Wuel déi mannsten hàtten domat gerechend, datt no 10 Spilldeeg, d'Jeunesse op der éischter Plaz steet, 4 Punkten virum Racing.
An elo e Samschdeg spillen déi zwee um 11. Spilldag dann och geinteneen, den Stater Trainer Patrick Grettnich:
cut
Diddeleng an Deifferdeng hunn schonn e Retard vun 6 Punkten op déi schwaarz-Wäiss.
Beim F91 gouf de Goalkeep Joe Frising aus dizilpinarsch Grënn bis d'Wanterpaus aus dem Kader geholl.
Dofir stoung den 20 Joer jonken Enzo Esposito aus der eegener Jugend vun deenen Diddelenger géint Remeleng tëscht de Poteauen:
cut
9-2 huet den F91 zu Remeleng gewonn. An der éischter Halteschend huet den Nicolas Perez 4 Goaler hannertenee fir déi Diddelenger geschoss.
Gilles, 3 Goler hannertenee vum nämmlechte Spiller nennt een jo Hattrick. Wei nennt een dann 4 Goler hannerteneen?
Souwait ech weess, gëtt et dofir kee spezielle Ausdrock, ma komm mär nennen dat einfach, „e Perez“!
Ok, dat maache mer dat!
Jingel Aktu
An der Mëttesstonn goufen d'Aachtelsfinalle vun der Coupe de Luxembourg gezunn.
Am Spëtzematch spillt den F91 géint d'Fola.
An Gilles, du wäerts et net gleewen, ma eisen Serge Olmo ass nach mei e witze Kärel wei's du.
Ouh, wei dann?
Ma hei war hien de Mëtteg am Interview mam Teammanager vun der Fola Georges Tonnar:
cut
Fir de Rescht spillt d'Etzella nach geint d'Jeunesse, d'US Esch geint Stroossen, d'Millebaach geintz Biissen, Mondorf muss géint Déifferdeng untrieden, Bartreng géint Mertert-Waasserbëlleg, Wolz huet Rouspert op Besuch, an den RM Hamm Benfica kritt et mat Nidderkuer ze dinn.
D'Matcher ginn den 9. an 10 Dezember gespillt.
Jingel Rdv
An anerhalwer Woch kritt d'Nationalequipe et an der Nations League mat Waissrussland ze dinn.
Wannen d'Rout Leiwen am Stade Josy Barthel, sinn si fir d'Halleffinal an der Divisioun D qualifizeiert
Den FLF-Nationaltrainer Luc Holtz ass voll an de Preparativen:
cut
Lëtzebuerg – Waissrussland ass en Donneschdeg-8-Deeg, 15. November am Stade Josy Barthel.
An der Europa League reest Diddeleng en Donneschdeg fir de 4. Spilldag bei Olympiacos Piräus.
Jingel Quiz
Elo ass et nees un Iech. Dir kënnt en Trikot vun der Lëtzebuerger Nationalequipe gewannen.
An haut leeë mer och nach 2 Ticketen drop fir ebe Lëtzebuerg géint Wäissrussland.
Dir musst just erausfannen wien hei schwätzt:
cut
Deen ass an de leschten Wochen awer richteg gutt drop. Dann si mer mol gespaant ob sai Papp hien an d'Nationalequipe rifft.
Wëlls de net vläit nach e bësse méi hëllefen! So eise Nolauschterer leiwer wou se de Numm sollen hischecken.
Dat ass de 6 2 4 6 8 fir 50 Cent de SMS-
Quiz-Äntwert: Kevin Holtz (Etzella - Jong vum Luc Holtz)