Poterkëscht vum INLL

Poterkëscht vum INLL

Download on the App Store

Poterkëscht vum INLL episodes

  • Fräizäitpark & Jonggesell.inn.enabschid (B1)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut schwätze mir fir d'éischt iwwer Pläng, de Weekend an e Fräizäitpark ze goen. Duerno héiere mir, wéi eng Koppel iwwer hire Jonggesellen- respektiv Jonggesellinnenabschid schwätzen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht keen Account, klickt einfach op ,,access as guest''.

    7 min
  • Iwwer Benevolat schwätzen (B1)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut schwätze mir iwwer eng (fiktiv) Benevolat-Associatioun.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht keen Account, klickt einfach op ,,access as guest''.

    7 min
  • Klischeeën (B1) an Transportmëttel (A2)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut schwätze mir iwwer Klischeeën an Transportmëttel zu Lëtzebuerg.

    Vill Spaass!

    -

    Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht keen Account, klickt einfach op ''access as guest''.

    7 min
  • Beruffskrankheet (B1) a Gespréich an der Kantin (A2)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut héiere mir fir d'éischt, wéi eng Persoun enger anerer vun hirer Beruffskrankheet erzielt. Duerno héiere mir, wéi dräi Aarbechtskolleegen an der Kantin iwwer hiren Alldag schwätzen.

    -

    Dir fannt d'Transkripter fir déi zwee Texter hei (klick!). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ,,Access as guest''.

    6 min
  • En Aarbechtsaccident (B1)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut héiere mir, wéi eng Persoun vun engem Accident op der Aarbecht erzielt. Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    En Aarbechtsaccident (B1) 

    Lena: O mei Alex. Geet et? Du gesäis awer bleech aus. 

    Alex: Salut Lena. Jo, mir geet et net esou gutt. Ech hat gëschter e klengen Accident op der Aarbecht.  

    Lena: Wierklech? Wat ass da geschitt?  

    Alex: Majo, gëschter Mëtteg kuerz virun zwielef ass nach eng grouss Këscht mat neiem Material bei eis am Magaséng ukomm. Ech wollt déi nach direkt virun der Mëttegpaus réckelen, hat awer keng Loscht fir se opzemaachen an d’Stécker eenzel auszeraumen. Dunn hunn ech se wëllen ophiewen. Ech krut se esou just gehuewen, mee dunn hunn ech d’Gläichgewiicht verluer a si mat der Këscht nohannen ëmgefall.  

    Lena: O jee. Seriö? Hues du dir wéigedoen?  

    Alex: Jo, ech hu meng riets Rëppen a meng riets Hand immens wéi. Ech si bal net méi ënnert där schwéierer Këscht erauskomm.  

    Lena: Dat do kléngt eescht. Bass de bei den Dokter gaangen?  

    Alex: Net direkt. Mee an der Nuecht konnt ech vu lauter Péng net schlofen, du sinn ech an d’Urgence gefuer. No laangem Waarden huet dunn en Dokter mech ënnersicht an ech krut eng Rëntge gemaach. Zum Gléck ass näischt gebrach. Mee meng Hand ass verstaucht an zwou Rëppe si geprellt.  

    Lena: Et ass positiv, dass näischt gebrach ass. Mee ech hunn héieren, dass eng geprellt Rëpp méi wéi deet, wéi eng gebrache Rëpp.  

    Alex: Dat hunn ech och héieren. Ech weess et net, mee ech kann der soen, dass et schrecklech ass wann s de an der Nuecht am Bett läis an du kanns dech net dréien. All Beweegung deet wéi. Dat schlëmmst ass, wann s de néitsche muss an duerno kanns de deng Nues emol net anstänneg schnäizen. 

    Lena: Dat do kléngt net gutt. Wéi laang bass de dann elo krankgeschriwwen? 

    Alex: Den Dokter huet mer elo mol e Krankeschäin vun zwou Woche ginn. Da soll ech nach emol bei e goen an da géif e kucken, ob ech dann erëm prett fir op d’Aarbecht wier. De Problem ass, dass ech bei eis am Lager schaffen an näischt hiewe kann. Ech muss meng Chefin froen, ob ech net no zwou Wochen bei eis an der Telefonszentral schaffe kéint. Vläicht just e puer Wochen, bis ech erëm ganz fit sinn.  

    Lena: Deng Chefin ass esou fein. Si fënnt bestëmmt eng Léisung fir dech. Wat sot si da vum Accident?  

    Alex: Si war ganz léif, mee si war awer och e bësse rosen an huet mech gefrot, firwat ech keen aneren ëm Hëllef gefrot hunn oder einfach bis no der Mëttegpaus gewaart hunn, fir d’Stécker eenzel aus der Këscht auszeraumen. Si huet den Accident direkt gemellt an d’Käschte vu menger Behandlung ginn dee Moment dann och bezuelt.  

    Lena: Jo, ech versti si och e bëssen. Du waars do erëm ze léif a wollts keen esou kuerz virun der Paus stéieren. 

    Alex: Jo, dat stëmmt. Ech hat net gemengt, dass déi ganz Geshicht esou géif ausgoen. D’nächst Kéier wäert ech sécher een Aarbechtskolleeg ruffe fir mir eng Hand mat unzepaken.  

    Lena: Majo, onbedéngt. Dat ass jo och ee vun de Virdeeler, wann een an der Ekipp ka schaffen.  

    Alex: Du hues Recht. Ech hunn elo doraus geléiert.  

    Lena: Da kënnt dat an Zukunft alt net méi vir. Ech wënschen dir dann eng ganz gutt Besserung Alex. Schoun dech a gëff séier erëm fit! Wann s de eppes brauchs, da ruff un. Ech ka jo einfach fir dech mat akafe goen.  

    Alex: Villmools Merci Lena! Dat géif mer wierklech hëllefen! 

    Lena: Kloer, guer kee Problem. Dat geet jo an engems. 

    5 min
  • Hobbyen an Dagesoflaf Pensioun (A1)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut héiere mir fir d'éischt zwou Persounen, déi iwwer hir Hobbye schwätzen. Duerno héiere mir, wat e Pensionär a sengem Alldag mécht.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    Hobbyen: Klammen a Brietspiller spillen (A1) 

    A: Andrea, wat méchs du gär an denger Fräizäit? 

    B: Ech spille gär Gesellschaftsspiller a Brietspiller. An du? 

    A: Ech ginn oft klammen oder boulderen. Dat ass klammen ouni Seel un enger Klotermauer. 

    B: O, flott! Méchs du dat an enger Hal oder dobaussen? 

    A: Ech trainéiere just an enger Hal, zum Beispill am Pafendall oder zu Zolwer. Et ginn e puer flott Plazen zu Lëtzebuerg. 

    B: Cool! A wéi oft méchs du dat? 

    A: Normalerweis zweemol d’Woch. Dat ass gutt, fir fit ze bleiwen a Frënn ze treffen. An du? Wéi oft spills du Brietspiller? 

    B: Bal all Weekend. Ech treffe mech entweder mat  Frënn doheem oder mir ginn an e Spill-Café. 

    A: E Spill-Café? A wat ass dat? 

    B: Dat ass e Café, wou een eppes drénke kann, a gläichzäiteg mat anere Leit verschidde Brietspiller spille kann. 

    A: Cool! A wat fir Spiller hues du am léifsten? 

    B: Ech spille ganz gär ,,Catan‘‘ oder ,,Carcassonne‘‘. Heiansdo spille mir och Schach. 

    A: A, ,,Catan‘‘ kennen ech! Do baut ee Stroossen an Dierfer, oder? 

    B: Jo, genau! Et ass flott, well ee vill plangen a mat aneren handele muss.  

    A: Ech mengen, dat géif mir och gefalen.  

    B: Ma da komm eng Kéier mat eis spillen! Mir sinn ëmmer frou, wann nei Leit kommen.  

    A: Jo, gär! A villäicht kanns du jo och eng Kéier mat mir klamme kommen. 

    B: Hm, ech weess net, ob ech fit genuch dofir sinn. 

    A: Du brauchs net esou vill Kraaft am Ufank. Déi richteg Technik ass och wichteg. 

    B: Ok, dat kléngt jo dann net esou schwéier. Villäicht probéieren ech et eng Kéier. 

    A: Jo, du bass ëmmer wëllkomm. D’Leit am Boulderclub si ganz frëndlech. 

     

    Den Dagesoflaf an der Pensioun (A1) 
    Gudde Moien. Mäin Numm ass Charel Majerus an ech sinn 72 Joer al. Ech wunnen zu Rolleng, e klengt Duerf bei Miersch. Ech si Schoulmeeschter vu Beruff, mee elo schaffen ech net méi. Ech sinn elo schonn zënter 7 Joer an der Pensioun. Mäin Alldag ass roueg an dat ass och gutt. Moies stinn ech um hallwer 8 op. Als éischt ginn ech an d’Dusch an duerno drénken ech Kaffi. Ech iesse moies gär eng Schmier mat Gebeess an ech drénken eng Taass schwaarzen Téi. Heiansdo liesen ech och d’Zeitung um Tablet. Dat ass wierklech praktesch! 
    Duerno ginn ech meeschtens e bësse spadséieren. Zwee oder dräi Mol an der Woch fueren ech mam Bus an de Supermarché, do kafen ech mir dann eppes fir z’iessen. Um hallwer 12 kachen ech. Dënschdes an donneschdes komme meng Enkelkanner ëmmer iessen.  
    Nomëttes maachen ech ëmmer eng kleng Sieste. Ech schlofen eng hallef Stonn. Duerno drénken ech eng Taass Kaffi a gi bei d’Anni. Hatt ass meng Nopesch. Mir ginn zesumme mam Hond spadséieren an duerno spille mir e bësse Kaarten. Hatt gewënnt bal ëmmer, mee et ass awer flott. Mir schwätzen a laache vill zesummen.  
    Owes iesse mir reegelméisseg zesummen eng Schmier oder mir ginn och heiansdo an de Restaurant. Duerno ginn ech heem an ech kucken nach e bëssen Tëlee. Um 22:00 Auer ginn ech an d’Bett. Ech liesen nach eng Véierelstonn an da schlofen ech. Weekends kréien ech oft Besuch. Meng Kanner komme mat den Enkelkanner. Dann ass net méi esou roueg doheem, mee et ass schéin fir Zäit mat der Famill ze verbréngen.    

    6 min
  • Äppel plécken a Rezept fir eng Äppeltaart (A2)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut héiere mir vun enger Famill, déi de Weekend zu Steesel an de Bongerten Äppel plécke war. Duerno héiere mir och nach e Rezept fir eng Äppeltaart.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    Äppel plécken & Rezept Äppeltaart 

    A: An, wéi war däi Weekend? 

    B: Ganz flott! Mir si mat de Kanner op Steesel an d’Bongerten Äppel plécke gaangen. 

    A: O, cool! Hutt dir da vill Äppel gepléckt? 

    B: Jo, nawell. Mir haten zwou grouss Tute voll. Ech wousst guer net, wéi vill verschidden Zorten Äppel do wuessen. Séisser, sauerer – mir hu vill probéiert. 

    A: Haha, also méi giess wéi gepléckt? 

    B: Dat kéint ee bal soen. Haha, nee, ech maachen de Geck. Mee wéi mir mat deene villen Äppel heemkomm sinn, hu mir eis awer gefot, wat mir mat esou vill Äppel maache sollen. 

    A: Hmm … Äppelkompott? 

    B: Jo, dat ass eng gutt Iddi. Mee mir hunn eis decidéiert, fir d’éischt emol eng Äppeltaart ze baken. 

    A: Mmh, immens! An, wéi ass se ginn? 

    B: Se war herrlech! Mir hunn déi séiss Äppel dofir geholl an duerno huet dat ganz Haus no Äppel a Kanéil gericht! 

    A: Du méchs mech elo richteg hongereg! Hues du d’Rezept ? 

    B : Jo, ee Moment. Et ass wierklech einfach. (…) Hei ass et. Also, du brauchs : 

    -200 Gramm Miel 

    -100 Gramm Zocker 

    -100 Gramm mëlle Botter 

    -zwee Eeër 

    -een Téiläffel Bakpolver 

    -e Schoss Mëllech 

    -a véier oder fënnef séiss Äppel, geschielt a gevéierelt. 

    A: Dat kléngt jo net komplizéiert. An dann?  

    B: Fir d’éischt ginn de Botter, den Zocker an d’Eeër cremeg gemixt. Duerno méchs du d’Miel an d’Bakpolver an e bësse Mëllech dobäi a réiers den Deeg bis e glat ass. Da kënnt den Deeg an eng ronn Bakform an d’Äppelstécker ginn drop geluecht. Wann s du wëlls, kanns du och nach Zocker, Kanéil oder Mandelen drop maachen. Da gëtt d’Taart ongeféier 40 Minutten op 180 Grad am Schäffche gebak. 

    A: Ech mengen, dat kréien ech hin! 

    B: Haha, bestëmmt! An iwwregens, se schmaacht am beschte waarm mat enger Bull Vanillsglace! 

    A: Ok, du hues mech iwwerzeegt. Dat probéieren ech den nächste Weekend! A wann s de d’nächst Kéier eppes bécks, da bréng roueg e Stéck mat op de Büro! 

    B: Haha. Gëtt gemaach. 

    4 min
  • Den Trounwiessel (B1-B2)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut schwätze mir mat iech iwwer den Trounwiessel, deen dëse Weekend zu Lëtzebuerg gefeiert gëtt.

    -

    Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht keen Account, klickt einfach op ''access as guest''.

    8 min
  • Eng Dramrees (B1-B2)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut hu mir e speziellen Episod fir iech: eng kleng Entspaanungsübung fir ze relaxen.

    Maacht är Aen zou an entspaant!

    9 min
  • Den Dag vun der Lëtzebuergescher Sprooch

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut ass de 26. September, den Dag vun der Lëtzebuergescher Sprooch. Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    Lëtzebuerg war wéinst senger geografescher Lag, schonn ëmmer méisproocheg, well d’Land vun däitschsproochegen a franséischsproochege Gebidder ëmginn ass a schonn ëmmer war. D’Sproochesituatioun ass och d’Resultat vun der komplexer Geschicht, déi den Territoire erlieft huet. 

    Schonn d’Kanner léieren an der Primärschoul Däitsch a Franséisch a spéider am Lycée nach Englesch. 

    D’Nationalsprooch vu Lëtzebuerg ass säit dem Sproochegesetz vum 24. Februar 1984 Lëtzebuergesch. 
    Lëtzebuerg huet dräi administrativ Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch. Virun 1984 ware just Däitsch a Franséisch offiziell Sproochen, och, wa Lëtzebuergesch zënter Joerhonnerte geschwat gëtt. Lëtzebuergesch ass aus engem muselfränkeschen Dialekt entstan an huet sech bannent de Grenze vum Land, weiderentwéckelt.  Wéi Lëtzebuerg 1815 um Wiener Kongress d’Grenze vun haut krut an zum Groussherzogtum ernannt gouf, gouf Lëtzebuergesch nach “onsen Dialekt” oder “Lëtzebuerger Däitsch” genannt. D’Sprooch an och d’Wichtegkeet vun dëser Sprooch hunn am Laf vun de Joerzéngten eng grouss Entwécklung gemaach. Däitsch war wärend Joerhonnerten d’Sprooch, an där geschriwwe gouf, a Franséisch war d’Sprooch vun de Verwaltungen a vun der Justiz. Hautdesdaags ginn, zum Beispill d’Gesetzer nach op Franséisch geschriwwen, mee d’Deputéiert schwätzen an der Chamber Lëtzebuergesch. 

    An der Aarbechtswelt ass Franséisch déi wichtegst Kommunikatiounssprooch, virun allem am Commerce, Däitsch ass als administrativ Sprooch nach ëmmer wichteg a Lëtzebuergesch bleift d’Sprooch vun der lëtzebuergescher Identitéit, och wann de Wee, unerkannt ze ginn, laang war, mee vläicht och grad dowéinst. 

    Eng weider Sprooch, déi vun engem groussen Deel vun der Bevëlkerung geschwat gëtt, ass Portugisesch, an Englesch gëtt och duerch den Zouwuess vun Entreprisen aus dem engleschsproochege Raum méi a méi geschwat. Aner Sprooche sinn d’Sproochen aus dem Balkan, Italieenesch, Arabesch, Ukrainesch, asw. Enger Ëmfro no gëtt et zu Lëtzebuerg 52 Sprooche mat jee iwwer 100 Spriecherinnen a Spriecher. 

    Elo lauschtere mir e puer Temoignagë vun Apprenanten aus dem INLL, déi eis erzielen, firwat si Lëtzebuergesch léieren. 

    • (Merci Simona, Dmitrii a Raphaella fir är Bäitreeg!)

    8 min

About Poterkëscht vum INLL

From the publisher's feed

Den offizielle Podcast vum Institut national des langues Luxembourg.

More shows like Poterkëscht vum INLL

Affaires sensibles by France Inter

Affaires sensibles

230 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Change ma vie : Outils pour l'esprit by Clotilde Dusoulier

Change ma vie : Outils pour l'esprit

316 Listeners

InnerFrench by innerFrench

InnerFrench

1,761 Listeners

Easy Luxembourgish by Anne Beffort

Easy Luxembourgish

7 Listeners

Le français avec Fluidité by Fabien Sausset

Le français avec Fluidité

266 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

Macht und Millionen – Echte Wirtschaftskrimis by Business Insider

Macht und Millionen – Echte Wirtschaftskrimis

23 Listeners

Apprends le français avec Madame à Paname (French Podcast) by Madame à Paname

Apprends le français avec Madame à Paname (French Podcast)

204 Listeners

HugoDécrypte - Actus et interviews by Hugo Décrypte

HugoDécrypte - Actus et interviews

96 Listeners

Firwaaat? - De Kannerpodcast by RTL Radio Lëtzebuerg

Firwaaat? - De Kannerpodcast

0 Listeners

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français by Hélène & Judith

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français

223 Listeners

Luxembourgish with Anne PODCAST by Luxembourgish with Anne

Luxembourgish with Anne PODCAST

5 Listeners

LEGEND by Guillaume Pley

LEGEND

167 Listeners