Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

Automag episodes

  • Automag: VW T-Cross , 19/11/2018 11:50
    Aktuell ass all fënnefte VW e SUV – wann den Trend unhält kennt  geschwënn all zweete Volkswon aus dem Crossover-Segment. A fir gutt opgestallt ze sinn gëtt d'Gamm ausgebaut: No Touareg, Tiguan an T-Roc ass et elo un deem klengsten, dem T-Cross. Mir waren bei der Weltpremière zu Amsterdam derbäi.
    0 min
  • Automag: VW T-Cross, 19/11/2018 11:50
    Aktuell ass all fënnefte VW e SUV – wann den Trend unhält kennt  geschwënn all zweete Volkswon aus dem Crossover-Segment. A fir gutt opgestallt ze sinn gëtt d'Gamm ausgebaut: No Touareg, Tiguan an T-Roc ass et elo un deem klengsten, dem T-Cross. Mir waren bei der Weltpremière zu Amsterdam derbäi.
    0 min
  • De Ford GT - en Auto net fir jiddereen, 17/11/2018
    Ford GT, en Auto mat Geschicht?

    60er Joeren: Ford wëllt Ferrari kafen. Enzo léisst Deal platzen. Henry Ford II ass rosen. Léisst e Courseauto entwéckelen fir Ferrari bei 24LM fäerdeg ze maachen. GT40 (40 Zoll héich). Revanche géint Ferrari gléckt: 1966-1969 véier Victoiren, bekannte Gulf-Design, nieft Courseauto och e puer Stroosseversioune gebaut, haut Millioune wäert (lescht Auktiounen 4 bis knapp 10 Milliounen), et ginn och extrem vill Copien (Relica).

    Neioplag Ufank 2000er Joeren, 4000 Exemplairen (net méi GT40, 1. Rechter um Numm net geséchert, 2. méi héich wéi 40 Zoll)

    Elo drëtte Generatioun, gëtt zënter 2 Joer gebaut, Ufank 2018 éischt Modeller an Europa ausgeliwwert.

    En Auto, wou Suen aleng awer net duerginn fir een ze kréien?

    Basispräis: hallef Millioun Euro. Streng limitéiert (Ufank 300, du 600, viru kuerzem Produktioun op 1350 eropgeschrauft).

    Ford sicht sech Clienten eraus. Dossier eraginn, duerno op en Interview invitéiert. Dann eréischt Zouschlag.

    Kritären:
    - Besëtzer vun anere Ford-Modeller?
    - Ford GT soll net an engem Musée verstëppsen
    - Aktivitéiten op Soziale Réseauen > Bonuspunkten
    - Auto dierf éischt puer Joer net weiderverkaaft ginn (géint Spekulatioun > awer scho Geriichtsaffär mat engem amerikanesche Wrestler)

    Nei Kandidaturen fir dat lescht Produktiounsjoer lafen zënter 10 Deeg...

    Ginn et där Ford GT och zu Lëtzebuerg?

    eis Informatiounen: 3 Stéck

    Elo genuch iwwert den Hype ronderëm geschwat. Wat huet de Ford GT ze bidden?

    Courseauto fir Strooss. erëm 24h LeMans, parallel Entwécklung Course/Stroossenauto, ginn a selwechter Fabrik gebaut,

    Optik: extrem flaach, Flillegsdieren, opreegend Aerodynamik (virun allem hënneschten Deel, kann een doduerchkucken)

    Motor: 3.5 Ecoboost-V6-Turbo, 650 Päerd

    Technik aus Rennsport: Radophänkung an der Héicht ze verstellen, verschidden Aero-Modi (Spoileren manner Loftwidderstand oder méi Upressdrock), Keramikbremsen... komplex Killung (Beispill: waarm Loft vu Boite gëtt duerch e Gitter an der Mëtt vun de Bremsluuchten evakuéiert!)

    An Du hues deen dierfen testen?

    Ganz restriktiv mat Testfahrten, nëmme wéineg Journalisten kruten den Auto virun zwee Joer beim Lancement an de Grapp...

    Importateur kuerzfristeg op groussen Testcircuit an der Belsch invitéiert, zu Lommel... Verschidde Ford-Sportsmodeller, dorënner eben och Ford GT fir eng hallef Stonn. Geet normalerweis mol net duer fir Kamera opzeriichten, trotzdem akzeptéiert. Op der Plaz ukomm, bësse gejéimert, anere Journalist hat ofgesot > mir kruten dunn zwee Slots > eng Stonn Ford GT...

    Ofgespaarte Sträck, nieft mir en Instrukter vum Testcircuit, de Jo Goffings... Dat brauch een och schonn, aleng fir Auto anzestellen

    >>> EXTRAIT >>> 17/11/2018 AUTOMAG FORD GT

    Dat kléngt jo scho mol richteg gutt! Däin Androck?

    Problem: Kameramann dobäi, also net nëmme fueren, mä och ëm Filme këmmeren...

    Mä vum Fueren iwerwältegt!
    - Traktioun/Acceleratioun 2.8 Sek 0-100, vmax 347, séier Schaltung
    - Sound, grousse Kino!
    - Bremsen (Vollbremsung) WOW
    - wéi d'Héicht vu Karosserie sech op Stroosselag auswierkt

    Wéi séier wars Du dann ënnerwee?

    Kameramann: net séier genuch...
    Keng Zäit fir op Compteur ze kucken... Instrukter seet: knapp 200
    Ech fir mäin Deel: u menge Limiten ukomm, wollt net deen Topert sinn, dee bei enger Testfahrt e Ford GT crasht

    Mells Du dech elo fir een ze kréien?

    Giff d'Kritäre sécher erfëllen, mä mir feele leider d'Jetonen fir matzespillen...

    Reportage op der Tele?

    2. Dezember, muer an zwou Wochen



    0 min
  • De Ford GT - en Auto net fir jiddereen , 17/11/2018 11:15
    Wann een den neie Ford GT wëllt hunn, da brauch een emol fir unzefänken eng hallef Millioun Euro. Mä dat geet net duer! Et muss een och nach quasi e Casting iwwer sech ergoe loossen. Well net jiddereen, deen ee wëll hunn, kritt och een. De Serge Pauly war fir eng knapp Stonn ee vun den "happy few".
    0 min
  • De Ford GT - en Auto net fir jiddereen, 17/11/2018 11:15
    Wann een den neie Ford GT wëllt hunn, da brauch een emol fir unzefänken eng hallef Millioun Euro. Mä dat geet net duer! Et muss een och nach quasi e Casting iwwer sech ergoe loossen. Well net jiddereen, deen ee wëll hunn, kritt och een. De Serge Pauly war fir eng knapp Stonn ee vun den "happy few".
    0 min
  • Automag: Peugeot Rifter, 14/11/2018
    USO NET MATLIESEN !!! ASS NEMMEN FIR DE SITE


    14/11/2018 PEUGEOT RIFTER
    S. PAULY

    Eis Kollege vum Automag kommen am léiwsten heihinner, wann se erëm iergendeen Dramauto gefuer sinn, a wou se eis d’Zong esou richteg laang maache kënnen… Heiansdo „mussen“ se awer och ganz normal Autoen testen, Autoen déi normalerweis net op hirer Wonschlëscht stinn. Du wars mam Rifter ënnerwee?
    Eigentlech op Test vum Peugeot 508 invitéiert, virum Summer, op eemol gouf och de Rifter aus dem Hutt gezaubert. Nofolger vum Partner Tippi, also eng kleng Camionette. Ganz éierlech, ech wier léiwer nach en Dag mam 508 gefuer, mä Peugeot huet wierklech insistéiert, dass mir och de Rifter probéiere missten. An ech muss soen: ech war extrem positiv iwwerrascht!

    Du sees „kleng Camionette“. Ech muss soen, op de Fotoen gesäit en awer net esouuuu schlecht aus?
    Effektiv, Peugeot huet sech vill Méi mam Design ginn. Et ass jo de Cousin vum Opel Combo a vum Citroën Berlingo. De Peugeot gesäit vun deenen dräi am bullegsten aus, do erënnert effektiv net méi vill un eng Mini-Camionette. De Rifter krut och Plastiksprotectioune ronderëm d’Radleef a soss ronderëm d’Karosserie spendéiert, dat gëtt em dann e klengen Offroad-Look. Och de Kühlergrill, d’Luuchten an esou wieder orientéiert sech un den normale Peugeot-Modeller wéi 308 oder 5008… De Rifter kritt een iwwregens an zwou Gréissten, 4m40 oder 4m75 laang. Egal wéi, e mécht e ganz erwuessenen Androck. Par rapport zum ale Partner wierklech e risege Sprong.

    An awer: déi Zort Auto keeft een net wéinst dem Design, mä well se praktesch sinn. Wéi praktesch ass de Rifter?
    Extrem… vill Leit déi mat engem stylesche SUV ënnerwee sinn, wiere mat esou engem Modell wahrscheinlech besser beroden. Schiebedieren op jiddfer Säit si wierklech praktesch. Dann extrem vill Plaz, d’Mall huet 775 Liter (+100 Liter par rapport zum Virgänger), wann een d’Sëtzer an der laanger Versioun all ëmklappt (dat ass relativ einfach) sinn et bis zu 3500 Liter! Mä donieft extrem vill Oflagen, am Bueden, an den Dieren, ënnert dem Daachhimmel, plus richteg grouss Händchekëscht…. Et kritt een definitiv jiddfer Kreemchen ënnert Daach.

    Wéi ass d’Ambiance da bannendran? Camionette oder richtegen Auto?
    Zwou Äntwerten: bei den Equipementer definitiv Niveau Auto. Op éischte Bléck fält groussen 8-Zoll-Infotainment-Ecran op, an der Mëtt vum Tableau. Och den Design vum Tableau ass éischter stylesch gehalen, beispillsweis mam typesche klenge Peugeot-Steierrad. Da kritt een op Wonsch e grousse Panoramadaach. Dat gesäit alles zimlech flott aus. Mä bon, wann een net nëmme mat den Aen, mä mat de Fangere kuckt, da spiert een awer déi utilitaire Wuerzelen. D’Finitioun ass ganz einfach gehalen, kann een net mat anere Peugeot-Modeller vergläichen, vill haarde Plastik. Et ass awer net esou schlëmm, dass ech als verwinnte Journalist elo Ausschlag kritt hätt, mä bei der Veraarbechtung muss een definitiv Ofstrécher maachen.

    Elo si mir nach net mam Rifter gefuer. Och do meng Fro: Auto oder Camionette?
    Och op der Strooss war ech wierklech iwwerrascht! Stroosselag an Ofrullconfort vill besser wéi beim ale Partner. Et ass elo méi no bei engem richtegen Auto. Natierlech net mat engem 308 ze vergläichen, awer et geet definitiv an déi richteg Richtung. De Confort ass gutt an d’Lenkung ass zimlech direkt (dat ass haut éischter sielen, dofir eng agreabel Ofwiesslung). Mir sinn duerch d’franséisch Alpen gefuer, an de Serpentinne loung de Rifter fir seng Kategorie wierklech gutt. Ech war awer frou, dass ech hanne keng Passagéier setzen hat, deene wier et schlecht ginn, well déi hënnescht Sëtzer bidden kaum Säitenhalt…

    Wéi schlecht gëtt et dem Rifter-Propriétaire da beim Bezuelen?
    Präisser fänke bei 18‘000 Euro un, Basisversioun, zimlech plakeg. Laangversioun, Assistenzsystemer, e bësse Schickimicki fir den Auto méi flott ze maachen (grouss Felgen), elektronesch Assistenzsystemer, eng 8-Gang-Automatik… fir en Utilitaire zimlech vill Optiounen… dann awer och 30‘000 Euro… fir e prakteschen Auto, dee guer net esou schlecht ausgesäit.

    0 min
  • Automag: Peugeot Rifter, 14/11/2018 16:15
    De Peugeot Rifter ass den Nofolger vum Partner Tepee. De Serge Pauly huet e "misste" probéiere a kënnt dobäi zur Conclusioun: de Rifter ass extrem praktesch, gesäit awer besser aus a fiert sech besser wéi säi Virgänger.
    0 min
  • Automag: Cupra Ateca, 12/11/2018
    14/11/2018 AUTOMAG Cupra Ateca (16h15)                     P. ORIGER
    USO: Cupra - Enner Seatfuerer besser bekannt als déi sportlech Topversioun gett elo eng eege Mark a gouf elo mat hirem éischte Modell Cupra Ateca ageweiht. Wat stécht hannert der Mark an hannert dem Auto - de Paul Origer seet eis dat.

    Paul, also net méi Seat mee Cupra - wat well déi spuenesch Autosmark domat erreechen?
    Cupra ass jo am Fong d’Ofkierzung vu Cup Racing a betrefft domat exklusiv déi sportlech Dérivéen aus der Seat-Gamme. Deen enorme Succès vum Leon huet Seat dozou inspiréiert mat enger separater Mark nach méi esou Modeller ze lancéieren. Hir Positioun ass däitlech tescht Mass- a Premium-Produiten, den Zilclient ass den Autofuerer dee keen Auto wéi all Mensch well an net gär op Leeschtung verzicht.

    An dofir leeft Cupra komplett vu Seat getrennt.   
    Richteg, vun de Bureauen bis bei d’Finanzen ass Cupra fir sech an dofir gouf et och een neie Logo. Kee geschwongene Buchstaw mee een zimlech martialescht Markenzeechen wat fir mech nawell grimmeg an aggressiv ausgesäit. Bon, Affaire de Gout.

    An deen éischte Cupra dréit dann och dese Logo?
    Jo awer hannendru verstoppt sech kee komplett neien Auto mee schonn ee gudde Bekannten - Cupra huet sech nämlech de Seat Ateca virgeknäppt. Kloer, de SUV verkeeft sech de Moment am bäschten an een hallefwegs bezuelbare kompakte Power-SUV gett et nach net. Allerdéngs gouf sech d’Saach och e bessen einfach gemaach. Well vu wäitem ass et een Ateca wéi all aneren, méi no gekuckt falen déi geännert Logoen am Koffer, Pare-Chocen, Schweller a Felgen op. Hanne léisst e mat 4 décken Auspuffréier an engem Spoiler séng Muskele méi offensichtlech spillen. Bannendra bleift de Cupra Ateca nach méi diskret - bis op d’Steierrad, den digitale Cockpit, d’Pedalerie oder d’Setzer ass et een normalen Ateca.

    Wat sech hoffentlech ännert wann ee fiert!
    Wann een déi technesch Donnée liest, da scho mol jo! 300 PS, 247 km/Stonn Spëtzt, 5,2 Sekonne bis op 100, dat ass schonn eng Uso. A beim Fuere war op d’mannst emol ech net enttäuscht. Mat Launchcontrol geet de Cupra Ateca fort wéi eng Kanounekugel, den Allrad 4Drive suergt dofir dat déi 300 PS och de Wee bis op de Macadam fannen. Déi serieméisseg DSG peitscht zemols am Cupra-Modus déi 7 Gäng zackeg duerch, de Sound kennt authentesch aus deenen henneschte 4 Réier an net gekünstelt aus der Hifi-Anlag. E besse paradox mee fir ee gutt Fuerverhalen war et néideg den Ateca 10 mm méi déif ze leen. Effektiv bleift de kompakte SUV duerch en adaptivt Fuerwierk zemols an de Positioune Sport a Cupra fräi vu Schaukelbeweegungen, dat héicht Setzen léisst op d’mannst emol bei mir awer kee sportleche Feeling opkommen. Och ass d’Steierung mer dofir ze liichtgängeg, déi flott Schuelesetzer gesinn no méi Säitenhalt aus wéi se bidden an de Sound ass trotz 4 Tröten e bessen denn. Wat passt, dat ass de potenten an dréihfreedegen 2.0 TSI dee mer aus Golf GTI a Co kennen, mat deem Iwwerhuelvirgäng spilleresch ze bewältege sinn. Esoulaang d’DSG emmer de richtege Gang fennt a sech net verhaspelt wat mol beim Kickdown passéiere kann. Natirlech kann en och brav am Comfort-Modus mat 130 iwwert d’Autobunn. Mee dat kann de Seat-Zwilling och a méi gënschteg. Fest steet awer, de Cupra Ateca ass dee coolsten Ateca deen ee kafe kann.

    A wahrscheinlech och deen deiersten?
    Am Fong logesch; xx.xxx Euro soll e kaschten, obligatoresch sinn dann nach Optiounen wéi Schuelesetzer … an da komme schonn xx.xxx Euro zesummen. A wien de Cupra Ateca artgerecht beweegt, deen dierf dacks tanken; tescht 10 an 12 Liter geneemegt sech den 2 Liter Turbo nawell gär. Allerdéngs ass de Verglach schwéier well et keen direkte Konkurrent gett. Ze kafe kritt een de Cupra bei eis just bei 2 Seat-Concessionnairen déi extra dofir ee Cupra-Corner mussen ageriicht hunn.

    OFSO: An natirlech kënnt der ierch den neie Cupra Ateca och ukucken. Dem Paul séng Fotoe an d’Präisser fannt der op auto.rtl.lu.

    0 min

About Automag

From the publisher's feed

Autonews, Autotester, nei Modeller zu Lëtzebuerg an alles soss ronderëm den Auto

More shows like Automag

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners