Space Mining, d'Digitaliséierung mam Rifkin-Prozess, den Industrie- a Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg, Aarbechtszäiten, d'Zukunft vun der Lëtzebuerger Arméi an déi national Sécherheet, alles dat sinn Themen déi mer ënnert anerem mam zoustännege Minister an eiser Emissioun Background am Gespréich verdéiwe wëllen.
Mam Wirtschafts- an Defenseminister an dem Vizepremier Etienne Schneider schwätze mer awer och iwwert seng perséinlech Ambitiounen fir déi nächst Chamberwalen, d'Strategie vun der LSAP an d'Zesummeliewen an der Dräierkoalitioun bis zum Schluss.
d Etienne Schneider
D’nächst Woch gëtt an der Chamber iwwert de gesetzleche Kader fir de Space Mining ofgestëmmt. Dës Woch war et d’Annonce datt di russesch Firma Oscial zu Déifferdeng 100 Milliounen Euro investéieren a bis zu 200 Aarbechtsplaze schafe wëll an dann natierlech de Coup, wann deen da gléckt, datt Google op enger Surface vu 25 Hektar de bis ewell gréissten Datazenter zu Lëtzebuerg baue wëll. Invest eng Milliard.
Alles dat dierft de Wirtschaftsminister deen haut bei eis am Studio ass natierlech freen. Mir wëllen awer och mam Etienne Schneider déi nächst Stonn iwwert d’Politik vu senger Partei an dei lescht 15 Méint vun dëser Legislatur schwätzen déi nach ustinn
Fir d’éischt awer mol nach den Nooriichteniwwerbléck mam Dany Rasqué
1. Deel
Etienne Schneider, ech géif mol soen, et leeft den Ament gutt fir d’Wirtschaft an also och de Wirtschaftsminister. Gudde Mëtteg,
Op d’Pläng vu Google komme lo gläich ze schwätzen ma
Op déi annoncéiert Investissementer an de Lëtzebuerger Standuert, fir de Standuert Lëtzebuerg awer och vum Wieler honoréiert ginn, dat gesidd der réischt a 15 Méint. An deem Kontext wollt echdßSendung déi Kéier mol mat engem Jo-Nee-Äntwerte-Spill ufänken:
Jo oder Nee-Froen
Dir hutt gesot, dir trëtt un fir Premier ze ginn a géift net méi op de Premierposten verzichten, dat heescht dir gitt just an eng Regierung wann der Premier gidd?
Wann der net Premier ginn, ass dat fir Iech en Echec?
Main Haaptziel fir dChamberwalen ass et datt d`Dräierkoalitioun kann nom Oktober 2018 weider regéieren?
D´Dräierkoalitioun ass déi eenzeg Optioun fir d´LSAP fir an der Regierung ze bleiwen?
D´LSAP géif éischter nach eng Reprise vun CSV-LSAP agoen wéi an d´ Oppositioun ze goen?
Wann d´LSAP an d’Oppositioun muss, ginn ech an d´Chamber setzen?
Wat ass dann äert Haaptzil?
Wann net Dräierkoalitioun, wat dann?
Wat wier dann är Wonschkoalitioun?
Ass et dann aus reng rechneresche Grënn, datt d´Majoritéitsparteien ufänken sech aus der Dräierlogik erauszbeweegen an éischter aner potentiell Koalitiounspartner ausloten. Stéchwuert Schwaarz-Gréng wat scho méi laang jo dorëm geeschtert
Ech woen ze soen, datt et fir d´LSAP wuel am schwéierste gëtt vun den 3 aktuelle Regierungsparteien fir mat der CSV eng Koalitioun ze maachen...
Den Ament ass Dräierkoalitiounawer nach emmer an de Sondagen vun enger Reprise ewech (25 Setz just nach am leschte Sondage vun TNS-Ilres fir RTL an d’Letzebuerger Wort).
Lo wou d´Walen méi nokommen, déi ganz grouss Reformen an Dossieren emgesat ginn, gett et schwéier di Tendenz emzekéieren an d’Zäit leeft.. 15 Méint
E gemeinsame Walprogramm wollt d´Regierung net maachen, dat heescht de Wonsch fir zu weider ze fueren ass dann awer net vu sou wäit hier...
Als Observateur géif sech soen stiechen engem besonnesch d´Reiwereien tëscht der LSAP an der DP an d’An...D´LSAP probéiert schonn mat geziilten Themen vu sech schwätzen ze doen
Stéchwuert Logement mat der Fuerderung vum Alex Bodry no méi radikale Mesuren (Enteegenungen), elo rezent den Nicolas Schmit deen direkt op 10 Deeg Pappecongé goe well an domadder den Accord dee mat de Sozialpartner ausgehandelt gouf brieche gei, dir huet de Spuerpak e Feeler genannt an dann denken ech natierlech och unären eegene Manöver am Januar fir um LSAP-Neijooschpatt an engem Niewesaz eng meiglech Aarbechtszäitverkierzung an Ausiicht ze stellen
Dir wellt als LSAP iwwer nei Aarbechtsmodeller vun der Zukunft schwätzen, entweder iwwer manner schaffen oder méi héich Bedeelegung un de Produktivitéitsgewenner
An dem OGBL seng Fuerderung no enger 6. Congéswoch. Géif dat net op dat selwecht rauskommen?
An der Diskussioun iwwert d’Aarbechtszäitverkierzung steet d’LSAP an der Regierung alleng do den Ament...
Dat ass also näischt méi wat nach des Legislatur kennt?
Et gi jo nach Diskussiounen an der Regierung iwwert de Pappecongé, do soll ee ganz séier, sot de Ressortminister Nicolas Schmit, wéi ass är Positioun an där doter Fro?
De Premier de Xavier Bettel huet sech um 100,7 an deem Sënn vun Iech demarquéiert wéi e gesot huet et géif him net em de Poste goen.
En huet sech awer och net mei onbedeng an deem Mooss fir Dräierkoalitioun staark gemaach. Et geif em de Programm goen, kucken op Programmer compatibel sinn
Zanter wéini mierkt der dann, datt et méi schwéier ginn ass zu 3 ze regéieren? Am Ufank gouf jo grad den Equippegeescht, manner d´Parteipolitik an d´Virtrinn gestallt
Wéi war dat da lo beim Burkagesetz? De Justizminister war alles anescht wéi waarm derfir, d´LSAP huet do Drock gemaach an elo si mer eng Woch virun der Grousser Vakant an et ass nach ëmmer keen Text um Dësch...
Dee misst jo theoretesch d’nächst Woch kommen
Wien huet sech dann um Enn duerchgesat?
De Walkampf ass awer lancéiert schonn, wéi schwéier ass et als Equipe zu 3, well zu 2 ass et jo schonn net einfach, bis zum Schluss als Equipe ze regéieren an engems eege Parteipolitik ze maachen?
Dat ass e Spagat deen net evident ass
D`LSAP geet awer scho gär méi offensiv fir, mat breeder Broscht well ee sech als Solidaritéit- , Fortschretts- Gerechtegkeetspartei verkafen
No all de géigesäiteg Piquen an natierlech besonnesch der Virgeschicht déi schlussendlech zu den virgezunnen Neiwalen gefouert huet kann ee sech awer nu wierklech nemme schwéier virstellen wéi eng Nei.Oplo vu schwaarz.rout kéint ausgesinn...
Dat schéngt engem bal mat déi Optioun fir eng Majoritéit ze sinn déi am mannste probabel ass
Investissementer Google
Fir de Rescht gesi mer dann d´nächst Joer wéi et geet. Ech hat et ganz am Ufank ugeschnidden. Et gouf des Woch interessant Annoncen fir de Lëtzebuerger Wirtschaftsstanduert.
Oscial zu Déifferdeng eng russesch Firma déi Nanotuben aus Karbon produzéiert an 100 Milliounen investéiert a bis zu 200 Leit astelle wëll
Dir hat et des Woch bei der Annonce vun der Firma Oscial zu Déifferdeng duerchblécke gelooss, datt nom Summer nach weider gréisser Investitiounsprojeten hei am Land kommen, domadder war awer net Google gemengt?
Google well also eng Milliard hei investéieren a sech op 25 Hektar néierloossen, dat géif deen gréissten Datazenter am Land ginn...
Den amerikaneschen Technologiebetrib huet der Regierung en Ultimatum vun enger Woch, mol net bis nächste Freideg gestallt...
Kritt der dat hinn? Google géif zanter Januar waarden
Wat wier dann eng Alternative zu Biissen?
Deen Terrain muss bestëmmte Konditiounen entspriechen...Gudde Stroumuschloss virop
Wéini ass dat ganzt sprochräif, wéini gett ennerschriwwen?
Bis wéini kéint d´Infrastruktur stoen?
Dh dir hutt den Terrain nach net?
25 Hektar geet et jo net einfach sou mol an engem Dag sichen...
Wat géif dat dat fir Letzebuerg bedeiten? Wéi ass deen Deal zu stan komm? Dir waart am Dezember zu San Fransisco wou der mam Co-fondateur vu Google iwwert e gréisseren Investmenprojet zu Letzebuerg geschwat hutt.
Firwat ass de Choix op Letzebuerg gefall? Wéi wosst de Grand-Duché z’iwwerzeegen?
Wéi vill Aarbechtsplazen? Dat ass jo och e Critère deen d´Regierung sech ginn huet, et wëll ee verstäerkt Betriber unzéien dei eng reell Plus-value fir d’Economie hunn an net just eng Bréifboite hei am Land
Dat dierft da wuel dee gréisste Projet vun der Legislatur ginn?
Dir hutt vu Projeten am Pluriel op der PK e Mettwoch geschwat, wat kennt dann nach?
Lëtzebuerg wëll sech och als Start-Up-Natioun opstellen. An deem Kontext ass en house of start-ups op Initiative vun der Chambre de commerce am Garer Quartier geplangt. De Premier hat am Etat de la Natioun hat am virleschten Etat de la Nation dat aalt Schluechthaus zu Hollerech als Standuert genannt. Dat ass awer elo aus Plazgrënn vum Dësch. Hutt der schonn eng Alternative?
Wéi vill Start-Uppen kéinten do ënnerkommen a wéi géifen se konkret vum Staat gehollef kréien?
Multimodal
En anert grousst Standbeen op dat dir als Wirtschaftsminister, op dat d´Regierung gesat huet ass d´Logistik. Am Mäerz gouf de giganteschen Terminal vun der multimodaler Plattform zu Betebuerg ageweit an op enger Fläch vun am ganzen 33 Hektar a Betrib geholl.
Geschter war di offiziell Aweiung.
An Zukunft sollen hei all Dag 300.000 Container verluede ginn. D'Kapassitéit vun dem neien Terminal gouf vervéierfacht an d'Streckennetz ausgebaut bis souguer a China.
Dat leeft...
Wisou ass eng Zuchverbindung bis e China interessant wou d´Zich sou laang ennerwee sinn an et dach Fluchverbindungen mat der Cargolux gett?
Wéini soll dann den éischten Zuch fueren? U sech war dëst Joer geplangt?
Rifkin:
Et wier der LSAP hir verdammte Flicht“ derfir ze suergen, datt och déi Beschäftegt vun de Changementer profitéieren an déi sozial Ofsécherung, trotz Digitaliséierung, net a Fro gestallt gëtt, huet et op ärem leschte Kongress geheescht
Mä ass dat net de Wieler Sand an d’A gestreet?
Dir selwer hutt gewarnt di drëtt industriell Revolutioun kéint méi Aarbechtplazen zerstéieren wéi schafen... Net ze lescht kënnt dohir jo och d’Iwwerleeung vun de verkierzten Aarbechtszäiten
Bei de Banken gesäit ee jo schonn a wéi eng Richtung et geet
Net jiddereen wäert kennen vun der Digitaliséierung profitéieren...
D´Regierung ass d’Thema Digitaliséierung ugaang, huet de Rifkin-Prozess lancéiert. E vaste Thema wat vun Informatiséierung, iwwer Dateschutz, Ressourceschounen bis hin zu Nohaltegkeet an Zesummenliewen an der Gesellschaft geet. D’Etude am Wanter presentéiert an et gouf eng Panoplie vu Pisten, mei wei 200 Proposen graff opgezeechent, ma Täuscht et oder ass et roueg ginn bei der Diskussioun iwwert déi drett industriell Revolutioun?
Wéi lafen dann di verschidden Aarbechtsgruppen? Dat ass no baussen jo net ganz kloer. Do gett et mol de comité national de suivi, ee steering comitee dee kennt e Mettwoch fir zweete Kéier lo mol zesummen. Dat waren nach net all ze vill Reunioun...fir et elo mol virsiichteg auszedrécken
An engem Artikel hunn ech nogelies,d´Sozialpartner sollten op Wonsch vun der Regierung bis de Summer, hiren Avis zu der Rifkin-Etude ofginn. Lo si mer Summer...
De Mouvement écologique huet des Woch kritisíert de Rifkin-Prozess misst mei wei nemmen en Denkustouss sinn...
Wéini ass dann mat konkreten Decisiounen ze rechnen?Am November soll en Debat iwwert d´Rifkin-Etude an der Chamber sinn.
Wéini soll den Denkprozessdann ofgeschloss ginn?
An dann hëlt d´Regierung d’Decisiounen?
Am Moment kéint ee soen, gutt datt mer driwwer geschwat hunn
Een Element vun der drëtter industrieller Revolutioun ass d´Elektromobilitéit.Bis 2020 sollen 800 Bornen am Land installéiert ginn fir Autoen opzelueden. Zejoert si lo awer nëmmen 102 Elektroautoen ugemellt ginn elo war eng Iddi an der Rifkin-Etude fir vun 2025 un also an 8 Joer just nach Elektroautoen zouzeloossen. Wéi konkret ass di Iddi antëscht?
Space Mining:
D´Gesetz iwwer dÉxploitatioun an d´Benotze vu Weltraumressourcen gett déi nächst Woch an der Chamber gestemmt. Lëtzebuerg krut duerch d’Annonce fir am Weltall op Asteroiden no Ressourcen sichen ze goen vill international Press muss ee soen mä
Skeptiker reprochéieren Iech enger abstrakter Zukunftsvisioun nozelafen andeems de no de Stäre gräift. Wéi kann een d’Space Mining Initiative de Leit gräifbar maachen?
200 Milliounen Euro si virgesinn fir de Projet ze lancéieren, Firwat ginn all di Sue gebraucht?
Firwat muss sou séier e gesetzleche Kader fir de kommerzielle Space Mining?
Et geet jo haaptsächlech drems fir international Firmen dei an deem Beräich operationnell sinn op Lëtzebueg ze kréien, do gouf et schonn Annonce, wéi vill Firmen sinn dann intresséiert?
Well et ausser dem Outer Space Treaty vun der UNO vun 1967 soss nach keen legale Kader gett
Et ass erem eng Nische an där Lëtzebuerg probéiert sech par Rapport zu deenen aneren ze profiléieren, gewëssermoossen eng juristesch Grozone..
Riskéiert d´Land net wéi bei de Steieren zb an eng juristesch Grozone ze roden wou mer dann de béise Fanger gemaaach kéinte kréien
Wéini ass realistesch mat konkrete Resultater ze rechnen?
Et sollen awer och verstäerkt Jonker hei aus dem Land an di berufflech Richtung gedréckt ginn. D’ESA huet elo deser Deeg 20 Stageposten fir letzebuerger Studenten ugebueden...
D’Betriber déi kommen stellen héichqualifizéiert Leit an, riskéieren déi net hei am Land ze fannen mä dei dacks mussen bis wäit iwwert d´Grenzen eraus mussen gesicht ginn
Op alle Fall kann een Iech net reprochéieren keng Wäitsiicht ze hunn. D’Fro déi sech e Politiker, och wann en net zougi wëll natierlech, och stelle muss, ass déi op déi doten Efforten dann bei de Wieler ukommen? Op se an deem Mooss vum Wieler wouer geholl ginn?
TDF
Lëtzebuerg no bausse gutt verkafen, dat sollt och den Tour de France deen des Woch duerch de Grand-Duché gefuer ass, mat engem Depart vu Munneref aus. D´Wieder huet mol matgespillt fir schéi Biller ze liwweren, kënnt der elo scho soen, wat den Tour Lëtzebuerg finanziell gesi bruecht huet?
Sinn eis Käschten dann gedeckt?
E Méindeg ass eng PK iwwert den Digital Tech Fund, do ginn die eischt privat Investisseuren virgestallt dei do matmaachen.
Arméi
Nach e puer Wuert zu der Arméi, déi jo och an äre Ressort fält. De Weekend ass Porte-ouverte um Härebierg. Et feele scho méi laang Leit um Bierg. Vum Hierscht un soll dei nei Militärstrategie, dei organisationell nei Opstellung vun der Arméi gräifen, wie gesäit di aus?
Am Regierungsrot d´lescht Woch hutt der e Projet vun engem groussherzogleche Reglement fir de Fräiwëllegenstatut méi attraktiv ze maachen. Hei geet et och em berufflech Perspektiven. Dei feelen haut kritiséiert och d´Arméigewerkschaft SPAL Mam zil fir mei Leit ze fannen?
(Den Aschreiwungsalter geet op 26 Leit erop) Eng Fuerderung vum SPAL- net nëmme méi 9e
Wéi vill Leit feelen dann den Ament? De Rechnungshaff hat a sengem Rapport kritiséiert d’Arméi géif net geziilt dei néideg Ressourcen rekrutéieren
Letzebuerg muss seng Engagementer an der NATO erfëllen. Mir hunn agewëllegt eis Defense-Ausgaben vun 0,4 op 0,6% bis 2020 eropzeschrauwen, wou sti mer do haut?
Dir vertrëtt d´Meenung d’Investissementer sollen en economeschen Notzen hunn fir déi Lëtzebuerger Economie hunn (also mei Invest fir zivillen Notzen)
Geet dat op Dauer duer? Den US-President Trump fuerdert jo nach méi Investitiounen vun den aneren NATO-Partner...Bis wouhinner kënne, wëlle mer ropgoen?
Zwee Prozent bis 2024 ass illusoresch, doriwwer gëtt et a ganz breede politesche Konsens
National Sécherheet
Do gi gemenkerhand net vill Informatiounen dobausse bekannt ma de sougenannte plan Vigilnat de “plan de vigilance nationale” ass viru kuerzem ugepasst ginn, firwat huet dat misse gemaach ginn?
Besseren Informatiounsfloss...eng Erkenntnis no der Übung am Januar
Et gouf bis ewell nach kee Changement vun der aktueller Sécherheetslag “Niveau 2 vu 4”, wéi gett do genee de Suivi gemaach. Zum Beispill och no sou schlëmmen Tëschenfäll wéi lo zu Manchester
A wéi engem Fall misst den Niveau d’alerte eropgesat ginn?
Firwat huet et eigentlech sou laang gedauert bis gewosst war vu wou aus déi anonyme Bommemenace komm sinn géint den Auchan, Concorde etc