Am Studio begréisse mer haut eng Fra déi viru 5 Joer der aktiver Politik de Réck gedréit huet an zanter hir sech als Presidentin vun der Fondatioun Caritas engagéiert. Mat der laangjäreger CSV-Nordpolitikerin schwätze mer an der nächster knapper Stonn iwwert d´Caritas an awer och aktuell politesch Themen grad wéi hir Partei, déi jo virun engem décke Mount batter enttäuscht gouf. Fir d´éischt awer den Nooriichteniwwerbléck...
1. Deel: Caritas
Madame Jacobs, dir sidd geléiert Infirmière a sidd via den LCGB an d´CSV komm. Äre Papp war Member bei der Chreschtlechsozialen, dir trëtt mat 17 Joer an d´Partei an. Dir gidd 1984 eng éischte Kéier fir d´CSV am Norden mat 34 Joer an d´Chamber gewielt. 8 Joer drop kënnt dann de Sprong an d´Regierung. Dir réckelt no fir de René Steichen an iwwerhuelt d´Landwirtschaft an d´Kultur. Bis 2013 maacht der Iech als Familljen, Integratiouns- , Cooperatiouns- a Chancegläichheetsministesch en Numm. Dir sidd iwwregens deen éischte Politiker deen dese leschte Ressort mat Liewe fellt, dee gouf et bis 1995 nämlech guer net.
Am Abrëll 2013 dann kennt d’Annonce, datt der Iech parallel zum Francois Biltgen aus der Juncker-Asselborn-Regierung zréckzitt. Zanter Dezember 2013 hutt der vum Erny Gillen d´Funktion vun der Presidentin vun der Fondation Caritas iwwerholl. Dat nëmmen fir den Ufank als kuerze Résumé.
Mir wëllen an éischten Deel vun dëser Emissioun iwwert är aktuell Tätegkeete schwätzen. D´Caritas Letzebuerg bedeelegt sech aktiv um ëffentlechen Debat hei am Land an dir dierft och mat Interessi ddéi politesch Aktualitéit nach emmer suivéieren. Déi 3 potentiell Regierungsparteien maachen et bis ewell jo spannend. Wat misst da lo aus der Siicht vun der Caritas onbedéngt an de gemeinsame Projet an de Koalitiounsaccord vun der Neioplo vun der Dräierkoalitioun dra stoe kommen? Wou misst Blo-Rout-Gréng an den nächste 5 Joer prioritär aktiv ginn, aus ärer Siicht?
Firwat huet d’Aarmutsfro an der Campagne nëmmen sou eng marginal Roll gespillt?
Well e méi engem grousse Mooss Net-Wieler betraff sinn? Well déi betraffe Leit keng Lobby hunn? Well et eis insgesamt wat dei wirtschaftlech Situatioun ugeet, gutt gaang ass dei lescht Zäit?
De Statec huet et kuerz no de Walen nach emol jidderengem virun An gefouert. D´Schéier tescht Aarm a Räich ass och an de leschte Joren vun héijer Wirtschaftscroissance weider an d´Luucht gaang. Dei Räich hunn an éischter Linn vum Wuesstem profitéiert. De Mindestloun schützt net virun Aarmut. Bal 19% vun den Awunner riskéieren hei am Land an d’Aarmut ze retschen. Deen Taux louch virun zwee Joer nach 2 Prozentpunkten méi déif.
Wéi hutt dir op des Chiffren reagéiert? D´sozial Kohäsioun war de Schwéierpunkt vum leschte Sozialalmanach. Et steet also net zum Beschten em des Kohäsioun... De Statec seet et kloer, d’Lëtzebuerger Gesellschaft ass déi lescht Joren méi ongläich ginn...
Mierkt dir als Caritas um Terrain des Progressioun?
De Letzebuerger Sozialsystem ass generéis, dat wësse mer all an awer gesi mer schützen d´Sozialtransferten net genuch virun Aarmut. U wat feelt et dann am meeschten? Hu mer den Ament eng kohärent Politik déi deenen vulneraabelsten ze gutt kënnt??
D´Caritas bleift och derbäi, datt Allengerzéier sollen vun der Steierklass 1a an d´Steierklass 2 gehuewe ginn?!? Dat ass eng vun äre Fuederungen an engem Reflexiounspabeier dee virun de Walen verëffentlecht gouf
D´Regierung huet ëmmer rem vun der sozialgerechster Steierreform vun allen Zäite geschwat an awer waren déi 3 Parteien sech an der Campagne och eens, datt nach emol nogebessert misst ginn, besonnesch bei den Allengerzéier. Dh et war dann awer net alles sou perfekt...
Dir hutt an deem Pabeier och gefrot, datt eng Etude iwwert d´Reformen an der Famillejepolitik misst gemaach ginn. Firwat?
Logement: A Punkto Logement huet een mat Nuancen vill dat selwecht héieren, wou misst d´Politik hei besonnesch nobesseren. D´Caritas huet jo ennert anerem an der Vergaangenheet op den akute Manktem vu Sozialwunnengen opmierksam gemaach...
Gleeft dir drun datt d´Regierung de Courage huet hei couragéiert Weeer anzeschloen? Oder arrangéiert déi aktuell Situatioun net awer ze vill Leit hei am Land sou datt net de Wëllen besteet eppes z´änneren?
An äre Pisten déi der virun de Walen ausgeschafft hat, fënnt een zum Beispill d´Revendicatioun no enger Spekulatiounssteier op eidelen Wunnengen an net bebauten Terrainen, d´Plus-value misst méi besteiert ginn wann en Terrain emklasséiert gett an d´Loyeren systematesch kontrolléiert ginn an datt all Gemeng eng Quote vu 15% Sozialwunnengen erfelle misst (an den nächsten 10 Joer) Do hunn ech mol nach laang net alles opgezielt
Wéi ass Caritas Letzebuerg a Saache Logement aktiv fir de Leit ze hëllefen?
Kënnt dir mer haut da soen wéi vill Sozialwunnengen mer brauchen? Ginn déi Chiffren regelméisseg aktualiséiert?
Mir schloen domadder e Bou bei är Aktivitéiten. D´Caritas steet am Déngscht vun deene Schwächsten an eiser Gesellschaft, déi sech finanziell schlecht stinn, déi ausgegrenzt sinn. Allengerzéier, Kanner, Jonker, Leit déi op der Strooss sinn, Familljen awer och Réfugién, Demandeurs d´asile...
Ech huelen un den Ament gëtt sech ennert anerem op d´Wanteraktioun preparéiert. Fir déi jo och d´Demande emmer méi grouss gëtt...
Wéi ass d´Situatioun den Ament eigentlech am Foyer Ulysse zu Bouneweg? Do waren d´Better gemenkerhand dei lescht Zäit voll beluecht?
Zanter anerhallwem Joer funktionéiert jo och d´Nuetswaach op der Gare fir besonnesch vulnerabell Leit dei net bereet sinn a sou Strukturen wei den Ulysse ze goen. Wat waren do är Erfahrungen?
Et ginn och ähnlech Offeren zum Beispill vun enger Croix Rouge mä géif der soen et geet duer fir jidderengem ze hëllefen?
Dat si lo nëmme Strukturen an der Stad. Ginn et och dezentral Offeren?
Och fir spezifesch Gruppen wéi Jonker oder Fraen? Mir hu gëschter nach beim Conseil national des femmes héieren, datt et net genuch Wunnméiglechkeete fir Frae gëtt déi vun doheem fort sinn
Flüchtlingen: Wat d´Flüchtlinge betrëfft, muss ee soen, ass d´Thema hei am Land aus der Aktualitéit bessche verschwonnen. Ass dat well alles klappt? Oder well mer einfach den Ament net méi an deem Mooss mat der Arrivée vu villen Demandeurs d´asile konfrontéiert sinn? Mir hunn et des Woch nach héieren d´Zuelen vun den Asyldemanden ginn zréck...
Den éischten Accueil huet gutt geklappt, muss ee jo soen. Et huet och keen missen an Zelter des Kéier schlofen an awer si mer gutt genuch op eng nächst Well preparéiert well et gouf jo awer och Widderstand géint eng ganz Rei mei grouss Strukturen an d´Gemengen hu sech och net an deem Mooss gemellt fir Raimlechkeeten dem Staat zur Verfügung ze stellen. A mir wessen d´Foyeren sinn deels wat se sinn, d´Weilerbaach ass amgaang fresch gemaach ze ginn...
Dir hat an der Zäit wéi mer ganz enk waren mat de Plazen Quoten fir d´Gemengen an d´Spill bruecht...
Wéi bewäert dir d´Efforten dei bei der Integratioun gemaach ginn? Den Accès op den Aarbechtsmaart zb bleift deels méi schwéier zb
Huet d´Politik, den OLAI, do aus ärer Siicht, genuch hir Responsabilitéit iwwerholl. An der Vergaangenheet gouf vu méi Säiten kritiséiert, datt et ouni Associatiounen, privat Initatiativen vu Leit aus der Zivilgesellschaft guer net méiglech wier...
Op wéi engem Gebitt schafft d´Caritas hei besonnech? Dir hutt zum Beispill 12 Foyeren déi der geréiert mat bal 1400 Better awer dat ass jo net alles
Wou gesidd dir dann nach den Ament déi gréisste Problemer? Eppes wouriwwer jo vill geschwat scho gouf ass den Iwwergang vum Foyer op de reguläre Wunnengsmaart deen ganz vill unerkannten DPIén also demandeurs de protection internationale net packen well se keng Wunneng kréien an dowéinst anere Leit hir Plaz am Foyer souzesoen ewechhuelen
Dir sicht do selwer am Kader vun ärem Projet “Neien Ufank” och aktiv no Wunnengen. Wat ass dat konkret fir e Projet do sollten 120 Flüchtlingsfamillje begleet ginn? A wéi ass gemenkerhand de Feedback? Dir sidd, sou wäit ech gelies hunn, nach net bei deene Chiffren ukomm... (Stand Abrell 2018 42 Stéit, 165 Leit)
D´Caritas huet awer och en internationalen Engagement. Dir sidd ee vun 165 Memberen vu Caritas Internationalis an iwwert dee Wee den Ament ennert anerem a Syrien aktiv. Aus wat besteet do d’Aarbecht vun äre Leit um Terrain.
E relativ rezenten Projet wou den nationalen an internationalen Engagement sech d´Hand ass ginn, ass eRUse. Do geet et drem fir al Handyen anzesammelen an ze recycléieren amplaz datt se sech duerno an illegalen Deponien an Afrika oder Asien eremfannen. Wéi leeft de Projet a wéi vill Leit hunn iwwert dee Wee eng Aarbecht kritt?
Wéi gesidd der d’Zukunft vun dese Beschäftegungsmesuren? Och en Vue vun der Digitaliséierung. D’Adem huet hir léif Méi fir spezifesch Profiller ze fannen. Mir fannen net méi déi Leit hei am Land ei mer brauchen fir eis Aarbechtsplazen ze besetzen an déi Tendenz riskéiert jo mat der dretter industrieller Revolutioun nach ze verschäerfen...
Wéi finanzéiert d´Caritas sech eigentlech? Oder anescht gefrot wéi vill sidd der op nieft dem Conventionnement op Privatdonen ugewisen?
Wéi enk verkneppt sinn eigentlech d'Caritas an d'CSV?
2. Deel: CSV
Lëtzebuerg huet virun engem décke Mount gewielt a wann net all ze vill schif geet, gëtt d´Land och déi nächst 5 Joer vun enger Dräierkoalitioun ouni CSV regéiert, oder mengt der d´Koalitiounsverhandlungen kéinten nach platzen...
Et schénge jo manner inhaltlech mä virun allem méi schwiereg Diskussiounen ze ginn wien wéi ee Posten da lo kritt...
An dat souguer intern an de Parteien wa mer nëmmen d´LSAP kucken déi dee Klinsch och nach no baussen dreet
Mä zréck bei är Partei: wat ass do beim Comeback an d´Verantwortung schif gelaf? Datt d´CSV aus der Oppositioun eraus weider 5 % u Stëmmen an zwee Setz agebéisst huet a sech elo mam schlechtse Resultat an hirer Geschicht ausernee setze muss?
Wat hat dir Iech dann erwaart perséinlech als Resultat? Dee Fiasko do hat jo keen, souguer d’Oppositioun net um Radar...
Huet een net als Partei awer och e Problem wann um Walowend an den Dag duerno kloer Signaler kommen datt dei Responsabel zrécktrieden, sech zréckzéien an e puer Stonnen dropp musse se sech virun d´Press stellen a soen si géife kämpfen bis zum Schluss. Obwuel ee bis ewell vun deem Kampf elo och näischt gesinn huet?
An elo mussen déi Responsabel un der Parteispëtzt nach bis Januar duerhalen...
Firwat konnt är Partei net d´Zäit an der Oppositioun notzen fir sech nei opzestellen an zréckzekommen?
Gouf ze vill laang gemotzt, gouf de Walsuccés ze vill fir selbstverständlech geholl an dowéinst drop verzicht aktiv Campagne ze maachen? Ze vill séchere Wee?? D´CSV hätt drop verzicht d´Regierungspolitik ze desavouéieren fir erschütterungsfrei zréckzekommen, huet de Chefredakter vum “Letzebuerger Land” analyséiert bis datt d´Wieler keen Ennerscheed mei tescht deene Schwaarzen an der Regierung gemaach hunn...
Effektiv courageiert, eege Proposen dei virun enger Zäit gemaach goufen, goufen an der Campagne verwässert. Kandidaten soten x-mol si geifen elo net alles reckgängeg man, d’Aueren zreck op Null dreinen
D´CSV war déi Partei déi als lescht vun en all hire Programm public gemaach huet...
Wéi géif dir ärer Partei hir Oppositiounsaarbecht beschreiwen?
Louch dat och um Fraktiounspresident, deen duerno jo och den nationale Spetzekandidat ginn ass?
Dat heescht deen nächsten Oppositiounsleader muss mei rabiat optrieden, manner fein, wien gesidd der dann do?
Et gëlt jo och elo ganz geschwënn d'Europawalen ze preparéieren, wann déi Preparativen net schonn ugelaf sinn. Elo ass d'Viviane Reding jo mol an der Chamber. Wie gesidd dir dann als Tête de liste fir d'Europawalen?
Oder mengt der d'Viviane Reding géif et sech elo awer nach anescht iwwerleen a fir Europa kandidéieren?
War de Claude Wiseler dee richtege Spëtzekandidat?
Wat géift der soen ass eigentlech der CSV hire Profil?
Kann een deen kloer genuch erkennen?Wéi chrëschtlechsozial ass d'CSV nach an den An vun der Caritas-Presidentin??
Reng rechneresch wiere jo duerchaus Regierungsbedeelegungen dra gewiescht. Mat der DP oder der LSAP mat souguer mei konfortabele Majoriteiten wei dei aktuell 31 Sëtz. An awer wollt des Keier kee mat Iech schwätzen, obwuel der jo anscheinend virun de Walen guer net sou onattraktiv waart...
Dir selwer gehéiert zesumme mam Jean-Claude Juncker, Francois Biltgen a Viviane Reding zu der sougenannter Generatioun Breedewee déi geschlossen als CSJ-Memberen determinéiert de Breedewee Direktioun politesch Verantwortung eropgemeter koumen. Feelt der CSV haut esou eng Generatioun?
Gouf d’Erneierung net fréi genuch preparéiert?
Ass d´CSV ass Partei ginn wéi all déi aner? D´Zäit vun de grousse Volleksparteien an Europa schéngt den Ament allgemeng geschloen ze hunn... Vum CSV-Staat dierft spéitstens a 5 Joer, wann net haut schonn, kee méi schwätzen
Huet d´Vollekspartei kee Vollek méi hannert sech? Sou wei der LSAP den Aarbechter feelt, feelt der CSV de Chrëscht?
D’Union an Däitschland erlieft grad jo sou eppes ähnleches...
3. 3. Deel: Politik
• Dir waart déi éischt Chancegläichheetsministesch hei am Land iwwerhaapt. “Promotion féminine” huet de Ressort ganz am Ufank nach geheescht. Wéi reagéiert deen wann een liest, wann een héiert, datt trotz Fraequoten déi eng éischte Kéier vun alle Parteien applizéiert ginn mat 12 Fraen der manner am éischten Ulaf an d´Chamber kommen wéi bei de leschten Chamberwahlen?
Ass dat Resultat fir Iech en Echec vun de Quoten oder gouf sech ze vill op d´Quote verlooss, nom Motto mir hunn eise Soll jo elo erfëllt a fir de Rescht mussen se selwer eens ginn?
Dir hutt Iech an engem Artikel am Telecran am Mee 2008 derfir ausgeschwat Frae misste spezifesch och e Coaching, e Mentoring kréien fir datt se geléiert ginn sech besser duerchzesetzen. Gett dat, äres Wëssens no genuch gemaach?
An deem selwechten Artikel sot et, et wier wëssenschaftlech beluecht, datt de Letzebuerger Walsystem sech ongëschteg op d´Bedeelegung vu Fraen an der Politik auswierk. Wéi ass dee Saz ze verstoen?
Dir waart scho fréi eng Verfechterin vu Fraequoten an der Politik? Hätten d´Quoten op de Kandidatelëschte missten éischter kommen?
U wat ass et gescheitert?
Ass et fir Fraen a grousse Parteien besonnesch schwéier fir Fouss ze faassen?
Wéi war är perséinlech Experienz?
Dir hutt är Partei dacks als fraefrëndlech beschriwwen...
Wéi erlieft dir eigentlech als laangjäreg Politikerin, déi och laang fir dee Ressort ebe verantwortlech war d’Evolutioun a Punkto Chancegläichheet? Et muss ee jo soen, et war bei dese Walen quasi keen Thema am Virfeld an och soss vermëttele verschidde Leit engem éischter d´Gefill datt de Sujet hinne lästeg ass. Nom Motto “hu mer soss keng Problemer, dir kritt dach alles wat der wëllt..”
Wat sot dir zum Representativitéitsdefizit vun der Chamber?