Evolutioun an d‘21. Joërhonnert
Carte blanche vum Laurent Schley op RTL-Radio
18.02.2019
D’läscht Woch war den 12. Februar, deen Dag also op deem den Charles Darwin 210 Joer gefeiert hätt. Säi bekannteste Buch, „On the origin of species“, kritt dëst Joer 160 Joer. An deem Buch gouf d’Evolutioun erklärt, wéi aus einfachem Liewen konnt komplext Liewen entstoen; eng Erklärung, déi mir haut als Evolutiounstheorie kennen. Puer Gedanken dozou vum Dr. Laurent Schley, Biolog a President vun der Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker, kuerz AHA, a sénger Carte blanche mam Titel „Evolutioun an d’21. Joërhonnert“.
Wat sinn d’Haaptaspekter vun der Evolutioun? Während der Bildung vun de Keimzellen - beim Mënsch wieren dat d’Eezelle bei der Fra an d’Spermatozoidë beim Mann - kënnt et am Ierwmaterial ADN zu zoufällege Verännerungen. Duerch dës sougenannte Mutatiounen kënnt et bei enger Art zu enger héiger geneetëschter Vielfalt beim Nowues. Op dës Vielfalt wierkt dann d’natierlech Selektioun, een net-zoufällege Prozess, bei deem éischter déi Individuen iwwerliewen, di am beschten un di jeweileg Liewensbedingungen ugepasst sinn, an sou kënnen hiert Ierwmaterial un di nächst Generatioun wiederginn. Iwwert zegdausende Generatioune veränneren sech sou Aarten an et entstinn neier.
Well de Mënsch Deel, wann och nëmmen e ganz winzegen, vun där joermilliardelaanger Entwécklung ass, hu sech divers Reliounsvertrieder vun Ufank un géint dem Darwin säi Buch gewiert an acceptéiere bis haut d’Evolutioun als Prozess respektiv d’Evolutiounstheorie als Erklärung fir dee Prozess net. Meeschtens gëtt dann d’Evolutioun fälschlécherweis als reng zoufällege Prozess duergestallt, an deen net-zoufällegen Aspekt vun der natierlecher Selektioun gëtt bewosst op der Säit gelooss. Bei der läschter mir bekannter wëssenschaftlecher Etude, wou Lëtzebuerg mat abezu war, aus dem Joer 2006, hunn nach ëmmer ee Véierel vun de Lëtzebuerger uginn, d’Evolutioun net als wëssenschaftéche Fakt unzegesinn. Dramatesch eigentlech.
Och haut nach gëtt et an Europa regelméisseg Versich, d’Opklärung iwwert d’Evolutioun ze verhënneren. Während ech dës Zeile schreiwen, hunn ech eng News gelies, laut där an enger englescher Grondschoul d’Opféierung vun engem Schüler-Musical iwwert den Charles Darwin ofgesot gouf, well sech eng Handvoll reliéis Elteren géint déi Opféierung gewiert haten.
D’Gesellschaft däerf sech vu sou Leit net erpresse loossen a muss onbedéngt mat nach méi Opklärung, Wëssensvermëttlung a Wëssenschaft géigesteieren. Och an der Grondschoul zu Lëtzebuerg sollt dofir am Éveil aux sciences systematesch iwwert d’Thema Evolutioun an d’Evolutiounstheorie geschwat ginn. Kannergerecht Léiermaterial, wéi z.B. dat op www.evokids.de, ass schonn disponibel. Wat gëtt et méi Schéines wéi als Mënschen, a firwat net schonn als Kanner ze verstoen, wou mir tatsächlech hierkommen, als Deel vun engem joermilliardelaange Prozess, deen zu där wonnerbarer Diversitéit vun Déieren, Planzen an aneren Organismen gefouert huet, dee mir haut nach op eisem Planéit hunn a vun där mir een Element sinn.
Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker Lëtzebuerg a.s.b.l. (AHA), www.aha.lu
Mitglied International Humanist and Ethical Union (IHEU)
Mitglied European Humanist Federation (EHF)
Mitglied Alliance for a Secular Europe
Mitglied Cercle de Coopération des Associations laïques (CCAL)