Poterkëscht vum INLL

Poterkëscht vum INLL

Download on the App Store

Poterkëscht vum INLL episodes

  • Vegan sinn & traditionell an alternativ Medezin (B1)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun enger anerer iwwer hir vegan Ernärung erzielt. Duerno schwätzen zwee Kolleegen iwwer traditionell an alternativ Medezin.

    -

    D'Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht keen Account, klickt einfach op ,,access as guest''.

    6 min
  • Renovatioun an e Miwwel opbauen (B1)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer eng Renovatiounsaarbecht schwätzen. Duerno héiere mir, wéi déi zwou Persounen zesummen e Bett opbauen.

    -

    Transkript:

    Eng Wunneng renovéieren 

    A: Moie Jenny, wéi ass et? Ech hunn héieren, du an de Marc, dir plënnert geschwënn? 

    B: Jo, mir hunn endlech eppes fonnt, wat an eise Budget gepasst huet. Et ass en zimmlech grousst Appartement mat zwee Schlofzëmmeren zu Märel. 

    A: Flott! Kënnt dir direkt eraplënneren? 

    B: Nee, leider net. D’Wunneng ass e bëssen ze almoudesch fir eise Goût a mir hunn decidéiert, se e bëssen ze renovéieren.  

    A: A sou! Wat loosst dir da maachen? 

    B: Relativ vill.. fir d’éischt ginn nei Waasserleitunge geluecht, well d’Réier schonn al sinn. Et ass eng Residence aus de 70er Joren. Da gëtt och de Buedem an der Stuff nei gemaach, do ass elo nämlech nach Tapis plein. Kanns de dir dat virstellen? 

    A: Dat wier näischt fir mech, mat mengen Allergien… an dir hutt jo och nach en Hond… 

    B: Eeben! Dofir gëtt den Tapis plein erausgerappt an et gëtt e Laminatbuedem mat Holzoptik geluecht. An da wëll de Marc och gär d’Schlofzëmmer an d’Stuff nei usträichen, well him d’Faarf net gefält. 

    A: Dat kléngt no vill Aarbecht… an och Niewekäschten… Hat dir dat alles mat ageplangt? 

    B: Na ja, wéi mir d’Wunneng kucke waren, war eis scho kloer, datt mir se e bëssen almoudesch fannen. Mee d’Lag ass top, direkt beim Märeler Park, a se huet och eng Garage mat Parkplaz. Dat war eis wichteg. A fir dee Präis hate mir soss näischt an der Stad fonnt… Mee mir hunn e Kolleeg vu mengem Papp, deen eis hëlleft mam Buedem, an Usträiche wollte mir selwer maachen. 

    A: A, dat geet jo dann. A schlussendlech hues du dann eng Wunneng, déi esou ass, wéi s du se gär häss. 

    B: Dat stëmmt. Laangfristeg gesinn lount et sech sécher, mee de Moment ass alles e bësse stresseg. Ech hoffen, datt mir awer an zwee Méint eraplënnere kënnen. 

    A: Ech hoffen och fir dech! A wann s de hëllef brauchs, fir unzesträichen oder Miwwel opzebauen, mell dech. 

    B: Merci, vläicht kommen ech nach op déi Offer zeréck! 

     

    E Miwwel opbauen 

    A: Ok, dat hei misst d’Bettgestell sinn. Mat wat solle mir ufänken? 

    B: Am beschte mam Kader. Hei ass d’Beschreiwung, kuck emol. 

    A: Merci. Hmm… fir d’éischt musse mer d’Säitestécker mam Kappdeel verschrauwen. Gëff mir emol den Imbusschlëssel. 

    B: Dee klengen oder dee groussen? 

    A: Dee klenge misst duergoen. Merci! Kanns du an där Zäit wgl. d’Schrauwen zortéieren? 

    B: Ok. Brauchs du den Akkuschrauber net? 

    A: Nach net, mee gläich.  

    O mei, d’Schrauwe sëtzen awer zimmlech fest. Kanns du mir de Gummishummer reechen?  

    B: Hei. Pass op, datt s de d’Holz net futti méchs! 

    A : Nee, nee, keng Suerg, ech passen op. Sou… dat passt. Elo brauch ech e Schrauwenzéier, fir de Kader vum Ressort unzeschrauwen. 

    B: Wou ass en? Ech fannen en net. 

    A: E misst ganz ënnen an der Geschierkëscht leien. Kuck emol do. 

    B: A jo, hei ass en. Voilà. 

    A: Merci!  

    B: Klappt jo ganz gutt bis elo, oder?  

    A: Jo, zu zwee geet et méi séier.  

    B : Definitiv. A wa mer fäerdeg sinn, ginn ech der een aus. 

    A: Deal! Mee gëff mer nach emol d’Waasserwo, ech wëll kucken, ob d’Bett riicht steet. 

    B: Hei ass se. 

    A: Merci. Jo, et ass alles riicht. Uff. Sou, elo musse mer just nach de Ressort uschrauwen, an dann ass dat Schlëmmst gepackt. 

    5 min
  • Réckbléck Nationalfeierdag a fir en Test léieren (A2)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    -

    Transkript:

    Réckbléck - Nationalfeierdag

    Emma: Salut Alma! Hues de gutt gefeiert fir Nationalfeierdag?

    Alma: Hallo Emma! Jo, ech hat e super Owend!

    Emma: Cool, wat hues du da gemaach?

    Alma: Ech si géint aacht Auer mat enger Frëndin an d'Stad gefuer. Et ware scho vill Leit do an d'Stëmmung war richteg flott. Mir sinn duerch d’Stad getrëppelt a ware bei déi verschidde Bünen. Et gouf Live-Musek an DJ-en. Mir wollten och onbedéngt d’Freedefeier kucken, dofir si mir op de Pont Adolphe gaangen. 

    Emma: A... Déi nei Bréck. War do net ze vill Gedrécks? 

    Alma: Dach, wéi ëmmer, mee et war wierklech der Wäert.

    Emma: Ech hunn d’Fotoe gesinn et huet wierklech fantastesch ausgesinn. Bass de dono direkt heemgaangen?

    Alms: Nee, mir si nach eng Zäit do bliwwen, hunn eng Wurscht bei engem Stand giess an e Patt gedronk. An du? Hues de och eppes gemaach?

    Emma: Jo, awer éischter den 23. Juni. Mee meng Kanner waren awer mat de Scoute beim Fakelzuch derbäi. 

    Alma: A, cool! Wat hues du dann den 23. gemaach?

    Emma: Ech hu mer d’Militärparad ugekuckt. Ech wollt dat scho laang mol live gesinn.

    Alma: A wéi war et?

    Emma: Super! Ech war schonn um hallwer zéng do, fir eng gutt Plaz ze kréien. Et war wierklech flott déi Groussherzoglech Koppel ze gesinn.

    Alma: O, du hues se wierklech gesinn?

    Emma: Jo! Si sinn och laanscht gefuer a jiddereen huet mat de Fändele gewonk. 

    Alma: Dat kléngt wierklech schéin. Vläicht ginn ech d’nächst Joer och kucken.

    Emma: Jo, mee vläicht gesäis de nächst Joer net méi de Grand-Duc Henri an d’Grande-Duchesse Maria-Theresa. Am Oktober ass jo den Trounwiessel. 

    Alma: Stëmmt! De Prënz Guillaume gëtt jo dann offiziell Groussherzog. Ech si wierklech gespaant, wéi dat wäert ginn.

    Emma: Ech och! An ech froe mech, wéi d’Nationalfeierdag dann d’nächst Joer ausgesäit. Vläicht gëtt eppes Neies organiséiert?

    Alma: Hmm… Wie weess.


    Fir en Test léieren 

    Julie: Salut Nora! Kanns du mir e bëssen hëllefen? 

    Nora: Salut Julie! Natierlech, wat ass lass? 

    Julie: Ech hu geschwënn en Test am Lëtzebuergeschen an ech weess net richteg, wéi ech mech preparéiere soll. Mir maachen en Héierverstoen, Liesverstoen a schrëftlechen Ausdrock. 

    Nora: A, jo, ech hunn och ee viru Kuerzem gemaach. Ech kann dir e puer Tipps ginn. Wéi léiers du normalerweis? 

    Julie: Ech léieren e bëssen d’Vokabelen, déi mir am Cours gesinn an ech maachen e puer Übungen am Buch. Mee ech fäerten, dass ech am Héier-a Liesverstoen näischt verstinn. 

    Nora: Fir d’Héierverstoe recommandéieren ech dir Podcasten ze lauschteren oder Videoen ze kucken. Op Youtube fënnt ee genuch Videoen an du kanns och de Podcast Poterkëscht lauschteren. Wichteg ass, dass du Saache fir däin Niveau fënns. 

    Julie: Soll ech beim lauschteren och Saachen notéieren? 

    Nora: Jo, dat hëlleft definitiv. Schreif d’Wierder op, déi s du net kenns, a probéier se dono nozeschloen, am LOD.lu zum Beispill. A wann s du d’Transkriptioun fënns, da lies dono eng Kéier den Text. 

    Julie: Ok. A fir d’Liesverstoen? 

    Nora: Hmm, wéi gesot, du kanns d’Transkriptioune vun den Audioe liesen, d’Texter aus dem Buch a Kannerbicher sinn och super fir den Ufank. Huel dir Zäit beim Liesen a stell dir selwer e puer Froen, wéi zum Beispill : Wien? Wat? Wéini? Wou? Notéier dono d’Äntwerten. 

    Julie: Ganz gutt Iddi! A wat ass mam schrëftlechen Ausdrock? 

    Nora: Schreif kleng Texter a fro däi Proff, e Kolleeg oder eng Frëndin, fir se ze verbesseren. Du kanns d’Orthografie och op Spellchecker.lu oder Saz.lu verbesseren. 

    Julie: Dat ass eng super Iddi. Wéi laang soll ech all Dag léieren? 

    Nora: 20 Minutte pro Dag si scho gutt. Méi wichteg ass, dass du reegelméisseg léiers.  

    Julie: Du hues mir elo wierklech gehollef! Ech fille mech direkt besser! 

    Nora: Dat freet mech. A jo, bal hätt ech vergiess, du kanns och op LLO.lu oder Exercice.lu verschidden Exercicë maachen a Lëtzebuergesch léieren.  

    Julie: Jo, dat kennen ech schonn. Merci! 

    6 min
  • En Hond adoptéieren an Déiererubrik (A2)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Hausdéieren. Fir d'éischt héiere mir, wéi zwou Persounen doriwwer schwätzen, en Hond z'adoptéieren. Duerno héiere mir eng Annonce um Radio, an där zwee Déiere vermësst ginn.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    En Hond adoptéieren

    A: So, ech iwwerleeë schonn eng Zäit, fir en Hond z’adoptéieren. Elo hunn ech endlech genuch Zäit a Plaz, mee ech weess net, ob ech léiwer en Hond aus dem Déierenasyl oder aus engem Déiereschutz am Ausland adoptéiere soll. Wat mengs du? Du hues jo schonn e bëssen Erfarung mat Hënn. 

    B: Ech fannen et immens, datt s du léiwer en Hond adoptéiere wëlls wéi een ze kafen! Mee jo, de Choix tëscht dem Déierenasyl an engem Hond aus dem Ausland ass net evident. Béid Optioune si gutt, mee se hu Vir- an Nodeeler. Weess du schon, wat fir en Hond s de sichs? 

    A: Am léifsten een, dee roueg an net  ze grouss ass. Et wier och gutt, wann e scho propper wier. 

    B: Hmm, dann ass en Hond aus dem Déierenasyl vläicht besser. D’Personal kennt d’Déieren a se kënnen dir soen, wéi se sech verhalen, ob se zum Beispill eleng bleiwe kënnen, wéi se sech mat aneren Hënn verhalen, an esou wieder.  

    A: Dat ass wouer. Mee mir dinn déi Hënn, déi op de Stroossen a Länner wéi Rumänien a Spuenie liewen, och immens leed. Deene wëll ee jo och hëllefen. 

    B: Kloer, dat verstinn ech. Déi Déiere liewen oft a grausame Bedéngungen. Mee dofir si se och oft ängschtlech. Déi meescht kennen d’Liewen am Haus net, a sinn och keng Léngt gewinnt. Dat heescht, datt ee méi Gedold an Training brauch.  

    A: Also mengs du, en Hond aus dem Asyl wier méi einfach? 

    B: Net onbedéngt, mee et ass oft méi einfach anzeschätzen. Ausserdeem kanns du e virdrun e puer Mol besiche goen an zum Beispill mat ëm spadséiere goen a kucken, ob e bei dech passt. Bei engem Hond aus dem Ausland hues du just e puer Biller oder Videoen. 

    A: Ech verstinn. Mee et ginn et net och Organisatiounen, déi d’Hënn hei zu Lëtzebuerg fir d’éischt an eng Fleegefamill bréngen? 

    B: Dach, dat gëtt et och. Dat ass e gudde Mëttelwee. Da wunne se schonn an enger Famill a se kënne sech schonn e bëssen un d’Liewen am Haus gewinnnen, an d’Leit kënnen dir soen, wéi den Hond esou ass. 

    A: Dat kléngt gutt. Hmm… wéi hues du et da gemaach ? 

    B : Mir hunn eisen Hond hei am Déierenasyl adoptéiert. Mir hate Chance, de Lucky huet eis direkt gefall an hien huet sech och mat eis wuelgefillt. Ech denken, et wier eng Iddi, einfach emol an d’Déierenasyl kucken ze goen. 

    A: Merci! Dat hëlleft mir scho weider. Ech mengen, ech ginn de Weekend emol kucken. 

    B: Gutt Iddi! Huel dir awer Zäit – sech en Hond zouleeën, ass eng grouss Entscheedung.  

     

    Komme mir elo bei d’Déiererubrik vum Donneschdeg, den 19. Juni: 

    Zanter gëschter Nomëtteg gëtt um Kierchbierg de Metti, e brongen Dackel vermësst. Hien huet véier Joer an huet e rout Halsband mat engem sëlweren Unhänger mat sengem Numm un. Hien ass zoutraulech, mee warscheinlech fäert en e bëssen. 

    Wann dir de Metti gesinn hutt oder wësst, wou hien ass,  da mellt iech wgl bei der Madamm Hoffmann op der Nummer 631 809 265 oder schreift eis eng WhatsApp Noriicht op d’Nummer 671 27 72 44.  

    An nach eng Kéier: de Metti, e brongen Dackel, gëtt um Kierchbierg vermësst. 

    De Beetebuerger Zoo mellt, dass e Papagei aus hirem Park fortgeflunn ass. Et handelt sech ëm en Hyazinth-Ara an en ass ongeféier ee Meter grouss an e weit 1,4 Kilo. Seng Fierderen si blo a ronderëm d’Aen an de Schniewel ass hie giel. D’Personal aus dem Zoo deelt nach mat, dass hien ëmmer säin Numm rifft. Hie lauschtert op den Numm Rocky. 

    Falls dir e gesitt, preparéiert en Teller mat Nëss oder enger Wuerzel. Domat ass hien immens frou. Rufft dann och beim Déiereschutz ënnert der Nummer 48 93 95 un oder kontaktéiert de Beetebuerger Zoo op der Nummer 51 10 48 1. 

     Merci fir Är Hëllef! 


    5 min
  • Gutt Noriichten (B1)

    Moien an häerzlech wëllkomm an der Poterkëscht. Wa mir d’Noriichten um Radio lauschteren, dann héiere mir meeschtens schlecht Noriichten: Krisen, Accidenter, Sträit – a just heiansdo positiv Noriichten. Haut maache mir dat anescht. An dësem Episod erziele mir iech just gutt Noriichte vun de leschte Méint bis haut. 
    Mir hoffen, datt mir iech den Dag esou e bësse méi schéi maache kënnen: 

     
    Gesondheet 

    Eng nei Kënschtlech Intelligenz kann unhand vun engem Elektrokardiogramm potenziell déidlech Häerzproblemer a Stéierunge vum Häerzrythmus bei Risikopatiente scho 14 Deeg virdrun erkennen. De Projet ass nach an der Testphas, mee esou kéinten an Zukunft vill Leit gewarnt ginn a Mënscheliewe gerett ginn. 

     

    Musek 

    Musek mécht bekanntlech glécklech, dat huet eng Etüd aus Finnland elo wëssenschaftlech bewisen. Wa mir Musek lauschteren, schëtt eist Gehier Gléckshormoner, wéi zum Beispill Dopamin aus. Virun allem bei eise Liblingslidder gëtt de Belounungssystem an eisem Gehier aktiviéiert, esou wéi mir dat kennen, wa mir eppes Schéines erliewen oder e gutt Stéck Schockela iessen. Musek ka Stress reduzéieren, eis Stëmmung verbesseren a souguer hëllefen, manner Péng ze spieren. Also... lauschtert är Playlist mat äre Liblingslidder a scho gëtt ären Dag e bësse besser! 

     
    Natur 

    Am Amazonas schützen d’Regierung an d’Mënschen de Reebësch besser: et gi manner Beem ëmgehaen. Den Taux ass déi éischt Kéier zanter aacht Joer méi niddereg wéi déi lescht Joren. Ee Grond dofir ass och, dass vill Länner sech fir d’Erhale vum Reebësch Amazonas engagéieren. 

     
    Déieren an Aartevilfalt 

    Vill Länner hunn hir Schutzgebidder fir Déieren um Land an am Mier am Joer 2025 erweidert. Besonnesch am Mier gëtt et elo Schutzgebidder, fir d’Korallen, d’Fësch an aner Mieresbewunner ze schützen. 

     

    Gesellschaft a Solidaritéit 

    Ëmmer méi Leit engagéiere sech benevol fir sozial Projeten. D’EU-Kommissioun annoncéiert, datt d’Zuel vu Benevollen 2025 sou héich wéi nach ni ass. Besonnesch jonk Persoune setze sech fir de Klimaschutz a fir Leit, deenen et net esou gutt geet, an.  

     

    Kultur 

    Kannerbicher sollen hëllefen, fir datt indigen a bedrot Sproochen net ausstierwen: 
    Op der ganzer Welt gëtt et ongeféier 7000 Sproochen. Wann eng Sprooch ausstierft, da verléiere mer och d’Kultur, déi zu der Sprooch gehéiert. E weltwäite Projet vun enger Organisatioun vun de Vereenten Natiounen zesumme mat enger Organisatioun, déi Kanner- a Jugendliteratur fërdert, wëll eng Sammlung mat Bicher fir Kanner a Jugendlecher, och Comicken a Sachbicher, kreéieren. 

    5 min
  • An de Supermarché goen (A1)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut héiere mir, wéi eng Persoun enger Frëndin en Audio-Message mat enger Akafslëscht schéckt. Duerno héiere mir, wéi d'Frëndin am Supermarché ass an d'Produkter keeft.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    Akafslëscht  (Audio-Message)

    D: Hallo Martine, ech si schonn am Auto a kann elo net méi schreiwen. Ech schécken dir e klengen Audiomessage mat der Akafslëscht fir haut den Owend. Du gees jo an deen neie Supermarché am Quartier. Ech hoffen du fënns alles. Also... Mir brauchen en hallwe Kilo Tomaten fir d’Entrée. Fir de Schockelaskuch brauche mir och nach e Pak Miel. Dat ass alles. Merci! A nee... Pardon. Kaf och nach eng Fläsch Olivenueleg. Mir hu kee méi doheem. A kaf och nach e Liter Mandelmëllech, du weess jo, d’Sabrina ass laktosintolerant an hatt däerf keng Mëllech drénken.  Elo ass et awer alles... Merci! Äddi! 

     

    Am Supermarché

    A : Entschëllegt, kënnt Dir mir hëllefen, wannechgelift? 

    B: Jo, natierlech. Wat sicht Dir? 

    A: Ech brauch Tomaten. Wou fannen ech déi? 

    B: D’Tomate sinn do hannen am Rayon vum Geméis. 

    A: A, merci! A wou ass d’Miel? 

    B: D’Miel ass am drëtte Rayon, beim Zocker. 

    A: Ok. An den Olivenueleg, wou fannen ech deen? 

    B: Den Olivenueleg ass och am Rayon vum Miel. 

    A: Tipptopp! Villmools merci fir Är Hëllef. Nach eng lescht Fro: Hutt Dir och Mandelmëllech? 
    B: Nee, mir hu leider keng Mandelmëllech méi. Iwwermuer kënnt eng nei Liwwerung. Als Alternativ hu mir Soja- oder Huewermëllech. Déi schmaachen och gutt. 
    A: Merci. Dat ass fein.  

     

    C: Gudden Owend. Hutt Dir alles fonnt? 

    A: Jo, merci. 
    C: Hutt dir schonn eng Clientskaart? 
    A: Nee, nach net. Ech huelen de Formulaire mat heem. 

    C: An der Rei. Dat mécht dann 23 Euro 75. Braucht Dir eng Tut ? 

    A : Jo, wannechgelift. 

    C: Dat kascht 10 Cent extra. 

    A: Dat ass an der Rei. Merci! 

    C: Bezuelt Dir boer oder mat der Kaart? 

    A: Ech bezuele mat der Kaart, wannechgelift. 

    C: Braucht Dir den Ticket? 

    A: Nee merci.  

    C: Dann nach e schéinen Dag. 

    A: Merci gläichfalls. 

    4 min
  • Kleng Accidenter (B1)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Am Episod vun haut schwätze mir iwwer kleng Accidenter. Fir d'éischt héiere mir, wéi eng Persoun sech an de Fanger geschnidden huet. Duerno héiere mir, wéi eng Persoun enger Frëndin erzielt, datt si de Réck wéi huet.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    E klengen Accident 

    A: Au! 

    B: Wat ass? 

    A: Ech hu mech an de Fanger geschnidden! 

    B: Hal en ënner kaalt Waasser! 

    A: Dat maachen ech grad! 

    B: Gutt! 

    A: An elo? 

    B: Wéckel Kichepabeier ronderëm an dréck fest op d’Wonn. 

    A: Ok. 

    eventuell kleng Paus 

    A: Gutt, et huet opgehalen ze bludden. 

    B: Ech desinfitzéieren d’Wonn nach. Looss dat e bëssen dréchnen, ech ginn eng Plooschter sichen. 

    A: Merci! 

    B: Voilà. Ass d’Plooschter net ze fest? 

    A: Nee. 

    B: Deet et wéi? 

    A: Nee, et pickt just e bëssen. Merci fir deng Hëllef! Kanns du mer just wannechgelift e puer Tranchë Brout schneiden? Mee, pass op, dass de dech net och an de Fanger schneits! 

    B: Ech probéieren! 


    En Hexeschoss 

    A: Allô? 

    B: Hallo! Hei ass d’Lisa. 

    A: O! Du kléngs awer net gutt! 

    B: Ma Nee! Ech hunn e Problem!  

    A: Wat ass lass?! 

    B: Ech hu mech virdru gebéckt, fir mäi Schong ze strécken a wéi ech mech nees gestreckt hunn, hat ech op eemol schrecklech de Réck wéi. Ech hu mech geluecht, mee lo leien ech hei an et gëtt net besser. Ech ka mech kaum beweegen a kommen net méi op! 

    A: Aua! Dat ass definitiv en Hexeschoss! 

    B: Jo? Ech hat dat nach ni! 

    A: Dach, ech hat dat schonn! Da kann ee kaum nach opstoen! Ech konnt, zum Beispill meng Box net méi undoen an d’Schong net méi strécken, asw. 

    B: O, nee! Ech muss awer schaffe goen! 

    A: Nee...du kanns bestëmmt och net an den Auto eraklammen oder aus dem Auto erausklammen! Dat gëtt näischt! Hues de schonn eng Ibuprofen ageholl? 

    B: Jo. 

    A: Wäermt hëlleft! Hues de e Kiischtekärkëssen oder eng Bull doheem? 

    B: Jo, ech hunn eng Bull. 

    A: Gutt! Da fëll déi mat kache Waasser a lee dech drop. Oder lee dech direkt an d’Bidden...! 

    B: Ha ha, da kommen ech ni méi do raus. 

    A: Jo, ok! 

    B: Mengs de, ech muss an d’Urgence? 

    A: Nee!!! Wann, da gees de fir d’éischt bei däin Hausdokter oder deng Hausdocktesch. Wann et der muer net besser geet, dann hëls de e Rendez-vous. Da kann een der e Muskelrelaxans oder Kiné verschreiwen. 

    B: Ok. Ech hunn och nach eng Sallef heiheem. Ech maachen déi nach drop. 

    A: Perfekt! A maach keng séier Beweegungen! Soll ech laanschtkommen, fir der ze hëllefen? 

    B: Nee, nee! Ech ruffe meng Schwëster nach un. Hat ass net op den Telefon gaang. Ech hunn dir ugeruff, well s du dech jo mat Réckeproblemer auskenns. Merci fir deng Rotschléi an deng Hëllef! 

    A: Gär geschitt! Versuerg dech gutt! Gutt Besserung a so Bescheed, wann s de eppes brauchs! 

    B: Merci! Maachen ech! Äddi! 

    A: Äddi! 

    5 min
  • Aktivitéiten op der Aarbecht & Eleng an der Vakanz (A2)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut héiere mir, wéi eng Persoun hirem Patron vun hiren Aktivitéiten op der Aarbecht erzielt. Am zweeten Deel erzielt eng Persoun hirer Frëndin, wat si an hirer leschter Vakanz gemaach huet.

    Transkript:

    Aktivitéiten op der Aarbecht

    Patronne: Moien Här Welter! Wéi geet et Iech haut? 

    Aarbechter: Bonjour! Et geet mir gutt, merci. An Iech? 

    Patronne: Och ganz gutt, merci. Kënnt Dir mir soen, wéi Är Aarbechtszäite muer sinn? Ech muss dat an de System androen. 

    Aarbechter: Jo, natierlech. Ech kommen um 6:50 an d’Fabrick, ech badge mech an an ech fänken um 7:00 Auer mat schaffen un. 

    Patronne: A sou a wat maacht Dir als éischt? 

    Aarbechter: Vun 7:00 bis 9:00 maachen ech d’Maschinnen un a kontrolléieren d’Material. 

    Patronne: An dono? 

    Aarbechter: Vun 9:00 bis 10:30 paken ech d’Produkter an d’Këschten. 

    Patronne: An der Rei. Maacht Dir och eng Kaffispaus? 

    Aarbechter: Jo, déi maachen ech vun 10:30 bis 10:45. 

    Patronne: Gutt. A wéini maacht Dir Är Mëttespaus? 

    Aarbechter: Meng Mëttespaus ass vun 12:00 bis 12:30.  

    Patronne: Dir maacht nëmmen eng hallef Stonn Paus?  

    Aarbechter: Jo, ech iessen nëmmen eng Schmier an drénken en Téi. 

    Patronne: Ok. A wéi geet et dono weider? 

    Aarbechter: Vun 12:30 bis 15:30 lueden ech d’Päck an de Camion a kontaktéieren d’Clienten.  

    Patronne: A wéini sidd Dir fäerdeg mat schaffen? 

    Aarbechter: Ech sinn um 16:00 fäerdeg an ech gi géint 16:10 heem. 

    Patronne: Dir sidd ganz gutt organiséiert. Merci Här Welter! 

    Aarbechter: Gär geschitt!  


    Meng lescht Vakanz

    A: Salut Caroline! Wéi geet et dir? 

    B: Moie Lara! Et geet mir gutt, ech si ganz entspaant. Ech war grad an der Vakanz. 

    A: A, flott! Wou waars de dann? 

    B: Ech war eng Woch eleng a Spuenien, zu San Sebastián. Dat ass eng schéi Stad am Norde vum Land. Do gëtt et Bierger a Plagen. 

    A: Ganz eleng? War et net langweileg fir dech? 

    B: Am Ufank hat ech e bësse Bedenken, mee et war guer net langweileg. Ech konnt maachen, wat ech wollt a mengem eegenen Tempo an ech hat Zäit fir mech selwer. Dat huet mir wierklech guttgedoen. 

    A: Dat kann ech gutt verstoen! Wat hues du dann alles gemaach? 

    B: Villes! Nomëttes war ech meeschtens op der Plage. D’Waasser war frësch, mee agreabel. Ech hu gelies, war schwammen an hu mech gesonnt. Moies hunn ech Yoga um Strand gemaach – dat war wierklech flott, mat de Geräischer an dem Geroch vum Mier. 

    A: Dat kléngt no enger relaxer Vakanz. Mee du hues gesot, du hues och Sport gemaach? 

    B: Jo, ech war och aktiv! Ech si Mountainbike an de Bierger gefuer. Do gëtt et vill Weeër an der Natur. Een Dag sinn ech bal véier Stonne gefuer. Ech war och zweemol wanderen. 

    A: Wow! Hues de och eppes Neies probéiert? 

    B: Jo! Ech war an enger Surfschoul. Déi éischt Stonne sinn ech dauernd vum Briet gefall, mee mat der Zäit gouf et besser. Et war ganz witzeg! 

    A: Dat kléngt wierklech cool! Wéi laang waars de eigentlech fort? 

    B: Ech war zéng Deeg fort. Dat war genau richteg. Ech hu vill erlieft, mee hat och Zäit fir ze raschten. 

    A: Ech kréie richteg Loscht och esou eng Vakanz ze maachen. 

    B: Jo, ech kann et wierklech recommandéieren. San Sebastián ass eng super Plaz – et ass net ze grouss, mee et gëtt vill ze gesinn an ze maachen.  

    5 min
  • En Ausfluch buchen & Aktivitéiten am Alter (B1)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Am Episod vun haut héiere mir, wéi zwou Persounen en Ausfluch plangen. Duerno héiere mir, wéi zwou Frëndinnen iwwer Aktivitéiten am Alter schwätzen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:


    En Ausfluch buchem

    A: Hänks de rëm um Handy? 

    B: Jo, pardon, ech buche grad eng Rees fir meng Mamm a mech. ‘t ass mäi Gebuertsdagskaddo fir meng Mamm. 

    A: Kee Problem. Schéin! Wouhi geet et? 

    B: Majo, dës Agence organiséiert Dagesreesen. Den 23. Juni fuere se op Stroossbuerg. Vu datt bei eis Nationalfeierdag ass an a Frankräich kee Feierdag ass, fannen ech et flott, deen Dag eng Stad ze besichen. Dann ass et net esou voll wéi de Weekend. 

    A: Flott! Dat stëmmt! Wéi ass dann de Programm? 

    B: Mir fueren um 7 Auer moies um Park & Ride Bouillon fort an- 

    A: O, dat ass fréi! 

    B: Jo, mee dann huet een eppes vum Dag. Um 10.15 komme mer zu Stroossbuerg un. Um hallwer 7 owes fiert de Bus nees zeréck op Lëtzebuerg. 

    A: Hm... 

    B: Et kann ee jo am Bus fir dohin e bësse schlofen. 

    A: An engem Bus kréien ech keen A zou. 

    B: Vläicht bass de manner midd wéi s de mengs! Mir maachen dat reegelméisseg. Et ass wierklech praktesch, well ee sech ëm näischt brauch ze këmmeren. Et muss een net selwer fueren, et muss ee keng Parkplaz sichen an no engem laangen Dag ass een och frou, wann een net nach heemfuere muss. Ech hunn nom Entdecken a Shoppe keng Energie méi, fir mam Auto heemzefueren. Dat hei ass wierklech praktesch! 

    A: A wéi vill kascht dat? 

    B: Dësen Tripp kascht 80 € pro Persoun. 

    A: Ok. 

    B: Op hirem Site kanns de kucken, wat fir Trippen a Reesen et nach gëtt. Vläicht fënns de eppes, dat der gefält. 

    A: Jo, ech kucke mol. Merci fir den Tipp! 

    -

    Aktivitéiten am Alter 
     

    A: Hallo! Wéi geet et dir? 

    B : Gutt an dir? 

    A: Och gutt! Ech war de Mëtteg bei menger Bomi. Mir hunn zesumme gekacht a giess. 

    B: Schéin! Wéi geet et hir? 

    A: Et geet hir gesondheetlech gutt, mee se fillt sech immens aleng. Se kuckt vill Tëlee a liest vill, mee et ass all Dag dat selwecht.  

    B: Dat deet mer leed fir si. Meng Bomi ass jo och eleng, mee si huet wierklech Chance mat hirer Gemeng. D’Gemeng organiséiert vill Aktivitéite fir eeler Leit. Eemol de Mount geet si an e Sproochecafé, fir mat de Leit, déi Lëtzebuergesch léieren, ze schwätzen. Si huet do och d’kenne geléiert, eng Tuneesierin. Si treffe sech reegelméisseg, fir zesummen ze poteren an ze kachen. 
    Eemol d’Woch geet si an de “Fit am Alter”. Do turne si am Sëtzen a wann d’Wieder gutt ass, gi se an e Park spadséieren. 

    A: Wéi flott!  

    B: Gëtt et an hirer Gemeng keng esou Offeren? 

    A: Ech muss kucken, ech hunn emol net doru geduecht. 

    B: Stréckt si gär? 

    A: Jo, ganz gär. Si heekelt och gär. 

    B: Ma dat passt gutt! Meng Bomi trëfft sech zwee bis dräi Mol de Mount mat Leit vun all Alter, wou si dann zesumme strécken an heekelen, mee virun allem zesumme poteren. Et sinn esouguer Teenageren derbäi! Ech ginn dir mol menger Bomi hir Telefonsnummer. Wann deng Bomi Loscht huet, da ka se menger Bomi uruffen. 

    A: O, wéi léif. Dat ass eng super Iddi! Ech froe se mol, mee si ass bestëmmt motivéiert! Villmools Merci! 

    B: Ganz gär geschitt! Mir kënnen eis jo heiansdo zu véier treffen! Ech wëll och emol strécke léieren. 

    A: Dat maache mer! 

    5 min
  • De Marathon zu Lëtzebuerg (A2)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Am Episod vun haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer de Marathon an der Stad Lëtzebuerg schwätzen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    De Marathon zu Lëtzebuerg 

    A: Salut Vinz, hues du e Samschdeg den Owend schonn eppes vir ? 

    B : Nee, nach net. Firwat ? 

    A : Ech lafe mat e puer Frënn beim ING Night Marathon mat – awer just de Semi, also den hallwe Marathon. 

    B: Wow, seriö? Dee war ech nach ni kucken. 

    A: Da gëtt et Zäit! Et ass e risegt Lafevenement hei zu Lëtzebuerg, dat gréisst aus dem Land. Et komme Leit aus der ganzer Welt fir matzelafen, an natierlech lafen och vill ambitionnéiert Hobbyleefer vu Lëtzebuerg mat. D’Ambiance an der Stad ass einfach super! 

    B: Kléngt cool! Also ass et net just e Sportsevenement, mee éischter eng grouss Party? 

    A: Jo, dat kann ee scho soen. D’Stad ass voll mat Leit, déi déi verschidde Leefer ufeieren. De Laf fänkt um Kierchbierg un a geet dann op de Lampertsbierg an duerch d’Stad. De Marathon geet och iwwer Märel an op d’Gare, mee herno kënnt jiddereen erëm um Kierchbierg un. 

    B: Dat ass awer keng einfach Streck! 

    A: Nee, virun allem de Schluss geet zimmlech biergop. Ech hoffen, ech packen dat, mee ech hu gutt trainéiert. 

    B: Firwat deet ee sech dann esou eppes un? 

    A: Ech sinn d’lescht Joer fir d’éischt mat e puer Frënn an d’Stad kucke komm an ech hunn déi Atmosphär einfach immens fonnt. E puer Méint duerno, hunn ech mech du fir eng éischt Course ugemellt, bei där ech 10 Kilometer gelaf sinn an dat ass awer relativ gutt gaangen. 

    B: Wéi laang trainéiers du dann elo fir de Semi-Marathon? 

    A: Ech hu mech am Ufank vum Joer ugemellt a lafen elo zënter zwee Méint méi konsequent, dat heescht 3 Mol d’Woch. An all Woch e puer Kilometer méi. Ech hoffen, dass ech et an zwou Stonne packen! 

    B: Bestëmmt! Vläicht kann ech dech jo och ufeiere kommen. Wéi kommen ech dann e Samschdeg am beschten an d’Stad? Fueren d’Busser? 

    A: Hmm, du muss e bëssen oppassen. Vill Stroosse si wéinst dem Laf gespaart an e puer Busser fueren en anere Wee. Kuck am beschten um Internet, do fënns du bestëmmt all d’Informatiounen.  

    B: An der Rei. Villäicht kommen ech einfach mam Vëlo. Gitt dir dann duerno och nach eraus? 

    A: Kloer! Et ginn iwwerall After-Partyen: an der Uewerstad, am Gronn, an esouguer um Glacis. Ech wäert zwar midd sinn, mee fir ee Béier misst et nach duergoen. 

    B: Haha, dat wëll ech gesinn. Gutt, ech sinn dobäi: fir iech unzefeieren, a fir d’After-Party duerno. 

    A: Flott, dat freet mech! Villäicht kanns du jo och e Schëld mat engem coole Sproch maachen. 

    B: Jo, dat ass eng Iddi. Vläicht fält mir jo eppes Kreatives an. Ech iwwerleeë mir mol eppes!  

    4 min

About Poterkëscht vum INLL

From the publisher's feed

Den offizielle Podcast vum Institut national des langues Luxembourg.

More shows like Poterkëscht vum INLL

Affaires sensibles by France Inter

Affaires sensibles

230 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Change ma vie : Outils pour l'esprit by Clotilde Dusoulier

Change ma vie : Outils pour l'esprit

316 Listeners

InnerFrench by innerFrench

InnerFrench

1,761 Listeners

Easy Luxembourgish by Anne Beffort

Easy Luxembourgish

7 Listeners

Le français avec Fluidité by Fabien Sausset

Le français avec Fluidité

266 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

Macht und Millionen – Echte Wirtschaftskrimis by Business Insider

Macht und Millionen – Echte Wirtschaftskrimis

23 Listeners

Apprends le français avec Madame à Paname (French Podcast) by Madame à Paname

Apprends le français avec Madame à Paname (French Podcast)

204 Listeners

HugoDécrypte - Actus et interviews by Hugo Décrypte

HugoDécrypte - Actus et interviews

96 Listeners

Firwaaat? - De Kannerpodcast by RTL Radio Lëtzebuerg

Firwaaat? - De Kannerpodcast

0 Listeners

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français by Hélène & Judith

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français

223 Listeners

Luxembourgish with Anne PODCAST by Luxembourgish with Anne

Luxembourgish with Anne PODCAST

5 Listeners

LEGEND by Guillaume Pley

LEGEND

167 Listeners