RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

RTL - Carte Blanche episodes

  • Carte Blanche: Astrid Lulling, 27/02/2019
    Ech muss haut a mengen 2,5 Minuten eppes lass gin, och wann ech et léiwer méi intensiv  erklärt hätt.
    Zu Lëtzebuerg geet emmer méi vun Armutsrisiko riédts.
    Et gin 2stelleg  Prozenter genannt, baal 1/4 vun der Populatioun soll riskéieren, an d’Armut ze faalen.
    Daat derft et hei net gin.
    Mer hun den  heichste Mindestlouh an der E.U. Ech weess, dass een domat zu Lëtzebuerg net anständeg liéwe kann, wann ee keng eege, bezuelte Wunneng oder kee soziale Loyer huet.
    Mä firwat musse Leit,meeschtens elengstehend Fraen, op de Mindestlouhn nach Steiere bezuelen?
    Fir d’Leit ass wichteg, waat se u Nettoakommes hun. Op daat méi  héich gett durch méi Buttolouhn oder méi Bruttorent, oder durch manner  Steieren, ass fir sie egal.
    Net egal ass et allerdengs fir d’Iwerliéwe vu Kleng- a Mettelbetrieber, déi a Kongkurrenz an der Groussregioun sin, wou de Mindestlouhn iwer 2 Euro d’Stonn méi niddreg ass wéi bei eis, elo schon.
    Ech gehéieren zu deenen déi sech echt Suerge maachen iwer d’Zukunft vun eisem a sech gudde Pensiounssystem.
    Ech sin entsaat iwer d’Propaganda vum OGBL fir d’Sozialwahlen, déi behaapt, d’E.U wéilt déi staatlech Rentesystemer schwächen. Dat ass gestonk a gelunn. Do bewege se sech an enger Liga mat de Populisten, déi d’ E.U. verantwortlech maache fir all Problemer, déi se national net amstand sin ze léisen.
    Secher gett et Leit, erem virun allem eeler Fraen déi eleng do stin, déi op der Mindestrent
    vun haut 1842  Euro setze,  well se net e ganzt Liéwe berufstäteg waren a Pensiounsbeiträg bezuelt hun. Et kann ee sech natirlech froe, wouvun déi virun der Pensioun geliewt hun, wa se kee versechert Akommes haten:
    Wirwat brengt d’Politik et net ferdeg an eisem reiche Land dös Problemer ze léisen, oni Messbrauch vu Sozialleeschtungen, wat leider nach ze oft de Fall ass.
    Vill Leit hei am Land hu Spursouen. Dorob gett et baal keng Zense méi, nach  0,1%. Vun deenen Zensen, déi net emol durgi fir d’Inflatioun vun elo 1,5 % ze kompenséieren, musse se 20 % Quellesteier bezuelen, an daat opschon durch déi niddreg Zense scho Kaafkraat verluer geet. Dat verstin d’Leit net. Si gi rosen iwer d’Politik a stemme nei Parteien oni Konzept mä mat Verspriéche, déi esoguer  an engem Land wéi Lëtzebuerg net anzehaale sin.
    Déi lescht Steierreform huet ze vill Leit, déi net zu deene Reiche gehéieren, net genug entlaascht.
    Et gett Zeit, dass Politiker sech bewege, fir d’Léisung vun  döse Problemer a vu nach vill aaneren, , wéi z. B. d’Irwschaftssteier an der Famille, net weider op d’lang Bänk ze schuppsen.


    0 min
  • Commentaire: Everling Pit, 26/02/2019 07:45
    Si sinn d'Basis fir déi meescht politesch Decisiounen.
    Si klären eis op, recommandéieren eis, warnen eis, beaflossen eis.
    Mir schwätze vun Etüden a Statistiken. Si bestëmmen zu engem groussen Deel d'Spillreegele vun eiser Gesellschaft. Net ëmmer zu Recht, mengt de Pit Everling
    0 min
  • Carte Blanche, 25/02/2019
    Sozial repsonsabel sinn

    Wat heescht et sozial responsabel ze sinn oder sozial responsabel ze handelen?
    E Betrieb ass sozial verantwortlech wann de Management sozial an ecologesch Froen a Kaaf hëllt.
    All Betrieb, ganz onoofhängeg vun hierer Greisst oder Aktivitéit, kann sech sozial verantwortlechen asetzen. An et geet och net duer ze mengen, dat dest, just eppes fir dei grouss Betrieber ass, och dei kleng Strukturen si gefroot.
    Et gi verschidden Niveauen vun Engagement.
    Dei eischten Niveau entsprecht der legaler Base : dat sinn dei Betrieber dei sech un d’Regelen, un d’Gesetzer halen, dei sech asetzen fir d’Schutz vun de Mataarbechter, de Clients an der Emwelt.
    Den zweete Niveau vun Engagement ass fir dei Betrieber, dei entscheeden mei wei just de legale Kader ze respekteieren. Dei setzen sech fraiwelleg fir besser Conditiounen an, wei zum Beispill mei wei just dei ecologeschen Standards ze respekteiren oder sech nach mei fir d’Wuelbefannen vun de Mataarbechter z’engagéieren.
    Den dretten a leschten Niveau ass deen, deen eis ONGen och interresseiert. Op desem Niveau Engagement, enstinn Partnerschaften mat net gouvernementalen Organisatiounen. Dat heescht de Betrieb geet mei wait a sengem Engagement an ennerhellt Sponsoring oder Mecenat. Dest ass virun allem meiglech am sozialen, ecologeschen, artisteschen oder sportlechem Beraich.
    Fir dat e Betrieb prett ass, e sozial verantwortleche Betrieb ze sinn, si verschidden Conditiounen ze respekteiren. Virun allem muss de Prozess fraiwelleg sinn an effizient. D’Leit am Betrieb mussen driwwer informeiert sinn an sech och drun haalen, dat heescht mat engageiert sinn.
    D’Betrieber gewannen och villes dobai: eischtens kennen se doduerch hieren internen an externen Image verbesseren an och aus sozialer Siicht steet de Betrieb besser um Aarbechtsmaart do. Dei ecologesch Virdeeler solle respekteiert ginn.
    Et ass awer och un eis ONGen de Betrieber ze hellefen wei si duerch Partnerschaften mat eis an eng Win-Win Situatioun kommen. Well fir eierleg ze sinn, hu mir ONGen natiilrech och enorm vill dovunn. Do ass esou muench Partnerschaft mat Betrieber einfach onemgänglech an och immens flott.
    Wann des Demarche bei de grousse Betrieber schon mei laang „gang und gebe“ ass, da wier et flott wann mei kleng Strukturen all d’Virdeeler vum des sozialer Responsabiliteit geingen erkennen a sech lanceieren geingen.

    0 min
  • Carte Blanche: Paul Estgen , 22/02/2019 07:45
    Virun en bësse méi wie 50 Joer huet den Martin Luther King geruff „ I have a dream“. Wann mir eis Zäit wéilten ëmschreiwen, géife mir villäicht éischter soen : „mir hu keen Dram, keng Utopie méi“. Dozou eng Carte Blanche vum Paul Estgen, Soziolog am Center Jean 23.
    0 min

About RTL - Carte Blanche

From the publisher's feed

Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit

More shows like RTL - Carte Blanche

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Weltspiegel Podcast by ARD Weltspiegel

Weltspiegel Podcast

37 Listeners

Mit den Waffeln einer Frau by barba radio, Barbara Schöneberger

Mit den Waffeln einer Frau

82 Listeners

RTL - Afterwork by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Afterwork

0 Listeners

On the Record - Reporter.lu by Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

1 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - Commentaire by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Commentaire

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners