RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

RTL - Carte Blanche episodes

  • Carte Blanche, 06/02/2019
    Bis 2020 sollen am Ländchen 40.000 Elektromobiller fueren. Dat wënschen sech d’Ministeren Bausch an Turmes. Dofir gëtt et eng Primm vun 5.000 € op Käschten vun den Steierzueler. Souguer fir Protzmobiller, déi iwwer 100.000 oder 150.000 € kaschten. Brauch een, déi sech esou deier Auto’en leeschten kann, wierklech en Subsid?
     
    Am Moment fueren eppes iwwer 1.000 Elektro-Auto’en. Fir op 40.000 ze kommen, mussen nach 39.000 E-Mobiller subventionéiert ginn. 39.000 x 5.000 = 195 Milliounen €! Dat gëtt méi deier ewéi den gratis Transport.
     
    Dobäi stellt sech ëmmer méi eraus, dass d’Elektro-Mobilitéit méi Problemer schafft, wéi se der léist.
     
    Den Haaptproblem sinn d’Batterien, deenen hiren Ëmweltimpakt durch d’Produktion méi wéi problematesch ass. Den CO2-Bilan vun der Elektro-Mobilitéit gëtt doduerch net besser.
     
    Virun allem mussen d’Batterien dauernd nei opgelueden ginn. Géifen wierklech 40.000 E-Auto zu Lëtzebuerg fueren, gett et  gréisser Problemer mat der Stroumversuergung. En Elektroauto, den ronn 15.000 Km d’Jo’er fiert, brauch méi Stroum ewéi en normalen Haushalt am Jo’er verbraucht.
     
    D’Ministeren behaapten, iwwert d’Chargy-Statiounen géif nëmmen erneierbaren Stroum fléissen. Dat ass eng gréng Ligen.
     
    Den sougenannten erneierbaren Stroum, den zu Lëtzebuerg produzéiert gëtt, ass manner ewéi 10% vun eisem Konsum. De Rescht gëtt importéiert iwwert d’europäescht Verbond-Netz. A well d’Elektronen net no hirer Hierkonft gréng unzesträichen sin, importéieren mir massiv Kuelen- a Nuklear-Stroum.
     
    Och de spéideren Recyclage vun de Batterien es net geléist. Trotzdeem soll d’Elektro-Mobilitéit forcéiert ginn. De Minister Bausch sot: „Kaaft keen Diesel méi“.
     
    Dobäi huet den Diesel e vill besseren Brennwäert ewéi de Bensin. Een Liter Diesel stéisst  manner CO2 aus ewéi een Liter Bensin.
     
    D’ Anti-Diesel-Campagne huet dozou geféiert, dass manner Diesel-Auto’en kaf ginn.
     
    D’Resultat geseit een an den offiziellen Statistiken. Zenter enger Dosen Joren sin di duerchschnëttlech CO2-Emissiounen  vun onsem Automobilpark gefall. Zenter zwee Joer steigen se nees un. Well manner Diesel a méi Bensin verfuer gëtt. An d’Elektro-Mobilitéit näischt bréngt.

    Ass dat déi gefeiert gréng Nohaltegkeets-Politik?
     


    0 min
  • Carte Blanche: Francis Schartz , 04/02/2019 07:45
    Wat ass de Stellewäert vum Enseignement an den Enseignanten an der Lëtzebuerger Gesellschaft ?
    Si mir eis der Komplexitéit vum Schoulhalen an der Lëtzebuerger Schoul bewosst ?
    Eng Carte Blanche vum Francis Schartz, Pensionéierten Lycéesdirekter an Dokter an den Ëmweltwëssenschaften.
    0 min
  • Carte Blanche: Francis Schartz, 04/02/2019 07:45
    Wat ass de Stellewäert vum Enseignement an den Enseignanten an der Lëtzebuerger Gesellschaft ?
    Si mir eis der Komplexitéit vum Schoulhalen an der Lëtzebuerger Schoul bewosst ?
    Eng Carte Blanche vum Francis Schartz, Pensionéierten Lycéesdirekter an Dokter an den Ëmweltwëssenschaften.
    0 min
  • Carte Blanche: Francis Schartz, 04/02/2019
    De Regierungsprogramm ënnerstreicht dat an deene nächste Joren déi sëlleche Reformen, déi an der läschter Legislaturperiod am Enseignement agelaut gi sinn , solle gefestecht an ausgebaut ginn. Mee ee vun de Problemer, deen de lëtzebuerger Schoulsystem huet, léisen all dës Reformen an Initiativen nët, nämlech de Stellewert vum Enseignement an den Enseignanten an der Lëtzebuerger Gesellschaft.
    An deenen Länner, déi ëmmer an allen internationalen Etuden ,wéi zum Beispill der Pisa-Etude déi éischt Platzen an huelen, genéissen d’Enseignanten engem héijen Usinn A wéi ass et bei eis? Vill Leit gesinn an de Léierinnen, Schoulmeeschteren a Proffen d’Schmarotzer vun der Gesellschaft: Eng déck Pei, vill ze vill Vakanz, vill ze wéinech Schaffstonne pro Woch an zum Deel net kompetent fir hiren Job.
    Dës Leit sinn si sech dem komplexen Job vum Enseignant am Allgemengen a vum lëtzebuerger Enseignant am Besonneschen, net bewosst.
    Déi zolidd Ausbildung, déi d’Enseignanten aus alle Bildungsbereicher genéissen an déi sëlleche Weiderbildungsofferen, sinn néidech fir si ze befähegen virun enger Klaas ze stoën an där Kanner oder Jugendlecher sëtzen aus ganz verschiddene Kulturkreeser, mat zum Deeel schwiireche soziale Verhältnisser am Elterenhaus, déi och nach verschidde Mammesproochen hun, respektiv keng vun eise gängeje Sprooche beherrschen.
    An da sollen si och nach jidferengem vun dëse Kanner eppes beibrengen an nach laang net egal wat. D’Programmer, déi jo  derzou solle féieren, datt jidfer Schüler déi vun der Gesellschaft an den Entreprisen gefuedert Kompetenzen entwéckelen, sinn alles Aanescht wéi einfach ëmzesetzen, an dobei soll jo kee Schüler op der Streck bleiwen an jidfer Kand, mat oder ouni Handicap, an d’Klass a spéider an d’Gesellschaft intégréiert ginn.
    Leider muss och d’Schoul een Deel vun deenen Aufgaben iwwerhuele, déi fréier selbstverständlech vum Elternhaus geleescht gi sinn, nämlech déi elementar Erzéiung vun de Kanner a Jugendlechen.  Villvill Kanner kommen an d’Schoul, déi  vu Follechen keng Ahnung hunn, déi nach ëmmer hiren eegene Wëllen hun dirfen duerchsetzen, a fir déi Héiflechkeet absolut kee Begrëff ass.
    Verschiddener dinn sech och schwéier dermatt, fir d’Autoritéit vun enger Fra unzeerkennen a mussen rischt an der Schoul léieren, dat si och enger Fra musse follechen.
    Dat keen Enseignant dat alles aus dem Stee schléit, mais vill Virbereedungs- a Nobereedungsarbecht verlangt, ouni mol vun deem administrativen Opwand ze schwetzen, deen déi nei Reformen matsech bruecht hun, soll eebedenken, wann een iwwert d’Arbechtszeit vun den Enseignanten hirfällt.
    Déi vill Burnouten beim Léierpersonnal an de Mangel un Enseingnanten deen sech besonnesch am Fondamental breed mecht, si Beweiser derfir, datt de Beruff vun Enseignant haut éischter enger Berufung, wéi engem Dramberuf gleich kënnt.
    An dach fannen vill Enseiganten, datt si ee vun deenen schéinste Beruffer vun der Welt hunn.Si sinn sech bewosst wéi wichtech a wéi schéin et ass fir de Kanner an de jonke Leit ze  hëllefen sech zu engem engagéierten a kompetente Member vun eiser Gesellschaft ze entwécklen.
    Kommt mir leeschten all eise Betrag dozou, dat den Enseignanten hir Missioun réusséiert, andeems mir zu eiser Schoul stinn an d’Enseignanten an hir Arbecht respektéieren.
    0 min
  • Carte Blanche, 01/02/2019
    Si mer um lénken A blann ?
    Trump, Bolsonaro, Orban, Salvini … Bei deenen Nimm leeft et wuel de meeschten Nolauschterer kal de Réck erof. Mir geet och d’Héngerhaut aus, wann ech un den onberechenbare rietslastegen amerikanesche President denken, deen eng Virléift fir fake news a Grenzmaueren huet. Dem neie brasilianesche President Bolsonaro seng Aussoen iwwert d’Militärdiktatur a sengem Land sinn erschreckend. De Victor Orban fir säin Deel ass net nëmmen am Gaang de fräiheetlechen an demokratesche Rechtsstaat an Ungarn ofzeschafen, mee e bedéngt sech och a sengem Privatkrich géint den George Soros an der wuel primitiivster antisemitescher Geschirkëscht. De staarke Mann vun der neier italienescher Regierung, den Inneminister Salvini, ass wuel e Schreckgespenst fir all Mënsch, deen nach iergendeppes empfënnt, wann en um Radio héiert, dass erëm x Mënschen am Mëttelmier erdronk sinn.
    Mir wäerten eis also zimlech alleguer eens sinn, wéi ofstoussend mer déi uewe genannte Personnagen, hir Iddien a Politike fannen.
    Wann ech Iech dann elo aner Nimm nennen, wéi reagéiert dir dann? Dragnea, Ortega, Chavez, Maduro? Wat kënnt eis spontan an de Kapp, wa mer un dës Leit denken? De Liviu Dragnea ass wuel fir déi meeschten Nolauschterer onbekannt, obwuel hien de staarke Mann a Rumänien ass. Seng Attacken op de Rechtsstaat sinn duerchaus mat dem Orban senger Politik ze vergläichen. An dann den Daniel Ortega, de legendäre Chef vun de Sandinisten am Nicaragua? Wéivill honnert Doudeger gouf et am Kader vun der politescher Repressioun am Nicaragua an de leschte Méint? Den Hugo Chavez, dee verstuerwene President vu Venezuela, e Mann deen et anscheinend gutt mat sengem Vollek gemengt huet, sou wéi säin Nofolger den Nicolás Maduro? Virwat gëtt et eis net och schlecht bei deenen Nimm? Firwat sinn dës Leit net op eisem Radar, wéi de Liviu Dragnea, während de Victor Orban permanent an de Medie geschleeft gëtt? Firwat huet een an de leschte Wochen ëmmer an iwwerall dem neie brasilianesche President seng topeg a geféierlech Deklaratioune gelies, mee näischt, oder net vill, iwwer déi extrem brutal Repressioun am Nicaragua mat e puer honnert Doudegen? Firwat gesinn esou vill Leit déi bluddeg an diktatorial Realitéit am Venezuela net?
    Déi Hären Trump, Bolsonaro, Orban a Salvini hu gemeinsam, dass een se kann an e rietsnationalisteschen Eck areien. Dragnea, Ortega, Chavez a Maduro gehéieren zu der lénker politescher Säit. Firwat ginn déi lescht genannten net als dat gesinn, wat se sinn, nämlech Politiker, déi de Rechtsstaat wëllen ofschafen, respektiv bluddeg Diktatoren? Firwat si mer um rietsen A sou alert, a mat Recht, an um lénken A sou blann?
    Ech riichten dës Fro och u mech selwer. Firwat hat ech als Jugendlechen e Poster vum Che Guevara, engem unerkannte sadistesche Massemäerder, an der Kummer hänken a firwat wier ech ni op d’Iddi komm mer de Portrait vun engem faschisteschen Haudegen opzehänken?
    Et ass mer e Rätsel, wou dësen Ënnerscheed an der Perceptioun vun enger rietser oder enger lénker diktatorescher Realitéit hierkënnt, mee et gëtt Zäit, dass mer domat ophalen.


    0 min
  • Commentaire, 31/01/2019 07:45
    T’ass mëttelerweil eng Annonce, déi een scho bal net méi richteg iwwerrascht : Beim Fonds du Logement ass alt nees emol eng Féierungs-Positioun gaangen. Dës Kéier den Direkter Eric Rosin. Wat ass nëmmen lass beim eigentlech sou wichtege Fong, dass zanter Jore schonns, keng personal Rou akéiert, freet sech de Joël Detaille an engem Commentaire.
    0 min

About RTL - Carte Blanche

From the publisher's feed

Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit

More shows like RTL - Carte Blanche

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Weltspiegel Podcast by ARD Weltspiegel

Weltspiegel Podcast

37 Listeners

Mit den Waffeln einer Frau by barba radio, Barbara Schöneberger

Mit den Waffeln einer Frau

82 Listeners

RTL - Afterwork by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Afterwork

0 Listeners

On the Record - Reporter.lu by Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

1 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - Commentaire by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Commentaire

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners