D’Regierung huet erkläert vu Mäerz 2020 un soll den ëffentlechen Transport gratis ginn. Woura besteet des Mesure?
Effektiv huet déi nei Regierung erkläert ab Mäerz 2020 den ëffentlechen Transport – dat heescht all Zich vun der CFL, d‘Busser vun der Staat Lëtzebuerg, vum RGTR oder TICE awer och de Luxtram - gratis ze maachen. D’Passagéier bräichte keen Ticket méi, awer just nach hier Carte d’identité dobäi ze hunn.
Bei verschidde lokale Buslinnen, déi vu Gemenge geréiert ginn, bleift Decisioun bei deenen eenzele Gemengen, ob si hire Service och wëlle gratis proposéieren.
Integréiert sech des Mesure dann an en nationaalt Mobilitéitskonzept an?
Ech mengen dat ass de Knackpunkt, firwat dat dëse gratis ëffentlechen Transport esou vill kritiséiert gëtt. Awer dem Mobilitéitsminister François Bausch ass och bewosst, dat duerch d’Ubidde vun engem gratis ëffentlechen Transport ons Mobilitéitsproblemer am Land net eleng geléist ginn. D’Qualitéit – ob dat elo iwwerfëllte Bussen an Zich sinn oder déi vill Retarde – musse grad esou geléist gi wei och weiderhin d’Streckennetz auszebauen.
Et sief och bemierkt, dat des Mesure d’Land circa 41 Milliounen Euro soll kaschten – wat laut Minister Bausch soll duerch zousätzlech Steierrecettë bezuelt ginn. Gläichzäiteg, géifen awer och 2,2 Milliarden Euro an de Schinnereseau tëscht 2018 an 2023 investéiert ginn. D’Busen sollen doniewent bis 2030 elektresch fueren.
Fir d’Grenzgänger, déi jo och en gudden Deel vun eisem Verkéier all Dag ausmaachen, ginn elo Diskussioune mat der däitscher, franséischer a belscher Bunn gefouert, fir d’Praisser fir déi grenziwwerschreidend Faarte méi bëlleg ze kréien. Konkret, muss en Grenzgänger fir den Deel vu senger Faart zu Lëtzebuerg net méi bezuelen, awer den Deel a sengem Heemechtsland bleift ze bezuelen. Als Beispill Thionville bis d'Grenz muss hie bezuelen, an duerno net méi.
All international Trajeten zum Beispill Lëtzebuerg-Paräis oder Bréissel oder och déi national 1. Klass bleiwe payant.
Wann en dat esou héiert, ass et da wierklech néideg, den ëffentlechen Transport gratis ze maachen?
Ech mengen et muss en et aus verschiddene Perspektive kucken:
• Aus ekologescher Sicht, wann duerch de gratis ëffentlechen Transport wierklech méi Leit hiren Auto Doheem stoe loossen, ass dat sécher hëllefräich.
• Aus sozialer Sicht, erméiglecht dat och allen Mënsche mobil ze sinn. Do sief awer och ugemierkt, dat elo och schonn d’Studenten ënnert 30 Joer oder déi finanziell méi schwaach Leit näischt musse fir den ëffentlechen Transport bezuelen. Fir d’Leit iwwert 60 Joer kaschten de Joresabonnement 100 Euro – fir all déi aner 440 Euro –quasi 1,20 Euro am Dag - wat awer och of vu Betriber iwwerholl gëtt.
• Als leschte Punkt well ech awer nach erwänen, dat déi Annonce vum gratis ëffentlechen Transport ons vill positiv Press am Ausland bruecht huet. Dat an engem Aspekt vum „Nation Branding“ - wat en sécherlech net soll ënnerschätzen.