Grossherzogins Geburtsdag
Grossherzogins Geburtsdag war op dësem Datum, wéi ech nach e Bouf war. Mir stongen eis do brav d’Been an de Bauch am Rousegärtchen, fir an der Keelt vum Wanter dem Fakelzug an der Neier Avenue nozekuken. Wann et gutt gong, hate mer e klenge rout-wäiss-bloe Fendelchen fir ze wénken.
D’Zeiten hu geännert; den Haff ass bliwwen, och wann aus dem Grossherzog e Grand-Duc gouf, sëcher fir d’lëtzebuergescht héich ze halen. – Dach grad sou wéi deemols gëtt um Haff oder, méi dichtech: un der Staatsform bis elo an trotz der frësch opgebotzter Verfassung den Haff net a Fro gestallt, och wann Iervmonarchie am Widdersproch mam 1. Paragraf vun den Helleche Mënscherechter steet; stellt iech mol fir: eng Fra, e Mann oder en Zougewanderten mat lëtzebuerger Pass dierft net Bréifdréier, Schoulmeeschter oder Autobuschauffeur ginn. Fir Staatschef awer si mer all discriminéiert a kee wackelt mam Ouer dogéint.
Wuel gëtt dann de Staatschef gär schlau als “Dier-Opmécher” duergestallt, wa mir eis am déiwsten Ausland wëlle verkafen, wou se zanter Joren a Joerzéngte kee Monarch méi als Iervherrscher hunn nach wëllen kréien.
Well wann eppes stëmmt, dann dat: e roude Léiw op blowäissem Feld zanter dem groussen Hari, dem “Arrigho alto” – huet den Alighieri Dante dee genannt – dorop stolz ze sinn, kënne nëmme mier – wann de Stefan Berne mat sengem Gielchen dat och wëlt.
E klengt Vollek, daat 3, 4, 5 Sprooche lallt – soe béis monophon Auslänner – daat sech mat engem tripel A brétze kann, daat si mir a vläicht brauche mer daat, nämlech e schnäidege Grossherzog, dee seng diskret Hand iwwer eis hält, wann Deen do uewen mol kurz näipt. A mir vergiessen meng Grouss-Monnien, déi virun 100 Joer d’Republik häi ausgeruff hunn.