Dat sot de Verhandlungsleader vun Déi Gréng, de Felix Braz an der RTL Emissioun Background am Gespréich um Samschdeg.
Zu de gréngen Positiounen, déi wäerten verdeedegt ginn, gehéiert eng ökologesch Steierreform, d'méiglecht Legaliséieren vum Cannabis, eng Debatt iwwert d'progressivt Ofschafen vun de Stock-Options, d'Emsetzen vu Pisten aus der Etude iwwert den Tanktourissem an eng Offensive am Logement, wëll dës héich Präiser vill Leit géifen an d'Armut dreiwen.
Déi Gréng stinn och weider fir d'Iwwerschaffen vum Wahlsystem ewech vum regionalen Proporz, woubäi et och net géif duergoen, fir nëmmen een (1) Wahlbezirk ze schafen.
Och wann de Felix Braz zu dësem Ament näischt iwwert d'Besetzen vu Regierungsposten sot respektiv och net wéi eng Ministèren déi Gréng fir sech kéinten beusprochen, sou kéint et sinn, datt fir Déi Gréng eng weider Fra an d'Regierung kënnt an datt d'Ministèren vum Logement, der Energie oder och der Landwirtschaft geschwënn méi eng gréng Ausriichtung kéinten kréien - mee dëst sinn natierlech fir den Ament reng Spekulatiounen, well d'Verhandlungen dierften sech iwwert de ganze Mount November zéien.
Allemol wier d'Besetzen vu Regierungsposten sou de Felix Brax, deem et perséinlech gutt gefall huet déi läscht Joren fir am Justizministère kënnen Akzenter ze setzen.
Wien ökologesch Steierreform seet, denkt natirlech och un d'Betribsbesteierung - op en Erofsetzen op 20% wéilten Déi Gréng net goen - och bei der Kierperschaftssteier ginn d'Vuen tëscht Blo, Rout a Gréng auserneen.
Op d'Fro op d'Rumeure géinge stëmme, dass den Felix Braz wéilt Ausseminister ginn, äntwert den grénge Politiker, dass een sech net sollt a senger Plaz de Kapp zerbriechen.
Eng personell Fro gouf dann awer manner evasiv beäntwert: de Felix Braz gesäit kee Grond fir net un der Kandidatur vum Claude Turmes fir de Posten vum Lëtzebuerger EU-Commissaire fest ze halen.
Wien vun de béiden gewielten Kox-Bridder - Martin oder Henri - wäert an d'Chamber goen, géifen SI selwer ennert sech decidéieren a secher zu engem Accord kommen, sou den aktuellen Justizminister
Wéini dass de Referendum iwwert déi nei, komplett iwwerschafft, Verfassung soll ofgehalen ginn, misst zesummen mat der Chamber decidéiert ginn - dës constituéiert sech jo den 30. Oktober. Fir de Felix Braz bréicht dës Verfassungsrevisioun eng grouss a breed Legitimatioun.
Déi Gréng sollen sech dann och net an engem inhaltlechen Eck verschanzen. "Mir wëlle fir jiddereen an der Gesellschaft wielbar sinn". Dat sot den Felix Braz op d'Fro op déi Gréng dann och elo eng Vollekspartei wären.