RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

RTL - Carte Blanche episodes

  • Carte Blanche, Marc Glesener, 14/12/2018
    D’Mobiliséierung vun de giele Gileten am Nopeschland Frankräich ass duerch dat mäerdereschen Attentat zu Stroossbuerg medial an den Hannergrond geréckelt.  Dat ass normal. Domat ass d’Onzefriddenheet an de Protest vu ville Fransousen awer nach net eriwwer.
    Ganz am Géigendeel.
     D’Leit mat de giele Secherheetsvesten hunn eppes ausgeléist, wat der Politik ze denke muss ginn - an dëst iwwer d’Grenze vu Frankräich eraus. Wann d’Zuel vun de Mënschen, déi et net méi fäerdeg bréngen dezent ze liewen ëmmer méi grouss gëtt, ass dat e reegelrecht gesellschaftlecht Polverfaass. Dobäi kennt, dat et an eisen Demokratië matten an Europa Platze gëtt wou de Rechtsstaat komplett demissionéiert huet an esou ze soe rechtsfräi Raim entstane sinn. Frankräich ass hei e gutt Beispill.
     Am Resumé also fille vill Leit sech vun dem Staat eleng gelooss, an net méi beschützt a geschützt.
     Nu ginn et an deem Kontext keng einfach Léisungen. Dofir ass des Situatioun jo och e Nährbuedem fir Populisten an Extremisten, déi op ville Platzen um kommen oder schonn do sinn.
     Et wier elo  definitiv un der Zäit, dat d’Politik eppes ënnerhelt. Dat se Äntwerte liwwert an d’Problemer vun de leit upaakt.
     An dësem Kontext huet mer eng Interventioun vun engem klenge  franséische Kommerzant gefall, deen der Politik d’Fro stellt firwat seng Steierlaascht ëmmer erop geet an seng ëmmer méi grouss an iwwermächteg Konkurrenz, hien huet de weltwäit gréissten Onlinehändler gemengt, guer net oder wann, da ganz moderat, steierlech belaascht gëtt.
     Eng Äntwert op seng Fro krut hien net.
     Heiheem hu mer glécklecherweis nach keng franséisch Verhältnisser.
     Mais och hei besteet de Risiko vun enger sozialer Spaltung. Ech denken hei besonnesch un d‘Logementsfro. Mat enger normaler Pei ass de Kaf vun engem Eegenheem bal net méi dran. D’Loune gëtt ëmmer méi deier. An domat ass de Logement déi sozial Fro zu Lëtzebuerg schlechthin.
    E Luxusproblem, wann een et aus der franséischer Perspektiv kuckt. Awer heiheem eng Fro, déi muss ugepaakt ginn. Et ass eng wann net déi zentral sozial Fro. Et heescht upaken, net nokucken.

    0 min
  • Commentaire GROTZ, 13/12/2018 07:45
    Mat Stroossbuerg gouf duerch d'Attentat vu virgëscht eng Stad getraff, déi mam Sëtz vum EU-Parlament an dem europäeschen Geriichtshaff fir Mënscherechter e Symbol fir Fräiheet, Respekt an Toleranz duerstellt - och wann et wéi deet - ewechkucken geet net - einfach weidermaachen - och net - et gëllt ee Moment nozedenken an sech Verschiddenes bewosst ze maachen. E Commentaire vum Roy Grotz.
    0 min
  • Carte blanche économique mat PWC 18h15, 12/12/2018
    Carte Blanche Economique – PwC – 2018/2019 – Digitalisatioun

    RTL: An der neier Regierung ass jo den Xavier Bëttel Minister fir Digitalisatioun, mam Marc Hansen als delegéierten Minister fir deen selwechten Beräich. Wéi gesidd dir daat?

    François Mousel: Ech mengen daat ass eng excellent Nooriicht – déi nei Regierung gëtt sech hei all Chancen, der Erausfuerderung vun der Digitalisatioun um Niveau vum Staat esou efficace ewéi méiglech ze begéinen.

    RTL: Waat ass aanescht wéi virdrun?
    François Mousel: Och virdrun gouff et schon wichteg Initiativen, wéi z.B. “Digital Lëtzebuerg”, déi sollten iwwer verschidden Ministèren ewech reagéieren. Daat war awer net ëmmer einfach. Déi wichteg Anerungen sinn nët nëmmen e Minister Posten, mee och nach deen ze kombinéieren mat dem Portefeuille vun der Réforme Administrative an der Fonction Publique (iwwert den Marc Hansen). Daat sollt eng ganz Réi Handlungsméiglechkeeten obdoen – wierklech eng konkret Verbesserung.
    RTL: Waat kann een sech dann elo erwaarden an wourop muss opgepasst ginn?
    François Mousel:  Am Koalitiounsaccord kënnt d’Wuert “Digitalisatioun” extreem oft fier an et geet hei esouwuel em d’Automatiséierung vun den Prozesser beim Staat, vun den Interaktiounen vun den Bierger mam Staat, d’Digitaliséierung vun den Rechnungen oder vum Notariat, vun den Patientendossier’en, vun den Steierverwaltungen, asw. ... mee et kann awer och un méi innovativ Applikatiounen geduercht ginn ewéi z.B. d’biométresch Identitéit. Eppes ass sécher: et ginn méi Idéen ewéi Ressourcen an dofir muss deen neien Ministère och virun allem sécherstellen, dass en déi verschidden Projet’en priorsiéiert an och an der Praxis konkret ëmgesat kritt!
    0 min
  • Carte Blanche vum Fernand Fehlen Koalitiounsvertrag, 12/12/2018
    D’Wale sinn eriwwer an ech hoffen, datt een endlech nees sachlech iwwer Sproochepolitik schwätze kann. D’Walen hu bewisen, datt ee mat der Angscht, d‘Lëtzebuergesch géif ausstierwen, a mat onrealistesche sproochepolitesche Fuerderungen zwar Liken op Facebook iewel wéineg Kräizer op dem Stëmmziedel kritt. An dat ass gutt esou, well eis Sprooch gehéiert kenger Partei, ma all deenen, déi se schwätzen. Op se se als éischt oder als zweet Sprooch geléiert hunn.
    Bis elo ass zu Lëtzebuerg praktesch nëmmen eng laissez-faire Sproochepolitik gemach ginn. An der leschter Legislaturperiod ass fir d’éischt an onser Geschicht eng Strategie fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch ausgeschafft ginn an op de leschte Stëppel virun de Walen e Kommissär dofir ernannt ginn. Nodeems d’Dräier-Koalitioun bestätegt gouf, erstaunt et net, dat se voll op Kontinuitéit setzt. E puer Highlighte vum dëser Strategie ginn am Koalitiounsofkommes besonnesch ervirgestrach. Zum Beispill eng verstäerkte Präsenz vum Lëtzebuergeschen op alle Schoulnivoen. Esouguer an den internationale Schoule soll Lëtzebuergesch systematesch ageféiert ginn.
    De Franséischunterrecht soll moderniséiert ginn an den Accent op d’Kommunikatioun an de mëndlechen Ausdrock geluecht ginn. Bei deene ganz Klengen soll dat spillerescht am Mëttelpunkt stoen. D’Diversifikatioun vun der Offres scolaire mat atypesche Sproochparcourse soll weidergedriwwe ginn. Domadder geet d’Erosioun vun der klassescher Dräisproochegkeet weider, ouni datt dëst explizit gesot, geschweig dann als Zil formuléiert gëtt.
    Och am Gesondheetswiesen soll méi Lëtzebuergesch gebrauch ginn an d’Etablissementer ginn an hiren Efforte fir Coursen an onser Sprooch unzebidden ënnerstëtzt. Iwwerhaapt sollen esou Coursë prioritär a verstäerkt am Kader vum Life Long Learning an an dem Integratiouns-Parcours fir Neibiirger offréiert ginn. De Congé linguistique war am Kader vum sougenannte Spuerpak reduzéiert ginn. Leider ass vergiess ginn seng Opstockung an de Koalitiounspabéier anzeschreiwen.
    Och bei der Plaz vun der Lëtzebuerger Sprooch innerhalb vun der EU kritt een den Androck, datt hei deen néidege Courage gefeelt huet, fir iwwer deen eegene Schied ze sprangen, dat heescht fir onsen nationale sproochidelologesche Brëll an Täsch ze stiechen. Wann een d’EU Verträg eescht hëlt a mat de Kritäre vum Conseil de l’Europe un d’Saach erugeet, ass et nëmme logesch, datt Lëtzebuergesch déi 25. EU-Sprooch muss ginn.
    25 + 347 Wieder


    0 min
  • Commentaire, 11/12/2018 07:45
    An eise franséischsproochegen Nopeschlänner geet et zanter Wochen, respektiv Deeg politesch gesinn drënner an driwwer!
    D'Beweggrënn vun deenen engen an deenen aneren dierften awer nëmme wéineg bis guer keen Impakt op eis Politik hunn, mengt den Eric Ewald de Moien a séngem Commentaire.
    0 min
  • Carte Blanche, 10/12/2018
    Den Titel vum neien Koalitiounsaccord 2018-2023 vun blo, rot an gréng, huet als Iwwerschrëft an franséischer Sproch: “Ambitieux, équitable et  durable”.
    Den Programm besteet aus 36 Kapitelen en Fonction vun méiglechen Departement-ministeriell, an zwou Annexen wo eng Rëtsch vun groussen Investitioun-Projeten am Transport an an der Educatioun drop stinn. Et stinn eng ganz Partie gutt an wäertvoll Punkten dran.
    Um Sitë vum Gouvernement.lu steet och en ganzen Pack vun Bréiwer an Noten déi während den Koalitiounsverhandlungen un den Formateur gericht ginn sinn vun Associatiounen an Verbänn.
    .. en Koalitiounsprogramm mat villen wäertvollen Punkten  
    Ech hunn mer den Programm ugekuckt ënnert dem Gesichtspunkt vun den méiglechen Hypothesen déi dem Programm zu Gronn leien an ënnert dem Gesichtspunkt vun eisem zukënftegen Wuesstem vun eiser Ekonomie.
    Suergen oder besser Froen stellen ech mer wat an deenen nächsten Joeren mat eiser Staatsschold geschitt. Am Regierungsprogramm steet dass des Regierung d’Staatsschold ënnert 30 % vum PIB hält. Aktuell leit eis Schold bei ongeféier 22% vum PIB. Heescht dat dass mer an deenen nächsten fënnef Joer nach méi Schold maachen kennen deemno weider méi Schold op eis Kanner verierwen an nach manner durabel sinn.
    ..  geschriwwen ënnert optimisteschen Hypothesen ...
    Sinn des 8 % Differenz, méiglecherweis Spillwiss déi et erlaben wäert, sollt et haart op haart kommen den Regierungsprogramm ganz oder deelweis  ëmzesetzen?
    Aktuell bezuelen mer ronn pro Joer 180 Milliounen Zënsen fir eis Schold zeréck. Dann sinn jee no Gréisst 2-3 Lycéeën pro Joer oder 500-600 Wunnengen pro Joer.
    Bei den Renten an Pensiounen gëtt an deenen nächsten 5 Joer keng Reform gemaach déi dem demographeschen Facteur Rechung dréit dat heescht dass mer weider tëschent 3 an 3,5 % Wuesstem mussen hunn dass des Equatioun opgeet ouni Staatsschold an Luucht ze setzen an Reserven all opzebrauchen.  
    Dëst sinn 2 Beispiller wo ech mengen dass dësen Regierungsprogramm  ënnert ganz optimisteschen Hypothesen opgestallt ginn ass ouni all zevill d’Risiken déi méiglecherweis op eis zoukommen ze considéréieren.

    .. Risiken sinn méi wei do ...

    Des Risiken sinn:
    -    En Zens Risiko:  Wann  Zënsen klammen, klemmt mëttelfristeg den Loyer vun eiser Staatsschold;
    -    En Konjunktur- Risiko mir ginn méiglech weis engem Konjunktur-wiessel ausgesat well mer um Een vun engem positiven Zyklus  ukomm sinn;
    -    En Struktur-Risiko: Zum Beispill den  Automobil Secteur wo mir och eng Partië Entreprisen an Beschäftegter hunn gëtt strukturell  duerch d’Elektro-mobiliteit drastesch verännert;
    -    En Demographië Risiko: Wann d’Nopesch-Länner ökonomesch  manner attraktiv ginn an mir och nëmmen d’selwecht bleiwen sinn mir relativ besser an mir kréien eng zousätzlech Partie europäesch Matbierger déi op Lëtzebuerg wunnen an schaffen kommen wei dat no der Banken- an Finanzkris  2008 war;
    -    Den klengt oppent Land Risiko: Mir sinn vill méi ofhängeg vun aneren well mir hunn keen eegenen Bannemaart;
    -    Den Risiko vun  eisem intrasequen systemeschen an obligatoreschen  Wuesstems-pad vun 3 bis 3,5 % fir eis Sozial- Systemer laangfristeg oprecht ze erhalen.

    ...  Scholden maachen ass sécherlech net durabel ....

    Gambia I hat am Ufank vun der Regierung 2013 den Wand vun der Weltkonjunktur net am Réck. Am Laf vun den 2 éischten Joeren ass Konjunktur besser ginn. Haut am Ufank vun  blo, rot an gréng hunn se nach den Wand vun der Konjunktur am Réck deen kéint awer  dréien an dëser Legislaturperiode dofir giff et sech gutt maachen dësen Koalitiounsprogramm regelméisseg an den  Kontext vun der Ökonomesche-Situatioun ze setzen fir eng robust an adaptativ Strategie ze hunn ouni Staatsscholden an Lut ze setzen.
    Dëst giff sécherlech net nëmmen zum Titel vum Koalitiounsprogramm  “Ambitieux, équitable et  durable” bäidroen mäi och den zukënftegen Generatioun gutt  doen.

    0 min
  • Carte Blanche , 10/12/2018 07:45
    Zanter der leschter Woch ass déi nei Regierung a Funktioun. De Koalitiounsaccord huet genau 256 Säiten. Dëse Programm soll an den nächste 5 Joer vun deenen dräi Parteien zesummen ëmgesat ginn. Den Economist Marc Hostert mat e puer Iwwerleeungen zum Regierungsprogramm.
    0 min
  • Carte Blanche, 10/12/2018 07:45
    Zanter der leschter Woch ass déi nei Regierung a Funktioun. De Koalitiounsaccord huet genau 256 Säiten. Dëse Programm soll an den nächste 5 Joer vun deenen dräi Parteien zesummen ëmgesat ginn. Den Economist Marc Hostert mat e puer Iwwerleeungen zum Regierungsprogramm.
    0 min

About RTL - Carte Blanche

From the publisher's feed

Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit

More shows like RTL - Carte Blanche

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Weltspiegel Podcast by ARD Weltspiegel

Weltspiegel Podcast

37 Listeners

Mit den Waffeln einer Frau by barba radio, Barbara Schöneberger

Mit den Waffeln einer Frau

82 Listeners

RTL - Afterwork by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Afterwork

0 Listeners

On the Record - Reporter.lu by Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

1 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - Commentaire by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Commentaire

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners