Background Laurent Schonckert
Lancement: Gudde Mëtteg am Background, mir hunn déi lescht Wochen esou vill iwwert d´Gemengewahlen am Land geschwat, datt mer Iech haut op dëser Plaz an eiser Emissioun Background en anert Thema mat engem aneren Invité proposéiere wëllen. De Generaldirekter vum Groupe Cactus, de Laurent Schonckert ass déi nächst Stonn bei eis am Studio. A mat him wëlle mer net nëmmen iwwert dee Cactus schwätzen deen dëst Joer Gebuertsdag feiert mä och iwwert den Handel allgemeng an dee war, do si mer rem derbäi, jo och ee vun de Sujeten an de Gemengewahlen...
Invité haut als also de Laurent Schonckert, hien huet 1984 nom Droitsstudium zu Nanzeg no engem Stage beim Groupe Cactus ugefaang an ass zanter 2002 um Posten vum Administrateur-directeur, donieft och ee vun de Vizepresidenten vun der Handelsconfederatioun. De Catus ass mat méi wéi 4000 Mataarbechter de véiertgréisste Patron, den zweetgréisste Privatpatron am Land.
Laurent Schonckert, gudde Mëtteg,
Ech hunn et éinescht gesot, mir wëllen d´Gemengewahlen haut e bësschen hannert eis loossen an awer. Effektiv gouf och den Handel, besonnesch de sougenannte Proximitéitscommerce an dëser Wahlcampagne thematiséiert. D’Leit reagéieren sensibel drop wann en Traditiounshaus seng Dieren zoumécht. Wou gesidd dir Laurent Schonckert den Handlungsspillraum vun der Politik fir den Handel ze gestalten? Wat géift der och deenen neie Gemengeréit als Tipp mat op de Wee ginn?
Dir sidd ee vun de Vizepresidenten vun der Handelsconfederatiounen déi ass zesumme mat de Gemengewahlen drëm beméit fir den Handel ze stäerken, dat ass natierlech jo och am Interessi vun de Memberen vun der CLC, mä geet et duer wann ee sech e professionelle Stadmarketing gëtt? Dat ka jo awer net all d`Problemer léisen
D´CLC ass u sech awer dergéint, datt d´Gemengen méi aktiv agräifen wien a wéi eng eidel Geschäftssurface rakënnt. Huet déi liberal Approche vun der Handelsconfederatioun datt de Marché sech selwer regelt dann net awer seng Limitten. Déi Grouss friessen dei Kleng einfach...Ass dat einfach eng Fatalitéit?
Supermarchéen hunn et do wuel méi einfach. Dir musst Iech manner Suerge maachen well eintweilen d´Leit nach ëmmer an déi sougenannte Malls akafe ginn.
Kënnt der dei Entwécklung chiffréieren?
An de leschte Joren war et jo dacks sou, datt vill kleng Geschäfter un d`centres commerciaux verluer hunn an elo verléieren se alle béid un den Internet. Mécht dat et méi einfach fir zesummen eng gemeinsam Linn ze fannen fir sech fir d´Zukunft opzestellen?
Lo entsteet am Ban Gasperich en neien Auchan mat 200 Geschäfter, dat ass enorm, an dei Responsabel wëllen datt et eng Referenz fir déi ganz Groussregioun gëtt. Déifferdeng um Royal Hamilius kennt och nach en Akfszenter. City Concorde huet iwwert dei lescht Joren ausgebaut. D´Belle Etoile och. Hu mer dann iwwerhaapt op Dauer genuch Clienten fir déi emmer mei grouss Grande-Surfacen? Dir selwer sidd do och éischter skeptesch. Ganz skeptesch souguer dir hutt do an der Vergaangenheet scho vun der Drëps geschwat déi dat ganzt geschwënn un d’iwwerlafe bréngt...
Letzebuerg ass elo schonn hanner Norwegen dat Land an Europa mat der gréisster Verkafsfläch op de Kapp. An der Alimentatioun ass d´Lëtzebuerg bei der Densitéit souguer op éischter Plaz. Den Eenzelhandel boomt also. Déi Rechnung geet awer nëmmen sou laang op wéi d’Leit d’Kafkraaft hunn fir weider anzekafen. Sou laang d´Zuel vun de Cliente wiisst. Mä déi Entwécklung ass jo awer e besschen op Sand gebaut...
Haut gëtt et eng Millioun Quadratmeter kommerziell Verkafsfläch am Land. An den nächsten 3-5 Joer soll nach emol e Véierel derbäi kommen. Wat ass ärer Meenung no déi iewescht Limit?
Wien verléiert dann wann d´Situatioun kippt?
Wat kann ee, muss een do dergéint maachen? Reguléieren do ass eng CLC zimlech allergesch drop.
Ass et also eng Fatalitéit datt Geschäfter Faillite maachen? Leit hir Aarbecht verléieren?
Mengt dir déi Bull géif da geschwë platzen?
Den Ament ass den Interessi aus dem Ausland enorm mä d`Liewensmëttelbranche ass awer net viru Krise gefeit. Dir beim Groupe Cactus krut déi och ze spieren...
An déi nächst kKris ann ëmmer kommen
Wéi sidd der dann eigentlech mat der Handelspolitik vun der Regierung bis ewell zefridden?
Wéi grouss war d’Ouer an der Lescht fir d´CLC?
Cactus
Wou steet de typesch Lëtzebuerger Familljebetrib Cactus dann eigentlech an deem ganzen ëmmer méi internationalen Emfeld?
Déi lescht Joren waren net einfach fir Iech...
De Groupe Cactus deen zu 100% jo nach ëmmer der Famill Leesch gehéiert wëll sech awer einstweilen net mat engem aneren aus dem Ausland zesummendoen...
Dir peilt eng Milliard Euro Emsaz d´Joer un. Wou stidd der dëst Joer bis ewell?
Bis wéini wëll der d´Milliard knacken?
Dem Cactus deen zwar nach ëmmer Leader ass bléist awer definitiv ëmmer méi e raue Konkkurenzwand aus dem Ausland entgéint...(Colruyt, Monoprix, Aldi, Lidl) och am Discounterberäich
An déi auslännesch Chainen zéien och méi eng grouss Clientèle aus dem Ausland un...
Wat gesidd dir eigentlech als gréisste Konkkurenz? Aner grouss Akafszenter oder vill aner Supermarchéen och allt méi klenger dei Wueren zu méi bellege Präisser ubidden wéi dir? Discounter eben. De Cactus-Client muss jo awer e gewëssene Porte-Monni hunn
Ass de Cactus net ville Leit ze deier? Dir hutt selwer an engem Zeitungsinterview gesot datt d´Nofro no bei bëllege Wuere wiisst
Ass et haut éischter e Virdeel oder en Nodeel deen eenzege richteg Lëtzebuerger Betrib am Beräich vun der grande distribution ze sinn dee sech och als typesch Lëtzebuergesch verkeeft? Wann et dat typesch Letzebuergescht ëmmer manner gëtt
D’Cactus-Clientèle ass a bleift awer zu ganz grousser Majoritéit Letzebuergesch. Dir gidd och weider net bei d’Frontalieren an d´Leit aus de Grenzregioun fëschen...
Riskéiert een net op Dauer Parten um Marché ze verléieren wann ee nemmen bei senger Approche typesch Lëtzebuerg bleift? Datt de Cactus sech an der Grenzregioun developpéiert gesäit ee méi schwéier mä d´Grenzregioun kennt ëmmer méi op Letzebuerg
De Groupe Cactus feiert dëst Joer säi 50. Gebuertsdag. Viru 50 ass deen éischte Supermarché zu Bäreldeng opgaang. Deemols haten d´Bridder Paul an Alfred Leesch d´Visioun fir nom amerikanesche Modell e Supermarché opzemaachen
1967 war de Cactus zu Bäreldeng den éischten , deen eenzege Supermarché vun der neier Generatioun am Land. Du war nach villes méi einfach géif ech soen. Alles nei, d´Leit ware virwëtzeg an hat ee kaum Konkkurenz
Zanter hir sinn am ganzen 46 Verafspunkten, dovunner 12 Supermarchéen an zwee Hypermarchéen derbäi komm. Wou gesidd der de Grupp an den nächste 50 Joer do sidd dir net mei derbäi mä et muss ee jo awer Visiounen hunn?
Nei dest Joer Cactus zu Marnech an am November zu Betebuerg
Wéi demarquéiert dir Iech dann haut vun der Konkkurenz?
Dir hutt an der lescht nieft de klassesche Supermarchéen och ëmmer méi méi kleng Geschäfter opgemaach, wäert der an Zukunft nach méi an déi Richtung goen?
Et sinn och interessanterweis mei di kleng Geschäfter dei zu ärem Wuesstem beidroen wéi de ganz grouss Hypernarchéen...
Dat ass awer schonn eng echt Entwécklung, De Cactus de fréier déi kleng Epicerien souzesoe futti gemaach huet, etabléiert sech haut als Duerfepicerie géint dei grouss aus dem Ausland...
Wéi gesäit et eigentlech mam Cactus zu Lalleng aus? Leschte Stand war et kënnt e Supermarché a Wunnengen dohinner. Déi Pläng sollten u sech fir déi leschte Wanter virleien lo gi mer stramm op den nächste Wanter duer...Wéini ginn zu Lalleng Neel mat Käpp gemaach?
Probéiert der Iech mat Wunnengen ze diversifiéieren? Lukrativ ass et jo bestëmmt
An zu Ettelbréck ass dat lescht Wuert am Dossier Monopolsgebai gesprach? Dir wëllt net verkafen obwuel nëmmen de Rez-de-chaussée genotzt ka ginn, dat ass awer net ganz lukrativ...
Wéi lackelt een haut d´Clienten un? Wéi kritt een och jonk Clienten besonnesch? De Cactus associéieren een a priori mat Traditioun, net onbedéngt modern.
Wéi schwéier ass et fir de Grupp Cactus sech och bei der internationaler Clientèle z’etabléieren déi di aner Marquen eischter och vun doheem kennt. Oder ass e bleift de Public-cible de klassesche Lëtzebuerger? Deen et awer ëmmer manner gëtt
Gëtt et haut eppes wat viru 50 Joer genee sou wouer war wéi haut? Un deem de Cactus festhält?
Dir hutt och méi wéi 293.000 Clientskaarten am Emlaf, wéi vill wësst dir vun deene Clienten?
E grousst Thema den Ament ass d´Lutte géint d´Liewensmettelverschwendung. Wéi vill gëtt dann an der Moyenne beim Cactus an enger Woch u Liewensmëttel ewechgehäit?
Wéi kéint der déi Quantitéiten nach weider erofdrécken? U wat läit et datt awer nach sou vill ewechgehäit gëtt?
Méi al Liewensmmettel zB beim Bäcker fir méi belleg unzebidden, gett bis haut awer net gemaach.
Wat geschitt mat Liewensmettel mat Mindesthaltbarkeitsdatum dei sech laang halen awer just ofgelaf sinn? Ginn dei dann direkt, direkt ewechgehäit?
schrecklech vill plastisktuten, firwat net aus pobaier?
Firwat sou vill ofgepaakte, barquettefleesch?
Dreckvermeidung en Thema?
Wéi séier passt sech de Cactus dann eigentlech den Akafs- an den Iessgewunnechten un?
Wéini decidéiert een datt een zum Beispill méi bio oder méi vegetaresch Produiten ubidde muss. Wéi regelméisseg gett d´Sortiment ugepasst?
Lo hunn d´Clienten zu Lëtzebuerg, dat weisen Sondage jo ëmmer rëm e groussen Interessi u Bioproduiten, sou grouss datt eng Abberzuel Produkter mussen importéiert ginn amplaz datt se hei am Land ugebuede ginn. Kuerz Weer etc. De Cactus kann do als grouss Chaine deen néidege Kader ginn. Dir waart ganz fréi effektiv am Biosegment aktiv. Dir hutt och de Label “Eis Uebst”. Mä dat si bei wäitem net nemmen Letzebuerger Produzenten
Wéi einfach oder schwéier ass et dann iwwerhaapt alls klenge lokale Produzent beim Cactus am Sortiment opgeholl ze ginn? Wat sinn do d´Konditiounen?
Eng Supermarchéschaine kënnt schwéier laanscht déi grouss Multinationalen am Liewensmettelberäich mä wat ech wierklech net verstinn. Dir trëtt fir “nëmmen dat bescht an” sot vun Iech selwer är Akfasphilosophie géif op ethesche Prinzipien baséieren. Wéi ass et do ze verstoen datt e Cactus muss Nestlé Pure Life Waasser verkafen an dat och nach regelméisseg an der Reklamm ubidd?
Dir kéint wann der wëllt do jo awer en Zeechen setzen.. Et ass jo net sou, datt der soss kee Waasser an ärem Verkfassortiment gëtt. An Nestlé-Waasser ass nun emol de Summun vum Exploitatiounssystem vun Nestlé
Wéini gëtt dann e Produit aus dem Sortiment gestrach? A wéi dacks kënnt dat eigentlech fir?
De Catus associéieren vill Leit mat Lëtzebuerger Produkter dat ass jo ären Image de marque deen der no baussen drot. Lo war de Cactus awer och am Summer vum Fipronil-Skandal betraff.
Zouliwwerer Caterman a Carnesa dei flësseg Eer verschaffen ma et goufen awer och Eer aus Holland per Zoufallsprinzip an de Rayonen am Cactus entdeckt dobäi kritt de Cactus u sech keng Eer aus Holland geliwwert. Als Consommateur fillt een sech do scho beonrouegt well ee gesäit datt de Supermarchésbedreiwer net de geneen Iwwerbléck huet wat a senge Geschäfter verkaf gett...
Wéi hutt dir dei ganz Fipronil-Affaire erlieft? D´Letzebuerger Autoriteiten hu sech virun allem driwwer beschwéiert datt d’Informatiounen nemme lues gefloss sinn
Hutt dir iergent eng Konsequenzen dorausser gezunn?
Lo schwätze mer hei am Land, schwätzt d´Regierung ganz vill iwwer Digitaliséierung. De Cactus huet e Liwwerservice fir heem gestoppt well d´Leit net drop ugeschwat hunn. Ech mengen bei Iech gett et och nach keng automatiséiert Keesen. Sidd dir do bewosst méi klassesch?
Sidd dir da manner concernéiert vun deenen Entwécklungen géif der soen? Online shopping fir Liewensmettel e Frigo dee selwer mierkt wat feelt an dat da bestellt, dat ass jo awer keng Zukunftsmusek méi...
Firwat huet Cactus@home dann eigentlech gefloppt? Aner Offeren vun der Konkkurenz lafe jo awer
Virreider heiheem wäerten anerer sinn...
Den Aarbechtsministère wëll jo vun de Betriber wëssen wéi vill Aarbechtsplazen bei hinne wuel iwwert déi nächst Joren duerch d´Digitaliséierung verluer ginn. Vu wéi vill gidd dir aus?
A wéi wäit kënnen d´Mataarbechter vum Cactus dann op formation continue zréckgräifen? A wéi wäit fillt ee sech als grousse Patron deene ville Mataarbechter verflicht déi een huet?
Wat ënnerscheed Iech als Familljebetrib, wann een 33 Joer bei engem Patron schafft da gehéiert ee jo bestëmmt quasi zu der Famill Leesch, vun anere grousse Betriber?
Wat erwaart dir Iech allgemeng vun der Digitaliséierung? Wäert Lëtzebuerg ennert dem Stréch dovunner profitéieren, packe mer et den Aarbechtsmaart a besonnesch d’Leit mat Zäite fit ze maachen?
Schluss: Dir hutt bis ewell äert gant Beruffsliewen op där selwechter Plaz geschafft. Dir sidd lo ganzer 33 Joer laang am Déngscht vun der Famill Leesch zouzesoen. Hutt der dann ni envisagéiert fir ze wiesselen?
Dir hätt awer deemno wéi awer eng ganz aner Carrière kënnen aschloen: als Profifussballer...Dir hutt 18 x am Dress vun der Fussballnationalequipe gespillt
Wat verbënnt Iech dann haut nach mam Fussball? Ech hunn an engem Artikel geliest dir hätt nom Fussball besonnesch d’Passioun fir de Vëlo entdeckt