RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

RTL - Carte Blanche episodes

  • Carte Blanche: Jean-Louis Schlesser, 11/02/2019 07:45
    Am Fong klappt et net. De Jean-Louis Schlesser mengt de Moien a senger Carte Blanche, datt d'Schwieregkeeten vum Fonds du Logement en Indiz si fir de joerzéngtelaangen Onwëllen. Dat fir eng zentral Lëtzebuergesch Problematik, nämlech déi vum Wunnen, eeschthaft unzegoen.
    0 min
  • Carte Blanche: Jean-Louis Schlesser, 11/02/2019
    Ech hat ugefaange mer Strécher op d'Wand ze maachen, all Kéier wann an de Féierungsgremien vum Fond du Logement – Verwaltungsrot, Direktioun – een erausgeflunn ass oder selwer d'Handduch gehäit huet. Dat hunn ech awer opginn well et sinn där Strécher zevill ginn. Do gefält mer den Optimismus vun der zoustänneger Ministesch, der Madame Tanson, déi kalbliddeg behaapt de Fong wär operationell. "A la bonne heure!", soen ech do. "Da loosst en dach ewéi en ass. Nëmmen näischt upaken!" Operationell? Et geet also dach!
    Och ons belsch Frënn hate 249 Deeg keng Regierung an, éierlech gesot, ech hu keen Ënnerscheed gesinn wann ech op Bréissel gefuer sinn oder zu Stengefort am Stau stoung fir bei Ikéa ze goen.
    Kommt mir sinn emol innovativ: villäicht sinn tatsächlech nei Iddiën néideg fir aus dem Schlamassel erauszekommen. Ech hätt do eng: wéi wär et wann een den Häre Becca oder Giorgetti dat alles uvertraue géif  ? Déi schénge sech a Saachen Immobilien pico-bello auszekennen. Wat bei de politesche Responsabelen (oder waren et d'Beamten ?) jo manifestement net wierklech de Fall war.  Ha!, do héieren ech der déi soen,mee wou ass dann do den Ënnerscheed zu dem wat elo ass? Déi grouss Promoteuren si souwisou di eenzeg déi bauen, a si maachen och nach d'Landes- a Stadplanung niewebäi. Gratis.
    D'Cours des Compte huet kierzlech mat hirem Spezialrapport iwwert de soziale Wunnengsbau eng Schëpp drop ginn. Di enorm Diskrepanz zwëschen dem Zouwuess vun Awunner an den nächste Joe an deem wat gebaut gëtt, d'Deierecht di doduerch entsteet ass näischt wéineger wéi eng Zäitbomm wou d'Wick schonn un ass an ee se brenne gesäit. Mir gesinn wat dat an Termen vun Aarmutsrisiko bedeit an dee kann een net ewech rieden andeem een d'Methoden vun de Statistiker a Fro stellt. Wann een, als Representant vun der ëffentlecher Macht, weidermécht mat Lavéiren mécht een sech esou gutt wéi strofbar.
    Ech hu kierzlech en Interview mat der Madame Tanson gelies, an dem se iwwert hiren neien Ministeschjob schwätzt. Wat d'Kultur – hiren anere Portefeuille – ugeet, hunn hier Aussoe geklongen ewéi déi vun engem deen endlech säin Hobby zum Beruff maache konnt. Ech mengen, déi Begeeschterung freet all Kulturschaffend zu Lëtzebuerg.
    Sou wichteg d'Kultur och ass, sou indispensabel ass et och datt eng engagéiert Persoun, mat der néideger Empathie fir d'Interêten vun de Kreativen an alle Beräicher couragéiert antrëtt.
    Nach vill méi kloer misst et sinn, datt de Problem vum Wunnen, vum Wunnen an engem räiche Land op eng Aart a Weis ugaange gëtt an der net méi - wéi bis elo - Partikularintressen Prioritéit hunn, mee d'Wuel vum ganze Land.

    0 min
  • Apropos - veiller sur mes parents, 09/02/2019 13:15
    "Veiller sur mes parents" heescht e Service, deen déi franséisch Post ubitt.  De Bréifdréier mécht  op senger Tournee eng Visite bei eelere Persounen, déi dacks eleng wunnen, a kuckt, wéi et hinne geet. Domat ginn déi eeler Leit berouegt, an awer och hier Famill. Déi Leit, déi d'Famill fréier entlaascht hunn, belaaschten se haut, mengt de Guy Seyler am Apropos :

    0 min
  • Carte Blanche: Gilles Hempel, 08/02/2019
    D’Wunnengspräisser klammen ëmmer weider an et ass bis elo keng Léisung a Sicht. Ee gudden Deel vun der Hausse geet op d’Spekulatioun op Bauland zeréck. An senger Carte Blanche skizzéiert den Gilles Hempel ee Model fir dës Entwécklung ze ënnerbannen a gläichzeiteg sozialen an abordabele Wunnraum ze schafen.
    Net nëmmen zu Lëtzebuerg, mee och am Ausland gëtt den Logement ëmmer méi ee grousse Problem. Esou gëtt de Manktem un bezuelbarem Wunnraum scho mancheruerts als „soziale Frage“ vum 21. Joerhonnert bezeechent.
    A ville grousse Stied ass et net méi méiglech, mat engem normale Salaire dezent ze wunnen. Ganz besonnesch betraff sinn Stied wéi London, Frankfurt a München. Mee och a méi klengen Agglomeratioune get et ëmmer méi schwéier sech eng Wunneng ze leeschten. Eng Ausnam war iwwer laang Zäit d’Stad Wien. Do hunn si et fäerdeg bruecht mat enger proaktiver Wunnengsbau-Politik am Laf vum leschte Joerhonnert massiv leschtbar Wunnengen ze schaffen. Mee och zu Wien ware si net gefeit géint Spekulanten, déi am grousse Stil Bauland opkaaft hunn fir en ze horten, domat kënstlech ze verknappen an esou d’Präisser an d’Luucht ze dreiwen. Fir déi ëffentlech Bauträger ass et dowéinst ëmmer méi schwéier ginn un abordabelt Bauland ze kommen.
    Zu Wien huet een dat awer net einfach esou higeholl a gesot dat ass eben den Marché, d’Resultat vun Angebot an Nachfrage. Sou wéi een dat hei zu Lëtzebuerg an dem Kontext méi oft héiert. Anstatt ze résignéeiren, huet een sech zu Wien eppes Cleveres afale gelos:
    An hirer neier „Bauordnung“ gëtt et elo sougenannte „Gebiete für geförderten Wohnungsbau“. An deenen Gebieter mussen 2/3 vun allen Wunnengen déi nei gebaut ginn, ënnert d’Kategorie „geförderte Wohnnutzfläche“ falen, déi dann dann fir 5€ de Metercarré verlount mussen ginn. Mat engem Schlag sinn domat riseg Flächen oninteressant ginn fir Spekulanten.
    Un dem Modell kéint och Lëtzebuerg sech inspiréieren. Wa misst an all neiem  PAP een 1/3 vun der Wunnfläch zu engem soziale Präis vun 5€ an een weideren 1/3 zu engem abordabele Preis vun 10€ de Metercarré verlount ginn, da géifen och hei zu Lëtzebuerg d’Spekulanten d’Fanger vun eisem Bauland loossen. Vun engem Dag op deen aneren hätt hire Geschäftsmodell keng Grondlaag méi. De Präis vum Foncier géif massiv erofgoen an déi ëffentlech a gemeinnützeg Bauträger kéinten do bëllege Wunnraum schaffen.
    A Kombination mat enger Reform vun der Grondsteier, déi eidel Terrain’en héich besteiert, kéinten mir den Problem vum Logement esou an de Greff kréien. Mir brauchen just e bëssen Courrage.

    0 min
  • Carte blanche économique mat PWC 18h15, 06/02/2019
    Wat as dann den Haaptvirdeel vum Groupe TVA ?
    De Groupe TVA ass net begrenzt op e bestëmmte Secteur, dofir ass e fir all Grupp vu Firmen disponibel, fir zum Beispill Ressourcen ouni TVA ze deelen oder fir hire Cashflow ze verbesseren.Den Haaptvirdeel vum Groupe TVA ass datt Memberen vum Groupe als een Assujetti TVA betruecht ginn. Duerfir gëtt op all Liwwerung vu Wueren an Servicer, déi tëscht de Membere gemaach gëtt, keng TVA berechent.
    Dës Fonktioun mécht de Groupe TVA attraktiv fir Firmen, déi virdrun de groupement autonome de personne benotzt hunn, awer och fir all Firmen déi d’TVA net zu 100% zeréck kréien, wéi zum Beispill am Private Equity, d’Banken a Versécherungen. Et ass och fir operationell Firmen interessant, well si de Pré-Financement vun der TVA op Käschten, die sie anerenee bezuelen evitéieren.
    De Groupe TVA kann och Nodeeler hun, wéi zum Beispill fir Transaktiounen, déi tëscht engem Haaptsëtz ausserhalb vu Lëtzebuerg a senger lëtzebuerger Succursale gemaach ginn. Dës Transaktiounen sinn normalerweis ouni TVA, mä wann een vun denen zwee an engem Groupe TVA ass, ginn dës Transaktiounen eventuell mat TVA berechent.

    Wie kann dann ee Groupe TVA froen ?
    De Groupe TVA ass disponibel fir all Firmen déi zu Lëtzebuerg sinn a finanziell, wirtschaftlich an organisatorisch enk zesumme verbonne sin.
    Wat sinn da praktesch Konsequenzen vun engem Groupe TVA ?
    De Groupe TVA huet keen Afloss op extern Liwweranten fir d'Firmen vum Groupe TVA. Mä well den Groupe TVA als een Assujetti TVA betruecht gëtt, ginn d’Memberen keng eegen TVA-Declaratioun  eran, mä just eng konsolidéiert Declaratioun vum Groupe TVA. Dat heescht och, dass de Groupe TVA seng eegen TVAs Nummer huet. Och wann d’Memberen keng eegen Declaratioun era ginn, si si awer fïr den Paiement vun der TVA zesumme verantwortlech. De Groupe TVA muss op mannst zwee Kalennerjoer gehal ginn.
    0 min

About RTL - Carte Blanche

From the publisher's feed

Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit

More shows like RTL - Carte Blanche

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Weltspiegel Podcast by ARD Weltspiegel

Weltspiegel Podcast

37 Listeners

Mit den Waffeln einer Frau by barba radio, Barbara Schöneberger

Mit den Waffeln einer Frau

82 Listeners

RTL - Afterwork by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Afterwork

0 Listeners

On the Record - Reporter.lu by Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

1 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - Commentaire by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Commentaire

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners