Mat Éisträich, Bosnien-Herzegowina, Israel, Tunesien, Südafrika a Portugal sinn och nach 6 aner Natiounen hei zu Lëtzebuerg. Muer ass dann den Tirage vun den zwou Gruppen. E Mëttwoch geet et dann lass. D'Lëtzebuerger Nummer 1 Mandy Minella kann et kaum erwaarden:
cut
Déi fréier Nummer 41 an der Damme-Weltranglëscht Claudine Schaul, déi hannert dem Anne Kremer als Vizekapitänin agéiert, weess schonn wei speziell dee Rendezvous vun e Mëttwoch bis e Samschdeg fir d'FLT-Dammen ass:
cut
D'Claudine Schaul huet et gesot, si ass elo schonn 21 Joer dobäi, d'Eleonora Molinaro déi grouss Lëtzebuerger Nowueshoffnung huet der ereischt 18:
cut
Fir d'Laura Correia ass et schonn eng flott Saach an der Equipe ze sinn. Si ass sech awer och hirer Roll bewosst:
cut
Déi 15 Joer jonk Marie Weckerle war déi lescht Deeg beim Winter Cup am Asaz, an soll elo emol éischt Erfahrungen an der Equipe sammelen. Eng Equipe, wou d'Anne Kremer, fréier Nummer 18 am WTA-Ranking, d'Kapitänin ass:
cut
Een, deen op organisatoreschem Plang déi lescht Wochen vill ze dinn hat, ass de President vun der Lëtzebuerger Tennisfederatioun Claude Lamberty:
cut
Een deen duerch den Davis Cup weess, wei et ass virun eegenem Public ze spillen, ass den RTL Tennis-expert Gilles Muller:
cut
Muer de Moien decideiert sech dann, géint wéi eng Geigner, Mandy Minella a Co. an der Gruppephase untrieden mussen.