RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

RTL - Carte Blanche episodes

  • Carte Blanche, Richard Graf , 18/01/2019 07:45
    De Brexit, eng europäesch Method?
    Zwee Joer gouf verhandelt a getrickst, an elo soll awer alles, an e puer Wochen, nees anescht ginn: De Brexit, léist um europäesche Modell verzweiwelen.
    Eng Carte Blanche vum woxx-Journalist Richard Graf.
    0 min
  • Carte Blanche, Richard Graf, 18/01/2019 07:45
    De Brexit, eng europäesch Method?
    Zwee Joer gouf verhandelt a getrickst, an elo soll awer alles, an e puer Wochen, nees anescht ginn: De Brexit, léist um europäesche Modell verzweiwelen.
    Eng Carte Blanche vum woxx-Journalist Richard Graf.
    0 min
  • Carte Blanche, Richard Graf, 18/01/2019
    Keng Angscht: Et geet hei net ëm de x-ten Kommentar zur Fro op een dann elo fir oder géint de Brexit soll sinn.
    Diskutabel ass allerdéngs d'Aart a Weis, wéi di britesch Politik an d'Europäesch Union mat dem Austrëttsverfaren ëmginn.
    Do ass zum engen ee reng consultative Referendum. Mat onerwaart negativem Ausgang, awer net an dem Mooss, datt iwwer d'Halschent vun de Briten sech aktiv fir en Austrëtt aus der EU ausgeschwat hätten.
    Ee Stëmmungsbild war et sécher. Allerdéngs wësse mer och, datt vill britesch Staatsbierger net konnte matstëmmen, well si ze laang vun doheem fort waren, oder et ënnerlooss hunn, well d'Sondagen dem Nee keng Chance ginn hunn.
    Deemools war och net onbedéngt kloer, wat de Brexit fir rechtlech Konsequenzen am Eenzelen huet.
    Nom 23. Juni 2016 ass opgefall, wéi schnell och Bréissel an d'Logik vun engem tatsächleche Brexit ëmgeswitcht huet. „Endlech si mer se lass“, soten dunn, zwar „of the records“, gestanen Europapolitiker, déi dat éiwegt Kregéils vun der Insel sat haten.
    Och d'Briten hunn sech ganz rapid enger Brexit-Logik erginn. Allerdéngs ass an deenen éischte Méint kaum eppes geschitt.
    Eréischt am Mäerz 2017 ass Demande offiziell ginn, wat dunn di Frist vun zwee Joer declenchéiert huet.
    Virdru gouf nach driwwer gestridden, op d'britescht Parlament iwwerhaapt misst gefrot ginn, fir de Brexit unzestoussen.
    Duerno sollten Neiwalen der Theresa May, eng méi stabil Verhandlungsmajoritéit verschafen. Och dat goung schif aus.
    Du koume Verhandlungen bei deenen di eigentlech Unhänger vun engem Brexit no an no aus der Regierung ausgescheet sinn, an zum Deel Brexit-Géigner op eemol hu missen eppes verhandelen, wat se eigentlech net wollten.
    Di Kakophonie geet awer net nëmmen op de Kont vun der politescher Elite op der Insel.
    Datt d'europäesch Verträg keng kloer Bestëmmunge virgesinn, wat bei sou engem Austrëttsverfaren alles soll beuecht ginn, z.B. d'Rechter vun de betraffene Bierger, huet jo di ganz politesch europäesch Klass ze veräntwerten.
    Grad de Wee zu engem „softe“ Brexit ass néierens beschriwwen.
    „Fir et den EU-Géigner an net ze einfach ze maachen“ gëtt gären argumentéiert. Et ass awer leider net esou, datt déi de Moment méi schlecht Kaarten hätten, wéi nach virum Brexit-Theater.
    Fir eng propper, demokratesch Léisung bleift elo ganz wéineg Zäit. Fir en zweete Referendum, de vu villen, vläicht jo esouguer enger Majoritéit, verlaangt gëtt, gëtt et knapp. Da misst jo kloer si fir, oder géint, wat een sech genau ausschwätzt.
    On och ee „plan B“ setzt viraus, datt d'Verhandlungsfrist verlängert gëtt. An da stellen sech schonn di nächst Froen. Ginn, zum Beispill, d'Briten dann awer nach mat an d'Europawahl – si wären och dann nach vollwäertege Member vun der EU?
    D'Europagéigner reiwen sech weider d'Hänn, well alles wat de Brite fir e „softe“ Brexit zougestane gëtt, hir Exit-Pläng méi attraktiv mécht.
    Sou gesi wier en Non-Brexit dach awer di beschte Léisung – awer sou ee Kommentar wollte mer eis jo eigentlech hei erspueren.

    0 min
  • Commentaire: Den egoistesche Brexit, 17/01/2019 07:45
    Groussbritannien wëll eraus aus der EU, oder awer net. An och net esou....zanter éiweg sinn d'Britte gespléckt a skeptesch wat d'EU ugeet. Dat ännert sech einfach net. De Brexit-Chaos huet keen Enn. An d'Politik ass total egoistesch, mengt d'Carine Lemmer de Moien a sengem Commentaire...
    0 min
  • Carte Blanche, Paul Hammelmann, 16/01/2019
     Iwwer d’Feierdeeg lung „Dilbar“ zu Barcleona am Hafen. „Dilbar“ ass e Schëff, 156 op 23 Meter, 16000 Bruttoregistertonnen, gëtt als „pleasure craft“ also Vergnügungsboot gefouert, an bitt Plaz fir 80 Mann équipage an 40 Gäscht.
    „Dilbar“ huet 600 Milliounen Dollar kascht an gehéiert enger Privatpersoun.

     D’läscht Joer sinn am Mëttelmier alt erëm iwwer 2000 Mënschen ëmkomm, Flüchtlingen aus afrikaneschen Länner, déi an Europa wollte kommen just fir hei ze iwwerliewen; Si sinn ëmkomm well europäesch Regierungen Rettungsaarbechten bewosst behënneren, Cargoschëffer trotz internationalem „Seerecht“ refuséieren se op ze huelen, well europäesch Länner d’Häfen zoumaachen.

        Am Dezember huet zu Stroossbuerg um Chrëschtmaart e jonken Kriminellen, de Chérif Chekat, bewosst 5 Leit ëmbruecht an der 11 verletzt; hien ass geflücht an gouf 48 Stonnen méi spéit am Quartier „Neudorf“ vun der Police erschoss.
    Awunner vum Quartier hunn dorophin spontan applaudéiert an eng gewëssen Presse huet dem Bob Marley säin Titel „I shot the sherif“ op Antenne geholl.
    Wat huet dat Eent elo mat deem Aneren ze dinn?
    Ma guer näischt, et schockéiert jo och keen, da komm mir maan esou weider, vergiessen alles wat mer –wann dat dann de Fall sollt sinn – geléiert hunn iwwer eis eegen Geschicht, iwwer Diskrepanz tëscht Arem an Räich, iwwer Humanismus an Lynchjustiz, iwwer Mënschlechkeet an sozial Gerechtegkeet, iwwer Mënscherechter an Toleranz .
    Komm mir ginn weider an den Dschungelcamp, verschafen jidderengem en i-pad, refuséieren „fake news“ ze liesen, schreiwen wieder fläisseg op Twitter an Facebook, gebrauchen vill „hashtags“, vill „virtual reality“, hybrid clouds an Tatoos.
    Mee dann loosse mer eis net wonneren wann ëmmer méi Leit de „gilet jaune“ undinn oder wann – an dat ass vill schlëmmer – ëmmer méi Wutbürger d’ “Alternativ fir Däitschland“ oder a Frankräich den „Nationalen Mënschenoplaf“, den „Rassemblement National“ wielen.

    Vill Gléck am Neie Joer !

    0 min
  • Commentaire WIRTZ, 15/01/2019 07:45
    Wéi kann et sinn, dass zu Bréissel op reegelméisseger Basis Gesetzprojet’en diskutéiert ginn, déi Milliarde kaschten, ouni dass se vill Opmierksamkeet provozéieren? En Tëscheruff vum Bill Wirtz.
    0 min

About RTL - Carte Blanche

From the publisher's feed

Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit

More shows like RTL - Carte Blanche

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Weltspiegel Podcast by ARD Weltspiegel

Weltspiegel Podcast

37 Listeners

Mit den Waffeln einer Frau by barba radio, Barbara Schöneberger

Mit den Waffeln einer Frau

82 Listeners

RTL - Afterwork by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Afterwork

0 Listeners

On the Record - Reporter.lu by Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

1 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - Commentaire by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Commentaire

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners