner Systemer am Auto steieren (Sécherheets Assistenten)

    Wou leien dann d’Gemeinsamkeeten vun de Systemer vun Mercedes an VW
    -    gemeinsam Basis: grouss Ecran’en (allkéiers 2 Stéck)
    -    ronderëmt déi Armaturebried opbaut
    -    beandrockend an erschloend zuglaich
    -    besonneg am VW Touareg (15 Zoll – Laptop-Gréisst)
    -    Mercedes setzt op méi e schmuelen, breeden Ecran
    -    bei der Steierung identesch Weeër
    -    Touchscreen + Sprochsteierung

    D’Sprochsteierung ass dach haut scho baal „normal“ an neien Autoen?
    -    Effektiv
    -    um Smartphone un „Hey Siri“ oder „Ok Google“gewinnt
    -    am Auto -> bis elo manner zouverlässeg
    -    bei Mercedes um Niveau vum Smartphone
    -    eemol „Hey Mercedes“ fir ze aktivéieren
    -    steiert villes wat net sécherheetsrelevant ass
    -    Radio/Klimaanlag/Navi oder Meteo virliesen
    -    De Fuermodus (Confort/Sport) kanns de awer nët änneren
    -    Beandrockend: och ouni Internet (ageschränkt Funktiounen)
    -    Trefferquote an eisem Testzäitraum baal 100%
    -    am „Innovision Cockpit“ net ganz esou gutt geklappt
    -    d’Meteo konnte mer trotz gekoppeltem iPhone net ofruffen
    -    och huet de System mech net ëmmer verstaanen
    -    Muss een awer soen: klappt net op Lëtzebuergesch (DE/FR/ENG)
    -    Systemer erkennen net wien schwätzt

    Mee de Cockpit ass jo nët just d’Sprochsteierung... du hues déi zwee Systemer an der A-Klass vu Mercedes an am Touareg vu VW probéiert. An déi haaten allebéid keng klassesch Instrumenter méi
    -    och daat ass nët ganz nei
    -    eng ganz Reih Hiersteller proposéieren voll digital Instrumenter
    -    bei béiden Hiersteller Layout + Fuerwthema personaliséieren
    -    flott Spillerei, mee eemol agestallt -> Wow Effekt fort
    -    Iwwersichtlechkeet méi wichteg
    -    Bei béiden net ze kritiséieren

    An do kënnen Mercedes a VW sécher mat hiren Ecran’en Punkte sammelen?

    -    am VW Touareg 15 Zoll groussen Touchscreen
    -    verschidden Beraicher agedeelt, personaliséierbar
    -    éischt Kéier bei VW -> Klimasteierung just digital ageblend
    -    iwwert dem fueren net emmer treffsecher
    -    Chauffer ka sech verschidden Funktiounen als „Shortcut“ um „Homescreen“ uleeën (zB Lenkradheizung / Start Stop Automatik)
    -    Perséinlech kee Fan fir alles digital via Touchscreen ze machen

    Mercedes verbaut méi e klengen Ecran, wéi gesait et dann do mat der Iwwersiicht aus?

    -    anert Konzept
    -    méi opgeraumt -> flach Hierarchie (-> klengen Ecran)
    -    Klimatisatioun -> Hardware-Knäppecher behaalen
    -    D’Grafik gouf daitlech iwwerschafft, liicht a kräftege Faarwen
    -    Naischt méi mam aalen „Command“ System ze dinn
    -    Navigatioun duerch de System iwwer Touchscreen oder Touchad intuitiv
    -    Interessanten Usaz: kënschtlech Intelligenz
    -    Auto léiert deng Gewunnechten
    -    Navi proposéiert owes de Wee fir Heem
    -    Kenne mer vum Smartphone, am Auto nei

    Nei Technologien loossen sech d’Constructeuren meeschtens a Gold opweihen. Wéi déif muss ech dann an de Portemonnaie graifen wann ech Spëtzentechnologie am Auto wëll?
    -    Mercedes féiert MBUX mat der A-Klass an
    -    System feste Bestanddeel vun all Motoriséierung (keng Optioun)
    -    VW rifft fir den Innovision Cockpit ronn 3.300 Euro op

    6 min
  • Automag: Jaguar I-Pace , 26/09/2018 09:15
    Mam I-Pace presentéiert Jaguar säin éischten Elektromodell. Et ass e Crossover, eng Mëschung tëschent klassescher Limousine an SUV. Fir den Undriff suergen zwee Motoren à 200 Päerd. Jaguar versprécht eng Autonomie vu 450 Kilometer. De Serge Pauly huet den éischten Elektro-Jaguar getest.
    0 min
  • Automag: Jaguar I-Pace, 26/09/2018 09:15
    Mam I-Pace presentéiert Jaguar säin éischten Elektromodell. Et ass e Crossover, eng Mëschung tëschent klassescher Limousine an SUV. Fir den Undriff suergen zwee Motoren à 200 Päerd. Jaguar versprécht eng Autonomie vu 450 Kilometer. De Serge Pauly huet den éischten Elektro-Jaguar getest.
    0 min
  • Automag: Jaguar I-Pace, 26/09/2018
    Eng Autosmark, déi hautzedags eppes op sech hält, brauch an hirer Gamme och onbedéngt en alternativen Undriff. Elo ass Jaguar op den Elektro-Zuch opgesprongen.

    Et hätt ee scho bal fäerte kënnen, dass Jaguar op deem Gebitt ganz den Uschloss verléiere giff. Viru kuerzem huet déi englesch Marque mam I-Pace awer hiren éischte komplett elektresche Modell presentéiert. Si hu bewosst d’Hybrid-Etapp ausgelooss, a setze léiwer direkt op e rengrassegen Elektroauto.

    Du hues eis zwar eng Foto vum I-Pace matbruecht, mä ech kann do net wierklech aschätzen, wat dat fir en Zort Auto ass?

    Dat ass effektiv och net esou ganz einfach. Jaguar schwätzt vun engem Crossover. Et ass keng klassesch Limousine, awer och keen typeschen SUV. En erënnert e bëssen un en Tesla X, wou een d’Loft eraus gelooss huet. D’Form ass relativ speziell. D’Designer kruten nämlech un d’Häerz geluecht, dass den I-Pace extrem aerodynamesch soll sinn, dofir ass e relativ flaach gehalen, an dofir gesinn och d’Mall an déi hënnescht Fënster e bësse komesch aus. A well den I-Pace e rengrassegen Elektroauto ass, ass de Capot zimlech kuerz, well een do einfach manner Plaz fir de Motor brauch. Dat wäert net jiddferengem gefale, an ech war mir nom Test nach ëmmer net mat mir selwer eens, op ech dat elo flott fanne soll oder net…

    Esouvill zum Design. Komme mir zum Wesentlechen: den techneschen Donneeën?

    En huet zwee separat Motoren, een un der viischter Achs, een hannen, allebéid 200 Päerd, zesummen also 400 Päerd an Allrad, mat engem kombinéierten Dréimoment vu knapp 700Nm. Dat ass natierlech vill manner wéi déi stäerksten Tesla-X-Varianten, mä d’Fuerleeschtunge si wierklech net schlecht. De Sprint vun 0 op 100 dauert 4,8 Sekonnen. Ofgesi vum P100 ass den Tesla X och net vill méi séier…

    Mä déi grouss Fro bei engem Elektroauto ass jo: Wéi wäit kënnt een?

    Leider nëmmen een Dag domatter ënnerwee gewiecht, dat geet net duer fir zouverlässeg Aussoen ze maachen. Jaguar versprécht 450 Kilometer, ech giff schätzen, dass iwwer 300 Kilometer, vläicht esouguer 350 Kilometer, och bei sportlecher Fuerweis ganz realistesch sinn.

    Wéi fiert sech den I-Pace dann?
    Wou ech positiv iwwerrascht war, dat war de Fuerspaass. Net nëmmen, dass e gutt geet, mä d’Kraaft gëtt jo automatesch tëschent hannen a vir verdeelt, an dat wierkt sech positiv op d’Fuerdynamik aus. Op der Autobunn kann een den Auto och méi déif leeën, fir dass d’Aerodynamik nach emol besser ass. Eenzegen Hoken: den I-Pace ass fir mäi Gout einfach ze haart. Esouguer am Confort-Modus, a mat de méi klenge Felgen, nervt dat permanent Geruckels a Gerompels, virun allem well den I-Pace soss éischter e confortabelen Androck mécht, dat passt net esou richteg. Also op laange Strecken mécht dat wahrscheinlech e bësse midd…

    Wéi wuel fillt ee sech da soss u Bord vum I-Pace?
    En ass ganz geräimeg, net grad esou lëfteg wéi den Tesla X, den I-Pace ass jo dann awer e bësse méi kleng, mä well de Radstand relativ grouss ass, huet ee banne wierklech genuch Plaz, och op den hënneschte Plazen. D’Kappfräiheet profitéiert vun engem gliesene Panoramadaach. Dat ass en plus schéin hell, mä ech war erstaunt wéi séier et sech ënnert deem gliesenen Daach ophëtzt. Soss huet den I-Pace déi neitsten Navi- an Infotainment-Systemer, do ass mir näischt besonnesch opgefall. D’Finitioun ass och esou wéi een dat vun de leschte Jaguar-Neiegkeete gewinnt ass. Flott ze kucken, net grad esou futuristesch wéi bei Tesla, am leschten Detail vläicht net grad ganz soignéiert wéi déi däitsch Konkurrenz, mä nach ëmmer gutt genuch fir de Label Premium dropzepeschen. Also definitiv besser verschafft wéi den Tesla.

    Premium, Elektro… de Jaguar I-Pace wäert och net geschenkt sinn?
    Et fänkt bei 76‘400€ un, d‘Topversioun ass da scho knapp 6-stelleg… Dat ass net geschenkt, mä am Verglach mat der direkter Elektro-Konkurrenz ass den I-Pace awer nach ganz competitiv. En Elektroauto fiert een hautzedags net fir Suen ze spueren, mä welle en einfach Spaass drun huet, fir „elektresch“ duerch d’Géigend ze surren.

    5 min
  • Automag , 19/09/2018 17:50
    De 9.September 1948, also virun bal genee 70 Joer sinn zu Waasserbëlleg déi éischt VW Käferen iwwer d’Grenz an de Grand-Duché gerullt.  Dat op Initiativ vum Importateur André Losch. Als Hommage un deen Anniversaire hat de Group Losch eng Old- a Youngtimer Rallye organiséiert. De Christian Schmit war fir den Automag matgefuer.
    0 min
  • Automag, 19/09/2018 17:50
    De 9.September 1948, also virun bal genee 70 Joer sinn zu Waasserbëlleg déi éischt VW Käferen iwwer d’Grenz an de Grand-Duché gerullt.  Dat op Initiativ vum Importateur André Losch. Als Hommage un deen Anniversaire hat de Group Losch eng Old- a Youngtimer Rallye organiséiert. De Christian Schmit war fir den Automag matgefuer.
    0 min

About Automag

From the publisher's feed

Autonews, Autotester, nei Modeller zu Lëtzebuerg an alles soss ronderëm den Auto

More shows like Automag

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners