RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

RTL - Carte Blanche episodes

  • Carte Blanche , 19/12/2018 07:45
    Chrëschtdag  - gemittlech Stonnen an der Famill oder mat Frënn, do freeë mir eis dach alleguer drop. Sinn se wierklech sou idyllesch wéi dat an sou munchem Lidd wochelaang gesonge gëtt…? Eng Carte Blanche vun der Kummunikatiouns-Experte Christiane Bram.
    0 min
  • Carte Blanche, 19/12/2018 07:45
    Chrëschtdag  - gemittlech Stonnen an der Famill oder mat Frënn, do freeë mir eis dach alleguer drop. Sinn se wierklech sou idyllesch wéi dat an sou munchem Lidd wochelaang gesonge gëtt…? Eng Carte Blanche vun der Kummunikatiouns-Experte Christiane Bram.
    0 min
  • Carte Blanche, 19/12/2018
    Chrëschtdag
    Nee, ech fänken elo net mat enger Moralpriedegt iwwer de Sënn an d’Wäerter vu
    Chrëschtdag un. Nee, ech wäert och kengem virschreiwen, wéi en sech an der Zäit viru
    Chrëschtdag ze verhalen huet. Nee, ech schwätzen och net iwwer den Ursprong vu
    Chrëschtdag a firwat mir iwwerhaapt haut zwee ganzer gesetzlecher Feierdeeg fir
    Chrëschtdag a Stiefesdag hunn.
    Méin éischte Gedanke geet un déi ganz pseudo-Diskussioun ronderëm d’Thema Plastik
    wou mir awer nëmme bei deene Geleeënheeten driwwer schwätze wou et eis arrangéiert.
    Op e klenge Schallimo aus Plastik, ass mëttlerweil bal jidderee bereet ze verzichten. Ganz
    anescht geséit et awer dann aus, wann ech mech vum Kaafrausch Enn dës Joers
    matrappe loossen, de scho virun Halloween mat grujelegen Doten ufänkt, fir duerno um
    schwaarze Freideg déi kleng Plastikskaart nach emol gutt duerchzerëselen, an dann am
    Endspurt mat blénkegen Etiquetten a Richtung Solden op Héichtoure leeft.
    An der Vir-Chrëschtzäit muss ech mech duerch d’Geschäfter duerchbriechen, tëschent
    Millioune faarwegen Artikelen aus Plastik oder ähnlechem; vun Dekoratiounsartikelen,
    iwwer Spillsaachen, Kleeder, an iergendwellech liichtend oder kaméidismachend
    Géigestänn vun deenen een anscheinend absolut muss am Besëtz sinn, fir mat eiser
    Gesellschaft kënne matzehalen.
    Ass eist gréngt Gewëssen tatsächlech sou kuerzlieweg an sou einfach duerch lackeleg
    Offeren ze ënnerdrécken? Brauche mir vläicht och an eisem Kafverhalen eng europäesch
    Direktiv déi eis Restriktiounen imposéiert, oder eng Regierung déi no Trennung vu Kierch
    a Staat an enger nächster Etapp och schlecht Gewunnechten ënnerdréckt?
    Méin zweete Gedanke geet un d’Chrëschtdeeg selwer. Déi meescht vun eis freeën sech
    jo op dës trotzdeem besënnlech Deeg -op ee gleeweg ass oder net-, wou een seng
    perséinlech Reserven nees fëlle kann. Wann een dann awer de Stress am Alldag geséit,
    wou obligatoresch Cadeau’en gesicht ginn, Bestellunge fir déi bescht Chrëschtgäns oder
    de feierlechste Menü am Restaurant gemaach ginn, d’Kanner e Kleesercherspyjama oder
    Elchekostüm -made in China- an déi Grouss en neie blénkegen Ensembel fir den
    eemolegen Owend kréien; kritt een Zweiwelen um Sënn a Soll vun dëser ganzer Zäit.
    Brauche mir fir e puer schéi Stonnen ze verbréngen, onbedéngt eng ganz Show
    ronderëm, déi souwuel eiser Ëmwelt, wéi och eis selwer zu Schued kënnt? Brénge mir et
    net méi fäerdeg e puer Deeg ze verbréngen, just mat dem wat mir selwer sinn? Mir liewen
    an enger 24Stonnen op 24, 7Deeg op 7 Welt, wou mir ouni permanent Oflenkung sief et
    duerch Animatioun, sief et iwwer sozial Netzwierker, net méi kënne bestoen.
    Et ass elo de Moment, sech op dat Wesentlecht ze konzentréieren, an all déi Oflenkungen
    deene mir dagdeeglech ausgesat sinn op e Minimum ze reduzéieren. Jidderee ka bei
    sech déi richteg Weiche stelle fir eng sozialgerecht Zukunft am Respekt vun eiser Ëmwelt.
    Vill Problemer, déi mir eis selwer am Alldeeglechen duerch eise Liewensstil kreéieren,
    géifen sou guer net optrieden a bräichten also och net geléist ze ginn. Dat ass den Ufank
    wéi mir all zesummen e bessert Ëmfeld mat enger gënschteger Sozialkohäsioun kënne
    schafen.

    0 min
  • Commentaire, 18/12/2018 07:45
    Wat war dat dann elo zu Kattowitz? Se hu sech - an wuel eis mat - Reegele ginn, heescht et, verbindlech Reegelen, fir an Zukunft, 2024 - öh - genee Bescheed soen ze kënnen, wéi déi Paräisser Ëmwelt-Zieler vu virun 3 Joer agehale gi sinn. Kléngt komplizéiert. An effizient ass anescht, mengt de Nico Graf a sengem Commentaire.
    0 min
  • Carte Blanche, Roland Pinnel, 17/12/2018



    Gëtt et e Paradigmewiessel an der Noriichtewelt ?

    De Roland Pinnel, Éirendirekter vum Luxembourg City Tourist Office, stellt sech d’Fro, ob et e Paradigme- wiessel an der Noriichtewelt gëtt. Wat hien domat mengt, seet hien eis a senger «carte blanche».

    Ech ginn emol dovun aus, dass mer eis all – oder bal all – eens sinn, dass d’Aart a Weis, wéi de Moment déi aner Säit vum grousse Pull mat dem Duerstelle vun Nouvellen an de Medien ëmgaange gëtt, méi wéi problematesch ass.

    A bei eis? Sinn net och mir dacks vun Informatiouns- quellen ofhängeg, déi net ëmmer eng neutral Duerstellung vun den Tatsaachen erëmginn? 

    Dofir kann ee sech froen, ob haut, an Zäiten, wou vu fakenews an alternative facts geschwat gëtt, et net tatsächlech e Paradigmewiessel an eiser Noriichtewelt gëtt. Wéini ass eng news e fake a wéini gëtt e fake zur news?  Vill verzerrten Noriichten maachen et leider ëmmer méi schwéier, un objektiv Informatiounen erunzekommen. Genee dat ass d’Quadratur vum Krees.

    Et wäert dach hoffentlech net nach esou wäit kommen, dass mer no der Devise vun den dräi Afen handelen: nëmmen näischt héieren, näischt gesinn an näischt soen! ’t géif nach just feelen, dass et och nach e véierten Af géif ginn, deen als  Grondastellung hätt: wann ech glift, och nëmmen näischt maachen!

    De Stéphane Hessel hat an deem Sënn scho Recht, wann e geschriwwen huet, déi schlëmmsten Haltung wär déi, wann et engem «egal» wär. Logescherweis kënnt hien da mat sengem berühmte Saz zur Conclusioun: Indignez-vous!

    Esou eng Opfuederung kann awer och hannen erëmschloen. Wéi - zum Beispill - dat, wat a Frankräich mat de «gilets jaunes» am Gaang ass ze geschéien. Och do gëtt sech indignéiert. Awer bestëmmt net am Sënn vum zitéierten Auteur. Deen huet nämlech – an dat gëtt dacks vergiess - niewent der indignation och zu gläicher Zäit fir d’non-violence plädéiert.

    Dës schro Evenementer beleeë kloer, dass et ebe guer net esou einfach ass, de Spagat tëschent Usproch a Realitéit ze schaffen. D’Duerstellung dovun an de Medie mat abezunn.

    An et gëtt nach manner einfach, wann dann och nach Leit vu vir eran déi konventionell Medien a Fro stellen an da vu «betreitem Denken» schwätzen.  Besonnesch dann, wa Faiten an der Press rapportéiert ginn, déi hinnen net an de Krom passen.

    Wéi soll een da bei Nouvellen iwwerhaapt nach den  Ënnerscheed tëschent Informatioun an Desinforma- tioun gemaach kréien?

    Éierlech gesot: ech wees et net. An dofir géif ech nawell gär als Äntwert de Bob Dylan zitéieren, dee gesong huet: The answer, my friend, is blowin’ in the wind.  



     



       


     

    0 min
  • Reaktanz, 15/12/2018 13:15
    Gëtt Fleesch-Iessen am Restaurant deemnächst verbueden? Wann et dem Christina Figueres no geet, kënnt dat an 10 bis 15 Joer de Fall sinn. Déi Responsabel fir d’Klimaofkommes vu Paräis fënnt, datt Fleesch iessen ëmweltschiedlech ass a vergläicht et mam Fëmmen.  Et gëtt ëmmer méi verbueden. Eng Onmass vu Regelen a Kontrollen loossen der perséinlecher Fräiheet kaum nach Raum. Eegent Denken kréie mir ofgeholl. Dat féiert ganz dacks zu Reaktanz. Wat dat ass, erklärt de Guy Seyler a sengem Apropos vun haut.
    0 min

About RTL - Carte Blanche

From the publisher's feed

Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit

More shows like RTL - Carte Blanche

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Weltspiegel Podcast by ARD Weltspiegel

Weltspiegel Podcast

37 Listeners

Mit den Waffeln einer Frau by barba radio, Barbara Schöneberger

Mit den Waffeln einer Frau

82 Listeners

RTL - Afterwork by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Afterwork

0 Listeners

On the Record - Reporter.lu by Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

1 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - Commentaire by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Commentaire

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners