Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

Automag episodes

  • Automag: Moke made in France, 09/01/2019
    ...jo e gouf schonn mol doruechter gewisen, mee elo ass e prett fir op der Strand Promenade eng gutt Figur ze maachen. De Mondial de l’Auto war ausgewielt ginn fir de Mini Moke ze presentéieren, well dësen ass “Made in France”.
    Mee mol zeréck zu sengem Ursprong. Dat kréie mir prima vum Clémentine..........................erklärt, responsabel fir de Marketing ?
    (Cut 1...) 31sec
    De Mini Moke hat och Carrière um groussen Écran gemaach, dat beispillsweis an d’James Bond a Louis de Funès Filmer.
    Haut gëtt en zu Cerizay, no un der franséischer Atlantik Küst montéiert. De Chassis ass aus 100% Aluminium,  an et gëtt en a méi Versiounen?
    (Cut 2...) 35sec
    Wéi koum d’Iddi fir den Mini Moke ze relancéieren?
    (Cut 3...) 26sec
    De Know How vum Familljebetrib NOSMOKE, kennt aus der Produktioun vun Golf Caddy’en. Op Dram Destinatiounen uechtert d’Welt do kann een e schonn kafen oder lounen?
    (Cut 4...) 16sec
    An aus engem E-Moke kann dann och ären Fun Moke ginn, well der Personaliséierung sinn kaum Grenze gesat?
    (Cut 5...)
    Fir d’Saison 2019 dann och erëm de Star op der Côte, mol gespaant. Fir 16 500 Euro un biergop kennt dir domat ënnerwee sinn.
    Ofso Speaker:


    0 min
  • Automag: Moke made in France , 09/01/2019 16:15
    E bësschen Nostalgie haut am Automag. D’Renaissance vun enger Auto-Kategorie, déi vun der Bildfläch verschwonne war: de Buggy.
    Mam Mini Moke “reloaded” kennt de "Beach Car" elo erëm op eis Stroossen zeréck.
    De Christian Schmit war bei der Première zu Paräis dobäi
    0 min
  • Automag: Moke made in France, 09/01/2019 16:15
    E bësschen Nostalgie haut am Automag. D’Renaissance vun enger Auto-Kategorie, déi vun der Bildfläch verschwonne war: de Buggy.
    Mam Mini Moke “reloaded” kennt de "Beach Car" elo erëm op eis Stroossen zeréck.
    De Christian Schmit war bei der Première zu Paräis dobäi
    0 min
  • Automag: Nissan Leaf, 07/01/2019
    07/01/2019 AUTOMAG Nissan Leaf (11h50)
    P. ORIGER
    ______________________________________________________________________
    USO: Den Nissan Leaf war ee vun deenen éischten Autoen deen exklusiv mat Elektroundriw ugebuede gouf. Elo start de kompakte Stromer an déi zweet Generatioun an de Paul Origer konnt en am Alldag testen.

    Paul, se hunn op jidde Fall mol den Design entschärft!
    Dat kann ee wuel soen – beim Virgänger waren d'Meenunge jo zimlech gedeelt; mat deem ronne futuristeschen Design konnten sech der vill net esou ufrennen. Deen neie Leaf krut schonn emol als éischt dat vu Micra, Qashqai a Co bekannte Familljegesiicht – hannen erkennt een den Juke mee och e bësse Inspiratioun bei Volvo. Am grousse Ganzen ass en e gudde Krack méi gefälleg wéi déi éischt Generatioun. Bannendran sinn den Designer d'Iddien awer ausgaang – den Tableau ass klobeg opgebaut a bei den Instrumenter waren se sech net eens op digital oder analog an hunn einfach déi zwee kombinéiert wat awer fir mech komesch ausgesäit an net esou richteg bei den Auto vun der Zukunft passt.

    Fläit well Nissan elo méi ee breede Public uschwätzen?

    Dat ass gutt méiglech – allerdéngs dierfen se dann net esou grouss si wéi ech well d'Setzpositioun fir de Chauffer ass miserabel. De Setz ze héich an d'Steierrad ze déif, de Verstellberäich ze mickreg – mam Resultat dat d'Rénkel mer um Schouss läit an ech an de Kéieren mat der Hand a mäi rietse Knéi rennen. Esou eppes geschitt mer héchstens an engem klenge Roadster à la Mazda MX-5. Awer net an der Kompaktklass. Wat nach opfällt ass deen ze kléngen an antiquéierten Infotainment-System an déi bëssen noléisseg Verarbechtung. Et dominéiert vill haarden, triste Plastik, zum Deel och net grad suergfälteg zesummegebaut. Wat leider de Ruff vun den Englänner nees bestätegt well de Leaf gëtt an England gebaut. Idem fir baussen wou d'Klapp vun de Steckdousen um Capot schruppt. An och schued dat déi soss esou ingeniéis Japaner sech näischt ausgeduecht hunn fir d'Kabelen ze verstauen fir dat déi net an der Mall ronderemfléien. Grad wéi de Bose-Subwoofer deen ongeschützt an der Mall hënnert.

    Also éischter schlecht Notte fir d'Verarbechtung an de Look bannenan- wéi fiert den Nissan Leaf sech dann?
    Hei kennt op jidde Fall nees gutt Laun op. Den Elektromotor am Leaf leescht elo 150 PS, dat ass scho bal sportlech fir en Auto vun dëser Moos; esou munch Schlofmutz konnt ech domat op der Landstrooss labber iwwerhuelen an op der Autobunn bis d'Limite vun 150 gutt mathalen. Just op naasser Strooss kennt d'Traktioun un hir Grenzen. Awer nees positiv; typesch elektresch héiert een am Leaf näischt, esouguer Wand oder Pneuegeräischer hu se perfekt erausgefiltert. Also éischter een entspanend Fuergefill, zemols wann een déi nei e-Pedal aschalt déi d'Bremspedal iwwerflesseg mécht well een och d'Bremse mam Gasfouss steiert. Wann een sech dru gewinnt huet, eng flott Saach. Schued just dat de Leaf am e-Pedal-Modus gefillt méi dacks d'Bremsen asetzt amplaz iwwert d'Recuperatioun Vitesse ofzebauen. Bei dat relaxt Fuere passt och bäschtens déi relativ konfortabel ofgestemmte Fiederung. A wann ee well, da kennt esouguer Fuerspaass op; de Leaf läit dank de schwéiere Batterien gutt op der Strooss an d'Steierung bitt esouguer e bësse Réckmeldung.

    A propos Batterien – beim Thema Elektroauto ass dat natierlech ëmmer de sprangende Punkt!
    Dat stemmt – déi am Leaf sinn elo 40 kW/Stonne staark. Voll opgelueden am Eco-Modus ouni Heizung oder Klima versprécht de Bordcomputer ëm déi 250 km Autonomie. Eventuell wieren déi och dran, allerdéngs muss een dann de rietse Fouss an der Gitt halen a wa méiglech op d'Autobunn verzichten. Jenseits vun 100 schmelzen nämlech déi disponibel Kilometeren méi séier wéi ee mengt – eng Expressfahrt Nidderkuer – Kierchbierg kann da schonn 80 km kaschten. Op der anerer Säit léisst et sech mat ronn 200 km am Alldag gutt Liewen. Just beim Oplueden ass ouni Wallbox de Leaf iwwer Nuecht net voll opgelueden, et sief et ass een een 10-Stonnen a méi-Langschläfer. Et gëtt zwar och nach de Supercharger mee deen ass zu Lëtzebuerg rare geséit.

    Elektresch fuedert also nach ëmmer e puer Affer, wann och beim neie Leaf der e puer manner – muss een dann och finanziell grouss Affer bréngen?
    Do leie mer quasi um Niveau vum Virgänger – minimum 35.332 Euro muss een awer nach opbréngen, de Batterie-Leasing huet Nissan iwweregens ofgeschaft, déi keeft ee lo beim Leaf direkt mat.
     
    An dem Paul séng Fotoen vum Nissan Leaf an natirlech och d’Präisser vun alle Versioune fannt der op auto.rtl.lu

    0 min
  • Automag: Neijoerschinterview, 02/01/2019
    D’Sécurité routière, zënter 1968, deemno 50 Joer zu Lëtzebuerg aktiv wann et em d’Verkéiersecherheet geet. Genee 20 Joer ass deenen hir Directrice elo d’Isabelle Medinger..
    A mat hier kucke mir zereck op d’Joer 2018. Wat bleift hänken?
    (Cut 1…)
    Stechwuert  „Autonomt Fueren“, wou mir jo deemnächst de Volant aus der Hand ginn. Domat kéime mir der Visioun vun 0 Accidenter jo secher méi no?
    (Cut 2…)
    Eng Partie Campagnen sinn jo 2018 lancéiert ginn, an déi hunn och nach am neie Joer Bestand?
    Jo a wat wenscht ee sech, oder wat huet ee sech virgeholl fir d’Joer 2019?
    (Cut 3…)
    An och de “Poli mat der Paif”, also den Théatre de guignol  waert och erem op Tournée goen an de Schoulen uechtert d’Land, an do bei deene Klengsten Verhalensregelen am Stroosseverkéier vermëttelen.
    .
    Wéi gewinnt léiere mir eis Invitée e bësschen méi privat kennen. Mir setzen eis nieft si op de Baifuerersetz. Wéieen Typ Automobilist ass d’Isabelle Medinger dann esou…?
    (Cut  4…)
    Wéieen Typ vun Auto huet een dann am léifsten?
    (Cut  5…)
    Dingscht Limousinn, oder ëffentlechen Transport?
    (Cut 6…)
    An de Punktekonto steet nach vierge bei 12 ?
    (Cut  7…)
    Vlaicht nach d‘Gleckwensch fir 2019 un eis Nolauschterer?
    (Cut  8…)
    Mir vum Automag wenschen och „bonne route“ fir 2019, egal op dir zou Fouss, mam Velo, Bus, Tram, Moto, oder Auto ennerwee sidd…
    0 min
  • Automag: Neijoerschinterview , 02/01/2019 16:15
    Um 2. Januar ass ee vun de meescht gesote Sätz bestëmmt nach ëmmer: „Vill Gléck am neie Joer, an alles Guddes fir 2019“! Esou och am Automag mam traditionellen Neijoerschinterview. Déi Kéier mam Isabelle Medinger, der Directrice  vun der Sécurité Routière an dem Christian Schmit.
    0 min
  • Automag: Neijoerschinterview, 02/01/2019 16:15
    Um 2. Januar ass ee vun de meescht gesote Sätz bestëmmt nach ëmmer: „Vill Gléck am neie Joer, an alles Guddes fir 2019“! Esou och am Automag mam traditionellen Neijoerschinterview. Déi Kéier mam Isabelle Medinger, der Directrice  vun der Sécurité Routière an dem Christian Schmit.
    0 min
  • Automag, 31/12/2018

    __________________________________________________________________
    USO: Läscht Woch hu mer d'Autosjoer 2018 Revue passéiere geloss, elo kucke mer mam Paul Origer wat eis am neie Joer an der Autoswelt erwaart.

    Paul, mir si gespaant! Op wat dierfe mer eis 2019 freen?
    Ma stell der mol vir, mir fueren do virun wou mer läscht Woch opgehalen hunn wëll 2019 kommen effektiv ganz vill nei Autoen a ganz vill dee‘er wou „een esou schéin héich sëtzt“! Ugefaang bei den däitsche Marquen wou mëttlerweil jo d’Haptgeschäft sech op d’SUV’en konzentréiert; Audi bréngt deen zweeten Héichsëtz mat Coupé-Silhouette, de Q3 Sportback an anengems deen éischte Stromer-SUV, den e-tron Sportback. BMW kontert mam X5-Plattformbrudder X6. Bei Mercedes gëtt et e richtegt SUV-Freedefeier; mat GLA, GLB, GLE Coupé an GLS ass quasi déi komplett Famill renovéiert. Bei Porsche start de Cayenne Coupé an Aston Martin, bekannt fir rasseg Sportsween soll dann och an de Bulli fueren; DBX heescht wéi et schéngt de Konkurrent fir Maserati Levante a Lambo Urus. E bësse méi kleng geet och; de Cadillac XT4 ass de kompakte Vertrieder aus den USA, Volvo kënnt mam XC20, Ford lancéiert een neie Kuga, Range Rover présentéiert den Nofolger vum Bestseller Evoque, Peugeot den neien 2008 a Skoda bréngt den tschechesche Brudder vum VW T-Cross. Net ze vergiessen den neie Renault Captur, den neien Nissan Juke dee bestëmmt erem polariséiert an déi laang erwaarten nei Generatioun vum Land Rover Defender.

    Bon, domat hätte mer se all?

    A wouhier, wëll eng nei Kategorie kritt duerch den SUV-Boom de vollen Opschwong: Sports-SUV! BMW mécht et vir mam X3M mat 431 PS, dicht gefollegt vun Audi RSQ3 an RSQ8 mat mindestens 420 PS, Range Rover äntwert mam Velar SVR, VW lancéiert den T-Roc R a Skoda de Karoq RS, allebéid mat 300 PS.

    Ech gesinn, d’SUV huelen effektiv d’Iwwerhand; wéi gesäit et dann an deenen anere Klassen aus?

    Eng ganz Reih wichteg kompakt Modeller wäerte lancéiert ginn; wéi zum Beispill déi nei Alfa Giulietta op déi mer jo scho laang waarden. An déi gëtt hannegedriwwen! Während BMW – an elo musse Fans staark sinn - hiren neien 1er awer op Frontundriw emstellt an de Reihesechser an d’Pensioun schéckt. Mee domat wëll hien endlech sénge Konkurrente VW Golf an Audi A3 Paroli bidden wëll déi starten 2019 och komplett nei. Eng interessant Alternativ wëll op enger ganz neier Plattform, mat schickem Design an engem revolutionäre Motor: de Mazda 3! Mir bleiwen am Kompakt-Segment; de Seat Leon kritt och säin Nofolger, Skoda ersetzt de Rapid Spaceback duerch de Scala an et kënnt een neie Volvo V40, esouguer och vollelektresch. Nach eng Klass drënnner feieren den neie Renault Clio, Peugeot 208, Dacia Sandero, Opel Corsa a Hyundai i10 Première.

    Wéi ass et dann mam Elektroauto, dee jo eis Zukunft soll sinn; do kommen dach bestëmmt immens vill Neiegkeeten?
    Et hält sech nach a Grenzen. Ganz gespaant dierfe mer a Richtung Wolfsburg kucken; VW soll 2019 den Neo, e vollelektresche Kompakte mat 600 km Autonomie présentéieren. Bei Honda dierfe mer op de klengen Urban EV gespaant sinn, Kia start mam kompakte SUV e-Soul an och Mini soll e Stromer an de Programm kréien. Skoda bréngt den E-Citigo, Tesla endlech de Model 3 a Porsche als grouss Elektro-Première den Taycan.

    Lauter spannend Neiegkeeten fir 2019 an du konns se elo bestëmmt net all opzielen – du hues awer bestëmmt nach deen een oder anere Favorit?
    Majo, an zwar kënnt deen neien Toyota Supra; dat éischt Kand aus der Zesummenarbecht vu BMW an Toyota, esouguer mat Reihesechszylinder. Do kribbelt et mer schonn am rietse Fouss!

    OFSO: A geschwënn ass Autofestival zu Lëtzebuerg – wat der do gebuede kritt, dat gitt der an engem nächsten Automag gewuer.

    0 min

About Automag

From the publisher's feed

Autonews, Autotester, nei Modeller zu Lëtzebuerg an alles soss ronderëm den Auto

More shows like Automag

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners