RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

RTL - Carte Blanche episodes

  • Carte Blanche , 30/01/2019 07:45
    A munch Entwécklungsland ginn haut scho ganz vill Suen iwwer de mobillen Telefon iwwerwisen. Déi Systemer fir Geld ze iwwerweise sinn awer nach ganz fragil an duerfir muss vill gemaach gi fir se méi betribssécher ze maachen. An dëser Carte Blanche vum Michel Maquil (Fräie Finanzsberoder a fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse) gëtt gewisen, wéi Lëtzebuerg mat aner Partner, besonnesch an Afrika, eng ganz sënnvoll Hëllef leescht fir esou Systemer méi sécher ze maachen.
    0 min
  • Carte Blanche, 30/01/2019 07:45
    A munch Entwécklungsland ginn haut scho ganz vill Suen iwwer de mobillen Telefon iwwerwisen. Déi Systemer fir Geld ze iwwerweise sinn awer nach ganz fragil an duerfir muss vill gemaach gi fir se méi betribssécher ze maachen. An dëser Carte Blanche vum Michel Maquil (Fräie Finanzsberoder a fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse) gëtt gewisen, wéi Lëtzebuerg mat aner Partner, besonnesch an Afrika, eng ganz sënnvoll Hëllef leescht fir esou Systemer méi sécher ze maachen.
    0 min
  • Carte Blanche, 30/01/2019
    A wäiten Deeler vun Afrika ginn ablécklech, baussen de grousse Stied, déi meeschten Iwwerweisunge vu Geld iwwer de Reseau vu mobilen Telephonen ausgefouert. Et ass eng grouss Errongenschaft déi et erméiglecht och an entleeënste Géigenden deene meeschten Awunner den Zougang zu dem Finanzsystem ze erlaben ouni datt dofir héich Käschten entstinn.
    Iwwert dee Wee ass et och méiglech deene selwechte Leit elementar Finanzdéngschtleeschtungen unzebidden wéi: Mikrokreditter, Mikroversécherungen an och Spuerpläng. Esou soll jidderengem d'Méiglechkeet geschafe ginn sech progressif finanziell eegestänneg ofzesécheren.
    Dat héiert sech ganz gutt un, an effektif si vill positif Resultater an enger ganzer Rei vun afrikanesche Staaten verzeechent ginn. Mä wéi esou oft ginn et och grouss Risike mat esou neie Systemer. Een dovunner ass, genee wéi an eise Länner, d’Sécherheet vun esou Infrastrukturen. An Afrika kënnt derbäi datt déi meeschte Leit keng modern Apparater hunn an op villen Informatiksystemer seele rezent Betriibssystemer installéiert sinn, well kee sech se leeschte kann.
    Dat mécht datt déi Systemer fir Geld ze iwwerweisen fragil sinn an duerfir leider oft onreegelmässeg fonktionnéieren a geleeëntlech deeglaang ausbleiwen. Fir déi betraffen Awunner ass dat eng Katastroph, well si dat Geld dréngend brauche fir hir Famill ze ernieren oder fir an der Landwirtschaft oder am Handwierk Aktivitéiten ze entfalen.
    Do ass et ze begréissen datt am Kader vun der Entwécklungshëllef, d'Lëtzebuerger Regierung, zesumme mat der Europäescher Investissiounsbank an aner Partner, eng gréisser Aktioun gestart huet fir an deene Länner spezifeschen Akteuren direkt ze hëllefen hir Systemer besser ze organiséieren a virun allem méi betribssécher ze maachen. Am Fall wou ee System vu baussen attackéiert ginn ass, gëtt och gehollef fir d'Schwächten ze identifizéieren a se dann ze eliminéieren fir esou dee System méi sécher ze maachen.Derbäi kënnt awer och datt een Deel vun der Aarbecht vu Lëtzebuerg aus ka gemaach ginn, wou esou guer héich qualifizéiert Aarbechtsplaze geschafe ginn, wat schlussendlech och indirekt ee positiven Impakt op d'Sécherheet vun eise Systemer huet.
    Et ass erstaunlech datt déi Initiatif weltwäit eng vun de ganz wéinegen duerstellt déi bis elo geholl ginn ass fir den Entwécklungslänner ze hëllefen. Et ass eng äusserst sënnvoll Entwécklungsaktioun déi hei geleescht gëtt an déi deenen Akteuren, déi an Afrika an der Entwécklungshëllef aktif sinn an och op esou Sytemer ugewise sinn, et erméiglecht méi wierksam ze schaffen.
    Et wier wënschenswäert datt nach méi Länner an aner Partner op dee Wee ginn, fir datt de gesamten afrikanesche Kontinent sech esou schnell wéi méiglech weider entwéckele kann.

    0 min
  • Commentaire, 29/01/2019 07:45
    De Fränk Engel soll d'CSV-Schëff déi nächst Jore steieren.
    Dat obwuel dem Europadeputéierten nach viru Wochen net all ze grouss Chancë profezeit gi waren. De Vote vun e Samschdeg weist virun allem eppes: Grouss Deeler vun der Basis wëlle keng Kontinuitéit méi, se wënschen sech e rauen Toun an eng aggressiv Oppositioun, vläicht ass et tatsächlech dat wat d'CSV elo brauch. Pit Everling.
    0 min
  • Carte Blanche, Laura Zuccoli , 28/01/2019 07:45
    A ville Gemengen ass d’Awunnerzuel an de leschte Jore staark an d’Luucht gaangen. Gelder gi massiv an Infrastrukturen investéiert. Mobilitéitsproblemer stelle sech a brauchen Äntwerten. Mee geet et duer, nei Stroossen an nei Gebaier ze bauen a besser Uschlëss un d'Verkéiersnetz virzegesinn, fir dat an eise Gemengen nei an al Awunner als Gemeinschaft zesummewuessen? Eng Carte blanche vun der Laura ZUCCOLI 
    0 min
  • Carte Blanche, Laura Zuccoli, 28/01/2019 07:45
    A ville Gemengen ass d’Awunnerzuel an de leschte Jore staark an d’Luucht gaangen. Gelder gi massiv an Infrastrukturen investéiert. Mobilitéitsproblemer stelle sech a brauchen Äntwerten. Mee geet et duer, nei Stroossen an nei Gebaier ze bauen a besser Uschlëss un d'Verkéiersnetz virzegesinn, fir dat an eise Gemengen nei an al Awunner als Gemeinschaft zesummewuessen? Eng Carte blanche vun der Laura ZUCCOLI 
    0 min
  • Carte Blanche, Laura Zuccoli, 28/01/2019
    Wunnénge gi gebaut, déi nei Awunner unzéien. Nei Schoule, Maison Relaise, Kläranlagen a Stroosse musse geplangt a mat Zäit fäerdeg gstallt gi, fir de Bedürfnisser vun den neien Awunner gerecht ze gin.

    Mam Budget stellen d’Gemengeverantwortlech d’Weiche fir d’Entwécklung vun hierer Gemeng, leee Schweierpunkte fest bei den Ausgaben an Investitioune, fir de legitimen Uspréch vun all hieren Awunner gerecht ze ginn. Iwert d’Dotation financière, eng direkt Participatioun un ëffentlechen Infrastrukturen oder mat Instrumenter wéi dem Pacte Logement gräift de Staat de Gemengen dobäi anstänneg ënnert d’Äerm.

    Secher sin Investissementer a Gebaier an Infrastrukturen immens wichteg, fir datt d’Gemengen hieren Awunner eng gudd Liewensqualitéit kënne bidden.
    Mee geet dat duer fir dat all d’Awunner zu enger Gemeinschaft zesummewuessen?

    Gemengepolitiker wëssen, dass mer Plaaze brauche, wou d’Leit sech kënnen treffen, kenneléieren oder austauschen. Schons beim Plange vu neiem Wunnraum muss dru geduecht gin, wéi a wou d’Awunner zesummentreffen , wéi di ennerscheedlechst Residenten aus der Gemeng d’Gelégenheet kréie, sech ze begéinen.
    Nei Lotissementer sollen Treffpunkter bannen a bausse virgesinn, als Brécken firt d’Zesummenliewen. Misst dëst nët systematesch als Oplo fir d’Architekten a Promoteure viirgesi ginn?

    Mee natiirlech geet et nët duer, Plaazen ze schaafen. Mer brauche lokal Initiativen, déi d’Zesummenliewe fërderen an dës Plaatze beliewen. De Benevolat spillt heibäi op lokalem Plang eng eminent wichteg Roll! Mee och de professionellen Encadrement an d’Schaafe vu neie Beruffsbiller op de Schnëttstelle vun der Gemengeverwaltung an der Zivilgesellschaft si wichteg. Mer brauche nei Äntwërten op d’Erausfuederunge vun der heterogener Populatioun an eise Gemengen, mat all hiere verschidde Sproochen, hieren ennerschiddleche Kulturen an hieren diverse Liewenserfahrungen.

    Iweregens: mam Internetsite integratioun.lu huet Lëtzebuerg eng nei Base de données mat enger Hellewull konkreten Iddeeën, Projeten a Kontakter, déi am Kontext vum Zesummenliewen an eise Gemengen eng onerschöpflech Quell vun Inspiratioun duerstellt.

    Hoffe mer, datt eis kommunal Veranwortlech beim Verwalte vum Zouwues an eise Gemengen och un die mënschlesch Komponent vum Zesummenliewen denken, an datt di zoustänneg Ministère bereet sinn, innovativ Handlungskonzepter genau esou grosszügeg ze ënnertëtze wéi Investitiounen an d’Infrastrukturen.
     

    0 min

About RTL - Carte Blanche

From the publisher's feed

Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit

More shows like RTL - Carte Blanche

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Weltspiegel Podcast by ARD Weltspiegel

Weltspiegel Podcast

37 Listeners

Mit den Waffeln einer Frau by barba radio, Barbara Schöneberger

Mit den Waffeln einer Frau

82 Listeners

RTL - Afterwork by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Afterwork

0 Listeners

On the Record - Reporter.lu by Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

1 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - Commentaire by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Commentaire

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners