RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

RTL - Carte Blanche episodes

  • Carte Blanche: Patrick Michaely , 15/02/2019 07:45
    De Méinde war den Internationalen Dag vun de Fraen a Meedercher an der Wëssenschaft, den Dënschden ass mam Darwin Day dem grousse Naturalist Charles Darwin säin 210. Gebuertsdag gefeiert ginn. Gëschter war den Dag vun alle Verléiften. Wéi passt dat alles beieneen? A senger Carte blanche erzielt de Patrick Michaely vun enger enttäuschter Léift...
    0 min
  • Carte Blanche: Patrick Michaely, 15/02/2019 07:45
    De Méinde war den Internationalen Dag vun de Fraen a Meedercher an der Wëssenschaft, den Dënschden ass mam Darwin Day dem grousse Naturalist Charles Darwin säin 210. Gebuertsdag gefeiert ginn. Gëschter war den Dag vun alle Verléiften. Wéi passt dat alles beieneen? A senger Carte blanche erzielt de Patrick Michaely vun enger enttäuschter Léift...
    0 min
  • Carte Blanche: Patrick Michaely, 15/02/2019
    2009 war Darwin-Joer. Weltwäit ass den 200. Gebuertsdag vun dësem groussen Naturalist gefeiert ginn. Mat vill Asaz a Kommunikatioun ass versicht ginn, dem Darwin säi Wierk dem Public méi no ze bréngen. Net just Schüler ware viséiert, mä och Decideuren aus Politik, Gesellschaft, Kultur an natierlech de Wëssenschafte selwer. “Méi evolutionär denken”, war deemools de Mot d’ordre.

    Dobäi kënnt, datt d’Evolutiounstheorie op ville Plazen als e perfekt Beispill vun engem rationalen Denke presentéiert gouf – wat se iwwregens och ass. Hannert dee Fändel stellt ee sech natierlech gären. Wie wëll net als e fortschrëttlech denkende Mënsch considéréiert ginn, deen en plus nach rational handelt? Elo géif ee sech tatsächlech erwaarden, datt all dës an den Darwin verléiften Decideuren och d’Fuerschung hannert der Theorie mat Iwwerzeegung a Mëttelen ënnerstëtze géifen. A senger Evolutiounstheorie erkläert den Darwin nämlech fir d’éischt eemol dat komplizéiert Zesummespill vu Variatioun, Verierwung, Selektioun, Zäit an Upassung an domadder déi laang Geschicht vum Liewen op onsem Planéit. D’Theorie erkläert och, firwat an Zäite vu rapidem Klimawandel onzieleg Aarten op eemol fir ëmmer verschwannen. Wann et net déi onmëttelbar Zerstéierung vum Liewensraum ass, dann ass et, well se sech net méi mat Zäiten un déi verännert Bedingungen upasse kënnen. Ze fuersche gëtt et also vill.

    Wéi steet et also 10 Joer nom Darwin-Joer ëm d’ëffentlech Ënnerstëtzung an Unerkennung vun Evolutiouns- a Biodiversitéitsfuerschung wéi se zum Beispill am Naturmusée hei zu Lëtzebuerg gemaach gëtt? Ma net immens! Esou eng Fuerschung ass opwenneg, si dauert laang a bréngt vun engem ekonomesche Point de vue par rapport zu den héich dotéierten High-Tech-Wëssenschafte seele vill an, ausser Wëssen an d’Gewëssheet, datt et ëm de Patrimoine naturel zu Lëtzebuerg net gutt bestallt ass. Insekten- a Vulle verschwannen och bei ons mat Vitesse grand V vun der Bühn vum Liewen.

    Evolutiounsfuerschung huet an der Intelligent-Design-Welt vun der Techno Science, wou Industriedenken a Weltraum-Eruerwerungsgelüster predominéieren keng Plaz. Fir eent vun de räichste Länner vun der Welt ass dat en traurege Constat.

    Wat huet dat elo mam Internationalen Dag vun de Fraen a Meedecher an de Wëssenschaften ze dinn? Ma wat soll ech dann elo engem jonke Meedche roden, dat mat vill Enthusiasmus un den Aktivitéite vum Naturmusée deelhëlt, kee mat vill Opwand a Geld finanzéierte Science Festival verpasst an deem säi gréisste Wonsch et ass, op de Spure vum Darwin ze wandelen, Fuerscherin ze ginn an d’Welt ze retten?
    Vergiess et, maach léiwer en MBA a géi Satellite verkafen? D’ass wéi wann den Darwin de Kuerf kritt hätt. Enttäuschte Léift.

    * De Patrick Michaely ass vu Formatioun Biochemiker an am Naturmusée responsabel fir Ëffentlechkeetsaarbecht a Kommunikatioun.

    0 min
  • Carte Blanche: Robert Urbé , 13/02/2019 07:45
    Wisou si souvill méi Jugendlecher, obschonn se schaffe ginn, hei zu Lëtzebuerg méi aarm wéi soss an der EU? A wien ass hei zu Lëtzebuerg besonnesch betraff?
    Mir kënnen dat ännere, wa mer wëllen, seet de Robert Urbé vu Caritas Lëtzebuerg a senger Carte blanche.
    0 min
  • Carte Blanche: Robert Urbé, 13/02/2019 07:45
    Wisou si souvill méi Jugendlecher, obschonn se schaffe ginn, hei zu Lëtzebuerg méi aarm wéi soss an der EU? A wien ass hei zu Lëtzebuerg besonnesch betraff?
    Mir kënnen dat ännere, wa mer wëllen, seet de Robert Urbé vu Caritas Lëtzebuerg a senger Carte blanche.
    0 min
  • Carte Blanche: Robert Urbé, 13/02/2019
    Viru ronn dräi Woche sinn eng Parti Leit hei am Land ferm erféiert. Eurostat hat public gemaach, dass mat 20% Lëtzebuerg no Rumänien deen zweethéchste Prozentsaz opweist, wat Jugendlecher tëscht 18 a 24 Joer ugeet, déi schaffe ginn a gläichzäiteg ënner dem Aarmutsrisiko leien. No vill Echo an de Medien huet dunn och den 31. Januar eng Aktualitéitsstonn am Parlament stattfont.
    A wéi üblich hunn sech der rëm genuch fonnt, déi di Zuele wollte falsch maachen, relativéieren, a Fro stellen an: falsch interpretéiert hunn!
    Et ass dobäi en Auszoch aus deenen Donnéeën, déi de 16. Oktober 2018 vum STATEC publizéiert goufen, an déi all Joer bei engen 10.000 Leit oder 4.000 Haushalter erhuewe ginn.
    Do fanne mer dann, dass den allgemengen Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg an 10 Joer 10 mol méi séier geklommen ass wéi an der EU allgemeng.
    A wann déi jong Leit ëmmer méi zäitlech beschränkt Aarbechtskontrakter kréien, a wa se, nach méi schlëmm, net nëmmen een, mee och souguer méi Stagen ouni bezuelt ze gi mussen absolvéieren, dann ass dat Resultat och dohier vläicht ze erklären.
    Kanner ënner 18 Joer a Jonker vun 18-24 Joer ënnerleie bei eis dem Aarmutsrisiko zu 22,8 resp. 26,4%. Dat, well si an engem Haushalt wunnen, deem seng Memberen dem Aarmutsrisiko ënnerleien, also leschten Ends, well hier Elteren en ze niddregt Akommes hun.
    Wat elo bei eis opfällt ass, datt déi Jugendlech d’Akommes vum Haushalt net verbesseren hëllefe kënnen, och wann si schaffe ginn. An dat läit eben drun, datt och hiere Verdéngscht ze niddreg ass.
    Mir sollten also ophalen, sou Resultater mat falschen Argumenter wëllen ze diskreditéieren. Mir sollten eis vill méi d’Fro stellen, wat mer kënnen ënnerhuelen, fir deen Trend do mindestens opzehalen, am beschten nach ëmzekéieren: d’Stagiairen net mëssbrauchen a se bezuelen, manner zäitlech begrenzte Kontrakter verginn an deene Jonken (an net nëmmen deene Jonken!) en uerdentlecht Gehalt bezuelen.
    Aarmut an Aarmutsrisiko si keng Fatalitéiten, wa mir wëllen eppes dergéint ënnerhuelen, da kënne mir dat och. Wëlle mir dat?

    0 min
  • Commentaire, 12/02/2019 07:45
    40 Joer ass et hir datt déi éischte Klimakonferenz zu Genève organiséiert gouf. Zanterhier ass gewosst datt de Mënsch mat responsabel fir de Klimawandel ass, deen eng Menace fir hie selwer, Déier an Natur duerstellt. Op beim Plastik oder dem Auto, ouni deen sou muncher een net kann...Iergendwann muss op d'Brems gedréckt ginn fir géint d'Klimakris unzekommen - dat mengt d'Claudia Kollwelter an engem Commentaire.
    0 min
  • Carte Blanche: Jean-Louis Schlesser , 11/02/2019 07:45
    Am Fong klappt et net. De Jean-Louis Schlesser mengt de Moien a senger Carte Blanche, datt d'Schwieregkeeten vum Fonds du Logement en Indiz si fir de joerzéngtelaangen Onwëllen. Dat fir eng zentral Lëtzebuergesch Problematik, nämlech déi vum Wunnen, eeschthaft unzegoen.
    0 min

About RTL - Carte Blanche

From the publisher's feed

Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit

More shows like RTL - Carte Blanche

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Weltspiegel Podcast by ARD Weltspiegel

Weltspiegel Podcast

37 Listeners

Mit den Waffeln einer Frau by barba radio, Barbara Schöneberger

Mit den Waffeln einer Frau

82 Listeners

RTL - Afterwork by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Afterwork

0 Listeners

On the Record - Reporter.lu by Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

1 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - Commentaire by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Commentaire

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners