
Sign up to save your podcasts
Or


Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer d'Aarbecht. Fir d'éischt héiere mir den Agenda vun enger Persoun. Duerno héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer zwee Mataarbechter schwätzen. Vill Spaass!
-
Transkript
Aarbechtsagenda
Sekretärin: Gudde Moien, Här Müller. Wéi geet et Iech haut?
Chef: Gudde Moien, Monique. Et geet mir gutt, merci. An Iech?
Sekretärin: Ganz gutt, merci. Wëllt Dir vläicht de Programm fir haut kucken?
Chef: Jo, gär. Wat steet um Agenda?
Sekretärin: Um néng Auer hutt Dir e Rendez-vous mam Här Schmidt.
Chef: Här Schmidt… ass dat de Client vu Berlin?
Sekretärin: Jo, genee. Hien ass fir eng Stonn do.
Chef: An der Rei. An dono?
Sekretärin: Um Véierel op zéng ass eng Videokonferenz mat der Firma LuxemTech.
Chef: Wéi laang dauert déi?
Sekretärin: Ongeféier eng hallef Stonn.
Chef: Gutt, ech notéieren dat. A wat kënnt no der Mëttesstonn?
Sekretärin: Um eng Auer hutt Dir en Iesse mat der Madamm Weber.
Chef: A jo, dat Geschäftsiessen hätt ech elo bal vergiess
Sekretärin: Jo, si wëll iwwer en neie Projet schwätzen.
Chef: Ok a wéi gesäit den Nomëtten aus?
Sekretärin: Um dräi Auer ass eng intern Reunioun mam Marketing-Team.
Chef: Wéi laang dauert déi?
Sekretärin: Eng Stonn.
Chef: O mamm.. haut hunn ech jo e volle Programm.
Sekretärin: Effektiv.
Chef: Ass dat alles fir haut?
Sekretärin: Nee, um véier Auer kënnt den Här Becker fir eng kuerz Presentatioun.
Chef: Wéi laang dauert déi?
Sekretärin: 30 Minutten.
Chef: Perfekt, merci Monique. Dir hutt wéi ëmmer alles gutt virbereet.
Sekretärin: Gär geschitt, Här Müller. Soll ech Iech d’Dokumenter fir d’Reunioune bréngen?
Chef: Jo, wgl. Ech gi mir eng Taass Kaffi sichen. Wëllt Dir och eng?
Sekretärin: Gären.
Chef: A, nach eng lescht Fro: Sinn och Rendez-vouse fir muer virgesinn?
Sekretärin: Jo, mee muer hutt Dir nëmmen zwee Rendez-vousen. Moies um zéng Auer mam Här Dupont vun der Bank, an am Nomëtten um dräi Auer mat der Madamm Ambrosio fir iwwer de Planning vum Juli ze schwätzen.
Chef: An der Rei. Merci nach eng Kéier!
Sekretärin: Gär geschitt, Här Müller.
Iwwer Mataarbechter schwätzen
A: Moien!
B: Salut! Wéi geet et dir?
A: Jo, et geet! Ech hat grad eng flott an effizient Reunioun.
B: Schéin! Mat wiem?
A: Mam Iris, Joëlle an Antonio.
B: A, den Antonio! Ech gesinn hien heiansdo an der Kantin. Mir iessen heiansdo zesummen. Wéi ass hien esou op der Aarbecht?
A: Hien ass super organiséiert an immens grëndlech. Hien huet ëmmer all d’Dokumenter derbäi a weess, vu wat hie schwätzt. An hien ass och immens hëllefsbereet an erkläert alles am Detail.
B: Super! Ech fannen hien och immens sympathesch. Ech si frou, datt hien och um Büro e gudden Ekippegeescht huet. Ech hu Leit, déi professionell schaffen, esou gär!
A: Ech och! Hien ass och manéierlech. Hie lauschtert no an hien ënnerbrécht keen. Hien ass wierklech e gudde Mënsch.
B: Topp! Hien ass de Géigendeel vum Lena! Hatt ass chaotesch an onpénktlech! Hatt war haut eng Dräivéierelstonn ze spéit am Meeting an hat seng Dokumenter net derbäi. Mir mussen eis dowéinst muer nach eng Kéier treffen. Dat ass wierklech net kollegial!
A: O jee! Geschitt dat oft?
B: Leider jo.
A: Dat ass enttäuschend. Den Zesummenhalt vun enger Ekipp ass esou wichteg. Dat huet negativ Suitte fir iech all.
B: Jo... hatt ass net motivéiert a meckert vill.
A: Vläicht geet et him net gutt. Vläicht huet hatt privat Problemer oder hatt ass onzefridde mat der Aarbecht.
B: Jo, dat ka sinn. Mee eis ganz Ekipp leit drënner an d’Ambiance ass fuerchtbar.
A: Hues du scho mat him geschwat?
B: Nee, ech traue mech net. Hatt ass immens stuer.
A: Ech mengen, dat ass eng gutt Iddi. Hatt mierkt vläicht guer net, datt hatt iech all demotivéiert. Et ass besser, du schwätz eleng mat him. Wann d’ganz Ekipp mat em schwätzt, da fillt hatt sech vun iech all attackéiert.
B: Ok. Wann et net geet, da kann ech nach bei eis Gruppecheffin goen. Esou kann et net weidergoen.
A: Ech wënschen dir vill Gléck!
B: Villmools Merci!
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir zwee Dialoger um Policebüro. Vill Spaass beim Nolauschteren!
Transkript:
Declaration de perte
Polizist: Gudde Moien, Madamm. Wéi kann ech Iech hëllefen?
Madame Goedert: Gudde Moien. Ech wollt eng Déclaration de Perte maachen. Ech hu mäi Portmonni verluer.
Polizist: Ok. Wéini hutt Dir gemierkt, datt Dir Äre Portemonni net méi hutt?
Madame Goedert: Gëschter, wéi ech heem komm sinn. Ech wollt mäi Portmonni aus der Posch huelen, mee e war net méi do.
Polizist: An der Rei. Wéini hutt Dir e fir d’lescht gesinn?
Madame Goedert: Am Supermarché, géint 15:30 Auer. Ech hu mat der Kaart bezuelt.
Polizist: Also warscheinlech tëscht dem Supermarché an Ärem Doheem. Sidd Dir nach iergendwou stoebliwwen?
Madame Goedert: Jo, ech war nach kuerz op d’Gare eng Frëndin sichen.
Polizist: An Är Posch war zou? Oder konnt een einfach dragräifen?
Madame Goedert: Se war zou, mee et war vill Gedrécks op der Gare. Vläicht huet een eppes geholl.
Polizist: Wat genau war am Portmonni?
Madame Goedert: Meng Identitéitskaart, meng Kreditkaarten, meng Krankekeesekäertchen, e puer Suen – ongeféier 25 Euro – an eng Foto vu menger Kaz.
Polizist: Wéi gesäit de Portmonni aus? Faarf? Material?
Madame Goedert: En ass schwaarz-wäiss getëppelt aus Lieder, mat engem klenge roude Knapp. Et ass mäi Liblingsportmonni.
Polizist: OK, ech notéieren alles. Ären Numm a Gebuertsdatum wgl.
Madame Goedert: Caroline Goedert, ech sinn den 10. Abrëll 1989 gebuer.
Polizist: A wéi ass Är Adress, wgl.?
Madame Goedert: 15, rue du Bois, zu Märel.
Polizist: An da brauch ech nach Är Telefonsnummer, wgl.
Madame Goedert: 671 598 485.
Polizist: Gutt. Mir maachen eng offiziell Deklaratioun. Wann e fonnt gëtt, ruffe mir Iech un.
Madame Goedert: Merci villmools. Muss ech nach eng Kéier kommen?
Polizist: Nee, just wa mir eppes fannen. Dir kritt och eng Kopie fir d’Bank an d‘Versécherung.
Madame Goedert: Super. Meng Kreditkaarte si scho gespaart, da ginn ech elo direkt op d’Gemeng fir eng nei Identitéitskaart.
Polizist: Dat ass eng gutt Iddi. Hei ass d'Deklaratioun – ënnerschreift wgl. hei.
Madame Goedert: Merci nach eng Kéier.
Polizist: Gär geschitt, Madame Goedert. E schéinen Dag nach!
Abroch Auto
Polizistin: Gudde Moien. Wéi kann ech Iech hëllefen?
Martine Weber: Moien. Ech wëll eng Plainte maachen. A mäin Auto ass agebrach ginn.
Polizist: Dat deet mir leed fir Iech. Wéini ass dat geschitt?
Marc Weber: Ech mengen an der Nuecht. Gëschter Owend um 19:00 Auer war nach alles normal.
Polizist: Wou stoung den Auto?
Marc Weber: Viru mengem Haus, an der rue des Roses, zu Beetebuerg.
Polizist: A wéini hutt Dir et gemierkt?
Marc Weber: Haut de Moien, wéi ech op d’Aarbecht wollt fueren. D’Fënster op der Beifuerersäit war futti.
Polizist: Wat ass geklaut ginn?
Marc Weber: De GPS, eng Jackett, eng Posch mat Dokumenter an e Sonnenbrëll.
Polizist: Wat fir Dokumenter waren an Ärer Posch?
Marc Weber: Mäi Carnet d’entretien vum Auto a meng Dokumenter vu menger Versécherung.
Polizist: Wéi gesäit Ären Auto aus?
Marc Weber: Et ass e bloe VW Golf, fënnef Dieren. D’Plackennummer ass WC 2306.
Polizist: Sidd Dir de Besëtzer vum Auto?
Marc Weber: Jo.
Polizist: An hutt Dir eng Versécherung géint Déifstall?
Marc Weber: Jo, ech hunn eng Vollkaskoversécherung.
Polizist: Da kënnt Dir dëse Rapport benotzen, wann Dir Är Versécherung kontaktéiert.
Marc Weber: Muss ech nach eppes maachen?
Polizist: Nee, mir maachen elo de Rapport. Dir kritt eng Kopie. Wa mir Informatiounen hunn, da melle mir eis.
Marc Weber: Ech hoffen, datt Dir eppes fannt.
Polizist: Dat hoffe mir och. Gëtt et Kameraen an Ärer Strooss?
Marc Weber: Jo, ech mengen bei der Apdikt ass eng Kamera.
Polizist: Dat ass gutt, da froe mir bei der Apdikt no. Gitt eis wgl. nach Är Telefonsnummer.
Marc Weber: Jo, dat ass den 671 345 678.
Polizist: Merci. Da si mir fäerdeg hei. Hei ass Är Kopie.
Marc Weber: Villmools Merci.
Polizist: Gär geschitt. Eng schéi Woch nach!
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut hu mir e speziellen Episod fir iech: mir schwätzen iwwer de Sproochentest.
Am éischten Deel héiere mir, wéi dir iech fir de Sproochentest umellt an op wat dir um Dag vum Examen oppasse musst.
Duerno héiere mir e Beispill vun enger Kandidatin, déi den éischten Deel vum mëndlechen Test (Interaktioun / Gespréich iwwer en Theema) mécht. Duerno soe mir och, ob d'Persoun den Test gepackt huet oder net.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Geschwë sinn erëm Orientéierungsgespréicher am INLL. De 15. an de 16. September 2025 kënnt dir an den INLL kommen, an en Orientéierungsgespréich maachen. Dir schwätzt mat engem Lëtzebuergeschproff a gitt an e Cours orientéiert. Haut héiert dir, wat iech an esou engem Gespréich erwaart.
Huelt iech äre Rendez-vous elo fir en Orientéierungsgespréich op MyINLL.
-
Transkript:
Fir en Niveau orientéiert ginn
S: Moien an häerzlech wëllkomm am INLL! Mäin Numm ass Sophie. Schwätzt Dir scho Lëtzebuergesch?
L: Moien. Jo, e bëssen.
S : Hutt Dir e Cours gemaach?
L: Jo, en A1 Cours.
S: Kënnt Dir iech e bësse presentéieren?
L: Jo. Ech heesche Lucía an ech kommen aus Spuenien, vu Salamanca. Ech sinn hallef Spuenierin an hallef Argentinierin. Ech schwätze Spuenesch, Englesch, Franséisch an e bësse Lëtzebuergesch. Ëmm... Ech sinn 38 Joer al. Ech sinn den 3. Februar 1987 gebuer. ... Ech si bestuet an ech hunn zwee Kanner. De Moment schaffen ech net. Ëmm...
S: Wat maacht Dir gär an Ärer Fräizäit? Wat sinn Är Hobbyen?
L: A menger Fräizäit ech ginn...nee... A menger Fräizäit ginn ech gär schwammen. Ech maachen Aquagym an ech liese gär.
S: Wéi oft maacht Dir dat?
L: Ech ginn ee Mol d’Woch an den Aquagym an ech ginn zwee Mol d’Woch schwammen. Ech liesen all Dag.
S: Ok, merci!
Presentéiert wannechgelift Är Dagesroutine vun engem normalen Dag chronologesch. Wat maacht Dir vu moies bis owes? Zum Beispill: Ech erwächen um sechs Auer. Duerno ginn ech an d’Dusch. Um siwen Auer... Duerno... etc.
L: Ech erwächen ... um hallwer siwe moies. Duerno ech ... duerno ginn ech an d’Buedzëmmer. Um ... Véierel fir siwen erwächen ech meng Kanner. Mäi Mann preparéiert d’Moiesiessen. Ech hëllefen de Kanner. Ëmm... um siwen Auer ... drénke mir Kaffi.
Mäi Mann bréngt d’Kanner an d’Schoul an duerno fiert hien op d’Aarbecht. Ech schaffen de Moment net. Ech maachen de Stot an ... ech kachen d’Mëttegiessen. Ech gi meng Kanner an d’Schoul sichen. Mir iessen um 12 Auer zu Mëtteg.
Mëttes gi mir op d’Spillplaz oder mir spillen doheem. Mäi Mann kënnt um 18.30 heem. Mir iessen zu Owend. Duerno ginn d’Kanner schlofen. Mäi Mann an ech schwätzen zesummen a mir kucken d’Tëlee. Ech ginn ... um 22.30 Auer schlofen. Ech liesen e bëssen an duerno schlofen ech.
S: Gutt! Merci! Jo, Dir hutt den Niveau A1. D’nächst Semester kënnt Dir den A2.1 ufänken.
L: Merci!
S: Ech erklären Iech déi administrativ Informatiounen awer elo op Franséisch oder Englesch, da verstitt Dir all déi wichteg Informatiounen.
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi dem João an dem Sofia seng Vakanze waren.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Vun enger Vakanz erzielen
João: O Sofia, scho rëm du! Wat eng Iwwerraschung! Wéi geet et dir?
Sofia: Mir geet et gutt, merci. Wéi geet et dir? Wéi war deng Vakanz?
João: Super! Mir waren, wéi geplangt, a Portugal bei meng Famill. D’Kanner hu sech esou gefreet hir Grousseltere rëmzegesinn. A bei dir? Wéi war Thailand?
Sofia: Fantastesch! Et war eng richteg cool Erfarung. Bangkok war hektesch, mee spannend, an d’Insel war wéi e Paradäis.
João: Dat kléngt wonnerbar. Wéi war et mam Iessen? Hues de de Pad Thai probéiert?
Sofia: Natierlech! An och gréng Curryen, Mango Sticky Rice an déi frësch Kokosnoss direkt um Strand. An et war alles esou bëlleg!
João: Wow! Dat klengt mega! Bei eis gouf et och ëmmer gutt z’iessen: meng Mamm huet fir eis hir berüümte Bounenzopp preparéiert a mir hu bal all Moie Pastéis de Nata giess. Ech mengen, ech hunn zwee Kilo bäigeholl.
Sofia: Ech och, obwuel ech vill Yoga gemaach hunn. D’Rou op der Insel huet mir wierklech gutt gedoen.
João: Du has och erzielt, datt s du och e Massagecours maache wäerts.
Sofia: Genau! D’Formatioun huet dräi Deeg gedauert an ech krut souguer en Zertifikat. A wéi war et mat dengen zwee Kanner? Net ze stresseg?
João: Am Ufank e bëssen, mee si hu sech schnell ugepasst. Si hu Sandbuerge gebaut, war schwammen, hu mat anere Kanner gespillt an natierlech gouf et och all Dag eng Glace.
Sofia: Dat kléngt herrlech. Ech hunn och nei Leit kennegeléiert, dorënner eng Norwegerin an en Australier. Mir sinn zesummen en Tempel a Räisfelder kucke gaangen an elo si mer Kolleegen op Instagram. So, du an deng Fra wollt jo wandere goen, wéi war dat?
João: Effektiv, mir wollten eng kleng Auszäit huelen, mee meng Fra hat leider eng Mogripp an do ass dat Ganzt an d’Waasser gefall.
Sofia: O nee, dat ass awer wierklech Schued.
João: Jo, sou ass dat halt, verschidde Saache kann een net virausgesinn. Mee mir haten trotzdeem eng schéin Zäit.
Sofia: Dat ass dat Wichtegst. So ech wollt deemnächst a Portugal reesen, vläicht kanns du mir jo e puer Tipps ginn.
João: Kloer! E schécken dir e puer Linke mat Plagen, Wanderungen, Restauranten a schéine Plazen.
Sofia: Dat wier super! Merci.
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Vakanz. Am éischten Dialog héiere mir, wéi zwee Frënn sech um Flughafen treffen. Duerno héiere mir, wéi eng Persoun säi Gepäck ancheckt.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Um Flughafen
João: Hallo! Wat méchs du dann hei? Gees du och an d’Vakanz oder ass et eng Geschäftsrees?
Sofia: O Mamm, nee, ech fléien endlech Vakanz! An du?
João: Jo, mir och. Ech fléien déi éischt Kéier mat mengen zwee Kanner. Si si scho ganz opgereegt.
Sofia: A, flott! Wou geet et dann hin?
João: Mir ginn a Portugal, bei meng Famill. Meng Eltere wunnen nach do, an et ass ëmmer schéin, si erëmzegesinn. An du?
Sofia: Ech ginn eleng an Thailand. Ech hu schonn ëmmer dovu gedreemt, e bësse méi wäit ze reesen. Et ass meng éischt Kéier an Asien.
João: Wow, Thailand! Dat ass wäit. Wéi laang bleifs de?
Sofia: Ech bleiwen zwou Wochen. Ech wëll Bangkok besichtegen, an da fueren ech op eng Insel, fir um Strand ze leien an e bësse Yoga ze maachen.
João: Dat kléngt mega entspanend. Ech hu gemengt, Thailand ass och gutt fir leckert Iessen?
Sofia: Jo genau! Si si bekannt fir Pad Thai, frësche Fësch, an natierlech tropescht Uebst.
João: An ech freeë mech op déi portugisesch Spezialitéiten – Bacalhau, Pastéis de Nata, a menger Mamm hir Zopp. A meng Kanner freeë sech natierlech op d’Glace.
Sofia: Haha! Dat kléngt no Famill an Traditioun. Wat maacht dir alles a Portugal?
João: Mir ginn haaptsächlech op d’Plage an déi zweet Woch passe meng Elteren dräi Deeg op d’Kanner op a meng Fra an ech ginn an d’Bierger wanderen.
Sofia: Schéin! Ech wäert mech gréisstendeels entspanen. Ech brauch Rou, Sonn an e bësse Kultur.
João: Bass du net nervös, eleng esou wäit ze reesen?
Sofia: E bësse schonn, mee ech hu meng Rees gutt geplangt. Ech hu schonn en Hotel an e puer Toure gebucht. Ech maachen e Bootsausfluch, ginn en Tempel besichtegen a maachen e Massagecours.
João: Cool! A mat wéi enger Airline flitts de? Mat Thai Airways?
Sofia: Jo, ech fléien elo op Frankfurt a vun do aus direkt op Bangkok. An du?
João: Mir fléie mat TAP Portugal.
Sofia: Flott! Mengem Cousin gefält Portugal och immens gutt. Hie war viru kuerzem zu Porto.
João: O, Porto ass schéin. Mee mir si méi südlech – bei Faro. D’Algarve huet déi schéinste Plagen
Sofia: Dat gleewen ech. Vläicht fueren ech och mol dohinner. Ech wëll nach vill Plazen op menger Lëscht ofhaken.
João: Maach dat! Sou, mir mussen elo leider scho bei den Check-in goen, well mir mussen eis Wallissen nach anchecken.
Sofia: Ech muss och sou lues a Richtung Kontroll goen. Mäi Fluch geet a 50 Minutten.
João: Ma dann eng schéi Rees.
Sofia: Merci! Dir an denger Famill och!
Beim Check-In
C: Deen nächsten, wgl!
J: Moien! Et ass fir op Faro. Mir hu schonn online agecheckt a musse just nach eis Wallissen anchecken.
C: An der Rei, gitt mir wgl. vu jidderengem d’Carte d’identité.
B: Hei si se.
C: Merci. Dir kënnt déi éischt Walliss op d’Gepäckband leeën.. Voilà, an elo déi nächst … Hutt dir soss nach eppes fir anzechecken?
B: Jo, eis Poussette. Kënne mir déi bis de Boarding halen?
C: Jo, dat geet. Dir gitt se eréischt of, ier dir an de Fliger klammt. Wann dir zu Faro aus dem Fliger klammt, kritt dir se erëm zréck.
B: An der Rei, Merci. Sëtze mir all beieneen?
C: Jo, dir sëtzt mat ären zwee Kanner an enger Rei, an Är Fra sëtzt an der Rei niewendrun bei der Fënster.
B: Hmm, ass et méiglech, datt si eng Plaz um Gank kritt? Dat ass méi praktesch mat de Kanner.
C: D’Mëttelplaz an d’Gankplaz si leider schon am System blockéiert. Mee frot am Fliger no, vläicht kënnt dir jo tauschen.
B: Merci, dat maache mir dann.
C: Gär geschitt. Hei sinn Är Billjeeën. Dir hutt de Gate B12 an de Boarding fänkt an enger Dräivéierelstonn un.
B: Super, villmools Merci!
C: Merci och an e gudde Vol.
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir fir d'éischt en Dialog iwwer de Vëlosummer, an duerno héiere mir, wéi eng Persoun mat engem Personal Trainer schwätzt.
-
Den Transkript fir dësen Dialog fannt dir hei (klick!). Dir braucht keen Account, klickt einfach op ,,Access as guest''.
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Mammen doriwwer schwätzen, wat fir hir Kanner an der Vakanz maachen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
E Studentenjob
A: So, wat maachen deng Kanner an der Grousser Vakanz?
B: De Jonah schafft ee Mount an engem Supermarché an d’Eva schafft dräi Wochen an enger Maison Relais.
A: Wow! Immens!
B: Dat war net ëmmer sou! Virun zwee Joer hate se fräi an hu vill doheem gelatzt. D’Wieder war net gutt an hir Frënn waren an der Vakanz. Mir waren och zwou Wochen a Portugal, mee déi aner sechs Woche ware se doheem. De Mathis an ech hu geschafft.
A: Hm…dat ass eebe meng Suerg. D’lescht Joer war de Christophe dräi Wochen a Frankräich, fir säi Franséisch ze verbesseren. Hien huet do bei enger Famill gewunnt. Moies hat hie Schoul an nomëttes hu se flott Aktivitéite gemaach. Mee dëst Joer bleift hien och heiheem. Ech schaffen och a kann net kucken, wat en alles mécht. Ech hunn Angscht, datt e just doheem hänkt a Videospiller spillt. E Studentenjob ass eng gutt Iddi.
B: Verständlech. Jo, esou léiert hie Verantwortung ze iwwerhuelen a verdéngt seng eege Suen. Et gëtt vill Méiglechkeeten: an engem Café oder an engem Restaurant zerwéieren, an engem Buttek, op engem Büro, op der Gemeng schaffen...., mee du bass spéit un. Ech hoffen, dir fannt nach eppes. Vill Schüler melle sech schonn am Wanter an am Fréijoer un.
A: O mei, da si mer jo scho vill ze spéit un!
B: Keng Panik! Du fënns online bestëmmt nach Saachen.
A: An op der Schueberfouer zerwéieren? Ech hunn dat a menger Jugend dräi Summeren hannerenee gemaach. Déi ass jo eréischt am August.
B: Hien ass dach nach keng 18, oder?
A: Hien ass 16.
B: Da geet dat net. Mannerjäreger däerfen net méi op der Fouer zerwéieren.
A: A sou!?
B: Vläicht kann en Nohëllef ginn? Hien ass dach elo bestëmmt gutt am Franséischen.
A: Säi Franséisch ass besser, mee nach net gutt genuch, fir aneren ze hëllefen. (laacht)
B: A wéi engem Fach ass hien da gutt?
A: Hien ass immens gutt an der Mathé. Ech froen hie mol, mee ech mengen, Nohëllef ginn ass him net aktiv genuch.
B: An engem Supermarché schaffen oder zerwéieren ass definitiv aktiv. Dem Jonah seng Tâchë sinn: Regaler araumen, de Clienten hëllefen, botzen, wann e Produit brécht, an der Bäckerei hëllefen a Sandwiche maachen, asw. Hien huet dat schonn d’lescht Joer gemaach a war immens zefridden. Hien ass aktiv an en ass a Kontakt mat Mënschen. Hie schwätzt all Dag Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch. Dat gefält him och gutt.
A: Dat kléngt super! Ech kucken dat den Owend direkt.
B: Schreif dem Philippe, e soll scho säi CV virbereeden.
A: Dat maachen ech! Merci fir deng Hëllef!
B: ‘t ass gär geschitt!
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut hu mir d'Sophie Gitzinger an d'Aude Forestier bei eis am Studio. D'Sophie ass Lëtzebuergeschproff am INLL an hält de Cours ,,Freed um Schreiwen''. Hatt erzielt eis e bëssen iwwer de Cours. D'Aude ass eng vun den Apprenanten aus dem Cours. Hatt liest eis ee vu sengen Texter vir.
Den Text gouf vum Aude Forestier am Kader vum Cours "Freed um Schreiwen" verfaasst. ©️ 2025 all Rechter virbehal.
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Am Episod vun haut héiere mir fir d'éischt, wéi zwou Persounen iwwer d'Tenue fir op eng Hochzäit schwätzen. Am zweeten Deel schwätzen zwou Persounen doriwwer, wat si op eng Mottoparty undoe sollen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht keen Account, klickt einfach op ,,access as guest''.
From the publisher's feed

230 Listeners

1 Listeners

316 Listeners

1,761 Listeners

7 Listeners

266 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

23 Listeners

204 Listeners

96 Listeners

0 Listeners

223 Listeners

5 Listeners

167 Listeners