Ech muss haut a mengen 2,5 Minuten eppes lass gin, och wann ech et léiwer méi intensiv erklärt hätt.
Zu Lëtzebuerg geet emmer méi vun Armutsrisiko riédts.
Et gin 2stelleg Prozenter genannt, baal 1/4 vun der Populatioun soll riskéieren, an d’Armut ze faalen.
Daat derft et hei net gin.
Mer hun den heichste Mindestlouh an der E.U. Ech weess, dass een domat zu Lëtzebuerg net anständeg liéwe kann, wann ee keng eege, bezuelte Wunneng oder kee soziale Loyer huet.
Mä firwat musse Leit,meeschtens elengstehend Fraen, op de Mindestlouhn nach Steiere bezuelen?
Fir d’Leit ass wichteg, waat se u Nettoakommes hun. Op daat méi héich gett durch méi Buttolouhn oder méi Bruttorent, oder durch manner Steieren, ass fir sie egal.
Net egal ass et allerdengs fir d’Iwerliéwe vu Kleng- a Mettelbetrieber, déi a Kongkurrenz an der Groussregioun sin, wou de Mindestlouhn iwer 2 Euro d’Stonn méi niddreg ass wéi bei eis, elo schon.
Ech gehéieren zu deenen déi sech echt Suerge maachen iwer d’Zukunft vun eisem a sech gudde Pensiounssystem.
Ech sin entsaat iwer d’Propaganda vum OGBL fir d’Sozialwahlen, déi behaapt, d’E.U wéilt déi staatlech Rentesystemer schwächen. Dat ass gestonk a gelunn. Do bewege se sech an enger Liga mat de Populisten, déi d’ E.U. verantwortlech maache fir all Problemer, déi se national net amstand sin ze léisen.
Secher gett et Leit, erem virun allem eeler Fraen déi eleng do stin, déi op der Mindestrent
vun haut 1842 Euro setze, well se net e ganzt Liéwe berufstäteg waren a Pensiounsbeiträg bezuelt hun. Et kann ee sech natirlech froe, wouvun déi virun der Pensioun geliewt hun, wa se kee versechert Akommes haten:
Wirwat brengt d’Politik et net ferdeg an eisem reiche Land dös Problemer ze léisen, oni Messbrauch vu Sozialleeschtungen, wat leider nach ze oft de Fall ass.
Vill Leit hei am Land hu Spursouen. Dorob gett et baal keng Zense méi, nach 0,1%. Vun deenen Zensen, déi net emol durgi fir d’Inflatioun vun elo 1,5 % ze kompenséieren, musse se 20 % Quellesteier bezuelen, an daat opschon durch déi niddreg Zense scho Kaafkraat verluer geet. Dat verstin d’Leit net. Si gi rosen iwer d’Politik a stemme nei Parteien oni Konzept mä mat Verspriéche, déi esoguer an engem Land wéi Lëtzebuerg net anzehaale sin.
Déi lescht Steierreform huet ze vill Leit, déi net zu deene Reiche gehéieren, net genug entlaascht.
Et gett Zeit, dass Politiker sech bewege, fir d’Léisung vun döse Problemer a vu nach vill aaneren, , wéi z. B. d’Irwschaftssteier an der Famille, net weider op d’lang Bänk ze schuppsen.