Ech hat ugefaange mer Strécher op d'Wand ze maachen, all Kéier wann an de Féierungsgremien vum Fond du Logement – Verwaltungsrot, Direktioun – een erausgeflunn ass oder selwer d'Handduch gehäit huet. Dat hunn ech awer opginn well et sinn där Strécher zevill ginn. Do gefält mer den Optimismus vun der zoustänneger Ministesch, der Madame Tanson, déi kalbliddeg behaapt de Fong wär operationell. "A la bonne heure!", soen ech do. "Da loosst en dach ewéi en ass. Nëmmen näischt upaken!" Operationell? Et geet also dach!
Och ons belsch Frënn hate 249 Deeg keng Regierung an, éierlech gesot, ech hu keen Ënnerscheed gesinn wann ech op Bréissel gefuer sinn oder zu Stengefort am Stau stoung fir bei Ikéa ze goen.
Kommt mir sinn emol innovativ: villäicht sinn tatsächlech nei Iddiën néideg fir aus dem Schlamassel erauszekommen. Ech hätt do eng: wéi wär et wann een den Häre Becca oder Giorgetti dat alles uvertraue géif ? Déi schénge sech a Saachen Immobilien pico-bello auszekennen. Wat bei de politesche Responsabelen (oder waren et d'Beamten ?) jo manifestement net wierklech de Fall war. Ha!, do héieren ech der déi soen,mee wou ass dann do den Ënnerscheed zu dem wat elo ass? Déi grouss Promoteuren si souwisou di eenzeg déi bauen, a si maachen och nach d'Landes- a Stadplanung niewebäi. Gratis.
D'Cours des Compte huet kierzlech mat hirem Spezialrapport iwwert de soziale Wunnengsbau eng Schëpp drop ginn. Di enorm Diskrepanz zwëschen dem Zouwuess vun Awunner an den nächste Joe an deem wat gebaut gëtt, d'Deierecht di doduerch entsteet ass näischt wéineger wéi eng Zäitbomm wou d'Wick schonn un ass an ee se brenne gesäit. Mir gesinn wat dat an Termen vun Aarmutsrisiko bedeit an dee kann een net ewech rieden andeem een d'Methoden vun de Statistiker a Fro stellt. Wann een, als Representant vun der ëffentlecher Macht, weidermécht mat Lavéiren mécht een sech esou gutt wéi strofbar.
Ech hu kierzlech en Interview mat der Madame Tanson gelies, an dem se iwwert hiren neien Ministeschjob schwätzt. Wat d'Kultur – hiren anere Portefeuille – ugeet, hunn hier Aussoe geklongen ewéi déi vun engem deen endlech säin Hobby zum Beruff maache konnt. Ech mengen, déi Begeeschterung freet all Kulturschaffend zu Lëtzebuerg.
Sou wichteg d'Kultur och ass, sou indispensabel ass et och datt eng engagéiert Persoun, mat der néideger Empathie fir d'Interêten vun de Kreativen an alle Beräicher couragéiert antrëtt.
Nach vill méi kloer misst et sinn, datt de Problem vum Wunnen, vum Wunnen an engem räiche Land op eng Aart a Weis ugaange gëtt an der net méi - wéi bis elo - Partikularintressen Prioritéit hunn, mee d'Wuel vum ganze Land.