RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

RTL - Carte Blanche episodes

  • Carte Blanche, Marc Glesener, 14/01/2019
    Sozial Netzwierker a Politik. Dat ass en Thema, deen ëmmer erëm fir Schlagzeile suergt.
    Kee Wonner, well des Netzwierker hunn sech als direkten Drot tëscht Politik a Wieler etabléiert. Mat den evidente Risiken a Niewewierkunge vun heiansdo ze séier an oniwwerluecht Schreiwen a kommentéieren.
    Wann et dann emol donieft geet mat engem séiere Post oder Kommentar gëtt duerno probéiert, sech ze entschëllegen an ze relativéieren. Ganz nom Motto, dat war net esou gemengt.
    Nu gutt
    Eng besonnesch Aart a weis vu Reaktioun hat an dësem Kontext de Spetzemann vun deenen däitsche Gréngen, deen sech no sengen Tweeten, déi total donieft waren mat grousse Medien-Tam-Tam vun Twitter a Facebook  verabschit huet.
    Mee net nëmmen dat: Dat ganz boost hien op mat enger allgemenger Kritik u soziale Medien. „Oberlehrerhaft“, wéi eis däitsch Nopere géife soen, kritiséiert deen Gréngen-Chef Facebook, Twitter a Co a werft dëse Medie vir, aggressiv ze si a Béisaartegkeet an Aggressivitéit ze fërderen.
    Am Resumé: Et léisst een eng kommen, d’Verantwortung sicht een bei deenen aneren an et  provozéiert een eng Grondsazdebatt iwwer de Sënn a Zweck vu sozialen Netzwierker.
    Politesch e  clevere Schachzuch. De grénge Superstar hätt allerdéngs vläicht besser gehat, sech déi prinzipiell Froen ze stellen, ier en an d’Taste gehaen hätt.
    Dovun ofgesinn ass eng Diskussioun an en Nodenken iwwer dat politesche Benotzen an Ausnotze vu sozialen Netzwierker duerchaus ubruecht.
    Een anere Punkt, iwwer deen och besonnesch d’Medie sollten nodenken, ass déi Saach mat dem anonymme Kommentéieren. Dëst zouloossen, ass de Risiko agoen, dat ënner dem Deckmantel vum Anonymat an der Meenungsfräiheet, Béisaartegkeet a Populismus salonsfäeg ginn.
    Wann een eng Meenung huet, soll een des och oppe soen. Dat kann een an enger Demokratie. Da soll een och maachen.   
    U sech si Sozial Netzwierker oder Kommentar-Foren net d’Iwwel, mee Leit, déi des Plattforme mëssbrauchen.
     

    0 min
  • Apropos - Endlech Pensioun, 12/01/2019 13:15
    Fir eng Rëtsch Leit war den Dezember dee leschte Schaffmount. Elo sinn si no 40 Joer Aarbechtsliewen an der wuelverdéngter Pensioun. Déi nei Fräiheet richteg ze genéissen, dat ass guer net esou einfach, mengt de Guy Seyler am Apropos vun haut.
    0 min
  • Carte Blanche, Paul Rauchs, 11/01/2019
    Erënnert iech : viru gené 4 Joer ass dem Michel Houellebecq séi Roman Soumission erauskomm. Et ass d’Geschicht vun enger lueser Islamiséierung vum Frankréich, ganz friddlech, durch Gewunnecht an durch banal Kollaboratioun. Dé selwechten Dag huet zu Paréis den Attentat op de Charlie Hebdo 12 Doudeger gefourdert.

    De leschte Freideg koum dem Michel Houellebecq séin neit Buch Serotonine eraus. Wéi schons am vierechte Roman, spigelt och hei d’perséinlech Geschicht vum depressiven Antiheld déi nët manner traureg Situatioun vun eiser Gesellschaft an notamment vun eiser representativer Demokratie.

    Am Frankreich fourderen D’Gilets Jaunes dem Macron séi Récktrëtt an heiandsdo zugour séi Kapp. A villen aanere Länner bauen Trump a séngesgleichen Mauere géint eis demokratesch an humanistesch Werter. An hei zu Lëtzeburg geet am Koalitiounsvertrag Rieds vun ëmmer neien Referenden, Petitioune an aaneren demokratoïden Gadget’en.

    Trop d’impôt tue l’impôt, soen d’Ekonomisten, trop de démocratie tue la démocratie, well ech hinnen aentweren. Eisen demokrateschen Kierper leid un énger autoimmuner Krankheet wou déi eegen Antkierper den Organismus ugreifen. Antikierper géint d’Diktatur (Manifestatiounen, Referenden, Sondagen, asw) ini natiirlech batter néideg, méi wann se Iwwerhand huelen, gët den Thermometer geschwë méi wichteg wéi d’Féiwer. As et iech opgefall d’ass d’Waalen nët méi gewonnen ouder verluer gin par rapport zu déne leschte Waalen, mé par rapport zum leschte Sondage ? A wann no all Wahl Emfroen (wéi hei zu Lëtzeburg) ouder Gewalt (wéi elo am Frankreich) dëss Wahlen a Fro stellen, koenne mer se jo einfach ofschaafen … a, firwat nët, éng Revolutioun maachen.

    D’Demokratie leescht wichteg Dengschter wann ëtt drem geet materiell Problemer um Enn vum Mount ze léisen, mé sie ass am Gaang ze versoen  wann ët drëm geet de Problem vum Enn vun  der Welt an de Grëff ze kréien. D’Gilets Jaunes sin op d’Stroos gaang well d’Dieselspreisser an d’Luucht gaange sin. Am demokratesche System gët kee Politiker gewielt dee versprëcht aanescht wann nët zuguer manner ze konsomméieren. Fir Carrière ze maachen, sicht hien de Komfort vun dem eenzelne, dem individuellen Wieler. De Mënsch ennerscheed sech naemlech vum Déier andeems en d’Rechter vum Individuum iwer d’Rechter vun der Espèce sëtzt. Mé op mer wëllen ouder nët, de Klimawandel verlaangt e Wandel vun eise Paradigmen

    0 min
  • Commentaire, 10/01/2019 07:45
    30 Joer nom Fall vun der Berliner Mauer wëll den Donald Trump Glänner laanscht d’mexikanesch Grenz bauen. Emstridde Mauere ginn et der 2019 awer schonn eng Retsch : a Palestina-Israel, zu Calais a Frankraich, a rondrem grouss Villaen an de Grousstied ueschter d’Welt. Nieft de materielle Maueren ginn et awer och emmer méi onsichtbar Maueren, an zwar tescht de Menschen, mengt de Francois Aulner a sengem Commentaire
    0 min
  • Carte blanche économique mat PWC 18h15, 09/01/2019
    FRO: Wie en Impakt huet den Brexit dann ob eis Finanzplaz?
    Dat ass en ganz vaste Sujet, an ech géing mech lo hei ob d’Gestionnairë vun alternative Fonge beschränken. Eis Finanzplaz erfreet sech enger reeller Popularitéit fir alternativ Produiten hei opzesetzen. Di Fonge ginn dann oft awer aus London raus geréiert. Wann dann de Brexit kënnt a bis dohi keng spezifesch Accord’en an dem Kontext fonnt ginn, an sou gesäit et den Ament jo aus, kënnen déi Gestionnairen hir Lëtzebuerger Produit’en net méi geréieren, et sief se kommen an EU.
    FRO : Wat muss ech mer dann ënnert engem alternative Fong virstellen?
    En alternative Fong ass en Produit den en meescht laangfristegen Horizont huet, net liquid ass an typescherweis an Immobilien, Participatioune vu Gesellschaften di net un der Bourse gehandelt ginn an a gréisser Infrastrukturprojet’en, wei z.B. en Fluchhafen investéiert. Dat sinn oft relativ komplex Fongen di net onbedéngt fir den individuellen Investisseur geduecht sinn, awer en Instrument si wou z.B Pensiounskeese laangfristeg dran uleeën.
    FRO : An fir déi Gestionnairen ass Lëtzebuerg interessant?
    Jo, mir hunn hei am Beräich alternativ Fongen en gudde savoir faire iwwert déi Lescht Joren opgebaut. Doduerch, a vu dass den Fong u sech souwiesou schons hei ass, ass et fir déi Gestionnairen eng reell alternativ den Deel vun hiren Aktivitéiten déi se an dem Kontext brauchen ob Lëtzebuerg ze brengen. Dat huet och eng rei Konsequenzen déi mer lo scho spieren, wéi z.B. Drock am Rekrutement, well net all Mataarbechter oft wëll vu London ob Lëtzebuerg plënneren an doduerch neier mussen agestallt ginn, déi déi transferéiert gi brauchen en Logement etc. Ech hunn eng rezent Etüd gelies déi mengt dass dat wäert zu Lëtzebuerg en puer honnert héich qualifizéiert zousätzlech Aarbechtsplaze kreéieren.
    0 min
  • Carte Blanche, Anne-Marie Hanff , 09/01/2019 07:45
    D‘Feierdeeg sinn eriwwer. Eng Zäit wou een d‘Joer Revue passéiere léisst an sech besënnt op dat wat wichteg ass. Mä wat ass wichteg? An dëser Carte Blanche deelt d‘Anne-Marie Hanff, Infirmière an Fleegewëssenschaftlerin, hir Erfarungen aus dem Beruffsalldag.
    0 min
  • Carte Blanche, Anne-Marie Hanff, 09/01/2019 07:45
    D‘Feierdeeg sinn eriwwer. Eng Zäit wou een d‘Joer Revue passéiere léisst an sech besënnt op dat wat wichteg ass. Mä wat ass wichteg? An dëser Carte Blanche deelt d‘Anne-Marie Hanff, Infirmière an Fleegewëssenschaftlerin, hir Erfarungen aus dem Beruffsalldag.
    0 min

About RTL - Carte Blanche

From the publisher's feed

Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit

More shows like RTL - Carte Blanche

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Weltspiegel Podcast by ARD Weltspiegel

Weltspiegel Podcast

37 Listeners

Mit den Waffeln einer Frau by barba radio, Barbara Schöneberger

Mit den Waffeln einer Frau

82 Listeners

RTL - Afterwork by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Afterwork

0 Listeners

On the Record - Reporter.lu by Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

1 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - Commentaire by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Commentaire

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners