Wunnénge gi gebaut, déi nei Awunner unzéien. Nei Schoule, Maison Relaise, Kläranlagen a Stroosse musse geplangt a mat Zäit fäerdeg gstallt gi, fir de Bedürfnisser vun den neien Awunner gerecht ze gin.
Mam Budget stellen d’Gemengeverantwortlech d’Weiche fir d’Entwécklung vun hierer Gemeng, leee Schweierpunkte fest bei den Ausgaben an Investitioune, fir de legitimen Uspréch vun all hieren Awunner gerecht ze ginn. Iwert d’Dotation financière, eng direkt Participatioun un ëffentlechen Infrastrukturen oder mat Instrumenter wéi dem Pacte Logement gräift de Staat de Gemengen dobäi anstänneg ënnert d’Äerm.
Secher sin Investissementer a Gebaier an Infrastrukturen immens wichteg, fir datt d’Gemengen hieren Awunner eng gudd Liewensqualitéit kënne bidden.
Mee geet dat duer fir dat all d’Awunner zu enger Gemeinschaft zesummewuessen?
Gemengepolitiker wëssen, dass mer Plaaze brauche, wou d’Leit sech kënnen treffen, kenneléieren oder austauschen. Schons beim Plange vu neiem Wunnraum muss dru geduecht gin, wéi a wou d’Awunner zesummentreffen , wéi di ennerscheedlechst Residenten aus der Gemeng d’Gelégenheet kréie, sech ze begéinen.
Nei Lotissementer sollen Treffpunkter bannen a bausse virgesinn, als Brécken firt d’Zesummenliewen. Misst dëst nët systematesch als Oplo fir d’Architekten a Promoteure viirgesi ginn?
Mee natiirlech geet et nët duer, Plaazen ze schaafen. Mer brauche lokal Initiativen, déi d’Zesummenliewe fërderen an dës Plaatze beliewen. De Benevolat spillt heibäi op lokalem Plang eng eminent wichteg Roll! Mee och de professionellen Encadrement an d’Schaafe vu neie Beruffsbiller op de Schnëttstelle vun der Gemengeverwaltung an der Zivilgesellschaft si wichteg. Mer brauche nei Äntwërten op d’Erausfuederunge vun der heterogener Populatioun an eise Gemengen, mat all hiere verschidde Sproochen, hieren ennerschiddleche Kulturen an hieren diverse Liewenserfahrungen.
Iweregens: mam Internetsite integratioun.lu huet Lëtzebuerg eng nei Base de données mat enger Hellewull konkreten Iddeeën, Projeten a Kontakter, déi am Kontext vum Zesummenliewen an eise Gemengen eng onerschöpflech Quell vun Inspiratioun duerstellt.
Hoffe mer, datt eis kommunal Veranwortlech beim Verwalte vum Zouwues an eise Gemengen och un die mënschlesch Komponent vum Zesummenliewen denken, an datt di zoustänneg Ministère bereet sinn, innovativ Handlungskonzepter genau esou grosszügeg ze ënnertëtze wéi Investitiounen an d’Infrastrukturen.