RTL - Background

RTL - Background

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

RTL - Background episodes

  • Background am Gespréich mam Laurent Schonckert, 14/10/2017
    Background Laurent Schonckert

    Lancement: Gudde Mëtteg am Background, mir hunn déi lescht Wochen esou vill iwwert d´Gemengewahlen am Land geschwat, datt mer Iech haut op dëser Plaz an eiser Emissioun Background en anert Thema mat engem aneren Invité proposéiere wëllen. De Generaldirekter vum Groupe Cactus, de Laurent Schonckert ass déi nächst Stonn bei eis am Studio. A mat him wëlle mer net nëmmen iwwert dee Cactus schwätzen deen dëst Joer Gebuertsdag feiert mä och iwwert den Handel allgemeng an dee war, do si mer rem derbäi, jo och ee vun de Sujeten an de Gemengewahlen...

    Invité haut als also de Laurent Schonckert,  hien huet 1984 nom Droitsstudium zu Nanzeg no engem Stage beim Groupe Cactus ugefaang an ass zanter 2002 um Posten vum Administrateur-directeur, donieft och ee vun de Vizepresidenten vun der Handelsconfederatioun. De Catus ass mat méi wéi 4000 Mataarbechter de véiertgréisste Patron, den zweetgréisste Privatpatron am Land.
     Laurent Schonckert, gudde Mëtteg,

    Ech hunn et éinescht gesot, mir wëllen d´Gemengewahlen haut e bësschen hannert eis loossen an awer. Effektiv gouf och den Handel, besonnesch de sougenannte Proximitéitscommerce an dëser Wahlcampagne thematiséiert. D’Leit reagéieren sensibel drop wann en Traditiounshaus seng Dieren zoumécht. Wou gesidd dir Laurent Schonckert den Handlungsspillraum vun der Politik fir den Handel ze gestalten? Wat géift der och deenen neie Gemengeréit als Tipp mat op de Wee ginn?

    Dir sidd ee vun de Vizepresidenten vun der Handelsconfederatiounen déi ass zesumme mat de Gemengewahlen drëm beméit fir den Handel ze stäerken, dat ass natierlech jo och am Interessi vun de Memberen vun der CLC, mä geet et duer wann ee sech e professionelle Stadmarketing gëtt? Dat ka jo awer net all d`Problemer léisen

    D´CLC ass u sech awer dergéint, datt d´Gemengen méi aktiv agräifen wien a wéi eng eidel Geschäftssurface rakënnt. Huet déi liberal Approche vun der Handelsconfederatioun datt de Marché sech selwer regelt dann net awer seng Limitten. Déi Grouss friessen dei Kleng einfach...Ass dat einfach eng Fatalitéit?

    Supermarchéen hunn et do wuel méi einfach. Dir musst Iech manner Suerge maachen well eintweilen d´Leit nach ëmmer an déi sougenannte Malls akafe ginn.
    Kënnt der dei Entwécklung chiffréieren?

    An de leschte Joren war et jo dacks sou, datt vill kleng Geschäfter un d`centres commerciaux verluer hunn an elo verléieren se alle béid un den Internet. Mécht dat et méi einfach fir zesummen eng gemeinsam Linn ze fannen fir sech fir d´Zukunft opzestellen?

    Lo entsteet am Ban Gasperich en neien Auchan mat 200 Geschäfter, dat ass enorm, an dei Responsabel wëllen datt et eng Referenz fir déi ganz Groussregioun gëtt.  Déifferdeng um Royal Hamilius kennt och nach en Akfszenter. City Concorde huet iwwert dei lescht Joren ausgebaut. D´Belle Etoile och. Hu mer dann iwwerhaapt op Dauer genuch Clienten fir déi emmer mei grouss Grande-Surfacen? Dir selwer sidd do och éischter skeptesch. Ganz skeptesch souguer dir hutt do an der Vergaangenheet scho vun der Drëps geschwat déi dat ganzt geschwënn un d’iwwerlafe bréngt...



    Letzebuerg ass elo schonn hanner Norwegen dat Land an Europa mat der gréisster Verkafsfläch op de Kapp. An der Alimentatioun ass d´Lëtzebuerg bei der Densitéit souguer op éischter Plaz. Den Eenzelhandel boomt also. Déi Rechnung geet awer nëmmen sou laang op wéi d’Leit d’Kafkraaft hunn fir weider anzekafen. Sou laang d´Zuel vun de Cliente wiisst. Mä déi Entwécklung ass jo  awer e besschen op Sand gebaut...

    Haut gëtt et eng Millioun Quadratmeter kommerziell Verkafsfläch am Land. An den nächsten 3-5 Joer soll nach emol e Véierel derbäi kommen. Wat ass ärer Meenung no déi iewescht Limit?

    Wien verléiert dann wann d´Situatioun kippt?

    Wat kann ee, muss een do dergéint maachen? Reguléieren do ass eng CLC zimlech allergesch drop.

    Ass et also eng Fatalitéit datt Geschäfter Faillite maachen? Leit hir Aarbecht verléieren?

    Mengt dir déi Bull géif da geschwë platzen?

    Den Ament ass den Interessi aus dem Ausland enorm mä d`Liewensmëttelbranche ass awer net viru Krise gefeit. Dir beim Groupe Cactus krut déi och ze spieren...
    An déi nächst kKris ann ëmmer kommen

    Wéi sidd der dann eigentlech mat der Handelspolitik vun der Regierung bis ewell zefridden?
    Wéi grouss war d’Ouer an der Lescht fir d´CLC?

    Cactus

    Wou steet de typesch Lëtzebuerger Familljebetrib Cactus dann eigentlech an deem ganzen ëmmer méi internationalen Emfeld?
    Déi lescht Joren waren net einfach fir Iech...

    De Groupe Cactus deen zu 100% jo nach ëmmer der Famill Leesch gehéiert wëll sech awer einstweilen net mat engem aneren aus dem Ausland zesummendoen...

    Dir peilt eng Milliard Euro Emsaz d´Joer un. Wou stidd der dëst Joer bis ewell?
    Bis wéini wëll der d´Milliard knacken?

    Dem Cactus deen zwar nach ëmmer Leader ass bléist awer definitiv ëmmer méi e raue Konkkurenzwand aus dem Ausland entgéint...(Colruyt, Monoprix, Aldi, Lidl) och am Discounterberäich
    An déi auslännesch Chainen zéien och méi eng grouss Clientèle aus dem Ausland un...

    Wat gesidd dir eigentlech als gréisste Konkkurenz? Aner grouss Akafszenter oder vill aner Supermarchéen och allt méi klenger dei Wueren zu méi bellege Präisser ubidden wéi dir? Discounter eben. De Cactus-Client muss jo awer e gewëssene Porte-Monni hunn

    Ass de Cactus net ville Leit ze deier? Dir hutt selwer an engem Zeitungsinterview gesot datt d´Nofro no bei bëllege Wuere wiisst

    Ass et haut éischter e Virdeel oder en Nodeel deen eenzege richteg Lëtzebuerger Betrib am Beräich vun der grande distribution ze sinn dee sech och als typesch Lëtzebuergesch verkeeft? Wann et dat typesch Letzebuergescht ëmmer manner gëtt

    D’Cactus-Clientèle ass a bleift awer zu ganz grousser Majoritéit Letzebuergesch. Dir gidd och weider net bei d’Frontalieren an d´Leit aus de Grenzregioun fëschen...

    Riskéiert een net op Dauer Parten um Marché ze verléieren wann ee nemmen bei senger Approche typesch Lëtzebuerg bleift? Datt de Cactus sech an der Grenzregioun developpéiert gesäit ee méi schwéier mä d´Grenzregioun kennt ëmmer méi op Letzebuerg

    De Groupe Cactus feiert dëst Joer säi 50. Gebuertsdag. Viru 50 ass deen éischte Supermarché zu Bäreldeng opgaang. Deemols haten d´Bridder Paul an Alfred Leesch d´Visioun fir nom amerikanesche Modell e Supermarché opzemaachen
    1967 war de Cactus zu Bäreldeng den éischten , deen eenzege Supermarché vun der neier Generatioun am Land. Du war nach villes méi einfach géif ech soen. Alles nei, d´Leit ware virwëtzeg an hat ee kaum Konkkurenz

    Zanter hir sinn am ganzen 46 Verafspunkten, dovunner 12 Supermarchéen an zwee Hypermarchéen derbäi komm. Wou gesidd der de Grupp an den nächste 50 Joer do sidd dir net mei derbäi mä et muss ee jo awer Visiounen hunn?

    Nei dest Joer Cactus zu Marnech an am November zu Betebuerg

    Wéi demarquéiert dir Iech dann haut vun der Konkkurenz?

    Dir hutt an der lescht nieft de klassesche Supermarchéen och ëmmer méi méi kleng Geschäfter opgemaach, wäert der an Zukunft nach méi an déi Richtung goen?

    Et sinn och interessanterweis mei di kleng Geschäfter dei zu ärem Wuesstem beidroen wéi de ganz grouss Hypernarchéen...

    Dat ass awer schonn eng echt Entwécklung, De Cactus de fréier déi kleng Epicerien souzesoe futti gemaach huet, etabléiert sech haut als Duerfepicerie géint dei grouss aus dem Ausland...

    Wéi gesäit et eigentlech mam Cactus zu Lalleng aus? Leschte Stand war et kënnt e Supermarché a Wunnengen dohinner. Déi Pläng sollten u sech fir déi leschte Wanter virleien lo gi mer stramm op den nächste Wanter duer...Wéini ginn zu Lalleng Neel mat Käpp gemaach?

    Probéiert der Iech mat Wunnengen ze diversifiéieren?  Lukrativ ass et jo bestëmmt

    An zu Ettelbréck ass dat lescht Wuert am Dossier Monopolsgebai gesprach? Dir wëllt net verkafen obwuel nëmmen de Rez-de-chaussée genotzt ka ginn, dat ass awer net ganz lukrativ...


    Wéi lackelt een haut d´Clienten un? Wéi kritt een och jonk Clienten besonnesch? De Cactus associéieren een a priori mat Traditioun, net onbedéngt modern.

    Wéi schwéier ass et fir de Grupp Cactus sech och bei der internationaler Clientèle z’etabléieren déi di aner Marquen eischter och vun doheem kennt. Oder ass e bleift de Public-cible de klassesche Lëtzebuerger? Deen et awer ëmmer manner gëtt

    Gëtt et haut eppes wat viru 50 Joer genee sou wouer war wéi haut? Un deem de Cactus festhält?

    Dir hutt och méi wéi 293.000 Clientskaarten am Emlaf, wéi vill wësst dir vun deene Clienten?

    E grousst Thema den Ament ass d´Lutte géint d´Liewensmettelverschwendung. Wéi vill gëtt dann an der Moyenne beim Cactus an enger Woch u Liewensmëttel ewechgehäit?

    Wéi kéint der déi Quantitéiten nach weider erofdrécken? U wat läit et datt awer nach sou vill ewechgehäit gëtt?

    Méi al Liewensmmettel zB beim Bäcker fir méi belleg unzebidden, gett bis haut awer net gemaach.

    Wat geschitt mat Liewensmettel mat Mindesthaltbarkeitsdatum dei sech laang halen awer just ofgelaf sinn? Ginn dei dann direkt, direkt ewechgehäit?

    schrecklech vill plastisktuten, firwat net aus pobaier?
    Firwat sou vill ofgepaakte, barquettefleesch?
    Dreckvermeidung en Thema?

    Wéi séier passt sech de Cactus dann eigentlech den Akafs- an den Iessgewunnechten un?

    Wéini decidéiert een datt een zum Beispill méi bio oder méi vegetaresch Produiten ubidde muss. Wéi regelméisseg gett d´Sortiment ugepasst?

    Lo hunn d´Clienten zu Lëtzebuerg, dat weisen Sondage jo ëmmer rëm e groussen Interessi u Bioproduiten, sou grouss datt eng Abberzuel Produkter mussen importéiert ginn amplaz datt se hei am Land ugebuede ginn. Kuerz Weer etc. De Cactus kann do als grouss Chaine deen néidege Kader ginn. Dir waart ganz fréi effektiv am Biosegment aktiv. Dir hutt och de Label  “Eis Uebst”. Mä dat si bei wäitem net nemmen Letzebuerger Produzenten

    Wéi einfach oder schwéier ass et dann iwwerhaapt alls klenge lokale Produzent beim Cactus am Sortiment opgeholl ze ginn? Wat sinn do d´Konditiounen?

    Eng Supermarchéschaine kënnt schwéier laanscht déi grouss Multinationalen am Liewensmettelberäich mä wat ech wierklech net verstinn. Dir trëtt fir “nëmmen dat bescht an”  sot vun Iech selwer  är Akfasphilosophie géif op ethesche Prinzipien baséieren. Wéi ass et do ze verstoen datt e Cactus muss Nestlé Pure Life Waasser verkafen an dat och nach regelméisseg an der Reklamm ubidd?


    Dir kéint wann der wëllt do jo awer en Zeechen setzen.. Et ass jo net sou, datt der soss kee Waasser an ärem Verkfassortiment gëtt. An Nestlé-Waasser ass nun emol de Summun vum Exploitatiounssystem vun Nestlé

    Wéini gëtt dann e Produit aus dem Sortiment gestrach? A wéi dacks kënnt dat eigentlech fir?

    De Catus associéieren vill Leit mat Lëtzebuerger Produkter dat ass jo ären Image de marque deen der no baussen drot. Lo war de Cactus awer och am Summer vum Fipronil-Skandal betraff.
    Zouliwwerer Caterman a Carnesa  dei flësseg Eer verschaffen ma et goufen awer och Eer aus Holland per Zoufallsprinzip an de Rayonen am Cactus entdeckt dobäi kritt de Cactus u sech keng Eer aus Holland geliwwert. Als Consommateur fillt een sech do scho beonrouegt well ee gesäit datt de Supermarchésbedreiwer net de geneen Iwwerbléck huet wat a senge Geschäfter verkaf gett...

    Wéi hutt dir dei ganz Fipronil-Affaire erlieft? D´Letzebuerger Autoriteiten hu sech virun allem driwwer beschwéiert datt d’Informatiounen nemme lues gefloss sinn

    Hutt dir iergent eng Konsequenzen dorausser gezunn?
    Lo schwätze mer hei am Land, schwätzt d´Regierung ganz vill iwwer Digitaliséierung. De Cactus huet e Liwwerservice fir heem gestoppt well d´Leit net drop ugeschwat hunn. Ech mengen bei Iech gett et och nach keng automatiséiert Keesen. Sidd dir do bewosst méi klassesch?

    Sidd dir da manner concernéiert vun deenen Entwécklungen géif der soen? Online shopping fir Liewensmettel e Frigo dee selwer mierkt wat feelt an dat da bestellt, dat ass jo awer keng Zukunftsmusek méi...

    Firwat huet Cactus@home dann eigentlech gefloppt? Aner Offeren vun der Konkkurenz lafe jo awer

    Virreider heiheem wäerten anerer sinn...

    Den Aarbechtsministère wëll jo vun de Betriber wëssen wéi vill Aarbechtsplazen bei hinne wuel iwwert déi nächst Joren duerch d´Digitaliséierung verluer ginn. Vu wéi vill gidd dir aus?

    A wéi wäit kënnen d´Mataarbechter vum Cactus dann op formation continue zréckgräifen? A wéi wäit fillt ee sech als grousse Patron deene ville Mataarbechter verflicht déi een huet?

    Wat ënnerscheed Iech als Familljebetrib, wann een 33 Joer bei engem Patron schafft da gehéiert ee jo bestëmmt quasi zu der Famill Leesch, vun anere grousse Betriber?

    Wat erwaart dir Iech allgemeng vun der Digitaliséierung? Wäert Lëtzebuerg ennert dem Stréch dovunner profitéieren, packe mer et den Aarbechtsmaart a besonnesch d’Leit mat Zäite fit ze maachen?

    Schluss: Dir hutt bis ewell äert gant Beruffsliewen op där selwechter Plaz geschafft. Dir sidd lo ganzer 33 Joer laang am Déngscht vun der Famill Leesch zouzesoen. Hutt der dann ni envisagéiert fir ze wiesselen?

    Dir hätt awer deemno wéi awer eng ganz aner Carrière kënnen aschloen: als Profifussballer...Dir hutt 18 x am Dress vun der Fussballnationalequipe gespillt

    Wat verbënnt Iech dann haut nach mam Fussball?  Ech hunn an engem Artikel geliest dir hätt nom Fussball besonnesch d’Passioun fir de Vëlo entdeckt


    49 min
  • Background am Gespréich, 07/10/2017
    Dëse Sonndeg si Gemengewahlen. Wéi wichteg sinn dës hautdesdaags an den Ae vu Jonken oder fir Auslänner hei am Land? Wéi steet et ëm den Engagement vu Fraen an der Gemengepolitik a wéi kënnen a sollen d’Gemenge sech opstellen, fir nohalteg ze funktionéieren?

    Doriwwer schwätzen mer mam Laura Zuccoli vun der ASTI, dem Danielle Martin vum nationale Fraerot, dem Blanche Weber vum MouvEco an dem Vincent Reding vun der Jugend-Konferenz.
    46 min
  • Background am Gespréich, 08/07/2017
    Space Mining, d'Digitaliséierung mam Rifkin-Prozess, den Industrie- a Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg, Aarbechtszäiten, d'Zukunft vun der Lëtzebuerger Arméi an déi national Sécherheet, alles dat sinn Themen déi mer ënnert anerem mam zoustännege Minister an eiser Emissioun Background am Gespréich verdéiwe wëllen.

    Mam Wirtschafts- an Defenseminister an dem Vizepremier Etienne Schneider schwätze mer awer och iwwert seng perséinlech Ambitiounen fir déi nächst Chamberwalen, d'Strategie  vun der LSAP an d'Zesummeliewen an der Dräierkoalitioun bis zum Schluss.

    d Etienne Schneider
    D’nächst Woch gëtt an der Chamber iwwert de gesetzleche Kader fir de Space Mining ofgestëmmt. Dës Woch war et d’Annonce datt di russesch Firma Oscial zu Déifferdeng 100 Milliounen Euro investéieren a bis zu 200 Aarbechtsplaze schafe wëll an dann natierlech de Coup, wann deen da gléckt, datt Google op enger Surface vu 25 Hektar de bis ewell gréissten Datazenter zu Lëtzebuerg baue wëll. Invest eng Milliard.
    Alles dat dierft de Wirtschaftsminister deen haut bei eis am Studio ass natierlech freen. Mir wëllen awer och mam Etienne Schneider déi nächst Stonn iwwert d’Politik vu senger Partei an dei lescht 15 Méint vun dëser Legislatur schwätzen déi nach ustinn
    Fir d’éischt awer mol nach den Nooriichteniwwerbléck mam Dany Rasqué

    1.    Deel
    Etienne Schneider, ech géif mol soen, et leeft den Ament gutt fir d’Wirtschaft an also och de Wirtschaftsminister. Gudde Mëtteg,
    Op d’Pläng vu Google komme lo gläich ze schwätzen ma
    Op déi annoncéiert Investissementer an de Lëtzebuerger Standuert, fir de Standuert Lëtzebuerg awer och  vum Wieler honoréiert ginn, dat gesidd der réischt a 15 Méint. An deem Kontext wollt echdßSendung déi Kéier mol mat engem  Jo-Nee-Äntwerte-Spill ufänken:

    Jo oder Nee-Froen
    Dir hutt gesot, dir trëtt un fir Premier ze ginn a géift net méi op de Premierposten verzichten, dat heescht dir gitt just an eng Regierung wann der Premier gidd?
    Wann der net Premier ginn, ass dat fir Iech en Echec?
    Main Haaptziel fir dChamberwalen ass et datt d`Dräierkoalitioun kann nom Oktober 2018 weider regéieren?
    D´Dräierkoalitioun ass déi eenzeg Optioun fir d´LSAP fir an der Regierung ze bleiwen?
    D´LSAP géif éischter nach eng Reprise vun CSV-LSAP agoen  wéi an d´ Oppositioun ze goen?
    Wann d´LSAP an d’Oppositioun muss, ginn ech an d´Chamber setzen?

    Wat ass dann äert Haaptzil?
    Wann net Dräierkoalitioun, wat dann?
    Wat wier dann är Wonschkoalitioun?
    Ass et dann aus reng rechneresche Grënn, datt d´Majoritéitsparteien ufänken sech aus der Dräierlogik erauszbeweegen an éischter aner potentiell Koalitiounspartner ausloten. Stéchwuert Schwaarz-Gréng wat scho méi laang jo dorëm geeschtert
    Ech woen ze soen, datt et fir d´LSAP wuel am schwéierste gëtt vun den 3 aktuelle Regierungsparteien fir mat der CSV eng Koalitioun ze maachen...

    Den Ament ass Dräierkoalitiounawer nach emmer an de Sondagen vun enger Reprise ewech (25 Setz just nach am leschte Sondage vun TNS-Ilres fir RTL an d’Letzebuerger Wort).
    Lo wou d´Walen méi nokommen, déi ganz grouss Reformen an Dossieren emgesat ginn, gett et schwéier di Tendenz emzekéieren an d’Zäit leeft.. 15 Méint

    E gemeinsame Walprogramm wollt d´Regierung  net maachen, dat heescht de Wonsch fir zu  weider ze fueren ass  dann awer net vu sou wäit hier...

    Als Observateur géif sech soen stiechen engem besonnesch d´Reiwereien tëscht der LSAP an der DP an d’An...D´LSAP probéiert schonn mat geziilten Themen vu sech schwätzen ze doen

    Stéchwuert Logement mat der Fuerderung vum Alex Bodry no méi radikale Mesuren (Enteegenungen), elo rezent den Nicolas Schmit deen direkt op 10 Deeg Pappecongé goe well an domadder den Accord dee mat de Sozialpartner ausgehandelt gouf brieche gei, dir huet de Spuerpak e Feeler genannt an dann denken ech natierlech och unären eegene Manöver am Januar fir um LSAP-Neijooschpatt an engem Niewesaz eng meiglech Aarbechtszäitverkierzung an Ausiicht ze stellen

    Dir wellt als LSAP  iwwer nei Aarbechtsmodeller vun der Zukunft schwätzen, entweder iwwer manner schaffen oder méi héich Bedeelegung un de Produktivitéitsgewenner
    An dem OGBL seng Fuerderung no enger 6. Congéswoch. Géif dat net op dat selwecht rauskommen?

    An der Diskussioun iwwert d’Aarbechtszäitverkierzung steet d’LSAP an der Regierung alleng do den Ament...
    Dat ass also näischt méi wat nach des Legislatur kennt?

    Et gi jo nach Diskussiounen an der Regierung iwwert de Pappecongé, do soll ee ganz séier, sot de Ressortminister Nicolas Schmit, wéi ass är Positioun an där doter Fro?

    De Premier de Xavier Bettel huet sech um 100,7  an deem Sënn vun Iech demarquéiert wéi e gesot huet et géif him net em de Poste goen.
    En huet sech awer och net mei onbedeng an deem Mooss  fir Dräierkoalitioun staark gemaach. Et geif em de Programm goen, kucken op Programmer compatibel sinn

    Zanter wéini mierkt der dann, datt et méi schwéier ginn ass zu 3 ze regéieren? Am Ufank gouf jo grad den Equippegeescht, manner d´Parteipolitik an d´Virtrinn gestallt
    Wéi war dat da lo beim Burkagesetz? De Justizminister war alles anescht wéi waarm derfir, d´LSAP huet do Drock gemaach an elo si mer eng Woch virun der Grousser Vakant an et ass nach ëmmer keen Text um Dësch...
    Dee misst jo theoretesch d’nächst Woch kommen
    Wien huet sech dann um Enn duerchgesat?
    De Walkampf ass awer lancéiert schonn, wéi schwéier ass et als Equipe zu 3, well zu 2 ass et jo schonn net einfach, bis zum Schluss als Equipe ze regéieren an engems eege Parteipolitik ze maachen?
     Dat ass e Spagat deen net evident ass

    D`LSAP geet awer scho gär méi offensiv fir, mat breeder Broscht well ee sech als Solidaritéit- , Fortschretts- Gerechtegkeetspartei verkafen

    No all de géigesäiteg Piquen an natierlech besonnesch der Virgeschicht déi schlussendlech zu den virgezunnen Neiwalen gefouert huet kann ee sech awer nu wierklech nemme schwéier virstellen wéi eng Nei.Oplo vu schwaarz.rout kéint ausgesinn...
    Dat schéngt engem bal mat déi Optioun fir eng Majoritéit ze sinn déi am mannste probabel ass


    Investissementer Google
    Fir de Rescht gesi mer dann d´nächst Joer wéi et geet. Ech hat et ganz am Ufank ugeschnidden. Et gouf des Woch interessant Annoncen fir de Lëtzebuerger Wirtschaftsstanduert.
    Oscial zu Déifferdeng  eng russesch Firma déi Nanotuben aus Karbon produzéiert an 100 Milliounen investéiert a bis zu 200 Leit astelle wëll
    Dir hat et des Woch bei der Annonce vun der Firma Oscial zu Déifferdeng duerchblécke gelooss, datt nom Summer nach weider gréisser Investitiounsprojeten hei am Land kommen, domadder war awer net Google gemengt?

    Google well also eng Milliard hei investéieren a sech op 25 Hektar néierloossen, dat géif deen gréissten Datazenter am Land ginn...
    Den amerikaneschen Technologiebetrib huet der Regierung en Ultimatum vun enger Woch, mol net bis nächste Freideg gestallt...
    Kritt der dat hinn? Google géif zanter Januar waarden
    Wat wier dann eng Alternative zu Biissen?
    Deen Terrain muss bestëmmte Konditiounen entspriechen...Gudde Stroumuschloss virop
    Wéini ass dat ganzt sprochräif, wéini gett ennerschriwwen?

    Bis wéini kéint d´Infrastruktur stoen?
    Dh dir hutt den Terrain nach net?
    25 Hektar geet et jo net einfach sou mol an engem Dag sichen...

    Wat géif dat dat fir Letzebuerg bedeiten? Wéi ass deen Deal zu stan komm? Dir waart am Dezember zu San Fransisco wou der mam Co-fondateur vu Google iwwert e gréisseren Investmenprojet zu Letzebuerg geschwat hutt.

    Firwat ass de Choix op Letzebuerg gefall? Wéi wosst de Grand-Duché z’iwwerzeegen?

    Wéi vill Aarbechtsplazen? Dat ass jo och e Critère deen d´Regierung sech ginn huet, et wëll ee verstäerkt Betriber unzéien dei eng reell Plus-value fir d’Economie hunn an net just eng Bréifboite hei am Land
    Dat dierft da wuel dee gréisste Projet vun der Legislatur ginn?

    Dir hutt vu Projeten am Pluriel op der PK e Mettwoch geschwat, wat kennt dann nach?

    Lëtzebuerg wëll sech och als Start-Up-Natioun opstellen. An deem Kontext ass en house of start-ups op Initiative vun der Chambre de commerce am Garer Quartier geplangt. De Premier hat am Etat de la Natioun hat am virleschten Etat de la Nation dat aalt Schluechthaus zu Hollerech als Standuert genannt. Dat ass awer elo aus Plazgrënn vum Dësch. Hutt der schonn eng Alternative?

    Wéi vill Start-Uppen kéinten do ënnerkommen a wéi géifen se konkret vum Staat gehollef kréien?

    Multimodal
    En anert grousst Standbeen op dat dir als Wirtschaftsminister, op dat d´Regierung gesat huet ass d´Logistik. Am Mäerz gouf de giganteschen Terminal  vun der multimodaler Plattform zu Betebuerg ageweit an op enger Fläch vun am ganzen 33 Hektar a Betrib geholl.
    Geschter war di offiziell Aweiung.
    An Zukunft sollen hei all Dag 300.000 Container verluede ginn. D'Kapassitéit vun dem neien Terminal gouf vervéierfacht an d'Streckennetz ausgebaut bis souguer a  China.
    Dat leeft...
    Wisou ass eng Zuchverbindung bis e China interessant wou d´Zich sou laang ennerwee sinn an et dach Fluchverbindungen mat der Cargolux gett?
    Wéini soll dann den éischten Zuch fueren? U sech war dëst Joer geplangt?

    Rifkin:
    Et wier der LSAP hir verdammte Flicht“ derfir ze suergen, datt och déi Beschäftegt vun de Changementer profitéieren an déi sozial Ofsécherung, trotz Digitaliséierung, net a Fro gestallt gëtt, huet et op ärem leschte Kongress geheescht
    Mä ass dat net de Wieler Sand an d’A gestreet?
    Dir selwer hutt gewarnt di drëtt industriell Revolutioun kéint méi Aarbechtplazen zerstéieren wéi schafen... Net ze lescht kënnt dohir jo och d’Iwwerleeung vun de verkierzten Aarbechtszäiten
    Bei de Banken gesäit ee jo schonn a wéi eng Richtung et geet
    Net jiddereen wäert kennen vun der Digitaliséierung profitéieren...

    D´Regierung ass d’Thema Digitaliséierung ugaang, huet de Rifkin-Prozess lancéiert. E vaste Thema wat vun Informatiséierung, iwwer Dateschutz, Ressourceschounen bis hin zu Nohaltegkeet an Zesummenliewen  an der Gesellschaft geet. D’Etude am Wanter presentéiert an et gouf eng Panoplie vu  Pisten, mei wei 200 Proposen graff opgezeechent, ma Täuscht et oder ass et roueg ginn bei der Diskussioun iwwert déi drett industriell Revolutioun?
    Wéi lafen dann di verschidden Aarbechtsgruppen? Dat ass no baussen jo net ganz kloer. Do gett et mol de comité national de suivi, ee steering comitee dee kennt e Mettwoch fir zweete Kéier lo mol zesummen. Dat waren nach net all ze vill Reunioun...fir et elo mol virsiichteg auszedrécken
    An engem Artikel hunn ech nogelies,d´Sozialpartner sollten op Wonsch vun der Regierung bis de Summer, hiren Avis zu der Rifkin-Etude ofginn. Lo si mer Summer...

    De Mouvement écologique huet des Woch kritisíert de Rifkin-Prozess misst mei wei nemmen en Denkustouss sinn...
    Wéini ass dann mat konkreten Decisiounen ze rechnen?Am November soll en Debat iwwert d´Rifkin-Etude an der Chamber sinn.

    Wéini soll den Denkprozessdann  ofgeschloss ginn?
    An dann hëlt d´Regierung d’Decisiounen?

    Am Moment kéint ee soen, gutt datt mer driwwer geschwat hunn

    Een Element vun der drëtter industrieller Revolutioun ass d´Elektromobilitéit.Bis 2020 sollen 800 Bornen am Land installéiert ginn fir Autoen opzelueden. Zejoert si lo awer nëmmen 102 Elektroautoen ugemellt ginn elo war eng Iddi an der Rifkin-Etude fir vun 2025 un also an 8 Joer just nach Elektroautoen zouzeloossen. Wéi konkret ass di Iddi antëscht?
    Space Mining:
    D´Gesetz iwwer dÉxploitatioun an d´Benotze vu Weltraumressourcen gett déi nächst Woch an der Chamber gestemmt. Lëtzebuerg krut duerch d’Annonce fir am Weltall op Asteroiden no Ressourcen sichen ze goen vill international Press muss ee soen mä
    Skeptiker reprochéieren Iech  enger abstrakter Zukunftsvisioun nozelafen andeems de no de Stäre gräift. Wéi kann een d’Space Mining Initiative de Leit gräifbar maachen?
    200 Milliounen Euro si virgesinn fir de Projet ze lancéieren, Firwat ginn all di Sue gebraucht?
    Firwat muss sou séier e gesetzleche Kader fir de kommerzielle Space Mining?
    Et geet jo haaptsächlech drems fir international Firmen dei an deem Beräich operationnell sinn op Lëtzebueg ze kréien, do gouf et schonn Annonce, wéi vill Firmen sinn dann intresséiert?

    Well et ausser dem Outer Space Treaty vun der UNO vun 1967 soss nach keen legale Kader gett
    Et ass erem eng Nische an där Lëtzebuerg probéiert sech par Rapport zu deenen aneren ze profiléieren, gewëssermoossen eng juristesch Grozone..
    Riskéiert d´Land net wéi bei de Steieren zb an eng juristesch Grozone ze roden wou mer dann de béise Fanger gemaaach kéinte kréien

    Wéini ass realistesch mat konkrete Resultater ze rechnen?
    Et sollen awer och verstäerkt Jonker hei aus dem Land an di berufflech Richtung gedréckt ginn. D’ESA huet elo deser Deeg 20 Stageposten fir letzebuerger Studenten ugebueden...

    D’Betriber déi kommen stellen héichqualifizéiert Leit an, riskéieren déi net hei am Land ze fannen mä dei dacks mussen bis wäit iwwert d´Grenzen eraus mussen gesicht ginn

    Op alle Fall kann een Iech net reprochéieren keng Wäitsiicht ze hunn. D’Fro déi sech e Politiker, och wann en net zougi wëll natierlech, och stelle muss, ass déi op déi doten Efforten dann bei de Wieler ukommen? Op se an deem Mooss vum Wieler wouer geholl ginn?

    TDF
    Lëtzebuerg no bausse gutt verkafen, dat sollt och den Tour de France deen des Woch duerch de Grand-Duché gefuer ass, mat engem Depart vu Munneref aus. D´Wieder huet mol matgespillt fir schéi Biller ze liwweren, kënnt der elo scho soen, wat den Tour Lëtzebuerg finanziell gesi bruecht huet?

    Sinn eis Käschten dann gedeckt?

    E Méindeg ass eng PK iwwert den Digital Tech Fund, do ginn die eischt privat Investisseuren virgestallt dei do matmaachen.

    Arméi
    Nach e puer Wuert zu der Arméi, déi jo och an äre Ressort fält. De Weekend ass Porte-ouverte um Härebierg. Et feele scho méi laang Leit um Bierg. Vum Hierscht un soll dei nei Militärstrategie, dei organisationell nei Opstellung vun der Arméi gräifen, wie gesäit di aus?

    Am Regierungsrot d´lescht Woch hutt der e Projet vun engem groussherzogleche Reglement fir de Fräiwëllegenstatut méi attraktiv ze maachen. Hei geet et och em berufflech Perspektiven. Dei feelen haut kritiséiert och d´Arméigewerkschaft SPAL  Mam zil fir mei Leit ze fannen?
    (Den Aschreiwungsalter geet op 26 Leit erop) Eng Fuerderung vum SPAL- net nëmme méi 9e

    Wéi vill Leit feelen dann den Ament? De Rechnungshaff hat a sengem Rapport kritiséiert d’Arméi géif net geziilt dei néideg Ressourcen rekrutéieren

    Letzebuerg muss seng Engagementer an der NATO erfëllen. Mir hunn agewëllegt eis Defense-Ausgaben vun 0,4 op 0,6% bis 2020 eropzeschrauwen, wou sti mer do haut?
    Dir vertrëtt d´Meenung d’Investissementer sollen en economeschen Notzen hunn fir déi Lëtzebuerger Economie hunn (also mei Invest fir zivillen Notzen)
    Geet dat op Dauer duer? Den US-President Trump fuerdert jo nach méi Investitiounen vun den aneren NATO-Partner...Bis wouhinner kënne, wëlle mer ropgoen?
    Zwee Prozent bis 2024 ass illusoresch, doriwwer gëtt et a ganz breede politesche Konsens

    National Sécherheet
    Do gi gemenkerhand net vill Informatiounen dobausse bekannt ma de sougenannte plan Vigilnat de “plan de vigilance nationale” ass viru kuerzem ugepasst ginn, firwat huet dat misse gemaach ginn?
    Besseren Informatiounsfloss...eng Erkenntnis no der Übung am Januar

    Et gouf bis ewell nach kee Changement vun der aktueller Sécherheetslag “Niveau 2 vu 4”, wéi gett do genee de Suivi gemaach. Zum Beispill och no sou schlëmmen Tëschenfäll wéi lo zu Manchester
    A wéi engem Fall misst den Niveau d’alerte eropgesat ginn?

    Firwat huet et eigentlech sou laang gedauert bis gewosst war vu wou aus déi anonyme Bommemenace komm sinn géint den Auchan, Concorde etc

    52 min

About RTL - Background

From the publisher's feed

Den Hannergrond vun der Aktualitéit mat engem Invité

More shows like RTL - Background

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

5 vir 12 by RTL Radio Lëtzebuerg

5 vir 12

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Kloertext by RTL Télé Lëtzebuerg

RTL - Kloertext

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Erklär&Laach by Baschti, Philippe a Joe

Erklär&Laach

0 Listeners

RTL - Afterwork by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Afterwork

0 Listeners

On the Record - Reporter.lu by Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

1 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Drëtt Hallschent - De Sport-Talk by RTL Radio Lëtzebuerg

Drëtt Hallschent - De Sport-Talk

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners

Vun Alabama bis Wyoming: 50 Staaten, 1 Land. by RTL Radio Lëtzebuerg

Vun Alabama bis Wyoming: 50 Staaten, 1 Land.

0 Listeners