Gilles anescheinend siicht de Racing e neien Trainer?
Jo, dat ass esou, firwat?
Ma ech hu mir dat gëscht virum Match direkt geduecht!
Ahsou, wei dann?
Ma ech hu mir gesot, datt et bestëmmt net méi laang wäert daueren bis de Patrick Grettnich eng Patisserie wäert opmachen, well genee wei bei senger Statioun virdrun zu Stroossen, huet hien jo och gëscht virun der Partie, Kuch mat an de Vestaire geholl!
Kënne mer lo vläit serieux ginn!
Dat si mir dach ëmmer. A propos serieux. Den F91 huet de Match géint de Racing scho serieux geholl, um Enn sollt awer net méi wei en 1-1 erauskommen, den Danel Sinani, deen elo zu Diddeleng spillt:
cut
De Champion Diddeleng huet elo e Retrard vun 6 Punkten op den Tabelleleader Jeunesse.
Déi Escher sinn déi eenzeg Equippe, déi des Saison nach ëmmer kee Match verluer hunn.
Iwwerraschend verluer huet awer den FC Deiffedeng 03 zu Ettelbréck.
1-0 huet d'Etzella sech duerchgesat, an de Gol vum Match huet den Kevin Holtz geschoss.
Holtz, heescht net och esou de Lëtzebuerger Nationaltrainer?
Dach, Luc! Zu Metz ginn et der awer anscheinend déi dee net kennen!
No staarken Leeschtungen an de leschten Wochen, kann een sech natierlech d'Fro stellen, wéini de freieren U-21 Nationalspiller Kevin Holtz, vun sengem Papp, fir d'A-Equipe geruff géif ginn:
cut
Jingel Rendezvous
Sowuel d'A-Nationalequipe, wei och d'U21 sinn sech am gaang op hir Lännermatcher ze preapreieren.
Déi grouss Rout Leiwen kréien et an der Nations League an der Divisioun D als Tabelleleader 0e Freideg zu Minsk mam zweeten Waissrussland ze dinn.
Haut-8-Deeg spillt d'FLF-Formatioun dann am Stade Josy Barthel géint San Marino.
E wichtegen Pilier vun der Equipe ass de Maxime Chanot, deen eng Equipe vun RTL Tele Lëtzebuerg, zu New York besicht hat:
cut
D'U21 spillen am Kader vun der Europameeschterschaftsqualifikatioun e Freideg a Montenegro.
En Dënschdeg-8-Deeg kritt d'Equipe vum Nationaltrainer Manuel Cardoni et zu Nidderkuer mat Bulgarien ze dinn.
Jingel Jo oder Nee
Des Woch huet de Gilles Tricca de Racing Trainer Patrick Grettnich um Mirko:
cut
Jingel Quiz
Elo ass et nees un Iech. Dir kënnt nees en Trikot vun der Lëtzebuerger Footballnationalequipe gewannen, fir bei deenen nächsten Rendezvousen vun de Roude Leiwen richteg equipeiert ze sinn.
Dir musst just erausfannen wien hei schwätzt:
cut
Wann dat net ee vun deenen 13 Jongen vun Remeleng ass, deen am Verain selwer formeiert gouf.
Wann s de wëlls kanns de och nach seng Positioun, seng Telefonsnummer an seng Address verroden...
Du meng Goalkeep!
Eh ben voila! Verrod leiwer d'Nummer wou eis Nolauschterer de Numm sollen hischecken!
Dat ass de 6 2 4 6 8 fir 50 Cent den SMS.